Luc Frieden au sujet de la banque Dexia-BIL

Umoderatioun: Lëtzebuerg ass jo och um Grupp Dexia bedeelegt. Mir hunn de Moie mam Finanzminister Luc Frieden geschwat. Déi éischt Fro un hie war déi, wéi en Impakt déi Restrukturatiounen op d’Dexia-BIL hunn?

Luc Frieden: Vu datt d’BIL rentabel ass, vu datt d’BIL relativ separat als Detailbank an deem Grupp fonctionnéiert, kann ech soen, datt mir eng Léisung wäerte fannen, déi sécherstellt, datt d’BIL mat hirer Clientèle, mat hirer Aktivitéit, mat hire Salariéën och an Zukunft wäert eng wichteg Roll zu Lëtzebuerg spillen.

Pierre Reyland: A wéi gesäit esou eng Léisung aus? Muss een do erëm vu staatlechen Hëllefen, staatleche Rettunge schwätzen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt mir am gaange sinn eng Léisung ze sichen um privatrechtleche Plang.

De lëtzebuerger Staat ass net Aktionnär bei der BIL, de lëtzebuerger Staat huet der BIL eng Rei Garantieë ginn am Kader vun der Finanzkris vun 2008, mä mir wëllen eis aktiv un enger Léisung bedeelegen. Dat heescht, datt mir wëlle sécherstellen, datt déi wichteg an traditiounsräich Bank zu Lëtzebuerg och an Zukunft kann déi Roll spillen, déi se gespillt huet.

An ech kann de Moien och soen, esouwuel de Clienten, wéi de Leit, déi op där Bank schaffen, datt déi Bank absolut sécher ass, an datt mir eng Léisung am gaange sinn ze fannen.

Déi lescht Deeg waren intensiv, mä zu kengem Moment war d’Bank als sollech a Fro gestallt. Et ass éischter e strukturelle Problem am Grupp, an dee mir eis aktiv abannen.

An ech hat och gëschter Gespréicher esouwuel mam President vum Verwaltungsrot, wéi mat dem Generaldirekter vum Dexia Grupp virun hirem Verwaltungsrot zu Bréissel, an si hu mech och gëschter Owend informéiert, datt déi Pisten un deene mir schaffen, datt dat Piste sinn, vun deene mir zesumme mat der belscher an der franséischer Regierung a mam Grupp selwer eng Léisung kënne fannen.

Pierre Reyland: Kann ee soe wéi séier datt dat muss goen, wéini kann ee sech do Annoncen erwaarden, datt konkret matgedeelt gëtt, wéi eng Léisung elo fonnt gouf?

Luc Frieden: Esou Verhandlunge sinn ëmmer schwiereg, brauchen e puer Deeg oder e puer Wochen, mä mir wäerte keng Minutt verléieren, a mir hunn an deene leschten Deeg keng Minutt verluer, fir datt ee schnell eng Léisung fënnt, well d’Marchéë sinn nervös, mä an där Nervositéit dierf ee sech als Lëtzebuerger net nervös maache loossen an deem Sënn, datt, wéi gesot, d’Dexia-BIL relativ autonom an deem Grupp, och bis haut, fonctionnéiert huet. A mir stinn net an enger Situatioun wéi 2008. Mee mir mussen dëse Grupp restrukturéieren, an dat huet de Grupp jo selwer matgedeelt. A wéi gesot, d’lëtzebuerger Regierung wäert sech aktiv un där Léisungssich bedeelegen.

Pierre Reyland: Esouwäit de Finanzminister Luc Frieden iwwer d’Restrukturatioun beim Grupp Dexia.

Dernière mise à jour