Luc Frieden au sujet de son rôle dans l'enquête "Bommeleeër"

Luc Frieden: Et geet elo duer. Ech sinn extrem rosen. Hei gëtt wierklech alles matenee vermëscht.

Nofroe wéi laang eng Affär nach dauert, ass eppes ganz aneschtes wéi dee Bréif deen de Procureur Biever deemools iwwer den Här Reuland an den Här Stebens mir geschéckt huet. Also loosse mir emol déi zwou Saache ganz genee auserneenhalen.

Dat wat iwwer dee Bréif Biever iwwer Reuland a Stebens, dat ass jo largement bekannt, do ass alles bekannt, dat war jo och deemools en public, an dorop hin, dat ass e Bréif wou de Procureur Biever dem Här Reuland an dem Här Stebens Saache virgehäit, wou en awer net uklot déi Leit.

Dat heescht, ech hu missen déi Leit ofsetzen, ouni konnten iergendeng Prozedur ze respektéieren, well bis haut d’Justiz déi Leit net ugeklot huet. Also war ech an enger ganz penibeler Situatioun, an enger delikater Situatioun, déi mir jo och am Parlament diskutéiert hunn, déi mir an der Regierung diskutéiert hunn, am Detail diskutéiert hunn, an doraus ass e richtege Konflikt gewiescht tëschent der Justiz, déi eppes behaapt ouni unzekloen, an der Police wou et em déi zwee Haaptleit vun der Police geet. Dat ass also e Konflikt dee bekannt war, e Konflikt deen och elo nach besteet. An ech hunn alles gemaach duerno fir no der Ofsetzung dee Konflikt erëm op en Enn ze bréngen, datt déi zwee géinge mateneen uerdentlech fonctionnéieren, dat heescht Justiz a Police. An ech hunn ëmmer dofir gesuergt, datt esouwuel d’Justiz wéi d’Police uerdentlech fonctionnéiert huet. Wann ech do deen een engem anere virgezunn hätt, wat een do kënnt als Ënnerstellung dra liesen, dat ass jo net richteg, an esou war dat net, an esou ass dat net.

An dann hätt ech gären déi Wierder déi do gesot gi sinn, datt ech de Procureur ugeruff hunn no deem Bréif, ech hunn och de Procureur gesinn, ech hu mam Premier doriwwer geschwat, ech hu mat deenen anere Ministeren doriwwer geschwat, ech hunn en Interview doriwwer ginn, dat ass also absolut näischt Neies, mä déi Wierder déi do gebraucht ginn, “Krich tëschent deenen zwee", mengen ech net datt dat meng Wierder sinn, ech schwätzen éischter vu “Konflikter", an déi si bekannt.

An zweetens, datt ech do gesot hätt deen een hätt gewonnen, oder géing gewanne géintiwwer deem aneren, dat hätt ech da gäre schrëftlech, well da misst dat Gespréich jo opgeholl gi sinn, da géing ech dat gäre gesinn. Ech weess net ob, den Här Scheuer war sécherlech net bei deem Gespréich dobäi, dat war den Här Biever. An dann hätt ech gären d’Preuve vun deene Wierder, wann ech do zitéiert ginn, an déi Preuve hätt ech gären nach den Owend.

Guy Kaiser: An de Joël Scheuer huet vun engem heftege Gespréich tëschent Iech an dem Robert Biever geschwat. Wéi kann hien dat behaapten?

Luc Frieden: Ech ka mir dat net virstellen, well deen Här Scheuer, deen ech net kennen, dee war och do net dobäi.

Mä datt mir iwwer dee Bréif do e Gespréich haten, well ech am Fong awer et bis haut spektakulär fannen, datt een e Bréif schreift, wou ee weider keng Preuven huet, Preuven déi mir zougängeg sinn, ech hu jo deemools an der Chamber dozou Stellung geholl. Also et soll een haut net maache wéi wann dat do eppes ganz Neies wier. Dat do ass largement deemools diskutéiert ginn. An der Chamber doriwwer gouf et eng Debatt. An ech hunn an där Debatt meng Décisioun geholl, no Diskussiounen an der Regierung, an hunn den Här Reuland an den Här Stebens ofgesat, obschonns datt se net ugeklot gi sinn, an dat war jo am Fong de springende Punkt. An dat heescht d’Regierung, an ech als Justizminister, an als Policeminister hu meng Responsabilitéit iwwerholl.

Also dofir wann hei gemaach gëtt wéi wann elo eppes total Neies do wier, well dat erëm gefält an oflenkt vun anere Saachen, da soen ech, esou geet dat do net virun.

Guy Kaiser: Mir krute jo och Dokumenter zougespillt vu Bommeleeër-Enquêteuren, wou déi festhalen, datt se aus der Policehierarchie gesot krut hätten, datt de Justizminister Frieden genervt wier iwwer déi ganz Enquête. Stëmmt dat?

Luc Frieden: Elo vermëscht Dir erëm deen een Dossier an deen aneren.

Ech hunn Iech virdru gesot, nofroe wéi laang eng Affär dauert, ass eppes ganz aneschtes wéi dee Bréif vum Procureur Biever, deen zur Ofsetzung vum Här Reuland a vum Här Stebens geféiert huet. Loosse mir net dauernd déi zwou Saache matenee vermëschen.

Ech hunn Iech an Interviewen an de leschten Deeg gesot, ech hunn dat op der Televisioun vun RTL gesot, datt ech mir Suerge gemaach hunn iwwer d’Längt vun där Affär, well ech och Suergen hunn em déi aner Affären.

De Justizminister ass zoustänneg fir de gudde Fonctionnement vun der Justiz. An datt ech nogefrot hunn, dat hunn ech jo gesot, fir ze kucke wéi laang dauert déi Affär, an net datt se soll ofgeschloss ginn, mä fir ze kucke wéi laang dauert déi nach, ass dat eng Affär déi nach joerelaang dauert, a wéivill Moyenen ee fir eng an déi aner Affär brauch.

E gudde Fonctionnement vun der Justiz, datt d’Lenteur vun der Justiz net alles bremst, dat ass eng normal Aufgab vum Justizminister, soss brauche mir kee Justizminister, wann en net och kuckt datt d’Affäre virun d’Geriicht kommen.

Mä déi eng an déi aner Saach muss een auserneen halen. An et ass och d’Aufgab vun de Medie fir op eng responsabel Aart a Weis déi eng an déi aner Saachen auserneen ze halen.

Guy Kaiser: Okay, ech hunn de Message verstanen, Här Frieden. Loosse mir also d’Saachen net méi weider vermëschen. Nach just eng lescht Fro. Muer ass awer e wichtegen Dag fir Iech. Maacht Dir Iech Suergen?

Luc Frieden: Ech hätt gären datt d’Leit an der Chamber an am Land eng Aarbecht jugéieren, déi op eng äusserst sérieux Aart a Weis vu mir als Justizminister an all deene Joere gemaach ginn ass, am Intérêt vum Land, an am Respekt vun all de Regele vum Rechtsstaat. Déi si fir mech äusserst wichteg, an déi hunn ech ëmmer respektéiert, an déi wäert ech ëmmer respektéieren. An ech weess datt ganz vill Leit am Land dat och esou gesinn.

Guy Kaiser: Här Frieden, ech soen Iech villmools Merci, a wënschen Iech da bonne Chance fir muer.

Luc Frieden: Merci.

Dernière mise à jour