De Ministère

De Finanzministère preparéiert a realiséiert d'Budgets-, Finanz- a Steierpolitik vum Lëtzebuerger Staat. An dësem Sënn ass e fir d'ëffentlech Finanzen an d'Virbereedung vum Staatsbudget verantwortlech. De Ministère definéiert ausserdeem d'Politik vum Finanzsecteurr an ass responsabel fir d'Relatioune mat den internationale Finanzinstitutiounen. En ass och verantwortlech fir d'Verwaltung vun den Domäne vum Staat.

De Ministère huet eng grouss Unzuel vu Verwaltungen ënnert sech stoen, wéi z.B. Steierverwaltung an d‘Douannen.

Attributiounen

D'Haaptaufgabe vum Minister gi per groussherzoglechen Arrêté iwwert d'Schaafung vun de Ministère definéiert.

Organigramm

Direktiounscomité

Den Direktiounscomité gesäit sech, am Prinzip, een mol an der Woch, fir ënnert der Presidence vum Minister, iwwert strategesch Dossieren ze diskutéieren. D'Direkteren an den Generalkoordinator huelen un den Reuniounen deel.

Direktioun "Budget a Finanzplaz"

Am Beräich Budget kontrolléiert d'Direktioun de Stand vun de Staatsfinanzen an hëlt deel un der Aarbecht vum Präventiounscomité.

Se entwerft national Gesetzer an de Finanzdéngschtleeschtungen a suivéiert europäesch Dossieren am Beräich Finanzservicer, der Bankenunioun oder den ëffentleche Finanzen. Si vertrëtt Lëtzebuerg am Wirtschafts- a Finanzausschoss vun der EU.

Annuaire vun der Direktioun (op Franséisch)

 

Direktioun "Steieren"

Dës Direktioun ass responsabel fir all Froen iwwert (direkt an indirekt) national Besteierung an hält déi allgemeng Steierrecetten am A. Fir dësen Zweck hëlt se an alle wichtegen nationalen Gremien Deel. Op Niveau vun den internationale Institutiounen (EU, OECD, World Forum) suivéiert se déi verschidde fiskalesch Froen (Informatiounsaustausch, Beps, etc.).

Annuaire vun der Direktioun (op Franséisch)

Direktioun "Multilateral Affären, Entwécklung a Compliance"

Dës Direktioun ass responsabel fir d'Relatioune mat den internationale Finanzinstitutiounen zu deenen Lëtzebuerg gehéiert. Se steiert an entwéckelt déi multilateral Entwécklungshëllefsprogrammer, déi vum Finanzministère finanzéiert ginn. Se suivéiert ausserdeem d'Entwécklung vun der internationaler Handelsfinanzéierung duerch den Office du Ducroire.

Am Beräich vun der Compliance kontrolléiert d'Direktioun d’Anhale vun den Engagementer vu Lëtzebuerg, an zwar méi spezifesch am Kampf géint Geldwäsch, Korruptioun an Terrorismusfinanzéierung. Se suivéiert ausserdeem d'Initiativen déi am Kader vum G20, der OECD, FATF an dem Global Forum existéieren.

Annuaire vun der Direktioun (op Franséisch)

Direction "Administration et domaines"

D'Direktioun ass responsabel fir d'Verwaltung vum Personal an déi intern Organisatioun vum Ministère.

Am Beräich vun der Domänepolitik garantéiert se eng effizient Notzung vun den Staatsgidder.

Annuaire vun der Direktioun (op Franséisch)

Generalsekretariat

D'Generalsekretariat ass responsabel fir d'Koordinatioun vun de verschiddene Servicer vum Finanzministère. Ausserdeem ass et responsabel fir Relatioune mat de verschiddene Ministèren, mam Regierungsrot, de Verwaltungen, an der Chamber.

D'Generalsekretariat ass och den Haaptkontaktpunkt fir Ufroen vun der Press oder vun den Bierger. 

Annuaire vum Sekretariat (op Franséisch)

Aktualiséiert