Luc Frieden au sujet de du budget 2010

Joëlle Hengen: De Budget vun 2010 schéngt net esou einfach ze handhaben ze sinn. Déck Classeure voller Zuelen a keng Léisung bei Hand. D'Rechnung geet einfach net op. De Staat kënnt 2010 net laanscht en décken Defizit.

Luc Frieden (O-Toun): Fir de Moment mengen ech, datt deen Defizit, esou wéi en do läit, dee fir de Moment bei der Administration centrale op eppes bei 3 Milliarden Euro ass, datt dee substantiell ze héich ass. Mir mussen den Defizit nach substantiell reduzéiert kréien. Bis wou mir kommen, dat weess ech haut net, well dat ass méi liicht gesot wéi gemaach.

Joëlle Hengen: Den Defizit ass esou héich, well engersäits d'nächst Jor vill manner Steieren era kommen, anerersäits d'Dépensen awer och méi héich gi sinn. Beispill: d'Uni Belval, d'Nordstrooss oder d'Liaison Micheville, déi amgaange si gebaut ze ginn. Ouni déi sëlleche Renovatiounsaarbechten ze vergiessen déi de Staat an Optrag ginn hat fir de Mëttelstand an der Kris z'ënnerstëtzen. An och wann all dës Projete Sue kaschte wäert keen dovunner gestrach ginn. Am Budget 2010 wäert keng Mesure geholl ginn déi der Ekonomie schued. Et ginn deemno och keng Steieraugmentatiounen an d'Sozialausgabe ginn net gekierzt.

Luc Frieden (O-Toun): Trotzdem ass deen Defizit, esou wéi mir en zu dësem Moment hunn, vill ze vill grouss a mir hunn haut gekuckt wéi een dee ka reduzéieren. Virun allem andeem een déi Dépensen déi keng Gesetzesännerung mat sech zéien an déi déi net en negativen Effet op d'Ekonomie hunn, datt een déi kann op e Minimum reduzéieren. Dat ass eng riseg Erausfuerderung.

Mä zugläich – an och doriwwer hate mir haut intensiv Diskussiounen – wéi kënnt een no der Kris aus deem Defizit eraus? Well wien Defizit seet, seet Staatsverscholdung a wie Staatsverscholdung seet, dee weess, datt een déi och eng Kéier muss rembourséieren. Mir maachen elo de Budget vun 2010, mä mir hunn déi vun deene Joeren duerno am Hannerkapp.

Joëlle Hengen: Diskussioune sinn deemno schwiereg an nach esou bal net eriwwer. Ma eréischt den 29. September beim Dépôt vum Budget ginn Detailer bekannt.

Dernière mise à jour