Interview de Pierre Gramegna avec RTL Radio Luxembourg au sujet de la banque européenne centrale

"D’Politique monétaire alleng kann net d’Relance fäerdeg bréngen"

Interview: RTL Radio Lëtzebuerg (Nico Graf)

Nico Graf: Et sinn dräi einfach Froen: wat kënnen, nom Mario Draghi senger Decisioun, déi positiivst Suitë sinn? Wat kann am schlëmmste Fall geschéien? A wat geschitt wierklech? Ugefaange mam Positiven: wat geschitt op der Avoirssäit?

Pierre Gramegna: Bon, dat Bescht wat ka geschéien, dat ass, datt d’Decisioun vun der Europäescher Zentralbank mat sech bréngt, datt mir d’Deflatioun bekämpft kréien. Dat ass och de Grond, firwat déi Decisioune geholl gi sinn. A mir hu jo gesi wéi geféierlech et ass, wann d’Taux d’intérêts laang niddereg sinn, wéi dat a Japan de Fall ass, a wann een näischt ënnerhëlt, da bleift ee laang an enger Stagnatioun, an dat wollt d’Europäesch Zentralbank evitéieren. An ech mengen, et war elo de richtege Moment fir ze agéieren.

Nico Graf: A wann alles schif geet, wat ass dann?

Pierre Gramegna: Schlëmmes kann am Fong geholl net ze vill geschéien. Schlëmmes ka geschéien, datt déi Moyens financiers déi do op de Maart gehäit ginn, datt déi net do ukomme wou een hofft, datt se haaptsächlech kommen. Dat heescht, bei méi Kreditter fir d’Entreprisen, fir datt den Investment kann ugekuerbelt ginn, an datt d’Ekonomie doduerch relancéiert gëtt. Loosse mir soen, dat Schlechst wat ka passéieren, dat ass, datt d’Relance économique doduerch net gestäerkt gëtt.

Mir liewen an enger Zäit wou scho ganz vill Liquiditéiten um Maart sinn. D’Europäesch Zentralbank hat schonn eng Politik déi ganz accommodant war. Et si scho vill Liquiditéiten um Maart. Wat elo muss fäerdeg bruecht ginn dat ass, datt déi Suen och un d’Entreprisë geléint ginn, an datt d’Entreprisen och Projeten entwéckelen. A fir datt dat geschitt, mussen och strukturell Reformen an de Länner gemaach ginn. D’Politique monétaire alleng kann net d’Relance fäerdeg bréngen.

Nico Graf: A wat geschitt wierklech? De Pierre Gramegna als Prophéit:

Pierre Gramegna: Ech mengen, et gëtt e Mixt vu Saachen déi wäerte geschéien. En Deel vun de Liquiditéite wäerte bei d’Entreprisë gelaangen, an doduerch geschitt d’Relance.

Dat anert wat geschitt dat ass, datt den Euro elo e bësse geschwächt gëtt, an dat hëlleft den Entreprisen déi exportéieren. An doduerch datt och de Pëtrol elo méi bëlleg ginn ass, penaliséiert dat eis net vill, datt den Euro e bësse méi schwaach ass.

Ech mengen, datt et de Moment esou ass, datt déi Politik déi d’Europäesch Zentralbank do mécht, dee richtege Mix ass.

Nico Graf: An et geet gutt aus?

Pierre Gramegna: Dat do geet riicht aus, jo.

Nico Graf: D’Land huet en optimistesche Finanzminister.

Dernière mise à jour