Luc Frieden au sujet de la menace de Standard and Poor's de placer sous surveillence négative les notes de quinze pays de la zone euro

Umoderatioun: Déi Menace vun der Ratingagence Standard & Poor’s, d’Eurolänner vläicht down ze graden, ass keng Iwwerraschung, dat seet op jiddwerfalls am Gespréich mam Nico Graf de Finanzminister Luc Frieden. D’Drohung wier iwwerhaapt net onerwaart komm.

Luc Frieden: Ech fannen, datt dat keng Nouvelle ass. Et ass keng Nouvelle, well dat do genee dat ass, wat eng ganz Rei vun Finanzministeren déi lescht Méint gesot hunn, an eng ganz Rei Saachen, déi och duefir gemaach ginn.

Kuerzfristeg musse mir enger Rei Länner hëllefen, déi Finanzéierungschwieregkeeten hunn, an déi Hëllefe si verbonne mat ganz staarken Oplagen, dat heescht déi musse spueren, déi mussen hire Budget an Uerdnung bréngen.

An da musse mir kucken, mëttelfristeg, datt mir évitéiere kënnen, datt et zu enger Ustiechungsgefor duerch eng Rei Länner kënnt.

Duefir baue mir Systemer op wéi déi Rettungsschirmer, wéi ze kucken, datt mir den Internationale Währungsfong kënne méi mat abannnen.

A mëttel- a laangfristeg musse mir och kucken, datt jiddweree sech un d’Stabilitéit- a Wuesstemscritèrë vun Europa hält.

An an enger Währungsunioun, wéi gesot, kann net jiddweree maache wat e wëlt, mä wat deen ee mécht, huet en Effet op anerer.

An duefir sinn ech e bëssen erstaunt, wéi gesot, datt d’Leit sech erféiere wa Standard & Poor’s eppes seet, wat, wéi gesot, ganz vill Leit op de Finanzmäert, mä och an der Politik déi lescht Méint gesot hunn. Europa muss de Wee zeréckfanne vum Vertrauen an der Stabilitéit. An dat, wéi gesot, geet net mat engem Sommet, oder mat iergendenger bilateraler Réunioun. Mä alles dat zesumme féiert eis zum Zil.

Nico Graf: De Premier Juncker huet dat, wat Standard & Poor’s do undreeën, onfair genannt, an total exzessiv. Dir démarquéiert Iech do e bëssen, net?

Luc Frieden: Neen, ech mengen net, datt ee ka soen, datt dat eng aner Reaktioun ass. Ech setzen dat just an e Kontext, an an eng Linn vu Réuniounen déi stattfannen. Dat ass, um Haut gekuckt, wann een net kuckt, wat virdru geschitt ass, wann een net kuckt, wat ëmgesat ass, da kann een dat als eppes emfannen, wat an dësem Moment vläicht elo net eng zousäzlech Léisung bréngt, mä ech mengen, datt mir um Wee sinn, fir déi Léisungen ze fannen.

Frank Kuffer: De Luc Frieden sot weider, Lëtzebuerg géif net als Land ënnert der Menace stoen, ofgewäert ze ginn, mä nëmmen als Euroland, wéi all déi aner Eurolänner, déi elo méi genee surveilléiert ginn.

Dernière mise à jour