Luc Frieden au sujet de la Grèce et de ses engagements de réduction des déficits

Pierre Reyland: D’Eurolänner fuerderen also méi Efforte vu Griicheland. Dat héiert een net fir d’éischt. Dës Kéier geet et an der Haaptsaach ëm d’Verhandlungen iwwer de Scholdeschnëtt, deen d’Banke Griicheland soll accordéieren. Déi Diskussioune si schwiereg a Griicheland soll a muss sech do géint d’Banke behaapten, insistéiert den Eurogrupp. Méi doriwwer seet eis elo direkt de lëtzebuerger Finanzminister Luc Frieden um Telefon zu Bréissel. Gudde Moien, Här Frieden.

Luc Frieden: Gudde Moien.

Pierre Reyland: "De griicheschen Hëllefsprogramm ass aus der Bunn geroden", dat waren d’Wierder vum Eurogrupp Chef Jean-Claude Juncker gëschter. Wat fonctionnéiert dann elo net mat dem griichesche Programm?

Luc Frieden: Mir fuerderen net méi Efforte vu Griicheland. Mir fuerderen, datt déi Conditiounen déi mir gesat hunn, datt déi och ëmgesat ginn.

Elo muss ee soen, datt Griicheland effektiv scho ganz vill gemaach huet, eng ganz Rei Dépensë reduzéiert huet, eng ganz Rei Steieren erop gesat huet.

Mä wa mir soen, aus der Bunn sinn, dann ass dat par rapport zu deem wat ofgemaach gi war. Notamment bei der Privatisatioun ass ganz wéineg geschitt. Firwat musse se privatiséieren? Mä datt se och selwer Suen an hir Keess kréien duerch Avoiren déi se hunn, déi se verkafen. Si hu bei de Strukturreformen net genuch gemaach par rapport zu deem wat se versprach haten.

Dann, wéi Dir elo grad gesot hutt, sinn déi Verhandlunge mat de private Créancieren déi Sue geléint hunn u Griicheland, déi also Staatsobligatioune kaf hunn, sinn déi nach ëmmer net ofgeschloss. Alles dat brauch vill Zäit.

A firwat drécke mir drop, datt dat geschitt? Mä ënner anerem well Griicheland en neien Hëllefspak gefrot huet, dee vu Februar/Mäerz u soll Griicheland gi ginn, a mir soen, Dir kënnt awer net nach eng Kéier Sue froe kommen, wann Dir dat éischt nach net alles erfëllt hutt.

An dofir musse mir hei déi Conditiounen oprecht erhalen. An d’Griichen hu versprach, datt se dat géinge maachen. Mä ech mengen, alleng kënne se dat net. Si musse méi Hëllef vun deenen anere Länner kréien, Hëllef, strukturell Hëllef, dat heescht och Leit déi an hire Verwaltungen hëllefen dat do maachen, well mir wëssen, datt et eng enorm komplizéiert Geschicht ass.

Dernière mise à jour