Le ministre des Finances, Luc Frieden, au sujet du décès de Edmond Israel

Luc Frieden: Den Doud vum Här Israel ass eng Nouvelle déi eis am Fong ganz no geet, well den Här Israel huet eng ganz bedeitend Roll gespillt an der lëtzebuerger Ekonomie, an der lëtzebuerger Finanzwelt. E war ee vun de Pionéier vun der Finanzwelt. Ma en huet och an der Gesellschaft Impulser gesat, déi wäit iwwer d’Finanzwelt erausgaange sinn. Ech hu vill Gespréicher mam Edmond Israel an de leschte Joere gehat, an ech war ëmmer beandrockt vu senger Intelligenz, sengem Optimismus, senger Toleranz, déi vläicht och mat senger Krichserfahrung ze doen hat, an datt hien ëmmer an d’Zukunft gekuckt huet. Hien huet ganz oft Iddië ginn, wéi ee kéint d’Finanzplaz op d’Zukunft ausgestallten, an huet ëmmer d’Aen opgehat, an de Kapp opgehat fir nei Weeër ze goen. An ech erënneren och drun, datt hien eis ëmmer encouragéiert huet, och op nei Mäert ze goen, wéi Asien an esou weider, wou hien och eng Roll gespillt huet. Et ass e grousse Verloscht fir d’lëtzebuerger Land.

Frank Kuffer: War et och hien, deen awer vill Visiounen hat, Dir hutt et ugedeit, wat Lëtzebuerg als international Finanzplaz ugeet?

Luc Frieden: Hie war e Pionéier a ganz ville Saachen a war ëmmer op fir nei Iddien. Hie war net ee vun deenen déi gesot hunn, dat do hu mir, dat geet jo duer, ma hien huet, vu datt en och am Ufank vun där FInanzplaz dobäi war, ëmmer erëm matgeschafft, fir datt déi FInanzplaz sech soll erweideren, fir datt se soll nei Aktivitéiten dobäi setzen, a vum traditionelle Bankgeschäft, an deem hien ugefaangen huet, wou hien och déi eenzel Etappen duerchgaangen ass. Et war e Mann dee sech selwer vill forméeirt huet, an duerch seng Oppenheet fir nei Iddien, huet hien och nei Iddien ënnerstëtzt an neier mat op d’Schinn gesat. An dofir mengen ech, si vill Leit déi haut op der Finanzplaz schaffen oder fir d’Finanzplaz zoustänneg sinn, déi dem Edmond Israel ganz vill ze verdanken hunn.

Frank Kuffer: Dir hutt et och gesot, säi Engagement ass awer och wäit iwwer Finanzen a Banken erausgaangen.

Luc Frieden: Dat ass richteg. Seng Liewenserfahrung huet aus him net gemaach, datt hie rosen iwwer Anerer war a sech ofgeschloss huet, ma seng impressionant Erfahrung als een deen am Krich huet misste fortlafen, als Judd, war eppes wat hien duerno gebraucht huet fir Schrëtt op déi zouzemaachen, déi aner Meenungen haten, aner Reliounen haten, vun anere Kontinenter komm waren. Do huet hien eis Lektioune matginn, déi iwwer säin Doud eraus ze meditéiere sinn, a wou säi Wee weiderzeféieren ass.

Dernière mise à jour