Luc Frieden au sujet de l'emprunt de l'État luxembourgeois du 12 mars 2012

Frank Kuffer: De Luc Frieden hat bei der Presentatioun vum Budget fir 2012 d’Chamber gefrot fir 500 Milliounen Euro ze léinen. Elo ass et also eng Milliard. Dat wier awer liicht ze erklären, well dat Joer virdrun hat de Minister och scho fir eng hallef Milliard gefrot, eng Milliard ass och méi einfach wéi zweemol 500 Milliounen.

Luc Frieden (O-Toun): Well wann ee bei institutionell Investisseure geet, da brauch een eng gréisser Zomm fir déi ze léinen.

Frank Kuffer: D’Chamber hat dofir den Accord ginn, an och d’Leit am Land wieren also informéiert gewiescht, an Defizitter, wéi mir se den Ament hunn, missten ebe mat geléinte Sue finanzéiert ginn. Dat Geld gëtt also elo geholl fir d’Dépensen ze bezuelen.

Luc Frieden(O-Toun): Wa mir eppes bauen, wa mir Sozialleeschtunge bezuelen, wa mir Peie bezuelen, de Staat brauch ëmmer Suen an der Keess. Mir hu fir de Moment Liquiditéite vun, géing ech soen, ronn 200 Milliounen, an déi Milliard déi kënnt also do dobäi, soudatt mir an deene nächste Méint Ausgaben, déi kommen, Rechnungen déi de Staat kritt, datt mir déi kënne bezuelen.

Frank Kuffer: An Enn d’nächst Joer erfält een Emprunt vun zwou Milliarden Euro. Fir deen zeréckzebezuelen, si keng Suen do, an et mussen nees Sue geléint ginn, fir déi geléinte Suen zeréckzebezuelen. Komme mir do net an eng Spiral eran?

Luc Frieden (O-Toun): Dat ass richteg, an dofir sinn ech jo der Meenung, datt et net kann esou sinn, datt mir iwwer déi nächst Joere vill weider Schold maachen. Deen Emprunt vun zwou Milliarden ass e bëssen extra, war deen Emprunt dee mir gemaach hunn, fir an d’Kapital vun der Banque Générale eranzeklammen. Do hu mir jo en Avoir an d’Plaz kritt, dee brauchen also net anerer zeréckzebezuelen, well deen Avoir ass jo och eppes wäert. Mir mussen also dofir Aktie vun enger Gesellschaft verkafen, wa mir déi verkafen, da kréie mir déi Zomm, vläicht esouguer méi erëm, soudatt dat also net en Emprunt ass, deen nächst Generatioune musse bezuelen. Mä dat ass wéi wann ee Sue léint fir en Haus ze kafen, dann huet ee jo och en Haus, an dat Haus kann ee verkafen.

Frank Kuffer: Wéini d’Parten, déi de Staat bei der BGL kaaft hat, verkaaft ginn, kann de Minister awer net soen, dat hänkt vun der Entwécklung op de Boursen of.

Dernière mise à jour