Luc Frieden au sujet de la situation politique en Grèce

Luc Frieden: Mir si relativ besuergt iwwer d’Situatioun a Griicheland, well och wann eng Expertegierung kënnt, dann ass et jo noutwenneg, datt déi Regierung zwou Saachen huet: engersäits brauch se eng Majoritéit am Parlament, an zweetens ass et och ganz kloer, an dat war gëschter Owend a villen Interventiounen d’Meenung vu menge Kollege Finanzministeren, datt déi nei Regierung, egal wéi se ausgesäit, muss weider sech un d’Konditiounen halen déi d’Eurozon gesat huet.

Mir hëllefe Griicheland, mir gi Griicheland Suen, mä als Contrepartie muss Griicheland eng Rei Spuermoossname maachen, eng Rei strukturell Reforme maachen, fir datt Griicheland erëm op eege Féiss stoe kënnt. An do féiert kee Wee dolaanscht.

Mir wëllen, datt Griicheland an der Eurozon bleift, mä mir mengen och datt Griicheland en Intérêt huet an der Eurozon ze bleiwen, mä déi nei Regierung muss wëssen, datt d’Konditiounen net kënne geännert ginn.

Pierre Reyland: Wéi wahrscheinlech ass et, datt Griicheland d’Eurozon awer vläicht misst verloossen, quitt datt den Eurogrupp den Opruff gemaach hat, si hätte gär, datt se drableiwen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt et net am Intérêt vu Griicheland ass. An et kann een nëmmen hoffen, datt ech genuch politesch Parteien a Griicheland fannen, déi och mierken, datt den Austrëtt vu Griicheland aus der Eurozon fir d’Griiche selwer och eng enorm schwiereg Situatioun wier.

Ech mengen, méi schwiereg fir Griicheland wéi fir de Rescht vun der Eurozon, well contrairemement zu virun 2 Joer hu mir haut Instrumenter fir z’évitéieren, datt et zu enger gréisserer Ustiechung op déi aner Länner kënnt.

Nach mengen ech, datt et zu ganz vill Chaos géing féieren, wa Griicheland elo op eemol géing austrieden. Dat ass kee gudde Szenario.

Mä nach eng Kéier, d’Situatioun ass äusserst schwiereg a Griicheland, vun deem wat ech och gëschter Owend vum griichesche Finanzminister verstanen hunn. An dofir kann een nëmmen hoffen, datt déi Leit a Griicheland, déi politesch Responsabeler sech rappen, datt eng Regierung a virun allem, wéi gesot, eng parlamentaresch Majoritéit zustane kënnt.

Hie weess datt dee schwéiere Wee, op deem Griicheland amgaangen ass ze goen, en Fait deen eenzeg richtegen ass fir Griicheland a fir d’Eurozon.

Mä déi nächst Deeg wäerten an deem Sënn kruzial sinn. Mä ech mengen, mir hunn alles en Place, fir datt net, wann eppes geschitt a Griicheland, déi aner Länner ugestach ginn.

Dernière mise à jour