Luc Frieden au sujet d'un impôt européen des sociétés.

Umoderatioun: Frankräich, Däitschland an och d'Benelux-Länner mussen eng eenheetlech Besteierung vun de Gesellschafte kréien, dat huet de belsche Finanzminister Didier Reynders am belsche Le Soir gefuerdert. D'Accord, seet de lëtzebuerger Finanzminister Luc Frieden, mä nëmmen déi 5 Länner, dat geet net duer.

Luc Frieden: Dat kann een net limitéieren op 5 Länner, dat muss een dann am ganze Bannemaart maachen.

An dofir mengen ech schonn, datt mir mëttel- oder laangfristeg eng harmoniséiert Gesellschaftsbesteierung an Europa brauchen. Dat ass allerdéngs ganz schwiereg ze realiséieren, well da muss ee jo net nëmme kucken, mat wéi engem Taux ee besteiert, mä och wat ee besteiert, wat ee kann ofsetzen. An dofir mengen ech, bleift dat eng ganz schwiereg Operatioun. Mä nach eng Kéier, an der Zilsetzung mécht se Sënn an engem Bannemaart.

Nico Graf: Wéi sinn de Moment d'Differenzen tëscht der Besteierung zu Lëtzebuerg an deenen aus deenen anere Länner?

Luc Frieden: Déi Differenze si ganz grouss, well éischtens emol ass d'Assiette, also dat wat besteiert gëtt, a ganz ville Länner ënnerschiddlech. Dobäi komme ganz speziell Regimer. Dat gëllt besonnesch fir d'Belsch a fir Holland. D'Belsch huet zum Beispill Centres de coordination, si hunn d'Iddi vun Intérêts notionnels. D'Hollänner hu ganz speziell, individuell Steierbescheeder fir speziell Strukturen.

Alles dat an een Dëppen ze kréien ass ganz schwiereg.

Dat gëtt iwweregens och schwiereg tëscht Däitschland a Frankräich, well déi franséisch Besteierung ass méi héich wéi déi dätsch Besteierung.

Harmonisatioun kann och net esou sinn, datt een einfach den héchsten Niveau hëllt, mä et muss een en Niveau hunn, deen och a mengen Aen d'wirtschaftlech Entwécklung vun Europa weiderhi méiglech mécht. An dann dierf een net vergiessen, datt besonnesch déi nei Länner an der Europäescher Unioun, déi no 2004 an d'Unioun komm sinn, relativ niddereg Besteierungssätz hunn. Dat alles ënnert een Nenner bréngen, schéngt mir eng Operatioun ze sinn, déi ganz laang dauert.

Nico Graf: Et schéngt eng Heedenaarbecht ze sinn.

Luc Frieden: Et ass eng Heedenaarbecht, mä d'Zilsetzung mécht Sënn. Dofir ware mir och ëmmer als Lëtzebuerg der Meenung, datt ee misst kucken, als éischt emol eng gemeinsam Definitioun ze fanne vun deem wat ee besteiert.

An dat Zweet wéi gesot muss an eisen Aen sinn, datt mir eng attraktiv Steierlandschaft fir d’wirtschaftlech Entwécklung an Europa brauchen, an héchstwahrscheinlech an enger Harmonisatioun géing dat e ganz schwierege Punkt ginn, besonnesch an deene Länner déi eng héich Besteierung vun hire Betriber hunn. Mir leien an dem OCDE-Mëttelfeld. Längerfristeg mengen ech, datt och zu Lëtzebuerg mir eis mussen domat ofginn, datt mir musse kucken, datt mir d'Betriber ënnerstëtzen, déi déi investéieren, datt déi net zevill Steiere bezuele par rapport zu den auslännesche Konkurrenten.

Dernière mise à jour