Luc Frieden au sujet du plan de soutien à l'Irlande

Eric Ewald: Et goung de Finanzministeren ënner anerem drëm, d'Euroland souzesoen ze stabiliséieren, d'Finanzmäert z’iwwerzeegen, ier muer de Moien d'Boursen erëm ufänke mat schaffen, an och eng systemesch Äntwert op d'Kris ze ginn. Här Frieden, mat deem Hëllefspak fir Irland, ass dat an d'Wierklechkeet iwwerdroe ginn?

Luc Frieden: Eis Sitzung ass nach net ganz eriwwer. Mir sinn elo fäerdeg bei der Eurozon, mir maachen elo nach en Ecofin, wou also 27 Finanzministeren och nach musse verschidde Saache mat décidéieren. Mä mir sinn eis grondsätzlech driwwer eens ginn, fir zwou Saachen ze maachen.

Éischtens Irland ze hëllefen. Irland kritt e Pak, wéi Dir gesot hutt, vu 85 Milliarden zur Verfügung gestallt. Dobäi muss ech allerdéngs präziséieren, datt Irland selwer iwwer säi Pensiounsreservefong 17,5 Milliarde gëtt, et bleiwen also 67,5 Milliarden, déi et geléint kritt. Dovunner een Drëttel vun dem Internationalen Währungsfong an zwee Drëttel vun Europa. Dat heescht, datt mir vun deene 45 Milliarden déi aus Europa kommen, erëm eng Kéier d'Halschent aus deem Euro-Rettungsschierm eraushuelen, dee jo zu Lëtzebuerg baséiert ass, an déi aner ronn 22 Milliarden aus dem europäesche Budget.

Déi Sue kritt Irland geléint, nëmme well et zugläich e ganz strikte Spuerprogramm annoncéiert huet, dee mir haut nach eng Kéier am Detail diskutéiert hunn.

Ech géing och gär dobäi soen, aus lëtzebuerger Siicht, deen Deel dee mir do matmaachen, eis Participatioun um Euro-Rettungsschierm besteet, contrairement zum Fall vu Griichenland, net aus Suen déi mir den Ire ginn, mir ginn hei just nëmmen eng Garantie. Am Fall vu Griichenland hu mir direkt Sue geléint.

Zum Schluss géing ech vläicht nach dobäi fügen, England, Schweden an Dänemark maachen dës Kéier och mat, wat am Fall vu Griichenland net de Fall war.

Ech menge schonn, datt hei d'Marchéë gesinn, datt déi Länner déi a Schwieregkeete komme gehollef kréien, zugläich awer och mussen dann doheem extrem zollitt Programmer maache fir erëm op zollitt Féiss ze kommen.

Am Fall vun Irland ass dat virun allem hir Banke méi kleng maachen, hir Banke restrukturéieren, well de Problem an Irland ass zu engem ganz groussen Deel e Bankeproblem, et ass zum zweeten e Budgetsproblem.

Eric Ewald: Elo goufen et an Irland jo gëschter och Protester géint den Hëllefspak a virun allem eben déi Contrainten déi dee Pak do mat sech bréngt. Et gouf och Opreegung ronderëm d'Zënsen, déi Irland ebe misst zréckbezuelen. Vu 6,7% goung do Rieds, am Verglach zu deene 5,2% déi Griichenland operluecht krut, also wiesentlech méi.

Wéi ass dat ze justifiéiere vis-à-vis vun Dublin? An ass ee bei deene 6,7% schonn definitiv bliwwen oder hutt Dir dat nach net ugeschnidden?

Luc Frieden: Dat si Modalitéiten déi elo dee Rettungsfong do muss maachen. Op jiddwer Fall kann ee soen, ouni technesch ze ginn, datt Griichenland an Irland, wat d'Conditiounen ubelaangt, d'nämmlecht behandelt ginn, mä datt dat méi ze doen huet mat der Längt ,wéi laang Sue geléint ginn. D'Conditioune si grosso modo déi selwecht, well dat sinn och Conditiounen déi mir och mam Internationale Währungsfong ofgemaach hunn. Dofir ginn et do keng ënnerschiddlech Behandlungen.

Mä wichteg ass, datt d'Marchéë mierken, datt den Euro eng zollitt Basis huet, an datt en och weider eng Zukunft huet. Dofir hu mir de Mëtten och net nëmmen Irland diskutéiert an décidéiert, iwwregens zesumme mam IWF, well de Generaldirekter vum Internationale Währungsfong huet un der Sitzung iwwer Telefon deelgeholl, mä mir hunn zweetens och décidéiert, datt dee Rettungsschierm, vun deem ech elo grad geschwat hunn, datt mir deem och eng permanent Basis ginn. Dee sollt am Ufank nëmme bis 2013 bestoen, mir bauen deen ëm a mir hunn dann do och Modalitéite festgehale wéi esou e permanente Krisemechanismus kéint ausgesinn.

A mir hunn och do déi Froe gekläert, inwiefern de privaten Investisseur, bei enger neier Obligatioun déi emettéiert gëtt no 2013, misst bedeelegt ginn. Och do hu mir eng Léisung fonnt.

Mir weisen also domat de Marchéen, datt och iwwer 2013 eraus mir fir den Euro eng zollitt Basis wëlle schafen.

Eric Ewald: Wat elo deen Hëllefsfong fir no 2013 ugeet, deen Dir elo grad ugeschwat hutt, do geet op den Noriichtenagencen dovu Rieds, datt do au cas par cas soll gekuckt ginn, wéi d'Banke kënnen dorunner bedeelegt ginn. Ass dat eppes wat vu Frankräich a vun Däitschland elo imposéiert gouf?

Luc Frieden: Neen, hei gëtt näischt vu Frankräich a vun Däitschland imposéiert, mä et ass ganz kloer, datt Frankräich an Däitschland als déi gréissten Ekonomië vun der Eurozon selbstverständlech och dozou hiren Accord musse ginn. Déi hunn dee ginn, mä et ass eng Décisioun vun allen, well mir sinn alleguerten un deene Krisemechanisme jo och bedeelegt. Dofir war dat eng gemeinsam Décisioun, déi selbstverständlech och den Accord vu Frankräich an Däitschland huet missen hunn.

Mä Europa ass méi e komplizéiert Gebilde, wéi wa just 2 Staaten sech eens ginn.

Et ass richteg, datt dee ganze Problem do am Fong virun e puer Wochen no enger franséisch-däitscher Réunioun opkomm ass, an dofir hunn d'Leit vläicht elo méi op Frankräich an Däitschland gekuckt.

Mir sinn eis eens, datt Obligatiounen déi emettéiert gi sinn, also Staatsschold, ëmmer muss rembourséiert ginn. A wann e Staat géing an d'Situatioun kommen, wou e virun der Faillite steet, datt mir dann op enger präziser Basis, also an engem präzise Fall im Nachhinein kucken, mat den Investisseuren, mat de Créancieren, wat fir eng Bedeelegung déi musse maachen, niewent de Staaten déi dann intervenéieren.

Dat ass also eppes wat net fir elo gëllt, dat war wichteg fir dem Marché dat nach eng Kéier ze soen, dat gëllt eréischt fir nei Emissioune vun Obligatiounen, déi no 2013 fonctionnéieren. An héchstwahrscheinlech brauche mir deen neie permanente Krisemechanismus och nach e klenge Changement am Traité, dat sollen dann d'Staats- a Regierungschefen de 16. Dezember an hirer Sitzung definitiv décidéieren.

Mir hunn haut d'Décisioun geholl, datt deen neien, permanente Krisemechanismus soll ähnlech si wéi de Rettungsschierm, de European Financial Stability Facility, dee mir elo während der Kris opgesat hunn an deen elo an Irland eng éischte Kéier spillt.

Erci Ewald: Da géif ech Iech villmools Merci soen, Här Frieden, fir dës Präzisiounen.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour