Le ministre des Finances, Luc Frieden, au sujet de la quote-part du Luxembourg au plan d'aide financière à la Grèce

Luc Frieden: Fir dat éischt Joer muss Lëtzebuerg 75 Milliounen Euro léinen an iwwer déi 3 Joer zesumme ronn 200 Milliounen Euro.

Nico Graf: Wou huele mir dat Geld hir, mir hunn dach selwer keent?

Luc Frieden: Dat ass effektiv net einfach, mä et gouf och keng Alternativ an deem Sënn, datt wa mir de Griichen net hëllefen, net nëmme Griichenland e ganz grousse Problem huet, mä d'ganz Eurozon huet e Stabilitéitsproblem, d'Banken an der Eurozon kréie Problemer. Dofir musse mir den éischten Deel vu Suen aus der Staatskees huelen, aus der Trésorerie vum Staat, dat kënne mir maachen. Fir duerno musse mir héchstwahrscheinlech och e Stéck vun deene Sue léine goen, déi mir da weider léinen un d'Griichen. Mir léinen zu engem méi bëllegen Taux wéi dat wat d'Griichen eis bezuelen. Mir kréien also do Zënse vun de Griiche bezuelt, déi dann erëm an d'Staatskees fléissen.

Nico Graf: Gitt Dir mat deenen 125 zousätzleche Millioune virun d'Chamber?

Luc Frieden: Wa mir déi Sue léine ginn, an d'Chamber géing op e Gesetz halen, da kann een dat fir déi Joeren duerno nach ëmmer maachen, do si mir ganz oppen. Et schéngt eis evident, datt an enger Demokratie esou eng grouss Ausgab muss de politesche Support hunn. Mir brauche kee Gesetz, mä wann dat gewënscht gëtt, verschléisse mir eis deem net fir déi zweeten Tranche.

Nico Graf: Mengt Dir, datt d'EU, datt d'Eurolänner nach eng Kéier zu esou engem Effort fäeg wieren, wann nach e Land an d'Labrente kënnt?

Luc Frieden: Mir sinn hei an enger äusserst schwiereger Situatioun, mir alleguerten, och Lëtzebuerg. Et war wierklech net dee beschte Moment fir bei esou eppes mussen ze hëllefen. Mir hunn am Fong keen europäescht Instrument fir an esou engem Fall z'intervenéieren. Déi Situatioun do war net an den Traitéë virgesinn. Dofir maache mir jo hei bilateral Prêten, déi mir via d’Kommissioun zesummeleeën. Mir mussen eis en anert europäescht Instrument schafen, lassgeléist vun der griichescher Situatioun, an dat mengen ech ass fir dat nächst Joer eng vun de gréissten Erausfuerderunge vun der Eurozon. Ech weess awer, datt dat eng Ännerung vun de Verträg mat sech zitt, fir en europäescht Instrument ze schafen, mä ech ka mir net virstellen, datt mir e puer Mol deen Exercice vu bilaterale Prêtë maache kënnen.

Dernière mise à jour