Luc Frieden, Discours au sujet de la Dexia BIL

Mesdames et Messieurs,

Je voulais vous informer ce matin qu’à la suite d’un certain nombre de discussions que nous avons initiées au cours des derniers jours, je peux vous informer qu’un investisseur international est prêt à reprendre la banque luxembourgeoise Dexia BIL, en vue de son développement comme acteur stratégique sur la place financière du Luxembourg.

Vu le caractère systémique de la BIL à Luxembourg, l’État luxembourgeois entrera comme actionnaire minoritaire dans le capital de cette banque de tradition. Les négociations entre l’investisseur, l’État luxembourgeois et le groupe Dexia sont à un stade avancé. J’estime qu’elles peuvent se clore avant la fin de ce mois.

Dir Dammen an dir Hären,

Ech hat an deen leschten Deeg, jo Wochen, intensiv Gespréicher mat den Actionnairen vum Groupe Dexia, mat de Finanzministren vun der Belge a vu Frankräich an och mat der Directioun vun der Dexia BIL hei zu Lëtzebuerg iwwert d’Zukunft vun der BIL.

Well wéi der wësst ass de Groupe Dexia e Groupe dee relatif ënnerschiddlech Aktivitéiten an deenen 3 Länner, wou en haaptsächlech aktiv ass, huet: Lëtzebuerg, eng Détailbank; Belge a Frankräich virun allem eng Bank déi öffentlech Kollectivitéiten, d’Geméngen asw finanzéiert. An dorauser sinn eng Reih strukturell Problemer entstanen.

Dexia BIL ass e wichtegen Finanz- a Wirtschaftsakteur hei zu Lëtzebuerg an dofir hu mir eis intensiv mat der Zukunft an der Entwécklung vun der BIL zu Lëtzebuerg beschäftegt. Mir méngen dat et am Intérêt vun eisem Land an am Intérêt vun der BIL ass, fir datt BIL aus deem Grupp kann erausgeholl ginn. Dat as och am Intérêt vun de Clienten déi do hir Dépôten hunn an de Salariéën vun der BIL.

De General-Direkter vum Groupe Dexia, den Här Pierre Mariani, mat deem mir eng ganz gutt an intensiv Kooperatioun an deene leschten Deeg haten, an dee chargéiert ginn ass vum Verwaltungsrot vum Dexia-Groupe fir Verhandlungen iwwert d’Restrukturatioun ze féieren, ass d’accord iwwer esou eng Solutioun ze verhandelen.

Fir dëst Ziel vun enger neier lëtzebuerger BIL ze réaliséieren hu mir eis aktiv an d’Léisung vun dëser Solutioun abruet. Fir d’Onoofhängkeet vun der BIL an zugläich hir strategesch Entwécklung op der Finanzplaatz Lëtzebuerg sëcher ze stellen.

Mir hunn an deene leschten Deeg en internationalen finanzkräftegen Investisseur fonnt, dee bereet ass déi Bank zu engem substantiellen Deel ze kafen.

A mengen Aan géing dëst Investissement zur Diversifikatioun vun der Finanzplaatz beidroen an der BIL eng strategesch Plaatz an der Weiderentwécklung vun der Finanzplaatz, sengen nationalen a sengen internationalen Activitéiten, beidroen.

Fir dëst neit a positivt Développement vun der Bank BIL ze begleeden an z’ënnerstëtzen, a virun allem well d’BIL zu Lëtzebuerg eng systemesch Bank ass – dat heescht eng Bank, där hir Situatioun en Effet huet op aner Finanz- a Wirtschaftsakteuren – wellt de Staat eng minoritär Participatioun an där Bank huelen. Dëst geschitt a muss geschéien am Respekt vun den europäeschen Konkurrenzregelen a gëtt mat der europäescher Kommissioun am Détail oofgeschwat.

Dexia BIL ass eng rentabel a stabel Bank. D’Spuerer brauchen sech keng Suergen ëm hir Suen an hir Dépôten bei der BIL ze maachen. De lëtzebuerger Staat ënnerhëlt all Moossnahmen déi noutwendeg sinn fir an all Situatioun d’Sécherheet vun den Dépôten bei der BIL ze assuréieren.

Dernière mise à jour