-
De Gilles Roth huet déi finanziell Situatioun vum Staat op den 31. Mäerz virgestallt
Den 22. Abrëll 2024 huet de Finanzminister Gilles Roth de Membere vun der Finanzkommissioun a vun der Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber déi finanziell Situatioun vum Staat op den 31. Mäerz virgestallt.
-
Livestream vun der Pressekonferenz am Kader vun der Aarbechtsvisitt vum Denys Shmyhal, Premierminister vun der Ukrain
De Livestream fänkt géint 13:30 Auer un.
-
"Neie Schwong fir eist Land"
De 6. Mäerz 2024, huet de Finanzminister Gilles Roth den Deputéierten an der Chamber de Staatsbudget fir 2024 presentéiert. Den éischte Budget vun der neier Regierung steet ënner dem Zeeche vum "Neie Schwong fir eist Land".
-
Neie Schwong fir de Wunnengsbau − Ënnerstëtzung fir Leit an Handwierk
Den 31. Januar 2024, hunn de Premierminister, Luc Frieden, de Minister fir Wunnengsbau a Landesplanung, Claude Meisch, an de Finanzminister, Gilles Roth, en éischte Mesurëpak presentéiert, deen haut am Regierungsrot ugeholl gouf.
-
Pressebriefing nom Regierungsrot
De Livestream fänkt géint 13:45 Auer un.
-
De Gilles Roth presentéiert d'Lag vun de Staatsfinanzen
Den 23. Januar 2024, huet de Finanzminister Gilles Roth den Deputéierte vun der Finanzkommissioun a vun der Kontrollkommissioun vun der Budgetsexekutioun déi staatlech Finanzlag op den 31. Dezember 2023 presentéiert.
-
Aweiung vum Monument fir d'Geeschterarméi um Lampertsbierg
De 7. September, hunn d'U.S. Ambassade vu Lëtzebuerg, d'Lampertsbierger Geschichtsfrënn an den "Ghost Army Legacy Project" e neit Monument um Lampertsbierg ageweit, fir der "Ghost Army" ze gedenken. Déi sougenannte Geeschterarméi, eng speziell Unitéit vun der U.S.-Arméi, huet eng wichteg Roll an der Befreiung vu Lëtzebuerg am Zweete Weltkrich gespillt.
-
D'Chamber hëlt d'Haaptmesurë vum Solidaritéitspak 3.0. un: eng konkret Ënnerstëtzung fir d'Stéit
D'Haaptmesurë vum Solidaritéitspak 3.0. goufe vun der Chamber eestëmmeg ugeholl, wat ee wichtege Schrëtt bei der Ëmsetzung vum Moossnamepak duerstellt.
-
Versammlung vum Koordinatiounscomité Tripartite: Ënnerzeechnung vum Ofkommes
D'Joer 2022 war vun engem historesch eemolegen Inflatiounsschub gepräägt, dee mat enger däitlecher Hausse vun den Energiekäschten an de Verbraucherpräisser am Allgemenge verbonne war. Dësen Effekt gouf duerch de russeschen Invasiounskrich géint d'Ukrain nach verstäerkt.
-
Pressebriefing no der Reunioun vum Koordinatiounscomité Tripartite
No der Reunioun vum Koordinatiounscomité Tripartite vun e Freiden dem 3. Mäerz 2023, informéieren d'Regierung, zesumme mat de Sozialpartner, d'Press iwwert d'Gespréicher. De Livestream fänkt géint 18:45 Auer un.
-
"Ech wäert geziilte Steiererliichterunge proposéieren, fir d'Kafkraaft vun de Stéit z'ënnerstëtzen"
Den 30. Januar 2023 huet d'Finanzministesch Yuriko Backes bei enger gemeinsamer Sitzung vun der Finanz- a Budgetskommissioun an der Budgetsexekutiounskommissioun vun der Chamber d'Finanzlag vum Staat op den 31. Dezember 2022 virgestallt.
-
"D'Offer u Wunnenge vergréisseren!”: Reform vun der Grondsteier a Mobiliséierung vun Terrainen a Wunnengen
Zwee Deeg, nodeems en am Ministerrot ugeholl gouf, hunn d'Inneministesch, Taina Bofferding, de Wunnengsbauminister, Henri Kox, an d'Finanzministesch, Yuriko Backes, haut de Gesetzprojet iwwert d'Grondsteier, d'Mobiliséierungssteier vun Terrainen an d'Leerstandssteier op Wunnenge, sou wéi de Gesetzprojet iwwert de nationale Regëster vu Gebaier a Wunnengen presentéiert.
-
Staatsvisitt vum Grand-Duc a vun der Grande-Duchesse an der portugisescher Republik
Op Invitatioun vum President vun der portugisescher Republik, Marcelo Rebelo de Sousa, waren de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse vum 11. op den 12. Mee 2022 fir eng Staatsvisitt a Portugal.
-
Presentatioun vum Mesurëpak fir d'Ënnerstëtzung vun de Stéit an de Betriber
De Wirtschaftsminister Franz Fayot an d’Finanzministesch Yuriko Backes presentéieren de Mesurëpak fir d’Ënnerstëtzung vun de Stéit an de Betriber, deen nom Koordinatiounscomité Tripartite vum 30. Mäerz 2022 opgestallt gouf. De Livestream fänkt géint 17:15 Auer un.
-
Pressekonferenz am Livestream iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot an dem Energiedësch
D'Regierung informéiert d'Press iwwert d'Aarbechte vum Regierungsrot, sou wéi dem Energiedësch, deen haut stattfonnt huet. De Livestream fänkt géint 14:00 Auer un.
- 1
- 2
- Lescht Säit