Luc Frieden au sujet de l'enquête annoncée par la commission européenne concernant le prix de vente de la BIL.

Umoderatioun Dany Rasqué: 730 Millioune goufe fir d'Dexia BIL op den Dësch geluecht. D'europäesch Kommissioun huet gëschter eng Enquête iwwer dëse Verkaf annoncéiert. 90% gi jo vun engem Investisseur aus dem Katar iwwerholl. 10% kritt de lëtzebuerger Staat. D'Kommissioun wëll an enger Enquête approfondie eraus fannen ob de reelle Wäert verhandelt gouf a sécher stellen, datt sech keng staatlech Hëllef hannert dem Deal verstoppt. De Finanzminister Luc Frieden mécht sech keng Suergen iwwert dës Enquête:

Luc Frieden: Déi mécht mir keng Suergen. Dat ass eng ganz normal Prozedur am Kader vun dem europäesche Konkurrenzrecht. D'Dexia ass eng Bank déi zanter 2008 vu Staatsgarantien, also Staatssuen bénéficiéiert a wann dann esou e Grupp eppes verkeeft, da muss gekuckt ginn ob dat no de richtege Conditiounen iwwert d'Bühn geet an et ass an deem Kader wou d'Kommissioun dat dote mécht.

Max Theis: Elo si jo och drëtt Parteien déi sech do kënnen zu Wuert melle mat hire Kritiken. Rechent Dir dann do mat Kritiken déi Substanz hunn?

Luc Frieden: Dat ass eng Prozedur déi am Fong net richteg passt an eng Krisenzäit, well de Präis deen ofgemaach ginn ass, ass e Präis dee gëtt jo négociéiert tëschent Verkeefer - Dexia - an dem Haaptinvestisseur, also dem katareschen Investisseur. Dee Präis ass also net eesäiteg vun engem definéiert ginn, mä vun 2. An dat zweet dat ass, an duerfir ass déi Prozedur hei vläicht e bësse méi komesch, dat ass esou, datt jo an enger relativ schwiereger - wann net dramatescher Situatioun - ass déi Vente gemaach ginn. Et war keen anere Keefer do deen sou vill Suen op den Dësch geluecht huet. An duerfir mengen ech, datt déi Prozedur och géing zum Resultat kommen, datt ënnert den Ëmstänn an en Vue vun der Situatioun vum Grupp Dexia an op Grond vun deene Verhandlungen dat do e richtege Präis war. E richtege Präis wéi gesot ass ëmmer ee Präis deen och ee bitt. Net nëmmen ee Präis deen ee sech an der Theorie virstellt.

Dernière mise à jour