Le ministre des Finances, Luc Frieden, au sujet du Conseil "Affaires économiques et financières"

Michel Delage: Am Virfeld vun dësem Panorama, hate mir e Gespréich mam lëtzebuerger Finanzminister. Lëtzebuerg ass jo an der Fro vum Bankgeheimnis, zesumme mat Éisterräich, an der Europäescher Unioun isoléiert. Fro un de Luc Frieden: fir wat blockéiert Lëtzebuerg Diskussiounen am Steierdossier?

Luc Frieden: Mir hunn haut net blockéiert am Sënn, datt mir net wollten un enger Diskussioun deel huelen, mä mir hu gesot, mir hätte gären eng Diskussioun iwwer all d’Aspekter vun deem Steierpak. An zu deem Steierpak do gehéiert eng Diskussioun iwwer d’Direktiv iwwer d’Zënsbesteierung. Dozou gehéiert dann eng Diskussioun iwwer d’Zesummenaarbecht tëscht de Steierverwaltungen an eng Diskussioun wéi d’Relatioune mat den Drëttstaaten an deem dote Kontext geregelt ginn.

D’schwedesch Presidence huet all Kéiers ee Stéck op den Ordre du jour gesat - haut war et d’Zesummenaarbecht tëscht de Steierverwaltungen - an dofir hunn ech niewent dem Erkläre vun der lëtzebuerger Positioun gesot, datt mir net d’accord wieren haut engem Stéck vum Kuch zouzestëmmen ier mir de ganze Kuch gesinn. An dofir war et eis haut onméiglech zouzestëmmen.

An där Propositioun iwwer d’Zesummenaarbecht mat de Steierverwaltunge sinn eng Rei Pisten dran déi sécherlech diskussiounwäert sinn, an dofir hu mir gesot, mir blockéieren net alles mä mir sinn net d’accord haut engem Text zouzestëmmen deen Deel ass vun engem ganze Pak.

Dat war och d’Positioun vun Éisterräich, an dofir huet d’Presidence et haut net fäerdeg bruecht an deem Punkt en Accord hei ze maachen. Déi Diskussiounen, esouwuel bilateral wéi och mat der schwedescher Presidence, ginn an de nächsten Deeg vun eiser Säit intensiv weidergefouert.

Michel Delage: E weidere Sujet dann nom ECOFIN-Conseil waren d’Accisen um Tubak. Hei ass ee sech eens ginn. Wéi gesäit deen Accord do aus?

Luc Frieden: Och dat war aus lëtzebuerger Siicht e ganz schwieregen Dossier, well do Lëtzebuerg, ech géing soen, eng Kéier méi dat eenzegt Land war wat an deem Dossier eng Schwieregkeet hat. Mir haten eng Schwieregkeet do beim esou genanntene Rulltubak, wou d’Kommissioun proposéiert huet, datt deen an Zukunft géing d’nämlecht besteiert gi wéi d’Zigaretten, an datt deen Taux sollt erop goen op 57%. Mir hunn doriwwer scho während e puer Conseilen négociéiert an no laangen Diskussiounen haut si mir eis do iwwer e Kompromëss eens ginn. Amplaz déi 57% relativ direkt anzeféieren, hu mir et fäerdeg bruecht, datt mir eng laang Iwwergangsperiod kréien, nämlech bis 2020, an datt deen Taux vu 40% stufeweis op 50% am Jor 2020 eropgeet.

Dat ass gutt aus der Siicht vun dem lëtzebuerger Produzent fir Rulltubak an dat ass gutt fir déi lëtzebuerger Staatsfinanzen. Mir bedeelegen eis un engem europäeschen Effort fir weider Minimalsteiersätz, och bei den Zigaretten a beim Rulltubak anzeféieren, mä net vun haut op muer, mä graduell. An dofir mengen ech, ass déi Iwwergangsperiod plus deen Taux dee mir do kritt hunn aus lëtzebuerger Siicht akzeptabel.

Dernière mise à jour