Luc Frieden au sujet des négociations dans le cadre du Comité de coordination tripartite

Guy Kaiser: Am Fong geholl ass eise Sujet de Mëtten d'Mënz, déi vum Staat, déi vun eis alleguerten. D'Opreegung war grouss déi lescht zwou Wochen. Mir wëssen zwar, datt Kris ass, hunn awer Schwieregkeete fir eppes mussen ze bezuele fir dat mir net kënnen. Ee vun den Experte vun dëse Mënz ass de Finanzminister. Gudde Mëtteg, Luc Frieden.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Guy Kaiser: Är Kommunikatioun a Saachen Tripartite war ausgerechent op engem 13. gemaach ginn a si war net grad gutt am Vollek ukomm. Dobäi koum d'Iwwerraschung, datt de Koalitiounspartner, d'LSAP, op eemolnäischt méi mat deene Propositioune wollt ze dinn hunn. Ech hunn déi 19 Säite vum Verbatimvun Ärer Pressekonferenz nogelies,an Dir hutt deemools direkt um Ufank drop higewisen, datt Dir op der Tripartite Numero 3 dës Propositiounen am Numm vun der Regierung gemaach hutt, den Dag drop wollt, wéi gesot, de Koalitiounspartner net méi villdovunner wëssen; et wiere Frieden-Propositiounen. Fir den Observateur an den Nolauschterer ass dat schwéier ze verstoen. Gëtt et e Problem vu Kommunikatioun tëscht Schwaarz a Rout?

Luc Frieden: Neen, ech mengen net, datt et e Problem vu Kommunikatioun tëscht Schwaarz a Rout gouf. Et gouf e Problem vu Kommunikatioun a vun Ofmaachung an der Tripartite.

Ech ginn zou,Här Kaiser, datt déi Kommunikatioun déi ech do gemaach hu vläicht net perfekt war, wellmir sinn am Fong enger Informatioun nogelaf. Et war an der Tripartite gesot ginn, an där ech am Numm vun der Regierung eng Rei Moossname proposéiert hunn, datt d'Sozialpartner doriwwer sollen nodenken an da géinge mir eis erëm gesinn an da géinge mir doriwwer schwätzen. An engem Medienzäitaltergeet natierlech esoueppes nëmme wa jiddweree sech dorun hält. D'Nouvellë waren awer op eemoldobaussen a mir sinn am Fong Informatiounen nogelaf, déi mir net méi richteg konnten an hirem Detail, an hirem Kontext erklären. An dann d'Irritatiounvun der Sitzung, d'Konkurrenz tëscht vläicht där enger an där anerer politescher Meenung koum do nach dobäi an dat Ganzt huet geennegtan eppes wat mir am Fong net gefallhuet.

Guy Kaiser: Mä op jiddwer Fall hutt Dir haut, Här Frieden, Dir an awer och d'CSV de schwaarze Péiter dobaussen?

Luc Frieden: Wësst Dir, fir mech ass wiesentlech, datt mir déi Aufgab déi mir kritt hu fäerdeg bréngen, an net kuerzfristeg wien dee Populäersten ass, wie gutt ukënnt bei de Leit.

Mir hunn e Problem hei am Land, datt eis Ausgabe méi schnellwuesse wéi d'Einnamen, datt eis Betriber par rapportzum Ausland net méi esoukonkurrenzfäeg sinn, duerch eng ganz schnellEntwécklung vun enger Rei Käschten. A mir hunn e Problem, datt mir e Chômage hunn dee klëmmt, an eis Chifferen, dat wësse mir, jo och nach net alles soen, wellmir och nach eng ganz Rei Grenzgänger hunn déi bei eis schaffen, Gott sei Dank, an déi dann awer, wa si am Chômage sinn, net an eise Statistiken hänke bleiwen. An déi Facteuren do zesummen, dofir komme mir an der Tripartite zesummen.

Guy Kaiser: Tripartite, dat heescht jo u sech Krisesëtzung

Luc Frieden: Jo.

Guy Kaiser: Do si mir eis eens, dat ass u sech de Kontext – allerdéngs, Dir setzt de roude Stëft zimlech kräfteg un an do kritt Dir gesot, muss dat sinn?

Luc Frieden: De Finanzminister huet an der Regierung d'Aufgab ze kucken – net alleng, mä en ass ee vun deenen Haaptacteuren do – datt d'Staatsfinanzen an Uerdnung sinn. Net wellmir einfach eis wëllen domatter am Ausland bretzen, mä wellet drëm geet ze kucken, datt mir eis net iwwerverschëlden, wellwann ee méi ausgëtt wéi dat wat een erakritt muss ee Schold maachen. Wann ee villSchold huet, da muss een éischtens Zënse bezuelen, dat gëtt deier, déi Suen huet een net fir Politik ze maachen. A wann ee Suen net méi wëll léinen, mä geléint kritt, da muss een d'Steieren erhéijen.

Wann een d'Steieren ze vill erhéicht op de Betriber an de Privatleit, da schaaft kee méi hei Aarbechtsplazen. An dofir, et ass am Fong e Cercle vicieuxan do kënnt jo dann och erëm de Lien mat der Kompetitivitéit. Déi Iddi, datt een einfach géing soen, elo bezilt jiddweree 50% Steieren – wann dat net am Ausland de Fallass, jo, da kënnt kee bei eis schaffen. An dofir si mir an enger ganz schwiereger Situatioun.

Fir mech ass et wierklech net d'Fro vum Schwaarze Péiter, d'Fro ass, ech hätt gären, datt d'Leit hei am Land verstinn, datt et drëm geet, datt mir kucken, datt mir net an eng Situatioun komme wéi fréier d'Belsch, wéi haut Griichenland oder Irland, Lettland. Ronderëm eis ass villes geschitt a mir maache wéi wann näischt hei geschitt wier.

Guy Kaiser: Den Detaildovun huele mir an dëser Emissioun duerch.

No de bilaterale Gespréicher gëschter héiert een dann haut, et géing un engem Accord geschafft gi fir just op 2 Joer. Geet et an déi Richtung? Eppes richteg Neits wier et u sech net, wellan deem Verbatim hunn ech nogelies, datt Dir och scho viru 14 Deeg gesot hutt, datt ee Mëtt 2012 déi ganz Saach nach eemolsollt iwwerkucken?

Luc Frieden: Ech mengen, datt mir an enger extrem onsécherer Zäit liewen, an datt et ganz schwiereg ass heiheem an an Europa millimetergeneeze soe wéi d'Wirtschaft evoluéiert déi nächst Joeren.

Ech gehéieren zu deene méi virsiichtegen, dofir setzen ech vläicht heiansdo Chifferen an déi méi virsiichteg sinn an déi herno dann e bëssen depasséiert sinn. Fakt ass awer, an dat soen alld'europäesch Experten, datt d'Wirtschaft an Europa déi nächst Joere wäert manner séier wuesse wéi déi Joere virdrun. Zu Lëtzebuerg spiere mir dat och zollitt. Och wa mir elo erëm e klenge Wirtschaftswuesstëm hunn, dann ass dee wäit ënner deenen déi mir déi lescht Joeren haten.

Fir awer genee ze kucke wéi d'Steieren déi nächst Joeren evoluéieren ass et gutt, datt een an zwee Joer nach eng Kéier kuckt, wousi mir dann elo drun? Wat awer wichteg ass ,an ech mengen do si mir eis och eens an der Regierung, d'Zilvun 2014 fir ze versichen en ausgeglachene Budget ze hunn, bei enger Schold déi awer ëmmerhin dann 30% vum Bruttoinlandprodukt ass, allJoers also 1 Milliard elo nach léine goen, un deem Zilwëlle mir net erofréckelen. De Wee dohinner, datt een deen ënnerwee eng Kéier iwwerpréift, fannen ech ass einfach de bon sens.

Guy Kaiser: Op de ganzen Hickhackaus de leschten 2 Woche komme mir vläicht nach méi spéid zréck. Elo huele mir dann emoldéi verschidde Proposen duerch, egalob et dann elo Är sinn oder déi vun der Regierung. D'Nolauschterer solle sech kënnen e Bild dovu maachen. Just nach vläicht esouvillvirewech, Här Frieden [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: Et sinn an et bleiwen déi vun der ganzer Regierung. Här Kaiser.

Guy Kaiser: Et ass gutt. An der Tëschenzäit gouf jo nees noverhandelt– sinn domatter déi Saache vum 13. Abrëllvum Dësch? An anere Wierder, schwätze mir elo komplett an d'Blanntmat Iech oder hunn dës Propositioune vum 13. Abrëllëmmer nach hire Bestand?

Luc Frieden: Et waren ëmmer Propositiounen, a wann dat och vläicht, wéi Dir eng Kéier an engem Commentaire gesot hutt, e bësse schankenhaarteriwwerkomm ass, da war et fir d'Regierung ëmmer kloer, datt dat eng Rëtsch vu Moossname wieren, déi ee muss mat de Sozialpartner diskutéieren.

Ech war schonn mengen ech, an 2 oder 3 Tripartitendobäi, ëmmer wat een do erabréngt kënnt an enger ofgeännerterForm herno eraus, soss brauch ee jo net an eng Verhandlung eranzegoen.

Mä et war awer och eppes wat ech bieden d'Leit an engem Zesummenhang ze gesinn. AlleenzelMoossnam gefält en faitkengem, och deene déi Ministeren déi se besonneschbetreffen. Et ass en Zesummenhang gewiescht, op d‘mannst am Kapp, tëscht deenen engen an deenen anere Moossnamen, woumir gesot hunn, et muss e kollektiven Effort sinn.

Déi Moossnamen déi elo um Dësch leien, plus eng Rei aner Iddien, déi si selbstverständlech alleguerten an enger Diskussioun nach ëmmer um Dësch. An dat ass, dat schéngt mir och normalze sinn, wellet huet och keen an der Regierung sech fundamentaldovun distanzéiert, ënner der Bedingung, an déi ass och an der Pressekonferenz gesot ginn, datt et Virschléi wiere fir ze diskutéieren. An ech sinn deen éischten deen ëmmer gären diskutéiert, wellde Finanzminister interesséiert de Gesamtkontext, net esoudéi eenzelMoossnam déi allMinister muss mat diskutéieren.

Guy Kaiser: Da loosse mir s‘emolduerchgoen.

D'Kritik ass jo virun allem déi, datt jonk Familljemat Kanner an de Portemonnaie géinge gegraff kréien.

Punkt 1: d'Kannergeld nom Alter vun 21 Joer, domat wier et dann eriwwer. Virgëschter koumen allerdéngs dunn d'Präzisioune vum Minister Biltgen: jiddwer Student deen op d'Uni geet kéint eng Bourse kréie vu 6.000 Euro. Dat wiere jo da méi Sue wéi d'Kannergeld bis ewell, et bléif allerdéngs ënner dem Stréch, datt deen neie System eng Strof wier fir déi Schüler déi méi wéi 3 molwährend hirem Schoulparcoursam Secondaire duerchgefallsinn?

Luc Frieden: Éischtens emolsinn ech net mat där Duerstellung d'accord,elo gi si just Sue bei d'Familljemat Kanner sichen.

Mir hunn eng Politik gemaach, an och grad déi Partei där ech ugehéieren, déi alldéi familljepolitesch Moossnamen déi Joeren agefouert huet. Mir hätte gär a menger Partei, an der CSV,mä och an der Regierung eng soziala familljefrëndlech Politik.

Et muss ee just kucken, wousi strukturellDepensen déi ee vläicht eng Kéier kann ëmänneren. Et ass jo net esou, datt wann een eng Kéier eppes aféiert, datt een et ëmmer muss bäibehalen. A mir stelle fest, datt an den Nopeschlänner kee Kannergeld iwwer 21 Joer bezuelt gëtt, mä datt e gudde System vu Boursë besteet. Ech hunn op der Pressekonferenz och dofir ausdrécklech gesot, dat stoung och an e puer Zeitungen, et gëtt ersat duerch Boursen. Den Detaildovun, deen hu mir an der Regierung nach net beschwat gehat, wellde Minister fir d'Héichschoulamgaange war dorun ze schaffen.

Dee System vu Boursen deen elo proposéiert gëtt ass anescht wéi fréier, wellfréier hu virun allem d‘Leit d'Boursen a Fonctioun vun dem Revenu vun den Eltere kritt. Orsoe mir, ee vun 23-24 Joer ass am Fong net méi e richtegt Kand wat Kannergeld kritt. En huet en eegent Recht op eng Ënnerstëtzung vum Staat wann e wëllop d'Uni goen. Mir hätte gären, datt déi Jugendlech op d'Uni kënne goe wa si dat wëllen a wa si dat kënnen, a si gi vum Staat ënnerstëtzt. Dofir ass d'Propositioun, datt si e System hunn deen en faitméi favorabelass wéi dat haut de Fallass. Den Detailmuss selbstverständlech nach diskutéiert ginn.

Guy Kaiser: Dat dote gëllt fir Jugendlecher déi dann op d'Universitéit ginn, an dat ass jo dann och schéin. Ech hu jo dofir drop higewisen, datt et dann an Zukunft u sech géif méi gi wéi et den Ament de Fallass. Allerdéngs muss een och un déi denken, déi zum Beispillam Secondaire techniquesinn. Wann do e Schülereng 10e, 11e, 12e mécht fir an eng gewësse Richtung, loosse mir soen Informatiker, an e gesäit op enger 12e, woue vläicht op sengem Parcours och nach 1-2 Molduerchgefallass, datt e seet dat do ass näischt fir mech, ech maachen eppes aneschters. Da muss en zréckgoen, laut eisem System, op eng 10e. An am Techniquehu mir effektiv eng ganz Partie Schülerdéi wäit iwwer 21 Joer alsinn.

Luc Frieden: Mir hunn doriwwer geschwat a mir sichen och eng Léisung, datt selbstverständlech déi Jugendlecher déi nach am Lycée oder an enger Héichschoulsinn déi unerkannt ass, mä déi elo net an der allerleschterDefinitioun ënner den Terme Universitéit fält, datt déi och kënne vum System mat profitéieren, respektiv datt do d'Kannergeld weider leeft.

Dat si Modalitéiten. Fir mech ass wichteg, datt och déi Kanner iwwer 21 Joer vum Staat ënnerstëtzt ginn. Mä gesamt maache mir eng Strukturreform, wellet muss een och heiansdo Saachen déi een agefouert hunn änneren, verbesseren. Mir kënnen och besser kontrolléieren ob déi déi d'Sue kréien och wierklech an enger Formatioun, an engem Studium dra sinn, wellsi musse jo eng Demande dofir maachen an dat wier dann e System herno, 50% Bourse déi jiddweree ka kréien, 50% Prêt mat engem Taux vun 2%, och wann d'Tauxen eropginn, de Staat bezilt dann den Ënnerscheed.

Mä nach eng Kéier, alldéi Propositioune wou den zoustännege Minister äifreg dru schafft, déi hu mir an der Regierung diskutéiert, mä dee Saz einfach ze soen, de Frieden schaaft d'Kannergeld iwwer 21 Joer of, dee war vun Ufank un net esougesot an dee war falsch. Ech weess, datt dat zu groussem Onverständnis gefouert huet [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Et muss een allerdéngs soen, Dir hutt op der der Pressekonferenz, Dir hutt et jo och elo selwer gesot, net den Detail kënne ginn. An dat war u sech dat wat ech och virun e puer Deeg an engem Commentaire gesot hunn, d'Kommunikatioun war schlecht. Entschëllegt.

Luc Frieden: Ech akzeptéieren dee Reproche, mä ech soen nach eng Kéier, ech hätt gär, datt d'Leit eng Politik ëmmer an hirem Zesummenhang jugéieren an um Ennresultat, ma mir liewe leider an engem Zäitalter woujiddweree versicht – an déi audiovisuellMedië sinn een Deeldovun – esou schnellwéi méiglech schnellInformatiounen dobaussen ze hunn. Dofir mengen ech, et solleen dat mat Roukucken.

Ech soen nach eng Kéier, Familljemoossnamesinn ëmmer wichteg an enger Gesellschaft, mä et geet och net, an dat gëllt och fir de gesamte Rëtsch vu Moossnamen, déi Iddi déi ee kéint hunn, datt ee spuert ouni iergendeppes, iergendengem, iergendwoueng Ännerung erbäizeféieren, déi geet natierlech och net. Mir doen eis heiansdo e bësse schwéier mat Reformen an dësem Land. Ech hu léiwer, mir maachen elo kleng Reformen déi fir d'Leit besser sinn, wéi wa mir an e puer Joer kuerz virun dem Ofgrondstinn.

Guy Kaiser: Dir spuert mat där doter Moossnam, esou hat Dir deemools gesot, 30 Milliounen. Ass de Koalitiounspartner mat där doter Propositioun averstanen?

Luc Frieden: Ech maache jo elo hei net deen nämmlechte Feeler deen anerer gemaach hunn.

Alles dat wat mir um diskutéiere sinn, dréit um Enn d'Handschrëft vun deenen 2 Parteien, esouwéi et och am Ufank d'Resultat war vun Diskussiounen déi an der Regierung gefouert gi sinn. Dir kënnt Iech net virstellen, datt de Finanzminister do mat individuelle Moossname kënnt, déi net diskutéiert wieren. De Finanzminister proposéiert e Kader. Ech sinn iwwregens ganz frou, datt dee Kader vun der ganzer Regierung, an ech mengen och vu ville Leit am Land gedeelt gëtt. Ech mengen, d'Leit hu verstanen, datt et net gutt wier, fir de Staat wéi fir d'Privatleit, datt ee permanent méi Suen ausgëtt wéi erakënnt. Woueen da spuert, dat ass eng Fro déi net einfach ass an do wäert een och ni en Accord unanime vun de Leit kréien.

Guy Kaiser: D'Allocationde rentréescolairewier dann awer fort, ausser fir déi déi nach d'Ënnerstëtzung kréien, also déi d'Allocationde vie chèrehunn?

Luc Frieden: Nach eng Kéier: iwwer alldéi Moossnamen diskutéiere mir elo an der Tripartite. An déi Tripartite ass net fäerdeg.

Ech wëlloch soen, ech si selwer Papp vun 2 Kanner déi an d'Schoulginn, ech weess wat dat kascht wann eng Schoulugeet. D'Iddi war eng Iddi vun e bësse méi sozialer Selektivitéit. Et ass ganz kloer, datt een deen 3.000 Euro als Famillverdéngt, datt dee méi Schwieregkeeten huet wann d'Schoulugeet fir alld'Schoulsaachen ze kafen, an d'Kleeder, wéi een deen 10.000 Euro verdéngt. Dofir ass och an där Propositioun déi d'Regierung gemaach huet gesot, déi Leit mat klengen Akommessekréien och weider déi Allocatioun wann d'Schoulugeet, an déi mat héijem Akommes kënnen awer déi Boxe kafen an déi Schoulbicher kafen déi si musse kafen. Mä doriwwer kann een diskutéieren, och op wat fir engem Seuil– dat ass eng Moossnam iwwer déi ee kann diskutéieren.

Guy Kaiser: Eng jonk Famillje keeft sech en Haus. D'Zënssubventiounen déi bleiwen, d'Zënsbonifikatioune géinge fir déi nei Prêten, dat muss ee jo ënnersträichen, ofgeschafe ginn. Dat ka jo awer och fir d'Leit duerchaus eppes ausmaachen?

Luc Frieden: Och do ass ëmmer reprochéiert ginn, datt mir jiddwerengem géingen alles ginn an de Sozialstaat net ze bezuele wier.

Erëm eng Kéier, deen deen 10.000 Euro verdéngt, dee kritt déi nämmlecht Bonifikatioun wéi deen dee villmanner verdéngt. An dofir war d'Iwwerleeung, d'Subventioun bäizebehalen, welldéi ass gekoppelt, och haut, un den Akommes vun de Leit, an d'Bonifikatioun, déi jiddweree kritt, onofhängeg vu sengem Akommes, fir déi ofzeschafen.

Dat ass, mengen ech, awer eppes wat an der sozialer Selektivitéit Sënn mécht. Wat ass nämlech d'Äntwert wann een alles weider lafe léisst? Da musse mir d'Steieren erhéijen, a vu datt d'Steiere vun engem klengen Deelvun der Bevëlkerung bezuelt ginn, déi déi villSuen hunn – mir ginn hinnen op där enger Säit eppes an op där anerer Säit huele mir et erëm eraus. Also mengen ech mécht et méi Sënn, bei enger Rei vu sozialen Transferten ze kucken ob jiddweree se wierklech brauch, an domat kënne mir evitéieren, datt mir d'Steiere musse massiv héijen, wat ech net wëll.

Guy Kaiser: Da bleiwe mir beim Haus. De bëllegen Acte, deen eréischt virun 8 Joer generaliséiert gouf, soll och ofgeschafe ginn an de Staat géing domat 80 Milliounen d’Joer aspueren. Dir hutt gesot, ausser fir Leit déi e klengt Akommes hunn. Wéi héich wier dann do d'Limite? Hutt Dir Iech do scho Gedanken driwwer gemaach?

Luc Frieden: Mir wëllen eis do orientéieren un deene Critèren déi haut spille fir d'Prime d'acquisitionze kréien. Dat ass ongeféier 5.000 Euro pro Mount bei engem Stot mat 2 Kanner – dat si ronn Chiffere wann ech déi richteg am Kapp hunn.

Guy Kaiser: Vun de Sozialisten héieren ech, si géinge un enger Zort gestaffelteModellrechnen. Hutt Dir eppes dovunner héieren? Hutt Dir doriwwer geschwat?

Luc Frieden: Mir sinn an der Diskussioun iwwer all déi Moossnamen.

Mä et muss een nach eng Kéier kucken, dat ass also eng ganz deier Moossnam déi haut net onbedéngt deen Effet bruecht huet deen am Ufank sollt dozou féierende Leit ze hëllefen. En finde compteass de Bau ëmmer méi deier ginn, onofhängeg vun eise Moossnamen.

Et ass ganz kloer, datt déi Leit mat klengem Akommes duerch alldéi Moossnamen hei net touchéiert ginn. Wa mir se fir jiddweree stoe loossen, musse mir d'Steieren héijen. Ech mengen, et wier besser, nach eng Kéier, mir géinge kucken, wouass et sozialgerecht? Eis ganz Politik huet zum ZilsozialGerechtegkeet ze halen, an et ass bis elo keng vun deene Moossnamen do fundamentala Fro gestallt ginn. Mä datt ee se verbessert, datt ee se an der Diskussioun op deem engen oder anere Punkt ofännert, dat war eis vun Ufank u kloer.

Guy Kaiser: D'Sozialisten dementéieren eng allgemeng Hausse vun der TVA gefuerdert ze hunn. Et héiert een allerdéngs, d'TVA um Logement op 6% festzesetzen aus hire Reien.

Luc Frieden: Et sinn eng Rei Pisten um Dësch. Ech muss soen, datt ech grondsätzlech bei de Steiererhéijungeretizent sinn. Mir hu gesot, et musse sécherlech déi eng oder aner Steiere kommen, mä e Staat, fir sech laangfristeg ekonomesch gutt do ze stoen, dat heescht, datt d'Leit Loscht hu schaffen ze goen, datt d'Betriber och Aarbechtsplaze schafen, geet net wann een Héichsteierlandgëtt.

Dofir musse mir enorm gutt oppassen, bei alle Steieren, an dat ass en Discours deen ech als Finanzminister zanter Méint féieren, och virun der Tripartite, datt mir net den einfache Wee vu Steiererhéijunge ginn. Eng TVA um Logement kéint och esouen negativen Effet hunn op d'Ekonomie an op d'Familljen, wellmir musse kucken, datt mir attraktiv bleiwen, op steierlechem Niveau, an domat d'Liewensqualitéit an d'Investissementer hei am Land encouragéieren. Et kann een iwwer alles diskutéieren, mä et ass net iwwer de steierlech Wee woumir laangfristeg eis Staatsfinanzen a virun allem eis Ekonomie kënne kompetitiv halen.

Guy Kaiser: Nächst Propositiounen dann: d'Fraisde déplacement géingen ëm d'Halschent gekierzt ginn. Dir spuert domat 50 Milliounen. Och hei kritt allPersoun et ze spieren, vläicht net onbedéngt ganz vill, ma ech soen et d'nämmlecht wéi Dir – et kann ee jo allMoossnam eenzelkucken – et ass e Pak. A wann een dann zesummerechent, da kënnt ee jo awer op eng gewëssen Zomm. D'Allocationde repassolloch verschwannen, alleng beim Staat spuert Dir 40 Milliounen, a fir de Salarié, ëffentlech esougutt wéi privat, mécht et eng Staang Geld aus de Mount.

Luc Frieden: Dat ass richteg, an dat ass jo och net flott. Dofir soen ech, musse mir iwwer déi Moossname schwätzen.

Mä d'Iddi, datt ee guer näischt sollännere geet natierlech net. Mir hunn d'lescht Joer alleng beim Zentralstaat 1 Milliard méi ausgi wéi mir erakritt hunn. Mir hu gesot, mir géingen déi nächst Joere 4 Milliarde léine goen. Ech muss soen, dee Montant erféiert mécht. 4 Milliarde léine goe fir e klengt Land ass enorm vill. Dofir musse mir verschidde Saachen änneren, et sief dann, et géing een um Mound liewen, an enger zouenerEkonomie, da kéint ee mat massivë Steiererhéijungen eens ginn.

An da soen ech nach eppes dobäi: et muss ee jo och ëmmer kucke woumir fortgaange sinn. Op deem leschte Conseilvun de Finanzministeren zu Madrid huet den Här Trichet, de President vun der Europäescher Zentralbank, gesot, Lëtzebuerg hätt am Fong an der Konkurrenzfäegkeet een décke Problem, dat wier seng Lounentwécklung. Dofir musse mir ëmmer eis Léin kucken, niewent eise sozialen Transferten déi enorm héich sinn. A wa mir also elo Mini-Ännerunge maachen, da geet et eis nach ëmmer ganz gutt.

Kuckt zum Beispillbei de Familljenzoulagen: mir ginn haut zu Lëtzebuerg 1 Milliard u Prestationsfamiliales. Dat ass eng zollitt Familljepolitik déi mir wëlle maachen. Wa mir elo déi Ännerunge kucken, déi mir hei proposéieren, ass dat ganz, ganz wéineg. Am Frankräich kritt een zum Beispillbeim éischte Kand kee Kannergeld. Nu soen ech net, mir sollen op dee Wee goen. Ech soe just, ech géing just bieden, datt d'Leit och kucke woumir hierkommen, wat mir alles erreecht hunn, an déi Ännerungen hei déi si kleng, wellmir eng Reformnoutwennegkeethunn déi enorm ass, an d'Resultat herno eent ass wouet an dësem Land flott ass ze wunnen an ze schaffen an och nach ee mat Loscht ka schaffen an och dann Netto villiwwreg huet.

Guy Kaiser: Als Erënnerung, Här Frieden, an deem dote Kontext: am Stabilitéitsprogramm war scho geschriwwe ginn, solle bis d'Joer 2014 1,6 Milliarden agespuert ginn. Et héiert een elo vu verschiddene Säiten, dat géing net duergoen, 2 Milliarden op d‘mannst wiere méi realistesch, besonnesch wann een elo nach d'Evenement vu gëschter dobäi hëllt, Griichenland.

Luc Frieden: Ech mengen, datt eise Programm dee mir eis virgehollhunn net iwwerméisseg ambitiéis ass. Wellen faithätt ech léiwer mir géinge manner léine goen. An iwwregens misste mir am Fong en Iwwerschoss hunn, wellmir mëttelfristeg e ganz héije Finanzéierungsbedarfhu vun eisem Pensiounssystem. Dofir mengen ech, datt déi déi soen, et misst een nach méi spueren, net onrecht hunn, mä dat wat mir elo maachen ass scho ganz vill, Dir gesitt schonn elo d'Schwieregkeeten déi mir hunn. Loosse mir elo emoldat heite maachen, mä loosse mir net vergiessen, datt dat heiten am Fong net duergeet, et sief da mir géingen, an dat hoffenech, an do ass d'Regierung och drun um Schaffen, och dee Passifimplicite, dat heescht d'Finanzéierung vun de Pensiounen, d'Pensiounsreform fäerdeg bréngen.

Mir sinn dat Land, mat Griichenland, Zypern a Slowenien, déi déi héchste Belaaschtung am Pensiounsrégime par rapportzu eisen ëffentleche Finanzen an den nächste Joeren hunn.

Guy Kaiser: Elo hu mir iwwerteng Partie Moossname geschwat, woude Bierger muss Suen hänke loossen. Dobäi kënnt, datt an den nächste Joere wuelkaum méi verdéngt gëtt. De Punktwäert beim Staat sollan den nächste 4 Joer net méi adaptéiert ginn, den Indexwuerekuerfsollëmgeännert ginn, d'Pëtrolspräisser géifen erausgeholl,an dat bedeit jo awer dann dach, Här Frieden, datt esoubalkeng Tranche méi wäert erfalen. Dobäi géing ech ze bedenke ginn, de Pëtrolass haut dës Daags balesouliewesnoutwenneg wéi Brout a Mëllech.

Luc Frieden: Ech rappeléiere mäi Saz vu virdrun: zu Lëtzebuerg sinn d'Gehälter an deene leschten 10 Joer am Privatsecteur ëm 38% geklommen an am ëffentleche Secteur ëm 48%. Dat ass villméi wéi an den Nopeschlänner an dat erkläert zum Deelde Problem vu Kompetitivitéit dee mir mam Ausland hunn.

Elo kann een net alles ëmmer matenee vergläichen, mä trotzdem liewe mir jo net alleng op dëser Welt. Mir hunn e staark exportorientéiertenIndustrie- an Déngschtleeschtungssecteur, an dofir musse mir eis e bëssen un d'Nopeschlänner adaptéieren. Mä ech soen nach ëmmer, ënner dem Stréch bleift villiwwreg an dofir wäerte mir suergen, a mir wäerten och dofir suergen, datt de Familljen am Land net ze vill geschitt. Dofir muss dat sozialequilibréiert sinn. Dat ass ëmmer e schwieregen Exercice, mä einfach esouviru lieweféiert eis en faità lalonguean de Ruin, wellmir mussen enorm héich Steieren maachen – an ech soen et nach eng Kéier, d'Ekonomie huet sech d'lescht Joer ëm 3,4% zréck entwéckelt a mir ware gewinnt en Taux de Croissance vun der Ekonomie vu 5% a méi ze hunn.

Wa mir déi nächst Joeren 3% hätten, da wier dat scho ganz staark, mä dat ass villmanner wéi an der Vergaangenheet. Eise ganze System ass opgebaut op en héijeWirtschaftswuesstëm. Dee musse mir zum Deelzréck kréien. Mir hunn dobäi eng héich Volatilitéit vun de Steierrecetten. Dat heescht, huelt eng Steier wéi déi Steier déi d'Fongenindustrie bezilt: déi geet erop an erof, jeeno Fonctioun vun de Boursen. Mir sinn also extrem ofhängeg vun deem wat am Ausland geschitt an d'Weltekonomie huet sech fundamentalgeännert an ech mengen net, datt déi sech erkrabbelt an den nächsten 2-3 Joer.

Guy Kaiser: Kuerz virun eisem Journal, Här Frieden, nach eng lescht Fro. Mir hu bis ewellewechgelooss d'Solidaritéitssteier. Vun Ärem Koalitiounspartner héiert een, si sollverduebelt gi vun 2,5% op 5%. Dat hu mir och esouop Radio Lëtzebuerg gëschter Mëtten duerchginn a mir krute bis ewellnet gesot, datt dat esounet géing stëmmen. Wat seet d'CSV dozou?

Luc Frieden: D'Regierung besteet zwar aus 2 Parteien, mä et gëtt nëmmen eng Regierung. Dofir sinn dat alles Moossnamen déi mir diskutéieren. Ech wëlljust als Finanzminister soen, datt ech net der Meenung sinn, datt mir kënne substantielld'Steieren zu Lëtzebuerg erhéijen. D'Privatleit mussen och Loscht um Schaffen hunn. A mir brauchen héichqualifizéiert Leit déi aus dem Ausland an hei vu Lëtzebuerg heihinner schaffe kommen.

Dofir kënne mir net egalwat bei de Steiere maachen an d'Betriber musse konkurrenzfäeg bleiwen an dofir dierfe mir keng héich Sozialchargenhunn a keng héich Steieren. Dofir si mir am Fong limitéiert. Mir kënnen net hei mat theoretesche Konzepter goen. Mir musse kucken, wéi ass déi Steierbelaaschtung am Ausland. Ee vun eisen Avantagë vu Lëtzebuerg war ëmmer, datt mir e raisonnabele Steiersazhate fir d'Betriber an d'Privatleit an niddereg sozialChargen. Dat muss och esoubleiwen, innerhalb vun deem si mir an Diskussiounen an ech mengen och, datt mir do e raisonnabelen Accord fannen.

[Noriichteniwwerbléck]

Guy Kaiser: Zréck am Background mam Finanzminister Luc Frieden. D’Regierung wëll am Kontext Tripartite net vun enger Regierungskris schwätzen, an nawell weess een, datt et déi lescht 14 Deeg gutt gekraacht huet.

Emol ugeholl, Här Frieden, et kënnt zu engem Accord an den nächsten Deeg op der Tripartite. Huet dës Regierung eng Chance laang z’iwwerliewen? Ëmmerhi muss se jo an den nächste 4 Joer nach weider Moossnamen huelen, wou d’Chancen, oder d’Risike fir e weidere Sträit grouss sinn.

Luc Frieden: Ech mengen, datt déi Regierung gutt zesummenhält, an datt Désaccorden, déi och heiansdo publicsinn, an enger Demokratie normalsinn. Et sinn heiansdo Ënnerschidder, et ginn heiansdo ënnerschiddlech Démarchen, ënnerschiddlech ideologesch Approchen zu Problemer, mä dat ass de Räichtum vun enger Demokratie. An dofirgéing ech esouÉvénementer, wéi déi vu virun enger Woch, net iwwerbewäerten an deem do Kontext.

Et muss ee wëssen, mir hunn eng grouss Verantwortung, a mir hunn eng grouss Erausfuerderung fir dat Land hei. Un där huet eng Regierung virun allem ze schaffen, an alldat anert, dat sinn Nebenkriegsschauplätze.

Guy Kaiser: Dir sidd diskret, diplomatesch. Mat Ärem Pak vu Propositioune kommt Dir jo op en Erspuernis vu 450-500 Milliounen. Dir hutt virun zwou Woche selwer gesot, dat geet net duer, fir dee ganzen Effort, dee bis 2014 muss realiséiert sinn. Wat soll dann nach alles dobäi kommen?

Luc Frieden: Éischtens emolsinn an deem Pak jo och net nëmmen déi Familljemoossnamen, déi sozialMoossnamen, vun deenen Dir virdru geschwat hutt.

Mir wëllen och kucken, datt d’Investissementer, net wéi déi lescht Joeren, geckeg an d’Lut ginn, mä datt se op engem héijen Niveau bleiwen. Mir mussen deen een oder aneren Ajustement maache bei de Steieren.

Mä mir hunn e Problem: mir ginn allJoer ze villaus. An dofirmengen ech, datt éischtens, wa mir méi Steiereinnamegéinge kréien, datt mir musse kucken, datt mir dann eis Schold net esouhéich brauche klammen ze loossen. Wann et net duer geet, ech mengen, da musse mir aner Reformëmaachen, an ech hoffen, datt mir et fäerdeg brénge strukturellReformen ze maachen.

Wat ech gesot hunn, zum Beispilld’Lounentwécklung, och am ëffentlechen Déngscht, dat hunn ech jo net einfach gesot welldat mir gefält. Ech weess och, datt ee méi populär ass wann ee seet, elo kréien d’Leit bäi. Mir musse virun allem kucken, datt eis Ausgaben, esouwuel Investitiounen, wéi Fonctionnementskäschten, wéi Gehälter net massiv déi nächst Joeren an d’Lut ginn. Dat ass déi richteg Erausfuerderung fir de Staat, mä och fir d’Betriber.

Nach eng Kéier, mir brauche Betriber déi Aarbechtsplaze schafen. An dofirmusse mir als Staat och hëllefen, datt dat déi nächst Joere ka geschéien. Dofirbrauche mir eng zollitt Regierung. Dës Regierung huet eng zollittMajoritéit an der Chamber, mir si vum Vollek gewielt. An zesummen, déi zwouParteien déi d’Regierung duerstelle wäerten dee Match hei maachen.

Guy Kaiser: Vun der LSAP héiert een, datt eigentlech éischter d’Steiere sollen eropgesat ginn, wéi datt soll gespuert ginn. D’Solidaritéitssteier fir d’Betriber vu 4% op 6%, bei de physesche Persounen, do hate mir scho Rieds vun 2,5% op 5%. De Spëtzesteiersaz soll op 40% gehéicht ginn. Dat ass jo awer e bësselchen eng aner Musék wéi déi, déi Dir spillt.

Luc Frieden: Mir sinn an enger Diskussioun. Dat gëllt fir déi éischte Rëtsch vu Moossname vun der Regierung, grad wéi zousätzlech Iddien, déi do an der Diskussioun sinn. Näischt vun deenen do Saachen ass bis elo definitiv an der Regierung festgehale ginn.

Et bleift fir mech als Finanzminister – dee fir d’Steierpolitik zoustänneg ass, mä natierlech no Diskussioun an der Regierung – datt mir net dierfen d’Boot iwwerbelaaschten an der Steierpolitik, wellmir, wéi gesot, a Konkurrenz sti mat den Nopeschlänner a wellech gär hätt, datt d’Leit hei am Land och netto eppes iwwreg hunn. Déi déi fläisseg schaffe solle bezuelt ginn, an de Staat muss dofire Stéck huele fir Stroossen, Schoulen an aner Saachen ze bauen. Mä mir mussen awer ëmmer op engem raisonnabelen Niveau sinn. Ech mengen awer, datt mir och doriwwer en Accord an der Regierung fannen, do sinn ech ganz zouversiichtlech.

Guy Kaiser: An deem do Kontext, Här Frieden, dann d’Krisesteier: et weess een nach guer net de Montant. Ech ginn och net dovun aus, datt Dir mir dee Montant haut hei wäert verroden. Mä gëtt mat alldeem, wat mir elo héieren hunn – och d’Solidaritéitssteier an hei an do woude Mënsch vläicht net vill, an awer trotzdem, eppes ewech gehollkritt – de Loun net awer uerg strapazéiert? Oder anescht gefrot, rentéiert et sech nach an Zukunft mat engem relativ klengen Akommes schaffen ze goen?

Luc Frieden: Selbstverständlech, welleis Steierpolitik an deene leschte Joere war esouopgebaut, datt en faite klengen Deelvun de Leit e groussen Deelvun de Steiere bezuelen. 4% vun de Ménagenzu Lëtzebuerg bezuelen ongeféier 40% vun der Gehältersteier. Ëmgedréint, alldéi aner Leit bezuele keng Steieren. Also muss een och kucke wéi een an dësem Moment, dee ganz schwiereg ass fir d’Land, jiddweree kann un der Solidaritéit Deelhuele loossen. Op där anerer Säit kritt jo awer och jiddweree gehollef, wann en zum Beispillseng Schaff verléiert.

Och do musse mir, an dofirgëtt et jo Elementer wéi Solidaritéit a Krisesteier – mir hu fir de Moment enorm Ausgaben, zum Beispillam Fonds pourl’emploi, woud’Leit bezuelt ginn déi hir Schaff ganz verluer hunn, oder déi am Chômage partielsinn. Alleng dee Fonds pourl’emploihuet fir de Moment e Lach vun eppes 300 Milliounen. Dat muss iergendwougestoppt ginn. An do si mir alleguer dru gehalen deene Leit ze hëllefen, a mir kënne muer alleguer déi do Leit sinn. An dofirmengen ech, muss een eng Kombinatioun maachen, e raisonnabele Steiertarif, a kucken, wéi kënne mir déi Ausgabe vum Staat finanzéieren?

An dofirkann een eben net allAusgaben an Zukunft weider lafe loossen. Mir hätten am léifsten déi nidderegst Steieren an déi héchste sozialTransferten. Béideszesumme geet net. Mir wiere gär e Land, woumir e raisonnabele Steiertarif hunn a Sozialtransferten, déi ëmmer nach méi héich si wéi an eisen Nopeschlänner. Dofirgeet et eis jo och relativ gutt. Cohésionsociale,kann ech Iech assuréieren, ass e grousse Souci vun der Regierung, mä och en Tarif dee leeschtungsfrëndlechass.

Guy Kaiser: Ech mengen, Dir hutt d’Echoen aus dem Vollek héieren: Dir kritt virgehäit, Dir als Finanzminister, awer och Dir als Regierung, Dir géingt net genuch maache beim Staat selwer ze spueren. An der Gemeng Lëtzebuerg hu se zum Beispill méi wéi dat Duebelt fäerdeg bruecht wéi Dir beim Staat. Ass also do wierklech net méi dran, freet u sech regelméisseg d’Vollek, ier mir da kucke wou mir soss nach vläicht kéinten Aspuerunge maachen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt déi Vergläicher do net ganz richteg sinn. Wellwann ech richteg verstanen hunn, da sinn bezéien déi Chifferen, déi sech op d’Stad Lëtzebuerg bezéien, sech net nëmmen op normalFonctionnementskäschten, mä do sinn och Elementer vum Investitiounsbudget, vum extraordinäreBudget dobäi. De Staat spuert jo och bei sech selwer, plus wat e mécht am Investitiounsbudget. An dat zesummen ass eng Zomm vun 200-250 Milliounen Euro.

Ech mengen, datt de Staat nach méi Effortëbei sech selwer muss maachen, mä et muss ee wëssen, datt dat liicht gesot ass a schwéier gemaach. Wellalles dat, wat mir ausginn, och fir de Fonctionnement vum Staat, si Konsumausgaben, woumir och Saache bei Lëtzebuerger Entreprise kafen. Deen einfache Saz fir ze soen, da muss de Staat bei sech selwer spueren, an et weess een net genee, wien et betrëfft, deen ass séier gesot a schwéier ëmgesat.

Bei der Opstellung vum Budget 2011 an 2012 muss allMinister zousätzlech Spuermoossname proposéieren. Et kann een net alles wéi an der Vergaangenheet maachen, mä dat betrëfft ëmmer iergendwéi och een, wellwéi gesot, de Staat keeft Déngschtleeschtungen, keeft Produkter, e gëtt sech déi Sue jo net selwer. Also muss een och do kucke wat fir en Effet op d’Ekonomiedat huet. Mir wäerten do nach zousätzlech Effortëmaachen, mä dat ass net einfach.

Guy Kaiser: Déi do Iwwerleeung, wat de Staat betrëfft, ass natierlech och wouer fir eng Privatpersoun. Dat heescht, ugeholl dat do géif alles esou elo am Laf vun der nächster Woch décidéiert ginn, dat géing jo bedeiten, datt trotzdem d’Kafkraaft vu jiddwerengem, och vläicht nëmme liicht zréckgeet. Och dat huet natierlech eng Repercussioun op de Konsum.

Luc Frieden: Dat ass richteg, mä dat ass net bei alles onbedéngt richteg.

Mir hu virdrun diskutéiert iwwer eng Moossnam, déi an der Diskussioun ass, vun der Allocationde rentréescolaire. Een deen zum Beispill10.000 Euro de Mount verdéngt, wann deen déi Allocatioun kritt, ännert dat net onbedéngt säi Konsumverhalen,wellhien déi Suen net zousätzlech onbedéngt ausgëtt. Dat selwecht gëllt beim Index.

Een deen en héicht Gehalt huet an deen eng Indextranche kritt, gëtt net dee Montant, deen hie méi kritt duerch den Index automatesch aus. E gëtt ee Stéck aus vläicht, an dat anert Stéck setzt hien op säi Spuerbuch. Dofir,net allMoossnam huet en direkten Impakt op d’Ekonomie. A mir kucke ganz gutt bei villem wat mir diskutéieren, an och wa mir Ännerunge maachen, datt et e limitéierten Effet op d’Ekonomiehuet. Mä ouni Konsequenze fir de Gesamtsystemgeet guer näischt.

Déi Iddi, datt ee kéint d’Staatsfinanzen an den Equiliber bréngen, eng konkurrenzfäeg Ekonomiehunn a kee Chômage méi hunn, ouni datt een eppes ännert, dat geet einfach net. D’Leit reagéiere jo net alleguer esouwéi déi, déi Dir ëmmer op d’Antenn loosst. Ech krut och ganz villMessagë vu Leit, an ech sinn och dankbar dofir, déi gesot hunn, mir si bereet och hei eng Ännerung ze maachen. Net allMoossnam ass op Zoustëmmung gestouss. Mir héieren och déi Suerge vun de Leit a mir versichen deene Rechnung ze droen. Mä et mussen Ännerunge kommen, a jiddweree kritt net genee dat nämmlech wéi dat wat e virdrun hat.

Guy Kaiser: Wat den Index nach betrëfft, Här Frieden, ech mengen de Sujet ass net nei, en ass op d’mannst 30 Joer al, wéi d’Tripartite ugefaangen huet.

Firwat gëtt net, oder et gëtt vläicht driwwer geschwat, mä et ass awer op jiddwer Fallan der Aktualitéit dobaussen net méi esouan der Diskussioun, datt ee seet, jo mir behalen den Index bäi, mä e gëtt plafonnéiert op 2, 3 Molde Mindestloun. Wier dat net eng Gerechtegkeet? Wellech mengen, Dir hutt et virdru selwer gesot, deen ee kritt bei enger Indextranche 50 Euro bäi, deen anere kritt der 300?

Luc Frieden: Den Index ass en faiteng onméiglech Diskussioun zu Lëtzebuerg, wellmir wëssen, datt et net sozialgerecht ass a virun allem, an dat ass eppes wat mir méi Suerge mécht, dat ass, datt en faitmir en Instrument hunn, wat alldéi Länner ronderëm eis net méi hunn, oder net méi an där Form hunn.

D’Regierung huet gesot, och wellmir ëm déi Schwieregkeete wësse fir Ännerungen ze maachen, datt mir um Index festhalen, mä datt mir mengen, datt mir mussen eng oppenDiskussioun kréien iwwer Elementer vum Index. Déi déi Dir elo grad mentionéiert hutt, si Pisten déi um Dësch sinn; Pistë fir ze kucken d’Energieprodukterganz oder zum Deeleraus ze huelen.

Dat sinn awer Diskussiounen déi ee muss féieren. Wann am Iran iergend eng irresponsabelDeclaratioun gemaach gëtt an de Pëtrolspräis erop geet, dann héijemir hei zu Lëtzebuerger d’Gehälter, fir dat emoleinfach auszedrécken. D’Nopeschlänner héijese net an deem Moment. Also verléiere mir u Konkurrenzfäegkeet.

Ech weess, datt et agreabel ass, jiddwereen ass frouwann eng Indextranche kënnt, dëst Joer kënnt erëm eng, mä déi kascht de Staatsbudget, mä déi kascht virun allem och d’Entreprisë ganz villSuen. Dofirappeléiere mir am Fong un de Responsabilitéitssënnvu jiddwerengem deen an der Tripartite sëtzt, fir op d’mannst eng sachlech Diskussioun iwwer Elementer vum Index ze kréien, datt den Index bleift, mä datt e vläicht net op engem gewëssene Moment iwwer d’Strängschléit an domat eis en zousätzleche Problem schaaft, dee fir d’Ekonomiewierklech e reelle Problem ass.

Guy Kaiser: Mir hunn elo eng ëffentlech Verschëldung vu 7 Milliarden. Um Enn vun der Legislaturperiod sinn et der 10-12 Milliarden. Da musse mir allJoer 350 Milliounen Euro Zënse blechen a wann d’Zënsen nach klammen, bedeitend méi. Mir ginn also méi Suen aus wéi mir der era kréien, dat hutt Dir um Ufank vun dëser Emissioun gesot. Do muss ee sech dach d’Fro stellen, ass déi lescht Joeren, Joerzéngten d’Geld net zur Fënster erausgepucht ginn, esou datt mir elo wierklech eng Vollbremsung musse maachen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt et normalass, wann et engem Land gutt geet, datt een dann och als Staat d’Leit ënnerstëtzt an och Suen ausdeelt. Dofirhu mir Infrastrukture gebaut déi formidabelsinn am internationale Verglach. Mir hunn e Sozialsystem opgebaut dee formidabelass. Et geet elo drëms ze kucken, datt mir dee kënnen halen, mä datt en och nach finanzéiert bleift.

Ech mengen net, datt ee ka soen, datt mir d’Suen zur Fënster eraus gehäit hunn. Mir hunn och vill Suen op d’Säit gesat. Esouwuel mäi Virgänger, de Staats- a Finanzminister Juncker, wéi ech selwer hunn ëmmer drop gehalen, datt d’Mehreinnahme vun engem Joer géingen op d’Säit gesat ginn, an datt mir dofir en fait konnte ganz vill Infrastrukture finanzéieren ouni Sue léinen ze goen. Mir hunn also net d’Suen zur Fënster erausgehäit.

Elo eréischt fänke mir u léinen ze goen, well mir et virdrun net zur Fënster erausgehäit hunn. Mä elo musse mir Reformë maachen, strukturell Reformen, net nëmme just e Gebai net bauen a mengen, dann hätte mir de Problem geléist. Mir brauche strukturell Ausgaben, datt mir déi kënne reduzéieren, a Pisten, wéi déi déi ech annoncéiert hu sinn an där Perspektiv ze gesinn.

Guy Kaiser: Mir hunn elo grad e Prêt gemaach vun 2 Milliarden, an et muss een drun erënneren, bis 2014 sollen nach eng Kéier 4 Milliarden dobäi kommen, oder op d’mannst si se ageplangt.

Luc Frieden: Gott seiDank hate mir virdru keng Staatsschold. Mir haten eng Schold déi am europäesche Verglach ganz niddereg war. Déi gréisste Satisfaktioun déi ech an deenen Diskussiounen hei hunn ass, datt mir am Fong e Konsenshunn an der Tripartite an an der Regierung, datt mir op d’mannst net iwwer 30% vum Bruttoinlandprodukt als Schold erausginn. Dat sinn nach en finde compteeng 10, 12 Milliarden, Dir hutt de Chiffer genannt.

Dat ass enorm héich. Mä mir mussen eis d’Wuert ginn, datt, wa mir um Wee dohin net duerch Steiereinnamegenuch era kréien, datt mir dann zousätzlech Spuermoossname musse maachen. Dofirdéi Iwwerpréifung 2012, déi schéngt mir logesch. En faithätt ech gär, datt Fong nach manner Schold hätten, mä dat hei ass schonn e considérableProgrès par rapportzu deenen Diskussiounen déi mir virun dräi Méint gefouert hunn.

En Héichscholdeland, dat mierkt een net wann een duerch d’Groussgaass geet, mä dat mierken déi, déi an 10 oder a 15 Joer duerch d’Groussgaass ginn, welldeene musse mir dann alles iwwer Steieren aus der Täsch huelen, oder mir kënnen hinne keng Sozialleeschtunge méi ginn. Haut Ännerunge maachen, ass en faiten Engagement vis-à-visvun eise Kanner fir ze soen, eis ass et schrecklech gutt gaangen, mir mussen elo e bësse verzichten, fir datt et iech och gutt geet. An dat ass am Fong dat, firwat mir an der Regierung, a besonnesch ech als Finanzminister wëllekämpfen.

Guy Kaiser: Här Frieden, et schléit eng Auer, d’Zäit ass eriwwer fir eis Emissioun. Dir, Här Minister, wäert iwwer de Weekend nach e bësselche rechnen, dat schéngt esoud’Lous ze si vun allFinanzminister. Eng glécklech Hand wënschen ech Iech dobäi, an zugläich Merci fir Är Explikatiounen haut.

Luc Frieden:Merci och.

Dernière mise à jour