Luc Frieden au sujet de l'allocation du bénéfice fiscal en matière d'enregistrement d'actes d'acquisition ("bëllegen Akt")

Frank Kuffer: Ganz vill gouf driwwer diskutéiert a gestridden, datt de bëllegen Akt net méi fir jidderee sollt gëllen an un d'Akommes gekoppelt géif. D'Gewerkschaften hu schonn eng Manif geplangt, déi kënne si elo erëm ofsoen. De Finanzminister war elo am fréien Owend bei eis am Studio, do hu mir vun him wollte wëssen, ob hien de Leit dann elo entgéint kënnt. D'Äntwert ass kloer jo.

Luc Frieden: Villes ass gesot ginn, villes ass falsch, een Deel ass richteg an ech muss soen, ech si scho sensibel op eng Rei vun deene Kritiken. Och wa se net ëmmer stëmmen, stéiert mech dach, datt d'Leit mengen, mir géifen hei eppes maache fir deene Jonken et méi schwiereg ze maache fir een Haus oder een Appartement ze kafen an dofir mengen ech, datt mir op Grond vun enger Rei vun Observatiounen déi gemaach gi sinn, déi Dispositioun déi elo an deem Projet de loi iwwert d'Steieren an de Spuerpak steet, datt mir déi elo mol sollten net stëmmen. Ech wäert der Regierung proposéieren Ufanks 2011 nach eng Kéier iwwert déi ganz Problematik vun den Enregistrementskäschten ze diskutéieren, mä an engem méi breede Kontext, an engem Kontext vum Logement, an ech hunn och doriwwer Gespréicher mam Logementsminister, dem Här Schank, gefouert, deen och mengt, datt ee muss dat an engem méi breede Kontext nach eng Kéier ganz iwwerkucken.

Frank Kuffer: Dat heescht et bleift d'nächst Joer bei deem bëllegen Akt wéi mir en elo kennen? Dat wäert vill Leit freeën, mä wat geschitt duerno? Wëllt Dir awer drugoen? Wëllt Dir awer dat mat deene Limiten iergendwéi maachen?

Luc Frieden: Ech mengen eng Rei vun deene Saachen déi gesot gi sinn, si falsch. Mir wollten de bëllegen Akt jo net ofschafen, mir wollten datt e géing Akommes-gekoppelt ginn an no eise Berechnungen hätten och an Zukunft nach 40% vun de Leit de bëllegen Akt kritt. Zweetens ass gesot ginn, Dir maacht d'Wunnen méi deier, dat ass net ganz richteg, well d'Wunnen zu Lëtzebuerg ass deier, well d'Nofro grouss ass a wéi mir 2002 de bëllegen Akt ofgeschaf hunn, ass jo och d'Wunnen net méi bëlleg ginn. Dat heescht, et ass en fait eng Moossnam gewiescht, déi hiert Zil net erreecht huet. An drëttens muss ech och soen, wat d'Lëtzebuerger oft net wëssen, mä déi di an d'Ausland ginn déi wëssen dat, an eisen 3 Nopeschlänner ginn et och Enregistrementssteieren.

Elo mengen ech awer nach eng Kéier wéi ech virdru gesot hunn, datt mir sollten an der Regierung kucken, mam Logementsminister, och vläicht mat anere Ministeren, wéi een de Wunnengsbauproblem zu Lëtzebuerg besser kann an de Grëff kréien. Ech weess, datt dat fir vill Leit eng Suerg ass. Ech menge mir musse kucken, wat kënne mir méi un der Offer maachen, kënne mir vläicht net och energiespuerend Baue méi ënnerstëtzen, wëssend awer och, datt mir nach ëmmer ee Budgetsproblem hunn, datt een awer net nëmme Sue kann ausdeelen, mä vläicht op verschidde Moossname muss zeréckkommen, déi mir an deene leschte Joren ageféiert hunn am Wunnengsbau, dorënner de bëllegen Akt, mä et ginn och aner Moossnamen déi mir ageféiert hunn, déi en fait hiert Zil vu méi bëlleg Wunnen zu Lëtzebuerg wéinst der héijer Demande net erreecht hunn.

Frank Kuffer: Dat heescht dat Ganzt gëtt d'nächst Joer op de Leescht geholl an et kéint och sinn, datt dee bëllegen Akt doriwwer eraus och bestoe bleift?

Luc Frieden: Dat ass méiglech, mä ech menge, wéi gesot, mir brauche méi eng breet Debatte. Mir brauche souwisou d'nächst Joer eng weider breet Debatte, wéi kënne mir de Budgetsdefizit strukturell reduzéieren, mä wéi kënne mir och kucken, datt d'Leit zu Lëtzebuerg bezuelbaart Wunne kënne kréien. Dat kritt een net vun haut op mar gemaach, och déi Regierunge vu virdrun hu ganz vill an deem Beräich gemaach, mä mir kréien déi Situatioun net richteg an de Grëff an dofir mengen ech, datt vill Ministeren d'Suerge vun de Leit verstinn, am Kontext vum Wunnengsbau a wa mir déi méi breet Diskussioun féieren, fanne mir vläicht flott aner Iddien, da brauche mir dës vläicht net méi ze maachen. Si bleift um Dësch, mä mir kucke se d'nächst Joer nach eng Kéier an ech menge wéi gesot, datt d'Regierung géing, dat musse mir e Freiden am Detail kucken, mat op dee Wee goen an domatter och d'Parlament. Vun dëser Diskussioun an dësem Moment géinge mir déi dann am Parlament ausklammeren.

Frank Kuffer:Villmools Merci Här Frieden fir déi Explikatiounen.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour