Luc Frieden, ministre des Finances, au sujet du plan de sauvetage pour la Grèce

Luc Frieden: Griichenland hat déi Hëllef virun 2 Woche gefrot. D’Europäesch Kommissioun an d’Zentralbank hunn elo gekuckt, ob d’Conditiounen erfëllt sinn. Déi Conditioune sinn an deem Sënn erfëllt, datt 2 Saache geschitt sinn. Engersäits, datt d‘Missioun feststellt, datt Griichenland net méi op de Mäert déi Sue geléint kritt, mä anerersäits awer och, datt si en enorm staarke Spuerprogramm a Kraaft gesat hunn dee si de Moien décidéiert hunn. Mir hunn deen de Mëtten am Detail mam griichesche Finanzminister gekuckt an all Land vun der Eurozon, alle 16, dorënner Lëtzebuerg, hu gesot, datt mir da géingen eis bilateral Prêtë maachen.

Déi Prêtë gi gerechent proportional zum Kapital wat e Land an der Europäescher Zentralbank hirem Kapital huet. Fir Lëtzebuerg heescht dat, dat éischt Joer 75 Milliounen Euro an iwwer déi 3 Joer zesumme gekuckt ronn 200 Milliounen Euro. Dat si Prêten déi verzënst ginn, dat heescht, d’Griiche mussen dorop Zënse bezuelen an déi no der Lafzäit och zréckbezuelen.

Serge Kesseler: Wat bedeit esou eng Zomm an Zäiten an deenen hei am Land probéiert gëtt, d’Staatsfinanzen an den Equiliber ze kréien?

Luc Frieden: Dat ass natierlech net einfach, quitt datt een dat Eent an dat Anert net dierf matenee vergläichen. Well dat hei ass keng Budgetsdépense, dat si Suen déi mir engem Land léinen, wat aneschters ass wéi Suen déi mir am Budget ausginn, déi mir net zréckkréien. Dofir kann een dat Eent an dat Anert net matenee vergläichen.

Nach ass et natierlech eppes ganz schwiereges. Vill méi schwiereg ass et natierlech och fir Länner wéi Portugal a Spuenien déi selwer a schwierege Situatioune sinn, déi och haut hei d’Engagement geholl hunn, hir Prêten ze maachen, well dat Ganzt ass jo net einfach Suen déi mir de Griiche ginn. Déi Sue gi mir Griichenland well mir déi gemeinsam Währung hunn; déi Sue gi mir Griichenland well wa Griichenland seng Schold net kann zréckbezuelen un d’Banken, da ganz vill europäesch Banken a Schwieregkeete kommen, also d’Clientë vun deene Banken. Dat Ganzt hänkt zesummen, well et si jo haut d’Banken déi de Griichen d’Sue geléint hunn. Mir mussen also sécherstellen, datt Griichenland seng bestehend Schold kann zréckbezuelen, well soss dat Ganzt an enger zesummenhängender Welt a Schwieregkeete geréit. Also maache mir domat eppes fir d’Stabilitéit vun der ganzer Eurozon, och fir eis eege Stabilitéit.

Serge Kesseler: Wéi vill Sue sti fir déi Lëtzebuerger Banken am Fall vu Griichenland um Spill? Wat hätte si riskéiert wann et zu enger Faillite vum Land komm wier?

Luc Frieden: Dat weess ech net mat engem präzise Chiffer. Mä et ass scho kloer, datt eng Rei Banken, entweder duerch hir Filial oder duerch hir Mammegesellschaft griichesch Obligatioune kaf hunn. Ech mengen net, datt dat zu Lëtzebuerg zu enger gréisserer Katastrof gefouert hätt, mä nach sinn dat selbstverständlech Suen déi dann dee Moment mussen ofgeschriwwe ginn. Et ass eis net bekannt, datt iergendeng Bank zu Lëtzebuerg e Montant am Spill gehat hätt vis-à-vis vu Griichenland deen esou grouss gewiescht wier, datt dat Schwieregkeete mat sech gezunn hätt.

Serge Kesseler: Wéi séier kann de Grand-Duché seng Sue fir déi éischt Phas vum Hëllefsprogramm fir Griichenland prett hunn? Hei am Land gëtt jo dofir kee Gesetz gebraucht.

Luc Frieden: D’Prozedur ass elo folgend: Griichenland huet sech jo emol fir d’éischt de Moien zu engem extraordinäre Spuerprogramm engagéiert. D’Paië ginn ëm 15% erof, d’TVA geet ëm 4% erop, d’Accisë ginn erop, d’Pensioune ginn erof an dat muss dës Woch an engem Gesetz a Griichenland, wat muer abruecht gëtt a wat d’griichesch Parlament soll bis en Donneschdeg gestëmmt hunn, décidéiert ginn.

Dat ass eng wichteg Préconditioun, mir ginn d’Sue jo net einfach esou. Da gi mir nach eng Kéier an eis Parlamenter déi Saachen erklären, verschidde Länner maachen e Gesetz, anerer, wéi mir zu Lëtzebuerg, maache just eng Informatioun un d’Parlament. Da soll héchstwahrscheinlech e Freiden en extraordinäre Sommet vun de Staats- a Regierungschefe vun der Europäescher Unioun feststellen, datt déi Prozeduren all gemaach sinn an den Nationalstaaten an da formaliséieren d’Staats- a Regierungschefen um Niveau vun der Eurozon déi Décisioun déi mir haut geholl hunn. An da wäert an deenen nächsten Deeg, héchstwahrscheinlech bis den 19. Mee, eng éischt Tranche bezuelt ginn. Lëtzebuerg ass prett fir dee Prêt da kënnen ze maache bis den 19. Mee.

Serge Kesseler: Dann nach eng lescht Fro, Här Frieden. Wéi gesidd Dir d’Situatioun an anere Länner, wéi Portugal oder Spuenien.

Luc Frieden: Mir hu fir de Moment keng Informatiounen déi géingen indiquéieren, datt déi do oder aner Länner an enger nämmlechter Situatioun wiere wéi Griichenland.

Bei Griichenland koum villes zesummen, niewent deem enorm héije Staatsdefizit, dee fir de Moment op 13% vum Bruttoinlandprodukt ass, d’Statistiken déi net richteg waren, e Steiersystem deen net fonctionnéiert huet. A Griichenland koum vill méi zesumme wéi dat an anere Länner de Fall ass, dofir gi mir haut net dovun aus, datt mir an eng ähnlech Situatioun bei anere Länner kommen.

Nach ass et kloer, datt mir, esoubal dee griicheschen Dossier geléist ass, eis mussen an Europa concertéiere fir éischtens z’evitéieren, datt iwwerhaapt Länner an esou en Defizit kommen - et gëtt keng Alternativ zum massive Spueren an all den Eurolänner - an zweetens, datt wann esou Situatiounen antrieden, datt mir Mechanismen hunn déi net ad hoc sinn, mä déi fir all d’Länner kënne gëllen. An dorunner musse mir intensiv déi nächst Méint schaffen.

Dernière mise à jour