Luc Frieden au sujet du plan de sauvetage pour la Grèce

Danièle Weber: D’Finanzministere vum Eurogrupp schénge sech also eens ze si fir Griichenland en Hëllefspak z’accordéieren. Dee Pak hätt e Volume vun 100 bis 120 Milliarden Euro fir déi nächst 3 Joer, esou déi éischt Informatioune vu Bréissel, wou am Nomëtteg ënner der Presidence vum Lëtzebuerger Premier a President vum Eurogrupp Jean-Claude Juncker d’Finanzministeren zesumme soutzen. Lëtzebuerg war vum Finanzminister Luc Frieden representéiert, an de Luc Frieden ass elo um Telefon. Gudden Owend, Här Frieden.

Luc Frieden: Gudden Owend.

Danièle Weber: Här Frieden, e Pak vun 100 bis 120 Milliarden Euro iwwer 3 Joer, heescht et. Ronn 80 Milliarden Euro missten d’Länner vum Eurogrupp bäisteieren, de Rescht kéim vum Internationale Währungsfonds. Wat genee gouf haut zu Bréissel décidéiert?

Luc Frieden: Mir hunn déi Sitzung hei nach net definitiv op en Enn bruecht, mä alles deit drop hin, no all deenen Interventiounen déi bis elo waren, datt d’Memberstaaten aus der Eurozon d’accord si fir Griichenland ze hëllefen.

Dir wësst, datt Griichenland viru 14 Deeg gefrot hat fir deen Ënnerstëtzungsmechanissem unzeleieren, deen aus enger Rei vu bilaterale Prêtë besteet. Dorop hinn ass eng Evaluatioun vun der Europäescher Zentralbank an der Kommissioun gemaach ginn, a Griichenland huet am Kader vun där Evaluatioun nach zousätzlech Spuermoossname missen ënnerhuelen.

Déi griichesch Regierung huet de Moien en impressionante Spuerprogramm décidéiert, dee gesäit ënner anerem vir, d’Paien ëm 15% ze reduzéieren, d’TVA net, wéi ursprünglech virgesinn ëm 2%, ma ëm 4% op 23% z’erhéijen; e gesäit vir d’Pensiounen ze kierzen, d’Accisen z’erhéijen – well si wëllen alleng an dësem Joer hiren Defizit ëm 6% vum PIB reduzéieren.

Dat ass enorm, ma dat ass noutwenneg ginn, dohir datt festgestallt ginn ass, datt d’Chiffere vun 2009 nach méi schlecht ware wéi ursprünglech ugeholl.

Wat elo eis Äntwert dorop ass, op Grond vun där Evaluatioun déi gemaach ginn ass, dat ass, datt mir mengen, datt mir missten Hëllefe mat 80 Milliarden Euro. Dovun, esou wéi mir dat och zu Lëtzebuerg matgedeelt haten, 30 Milliarde fir dat éischt Joer. Do dobäi, nieft déi 80 Milliarden op 3 Joer, kënnt dann nach eng Hëllef vum Internationale Währungsfonds vun 30 Milliarden. Dat Ganzt mécht also dann 110 Milliarden.

Danièle Weber: Wéi verdeelt sech dann déi Hëllef op déi verschidde Länner?

Luc Frieden: Déi Hëllef verdeelt sech d’nämmlecht wéi eisen Deel am Kapital vun der Europäescher Zentralbank ass. Dat heescht fir Lëtzebuerg, datt mir an dem éischte Joer misste ronn 75 Milliounen u Griichenland léinen, an iwwer déi 3 Joer gestreckt ginn dat dann eppes ronn 200 Milliounen.

Dat sinn, wéi gesot, Prêten déi och musse verzënst ginn, wou mir also och Zënse bezuelt kréie vun der griichescher Regierung, an déi si garantéiert duerch déi Engagementer déi d’Griiche geholl hunn, all déi Ëmsetzungen déi se elo musse maachen.

De griichesche Finanzminister huet eis gesot, datt e Gesetz dëst Woch am griichesche Parlament abruecht gëtt, wat soll bis en Donneschdeg vum Parlament ugeholl ginn, fir datt dann déi ganz Prozedur en place ass, éier déi éischt Tranche bezuelt gëtt. Dat geschitt héchstwahrscheinlech déi nächst Woch.

D’Staats- a Regierungschefe sollen déi Décisioun déi mir hei huelen nach eng Kéier formal enterinéieren, héchtswahrscheinlech Enn der Woch.

Danièle Weber: D’Hëllef gouf et, Dir hutt et scho gesot, net fir näischt. Déi griichesch Regierung huet de Moien e radikale Spuerpak ugeholl. Dee Pak huet am Land e bëssen e Schock ausgeléist: an den nächsten 3 Joer mussen 30 Milliarden Euro agespuert ginn. Et rumouert jo elo schonn am Land. Wéi realistesch ass et dann, Ärer Meenung no, datt dee Plang iwwerhaapt agehale ka ginn?

Luc Frieden: Ech menge leider, datt dee Plang fir d’Griichen terribel ass, ma datt si keen anere Choix hunn. Well wann ee Sue geléint kritt, wann ee Sue muss siche goen déi een net méi um Marché kritt – an dat ass jo den Drama vu Griichenland, si kréien d’Sue vun de Banken net méi geléint, ma si musse bei aner Länner a bei den IWF léine goen – d’Conditioune fir déi Suen iwwerhaapt ze kréie sinn déi Spuermoossnamen.

Maache si dat net, kréie si d’Suen net geléint a Griichenland ass an der Faillite. Dat wier ganz schlëmm fir d’ganz Eurozon. Wa mir de Griichen déi Sue léinen, da léine mir se net nëmmen de Griichen, mir léine se och e bëssen un eis selwer, well mir hunn déi gemeinsam Währung.

En plus si ganz vill europäesch Banken déi griichesch Obligatioune kafen. Dat heescht, wann d’Griichen hir Schold net kënnen zréckbezuelen, da maache si domat den europäesche Banken an domat der gesamteuropäescher Ekonomie grouss Problemer. Alles hänkt zesummen.

D’Griichen hu leider keen anere Choix wéi dëse Program ëmzesetzen. Datt dat ganz schwiereg ass fir d’griichesch Regierung a virun allem fir d’griichescht Vollek, déi dorënner wäerten zollitt leiden, dat ass eis kloer, ma d’Suen einfach ginn, ouni dat u Conditiounen ze bannen ass keng Optioun, well soss zéie mir all déi aner Ekonomië mat an den Ofgrond.

Danièle Weber: Här Frieden, villmools merci fir elo. Esouwäit also de Lëtzebuerger Finanzminister kuerz no der Réunioun oder nach während der Réunioun vun de Finanzministere vum Eurogrupp zu Bréissel. Merci, Här Frieden.

Dernière mise à jour