Débats parlementaires au sujet du projet de Budget 2015 - Discours du ministre des Finances Pierre Gramegna

Pierre Gramegna, ministre des Finances

Luxembourg, le 17 décembre 2014

Seul le discours prononcé fait foi.

Här President,

Dir Dammen an Hären,

Ier ech am Detail op déi verschidden Aspekter vum Budget an dem Zukunftspak aginn, déi an de läschte Wochen hei an der Chamber, an och dobausse vun de Leit, diskutéiert goufen, wëll ech nach emol drun erënneren, wat eis Ausgankssituatioun ass:

- Dat nächst Joer fale 700 Milliounen Euro Recetten TVA um Commerce électronique ewech; déi Zuel geet d’Joeren duerno nach erop. Dat war laang gewosst, an et ass näischt gemaach ginn.

- Säit Joren hu mer een enormen Defizit um Niveau vun der Administration Centrale. Tëscht 2008 an 2012 waren et ëmmer tëscht 800 Milliounen an enger Milliard. Eise Scholdebierg ass a manner wéi 10 Joer vun eppes iwwert enger Milliard op iwwer 11 Milliarden Euro ugewuess. Wa mer näischt änneren, lande mer 2018 bei iwwer 16 Milliarden. Alleng an de läschte 5 Joer sinn eis Scholden vun 7% op 23% vum PIB gewuess.

Dat sinn déi strukturell Problemer, déi mer léise mussen. Des Analyse deelt bal jiddereen, souguer déi gréissten Oppositiounspartei.

Mat dësem Budget, a mam Zukunftspak, maache mer dat. Dat geschitt net vun engem Joer op dat anert, mee erfuerdert Efforten iwwert déi nächst Joren ewech. Dofir ass déi nei Approche mam Budget Pluriannuel bis 2018 och sou wichteg.

D'Europäesch Kommissioun huet dee Projet, deen ech am Oktober virgeluecht hunn, am Detail gekuckt, an eis gréng Luucht ginn. Net nëmme fir 2015. D'Kommissioun huet eis den 28 November gesot, dass Lëtzebuerg mam Budget Pluriannuel bis 2018 konform mat den europäesche Regelen ass. Mir sinn domadder eent vun deene Länner, wat de Stabilitéitspakt an all Hisiicht zouverlässeg respektéiert. Och nom Accord mat de Syndikater bleiwe mer an de Limite vun de Kritäre vun der Kommissioun. Dat schaaft Vertrauen.

Säit Oktober hunn sech allerdéngs eng Rei Saache geännert. Do goufen et zum engen Evolutiounen op economeschem Plang, an zum anere goufen et Amendementer um Projet selwer, wat sech natierlech och an den Zuelen erëmspigelt. Ech well awer direkt soen, dass och mat dëse Changementer eise Budget nach an de Limite bleift déi d'Europäesch Regelen zouloossen.

Erlaabt mer, éi ech mäin Exposé lo ufänken, de Rapporten Merci ze soen, dem Fränz Fayot (fir seng 2 Rapporten iwwert de Budget an de Budget Pluriannuel) an dem Viviane Loschetter (fir de Rapport iwwert den Zukunftspak). Si hunn a kuerzer Zäit eng excellent Aarbecht gemaach, an ech sinn och frou iwwer déi konstruktiv Virschléi, déi si an hiere Rapporte formuléiert hunn.

Ech wäert a menger Ried déi 3 Projet de loi'en zesummen ofdecken.

1. Evolutioune säit dem Depot vum Projet op economeschem Plang

E Budget opstellen ass ëmmer ee ganz delikaten Exercice, well ee gewëssermoosse muss ee Bléck an d’Glaskugel geheien. Mir liewen awer an enger Zäit, wou sech ganz vill Facteure ganz séier ännere kënnen, an dat mécht d’Saach net méi einfach. Dobäi kënnt, dass sech Changementer op economeschem Plang am Budget ëmmer nëmme mat Retard feststelle loossen. Wann d'Wirtschaft haut besser oder méi schlecht leeft wéi virgesinn, da spiere mir dat réischt mat e puer Méint Decalage.

D'Regierung baséiert sech, bei der Opstellung vum Budget, op d'Zuele vum Statec. Sou Zuelen opstellen ass keng Science exacte. D'Zuele vum Statec sinn net déi selwecht wéi déi vun der Kommissioun oder vun der OCDE. D'Kommissioun geet vun 2,4% Wuesstem aus, d'OCDE vun 2,2, an d’BCL vun 2. Dat si grouss Ënnerscheeder. An d'Zuelen déi de Statec haut nennt, sinn net déi selwecht, wéi déi, déi am Oktober nach aktuell waren. Mee et kann een e Budget och net all Mount changéieren, wann déi Zuele variéieren.

Mir haten als Referenz 2,7% festgehal. Op där Basis hu mer de Budget gerechent. Mëttlerweil geet de Statec fir 2015 nach just vun engem Wuesstem vun 2,2% aus.

Fir d'Joren duerno, also 2016-2017 kann een haut dovunner ausgoen, dass déi och nach emol no ënne revidéiert wäerte ginn, mee dofir musse mer op déi nächst Mise à jour waarden, déi réischt am Fréijor fälleg ass, am Kader vun der 16ter Aktualisatioun vum PSC (“plan de stabilité et de croissance”).

Och à long terme hunn sech d’Perspektiven net onbedéngt verbessert:

D'OCDE zum Beispill mengt, dass Lëtzebuerg à long terme nach just 2% Croissance hätt, wäit ënnert deem, wat mer an de läschte Jorzéngte gewinnt waren. D'COBIFU notéiert an hirem Rapport zu Recht, dass wann dat de Fall wär, mer eis deen Train de vie, an den Niveau vun de Pensiounen a vun de soziale Leeschtungen, un déi mer eis gewinnt hunn, dann net méi leescht kéinten. Dee Moment wäre mer an engem Szenario vun enger « secular stagnation », net nëmmen heiheem, mee a ganz Europa, enger laanger Period ouni reale Wuesstem.

D'COFIBU recommandéiert dofir, d'Land elo schonns op déi Méiglechkeet virzebereeden. An et ass sécher richteg, dass een déi laangfristeg Risiken an där Hisiicht net ënnerschätzen däerf. Et ass jo grat dofir, wou d'Regierung haut schonns ufänkt, mam Zukunftspak, d'Land ze moderniséieren, de Staat méi effizient ze maachen, d'Recetten an den Depense net weider ausernee lafen ze loossen, an eis Scholden an de Grëff ze kréien.

An enger ganzer Rei Avise konnt een liesen, dass der Regierung hir Projektiounen ze vill optimistesch wären. D’Cofibu schwätzt vun „hypotheses volontaristes”. Ganz esou ass dat awer net. D’Regierung huet sech op déi Zuele vum Statec baséiert, déi zu deem Zäitpunkt disponibel waren. Mir kënnen de Budget jo och net all Mount amendéieren, wa rëm nei Statistiken erauskommen. An d’BCL, op der Säit 20 vun hirem Rapport, attestéiert eis souguer dat hei: “L’hypothèse du Gouvernement pour une croissance de 4% du PIB nominal est plus prudente que celle de la Commission européenne.”

Ech mengen also net, dass mer ze vill optimistesch wären an eisen Zuelen. Ëmgedréit si mer natierlech och net iwwerdriwwe pessimistesch. Well mir gleewen u Lëtzebuerg. Mir gleewen un d’Innovatiounskraft vun eisen Entreprisen, un de Courage vun de Lëtzebuerger, un d'Upassungsfäegkeet vun eisem Land an all deenen, déi hei wunnen a schaffen. Mir sinn net déi, déi géint Lëtzebuerg wetten, well all déi, déi dat an der Vergaangenheet gemaach hunn, hunn hir Wett verluer. Lëtzebuerg ass méi staark aus der Stolkris erausgaang, a wäert och méi staark aus der aktueller Kris erausgoen. Wéi mer gesot hunn, dass mer d’Bankgeheimnis ofschafen, hunn der vill d’Enn vun eiser Bankeplaz virausgesot. Si hunn onrecht behal. D’Zuel vun de Banken hëlt souguer rëm zou, d’Gelder déi hei verwalt ginn, ginn erop.

An och am Zesummenhang mat BEPS (wou d'Aarbechten 2015 ofgeschloss ginn) an de Luxleaks soll een net den Däiwel un d’Wand molen. Domadder wëll ech d'Risiken awer net erofspillen. Luxleaks ass ee schwéiere Coup fir eist Land an eis Wirtschaft. Den Imageschued fir eist Land ass kloer.

Am Moment ass et nach ze fréi, fir kënnen konkret ofzeschätzen, op, a wa jo, wéi eng Repercussiounen déi Developpementer op eis Staatsfinanze kéinten hunn. Mir halen dat genee am Bléck, a wann et sech weise géif, dass et do ee signifikativen Impakt géif ginn, da wäert ech dat och mat Zäit an an aller Transparenz der COFIBU an de Sozialpartner matdeelen, fir dass mer zesummen, am Esprit vum Lëtzebuerger Modell, u Léisunge schaffe kënnen.

Mee net alleng d'Politik ass gefuerdert, mee och all déi, déi an der Wirtschaft op deenen Dossiere schaffen: d'Afekoten, d'Consultanten, d'Fiduciairen, d'Auditeuren, d'Domiciliatairen, d'Banken. Mir mussen hei all zesummen un engem Strang zéien, an zesumme kucken, d'Land rëm no vir ze bréngen. Dat gëllt net nëmmen fir d’Entreprisen, mee och fir all eenzelne Bierger, an d’Frontalieren, déi bei eis schaffen. Mir mussen eise Business-Modell iwwerdenken, an do upassen, wou et néideg ass.

Wéi ech d'läscht Woch hei war fir iwwer d'Kompetitivitéit ze schwätzen, hunn ech Pisten opgewisen, wéi mer dat upake wëllen. An ech sinn zouversiichtlech, dass mer och aus dëser neier Kris gestäerkt wäerten erausgoen.

Mir mussen eis Wirtschaft weider diversifizéieren, och eis Finanzplaz. An deem Kontext wäerte mer eis Aktivitéiten, fir Lëtzebuerg am Ausland ze vermaarten, nach verstäerken, méi innovativ a méi proaktiv maachen.

D’Regierung ass net ugetrueden, fir de Stëllstand ze verwalten, mee fir d’Land fir d’Zukunft fit ze maachen. Fir nei Chancen opzemaachen. D’COFIBU gëtt eis Recht an där Approche, d'Wirtschaft weider ze diversifizéieren, an de Rapporter Fränz Fayot huet a senger Presentatioun do och e puer interessant zousätzlech Pisten opgewisen.

Aus all deene Grënn hält d’Regierung un hiere Prognose fest. Net well géife blann weider fuere wéi virdrun, mee well mer, am Budget an am Zukunftspak, an och op villen anere Politikfelder, konkret Mesuren huelen, fir d’Land op d’Zukunft virzebereeden.

2. Evolutioune säit dem Depot vum Projet op politeschem Plang

Den Sozialdialog fonctionnéiert erëm.

De Budget an den Zukunftspak, sou wéi se haut virleien, sinn d'Resultat vum Gespréich mat de Gewerkschaften , wat net einfach war. Mir konnten op alle wichtege Punkte e Kompromëss fannen, dee fir all Parteien acceptabel war. Mir hunn et fäerdeg bruecht, deene Schwächsten an eiser Gesellschaft entgéingt ze kommen.

Ee Facteur, deen et eis erlaabt huet, an der Trésorier deen néidege Spillraum fir dëse Kompromëss mat de Gewerkschaften ze fannen, ouni den Equiliber vum Budget a Fro ze stellen, sinn natierlech déi 90 Mio, déi mer vu Bréissel erëmkréien.

Mee et däerf een net vergiessen, dass dat kee Revenu ass, mat deem een recurrent Ausgabe ka géigefinanzéieren. Dat wär net nohalteg. Eis Virgänger goufe fir déi Manéier d’Staatsfinanzen ze geréiere mat Recht kritiséiert. Des Regierung wäert dee Fehler net maachen.

Wat genee ännert dann elo par rapport zum initiale Projet?

a. 0,5% Steier

Eng vun deene groussen Ännerunge betrëfft natierlech d'0,5% Cotisatioun, déi elo eng Steier ass. Mir hunn elo ee ganze Mindestloun immuniséiert, amplaz virdrun ee véirel, wat besonnesch deene Leit ze gutt kënnt, déi nëmme wéineg verdéngen. Domadder kommen iwwert dëse Wee och manner Suen an d'Keess wéi initiell virgesinn (ronn 40 Mio manner). Trotzdem réckelt d'Regierung net vun hirem Plang of, des Suen ze gebrauchen, fir an d'Zukunft vun eise Kanner ze investéieren.

Dësen neien „impôt d'équilibrage budgétaire“ ass eng temporär Léisung. Ee Kompromëss. Mee sécher ass: mir wäerten déi Recetten och an Zukunft brauchen, wa mer eis Versprieche vis à vis vun de Kanner hale wëllen. Dat muss een am Hibléck op déi grouss Steierreform am Kapp halen.

b. aner Mesuren

Wat den Aarbechtsmaart betrëfft, sou wäerte mer mat de Syndikater kucken, fir eng Rei temporaire Mesuren, déi 2015 hätte sollen auslafen, eventuell weiderlafen ze loossen, op Basis vun der Analyse vum Arbechtsmarché. Wann ee sech d’Zuele vun der Entwécklung vum Chômage ukuckt, dann ass dat ee responsabele Choix.

Mir hunn donieft een Accord op der Reform vun der Aide au Réemploi fonnt. D'Préretraite solidarité war net méi zäitgeméiss, a gëtt ofgeschaf. Op d’Mesuren an der Familljepolitik wäert ech häerno nach kuerz ze schwätze kommen.

De Congé Parental gëtt flexibiliséiert, an d’Indemnitéiten op de Mindestloun ajustéiert, sou wéi dat mat de Syndicater ausgemaach gouf. Dat ass d’Äntwert op d’Ofschafe vun der Allocation d’éducation.

Alles zesumme kaschten des ofgeännert Mesuren eis 2015 19 Milliounen Euro méi wéi geplangt.

3. D'Resultat: ee Budget, deen d'Land op d'Zukunft virbereed

Fir d'éischt emol wéilt ech dem Conseil d'Etat, an och de Chambres professionnelles, der Cour des comptes, der Banque Centrale, an dem COSL, merci soe fir hir Aarbecht, a virun allem och fir d'Rapiditéit mat där hei geschafft gouf.

De Conseil d'Etat huet zwee ganz gutt an detailléierten Avisen virgeluecht, iwwert de Budget, an och iwwert den Zukunftspak. D'Regierung huet dem Conseil d'Etat senge Bedenken, do wou et oppositions formelles gouf, op all Punkte Rechnung gedroen.

Wann een d'Avise vum Conseil d'Etat, der Chambre de Commerce, der Banque Centrale an der Cour des Comptes liest, da mierkt een, dass hinnen d'Spuerefforte vun der Regierung oft net wäit genuch ginn, Mir mengen awer, dass et net de richtege Wee gewiescht wär, d'Dépensen méi séier erofzefueren. Mir fuere weider mat investéieren.

Op där aner Säit stinn d'Avisen vun der Chambre des salariés a vun der Chambre des fonctionnaires et employés publics (déi iwwregens bal méi iwwer d’Schoul wéi iwwert de Budget schreift), déi mengen, dass d’Regierung ze wäit geet, an den Effort och net gerecht verdeelt wär. Mir gesinn dat anescht. Wann ee sech mat den Zuele beschäftegt, da mierkt een, dass hei jiddereen säin Deel mat bäidréit, de Staat, d’Gemengen, d’Betrieber, genee wéi d’Privatleit.

Et stëmmt och net, dass et am Zukunftspak een Déséquiliber géif tëscht neie Recetten an Spuermesuren. Wien dat behapt, huet sech de Pak a sengem Ensembel net genee ugekuckt. Am Moment leie mer bei engem Ratio vun 2/3 – 1/3. Mee bis 2018 wierken d’Mesure vum Zukunftspak an hirem Ensembel.

Här President, dir Dammen an Hären,

Deen heite Budget ass keen Austeritéitsbudget. Den Här Fayot huet dat a sengem Rapport ganz kloer gewise. An de Joren 2015 bis 2018 ginn eis Dépensen an der Moyenne all Joer em 4% erop!

Gitt emol kucken, wéivill d’Dépensen an eisen Nopeglänner wuessen. Do ginn d’Dépensen nominal soit erof, soit ganz beschränkt erop, vill manner wéi bei eis.

Wéi d’Banque Centrale op der Säit 37 vun hierem Avis awer richteg feststellt, läit d’Progression vun eisen Dépensen awer signifikativ ënnert där vun deene läschte Joren. 2010 bis 2013 louch se ëmmerhin nach bei 5,5%. A virdrun nach méi héich. Mir bremsen also d’Croissance vun eisen Ausgaben, awer eben net esou staark, dass een hei kéinnt vun Austeritéit schwätzen.

Dat gesäit ee besonneg kloer am Bezug op d’Investissementer:

Mir haten d'Investissementer vun 2013 op 2014 schonn ëm 9% eropgesat. Vun 2014 op 2015 wuessen se nach vill méi staark, ëm ronn 15%, a leien dann bei 1,986 Milliarden (SEC10). Deen Trend wäert bis 2018 sou weidergoen.

Domadder leie mer ganz op der Linn vun der Europäescher Kommissioun, a vum Här Juncker sengem Plang, fir an Europa méi Wuesstem duerch weider Investissementer ze schafen.

De Statec huet berechent, dass den Zukunftspak 2015 een Impakt vun -0,3% op de Wuesstem wäert hunn. Et muss een awer och bedenken, dass déi Investissementer, déi mer d'nächst Jore maachen d'Grondlag schafen, fir méi Wuesstem an der Zukunft.

An hirem Avis weist d'Chambre de Commerce drop hinn, dass et net duergeet, den Niveau vun den Investissementer héich ze halen, mee dass een och kucke muss, dass déi Investissementer efficace sinn, an dass een den „taux d'exécution“ vun de Projete muss am Bléck halen. D'Chambre de Commerce proposéiert dofir eng « feuille de route du mieux investir ».

Une telle feuille de route comporterait au minimum les axes suivants: standardisation de projets de même nature ; benchmarks internationaux par type de projet ; établissement de standards minima et maxima au niveau des finitions ; démonstration, dans le chef de l’initiateur du projet, de sa contribution au relèvement de la croissance potentielle de l’économie luxembourgeoise ; simplification des procédures de planification ; prise en compte ex ante des coûts de gestion, d’exploitation et d’entretien.

D'COFIBU schreift an hirem Rapport, dass se dat eng gutt Idee fënnt, an ech deelen déi Opfaassung. Dat do ass also eng konkret Piste, un där d‘Regierung schaffe wäert.

Mee et ass net nëmmen um Niveau vun den Investissementer, wou d’Budgeten eropginn. Ech wëll iech dat nach emol ganz konkret weisen, fir déi wichtegst Politikfelder:

Entgéingt deem wat d’Leit dobaussen heinsdo menge gëtt bei de Kanner an der Famill net gespuert, mee au contraire geet de Budget vum Ministère de l’Education nationale, de l’Enfance et de la Jeunesse em 8% op 1,93 Milliarden erop, wat besonneg de Maisons relais, de Crèchen, an de Chèques Services zegutt kënnt.

Am Enseignement Supérieur an an der Recherche ginn d’Budgeten genee sou erop. De Fonds national de la Recherche kritt iwwer 15% bei, an d’Uni iwwer 12%!

An dat muss och sou sinn: eise Chômage ass vill ze héich, besonneg bei deene Jonken, wou mer iwwert dem europäeschen Duerschschnett leien. Mir mussen déi Jonk also onbedéngt besser op den Arbechtsmaart virbereeden, an hinnen hëllefen, eng Arbecht ze fannen.

Och de Budget vum Arbechtsministère geet signifikativ erop.

De Budget vum Gesondheetsministère wiist em iwwer 10%, dee vum Logement ronn 11%.

Wann ee vum Logement schwätzt, da muss een natierlech och op d'TVA Logement ze schwätze kommen. D'Regierung huet de Bedenken, déi do geäussert goufen, Rechnung gedroen :

  1. d'Renovatiounen vun all Catégorien vun Logementer kënnen och weiderhinn vum Taux super-réduit profitéieren
  2. mir hunn eng generéis a pratikabel Iwergangszait vun 2 Joer agefouert bei den Wunnengen déi net vum Proprietair bewunnt ginn.

D'Enregistrement-Verwaltung huet déi läschten Wochen a Méint daat Onméiglecht gemaach fir den Secteuren vun der Constructioun entgéint ze kommen. Als Beispill heizou, kann ech soen, dass momentan all Dag 600 demandes d'agrément vum Handwierk um zoustänngen Bureau ukommen, fir vun den Iwergangsléisungen ze profitéieren. Ech wëll vun deser Plaz aus den zoustännege Beamten ee grousst Luef a mäi Merci ausschwätzen, fir déi Aarbecht, déi si do leeschten.

Fir de Rescht wéillt ech zur TVA nach emol dat heite soen:

Mir behalen déi niddregst Tauxen an der EU. Mir halen eisen Taux super-réduit vun 3% fir d’Liewesmëttel an aner biens de première nécessité, un dee mer net réckele ginn. D’Oppositioun seet viraus, dass mat där -jo awer ganz limitéierter- Hausse vu verschiddenen Tauxe vun der TVA d’Liewen zu Lëtzebuerg massiv méi deier géif ginn. Mir mengen dat net. D’CLC mengt dat net. An a 6 Méint wäerte mer gesinn, dass d’Leit hei effektiv ganz zu Onrecht veronséchert goufen.

Ech wëll an deem Kontext och drun erënneren, dass Eurostat den 11 Dezember seng Etude iwwert de Pouvoir d’achat an der EU verëffentlecht huet. Aus dëser Etude geet erfier, dass d’Lëtzebuerger een Niveau vun der consommation individuelle effective hunn, dee 35% iwwert der Moyenne an Europa läit!

Et ass och net sou, wéi wann d'Hausse vun der TVA nëmme géif vun de Privatleit gedroe géif. 50% gëtt effektiv vum Verbraucher bezuelt, mee déi aner Halschent vum Staat, de Gemengen, an den Entreprisen. A well den Index jo erëm voll spillt, wäert dat fir d'Konsumenten och rem een Deel kompenséieren. A well d’Inflatioun wéinst den niddrege Petrolspräisser stark zeréck geet, gëtt déi TVAs Hausse och op deem Niveau nach mol ofgefiedert. Ausserdem dierft dat d’Betrieber berouegen, ze wëssen, dass déi nächst Index-Tranche an dësem Emfeld dann och net ze séier komme wäert.

4. Wou bréngt dat do alles eis hinn, wa mer op d’Zuele kucken?

Och mat den Amendementer, déi gemaach goufen, bleift Lëtzebuerg um gudde Wee, seng ëffentlech Finanze bis 2018 erëm an de Grëff ze kréien.

Ouni déi Mesuren, déi mer am Budget an am Zukunftspak huelen, géif den Defizit an der Administration Centrale bei 1,6 Milliarden d’Joer leien. Mir hunn et fäerdeg bruecht, deen bal ze halbéieren, op ronn 875 Mio.

2016 geet en dann op ronn 600 Milliounen erof, 2017 op 500, an 2018 si mer dann net méi wäit vum Equiliber.

Wat den OMT, den Objectif à moyen terme betrëfft, do leie mer iwwer d’ganz Period bis 2018 gutt, mat engem Solde structurel vun +0,4% vum PIB 2015, 2017 an 2018, an +0,6% 2016.

D’BCL schreift an hirem Avis, op der Säit 30: “Les déficits au niveau de l’Administration centrale constituent (...) une spécificité structurelle du Luxembourg. La logique des normes européennes (...) contribue à donner une image positive des Finances publiques luxembourgeoises. Cette analyse ne doit cependant pas induire en erreur.” Wat d’BCL eis hei seet, ass, dass et eben net duergeet, fir den Total ze kucke vun den 3 Sous-secteuren vun der Administration Publique (also d'Administration Centrale, d'Securité Socilae an d'Gemengen), mee och all Sous-secteur eenzel.

Den Conseil d’Etat seet a sengem Avis genee dat selwecht.

Anescht ausgedréckt: den Defizit vum Zentralstaat kann net mat dem Iwwerschoss vun der Pensiounskeess kompenséiert ginn. Oder, nach méi kloer: mir kënnen eis lafend Käschten beim Staat net mat de Reserven fir eis Pensiounen decken.

Et ass ee Fait, datt den Defizit vun der Administration centrale och op d’Transferten zréckzeféieren ass, déi de Staat en Faveur vun de Gemengen an der Sécurité Sociale mécht.

Ech wëll dofir och kuerz op déi 2 Secteuren agoen.

Wat d’Gemengefinanze betrëfft, sou ginn déi natierlech och duerch den Zukunftspak impaktéiert. Et ass awer ganz sécher net sou wéi wann hei um Bockel vun de Gemenge géifen d’Staatsfinanze sanéiert ginn.

Mee et kann och net sinn, dass de Gemengesecteur deen eenzege wär, dee keen Effort maache misst.

D’Regierung huet dofir probéiert, fir och bei de Gemengen sënnvoll Mesuren ze huelen, dei iwwer reng Spuermesuren eraus ginn. Ech ginn iech 2 Beispiller:

Amplaz déi Suen, déi vun 2015 zousätzlech iwwer d’TVA erakommen un d’Gemenge weiderzereechen, dat sinn d’nächst Joer ronn 25 Milliounen, affektéiert d’Regierung dee Budget un de Projet vun der Reform vun den Rettungsdenschter. Dat ass eng wäertvoll Synergie, am Sënn vun de Gemengen.

Eng zweet Mesure besteet dodran, dass an Zukunft déi räichste Gemenge méi an de Fonds de l’emploi wäerte speise.

Des Mesuren, an e puer anerer, brénge mat sech, dass d’Gemengen hieren Deel zum Sanéiere vum Staatsbudget bäidroen. A si kënnen dat verkraften, well déi zwou wichtegst Recettë vun de Gemengen, den Fonds de dotation financière an den Impôt commercial, klammen 2015 zesummen em 2,8 %, an duerno an der Moyenne em 6,3 % pro Joer. D’Ressourcë vun de Gemenge ginn also an d’Luucht.

Wat d'Sécurité sociale betrëfft: den Excédent klëmmt, op Grond vun deene favorabele Projektiounen op déi ech virdrun agaang sinn, a besonnesch well mer kënnen dovunner ausgoen, dass den Emploi och an Zukunft wuesse wäert.

D’BCL huet recht, an hirem Rapport op d’Risiken hinzeweisen, déi mer do à long terme hunn.

Wann ee sech d’Zuele méi no ukuckt, da gesäit een, dass de Surplus vun der Securité sociale quasi ausschliisslech vum Pensiounsregime hierkënnt. Dei aner Regimer vun der Sécurité sociale: d’Assurance maladie, d’Pflegeversicherung, an d’Assurance accident hunn vill méi kuerzfristeg Risiken, an hiren Equiliber ass ëmmer prekär.

Dofir gesäit den Zukunftspak an deenen 3 Regimer strukturell Mesure fir, déi am Total 45 Milliounen am Joer 2015 ausmaachen, an 95 Milliounen am Joer 2018. Déi Mesuren droen also och zur Verbesserung vum Solde vun der Sécurité sociale bei, an och zur Stabiliséierung vun deene Régimen, wat leschten Enns, duerch d‘Stabilitéit vum Taux de Cotisatioun, den Entreprisen an den Bierger zegutt kënnt.

Wann een déi 3 Secteuren elo zesumme kuckt: Administration centrale, Gemengefinanzen, an Sécurité Sociale, zesummegeholl nenne mer dat d’Administration publique, do geet den Defizit 2015 vun -1,3% vum PIB am Szenario à politique inchangée op elo -0,2% PIB erof, an 2018 wäerte mer souguer rëm een Iwwerschoss ze verbuchen hunn.

D’Solden no eiser Comptabilité nationale presentéiere sech dann esou:

5Den Impakt um Niveau vun der Schold

Dank de Mesuren am Budget an am Zukunftspak wäerte mer eise Scholdestand stabiliséieren, an vun 2015 un souguer progressiv eroffueren par rapport zum PIB.

Dir wësst, dass mer dëst Joer, 2014, keng nei Schold opgeholl hunn, wann ee mol vun den 200 Milliounen vum Sukuk ofgesäit, woubäi mer dat jo an éischter Linn gemaach hunn, fir d’Land als Standuert fir Islamesch Finanz méi bekannt ze maachen, wat och ganz gutt fonctionnéiert huet.

2018 wäerten eis Scholde manner wéi 24% vum PIB ausmaachen. Domadder leie mer da gutt ënnert der Limit vun 30%, déi d'Regierung sech ginn huet. An dat ass richteg esou. Well mir deelen d'Analysen net, vun deenen, déi soen, dass Lëtzebuerg sech ouni Problemer nach weider verschëlde kann. Grat fir eng kleng an oppen Economie wéi eiser ass sou eppes ganz geféierlech. Wa mer eis Schold am Grëff halen, hale mer och eisen Triple A. Op dëser Plaz hu jo scho vill Riedner drop higewis, wéi wichteg deen Triple A ass, fir d'Kompetitivitéit vun eisem Wirtschaftsstanduert an d'Vertrauen an eist Land.

6. Grouss Innovatiounen

Ech well dann nach op 2 Innovatiounen am Budget 2015 agoen: de Fonds souverain, an de besseren Encadrement vu Rulingen

Fonds souverain

A verschiddene Rapporte gëtt sech d’Fro gestallt op dee Fong grouss genuch ass, op een en nach anescht alimentéiere kéinnt, an op et gutt ass deen iwwer Scholden ze finanzéieren.

De Fonds ass net ze kleng, mee eiser aktueller Situatioun ugepasst.

Mir fänke kleng un, mee näischt verhënnert, dass mer an den nächste Joren do och aner Revenuen dran affektéierten, sou dass de Fong méi séier méi grouss gëtt, wéi dat, wat mer als Minimum virgesinn hunn.

Souguer mat der Alimentatioun vum Fonds souverain hu mir 2018 ee Finanzequiliber.

Et stëmmt, dass sou ee Fong idealerweis scho viru Joren hätt kënnen, a sollen, an d'Liewe geruff ginn. Et hätt een iwwer d'Joren kënnen 5 Milliarde Revenuë vun der TVA électronique dran affektéierten !

D'Regierung péckt dat elo endlech un, an et wär falsch et lo rëm aus all méigleche Grënn wëllen erauszezögeren. Et geet hei em e Mentalitéitswiessel: net alles wat an de Budget fléisst, musse mer direkt haut erëm ausginn. Dat ass eng Fro vun der Responsabilitéit tëscht de Generatiounen.

Rulingen

D'Regierung huet am Kader vum Zukunftspak, also virun Luxleaks, souwuel der Praxis vun den Rulingen wéi den prix de transfert eng explizit base légale virgesinn. Mir haten anticipéiert, dass den alse System fréier oder spéider géif problematesch ginn. An dem Kontext soll och, op den 1 Januar 2015, ee Règlement grand-ducal a Kraaft trieden, deen eng Rulingskommissioun op der Steierverwaltung asetzt an d'Publikatioun vun een Rulingen op eng global an anonymiséiert Manéier virgesäit.

Wa mir, wéi eis Virgänger, an deem Dossier weider passiv bliwwe wären, oder déi Problematik réischt no Luxleaks entdeckt gehat hätten, hätt Lëtzebuerg et op internationalem Plang nach vill méi schwéier gehat. Grat well mer schonn villes gemaach haten, fir eis konform ze maachen mat de Recommandatiounen vum Forum Mondial, well mer d’Bankgeheimnis endlech ofgeschaf haten, an d’Reform vun eisem System vun de Rulingen schonn an d’Wee geleet haten, konnte mir kredibel soen, dass Lëtzebuerg bougéiert. Dat ass och unerkannt ginn.

Lëtzebuerg setzt sech intensiv dofir an, dass d’Länner alleguerten sech elo bewegen. Onst Ziel ass et, bei de Rulingen wéi an all anere Steierfroen, ee Level Playing Field ze schafen.

7. Ee Wuert nach zur Steierpolitik

Och wann de Sujet an enger ganzer Rei Avisen, an och vum Rapporter direkt oder indirekt ugeschwat gouf: Mir sollen déi Diskussioun elo net mat där iwwert de Budget vermëschen.

Ech kann iech awer versécheren, dass a mengem Ministère do scho vill Viraarbecht geleescht gouf. Wa mer de Budget, an de Budget Pluriannuel bis gestëmmt hunn, kenne mer d'Eckdaten, op déi mer eis baséiere kënnen, fir eis Berechnungen am Bezug op d'Steierreform unzegoen. Da kënne mer ufänken, iwwert konkret Optiounen ze diskutéieren. Do bleift nach vill Aarbecht ze maachen. Mir wäerten awer keng Zäit verléieren, an dat alles séier ugoen, zesumme mat iech heibannen, an och mat de Sozialpartner.

8. Nächst Etapen an der Budgetsreform

Mam Vote vum Budget a vum Zukunftspak ass de Projet „budget vun enger neier Generatioun“ natierlech net ofgeschloss.

D'Arbechtgruppen, déi geschaf goufe bleiwen en place, a wäerten och iwwer déi nächst Jore regelméisseg zesummekommen. Och de Secrétariat permanent bleift bestoen.

D'Emsetze vum Zukunftspak erfuerdert an de kommende Joren nach vill konkret Mesuren.

D'Regierung ass kritiséiert ginn, well nach net all Mesuren am Zukunftspak fäerdeg ausgerechent sinn. Mee d’Alternativ wär gewierscht, all Joer nei Mesuren ze fannen an nozereechen. Dat wollt d’Regierung net maachen, am Sënn vun der Transparenz an der Previsibilitiéit. Mir hunn schonns haut alles op den Dësch geluecht, dass jiddereen elo scho weess, wat déi nächst Jore bréngen. Dat huet och an der Diskussioun mat de Gewerkschaften gehollef.

Dofir däerf een d'Analyse vum Zukunftspak och net alleng op d'Mesure beschränken, déi schonns 2015 a Kraaft trieden. D'Oppositioun huet dat zum Deel gemaach, an ass dann zum Beispill zur Conclusioun komm, dass den Equiliber tëscht Aspuerungen an neie Recetten net gi wär. Dat maach stëmme fir 2015, mee bis 2018 gëtt deen Equiliber awer erreecht.

An dir wäert gesinn, dass mer schonns d'nächst Joer dem Ziel, de Budget méi transparent ze maachen, an no Objektiver opzestellen, alt rëm ee Stéck méi no komm sinn.

Ech si frou, dass des Aarbechten, wäerte vun 2 neien Organismen am Bléck gehale ginn:

- dem Comité des prévisions, deen elo institutionnaliséiert wäert ginn;

- dem Conseil national des finances publiques, dee seng Aarbechte viru Kuerzem opgeholl huet. Ech wëll op dëser Plaz sengen 7 Membere merci soen, besonnesch dem neie President, dem Romain Bausch, dass si sech bereet erklärt hunn, sech där delikater a ganz wichteger Tâche unzehuelen.

Conclusioun

Wéi ech iech virun 2 Méint de Projet vum Budget an den Zukunftspak virstelle komm sinn, hunn ech iech erkläert, dass déi sech u 4 grousse Prinzipien orientéieren :

  • Méi responsabel mat de Steiersuen ëmgoen
  • Méi Fairness a Gerechtgekeet bei den Ausgaben a Recetten hierstellen
  • Méi en effiziente Staatsapparat a méi ee modernt Land schafen
  • Eng nei Politik ëmsetzen, wéi se am Regierungsprogramm festgehalen ass

Den Dialog mat de Syndikater ass erëm belieft ginn.

Dat nämlecht muss elo och mam Patronat geschéien. Den Sozialdialog ass grat an dësen Zäite wichteg, fir de soziale Fridden am Land ze erhalen.

Här President,

Dir Dammen an dir Hären,

D'Land steet viru groussen Erausfuederungen. Net réischt säit Luxleaks si mir mat Risike konfrontéiert, déi mer net ënnerschätze sollen. Mee mir sinn optimistesch, well mir u Lëtzebuerg gleewen!

An dofir sinn ech och optimistesch, dass mer mat dësem Budget eist Zil, d'Staatsfinanze bis 2018 rëm an de Grëff ze kréien, erreeche wäerten.

Sou kënne mer och sécher sinn, eisen Triple A ze halen. Dat ass wichteg, well deen Triple A ass eis Visitekart dobaussen, fir gesond Staatsfinanzen, an heiheem de Garant dofir, dass mer eis Sozialstaat och an Zukunft finanzéiere kënnen.

Ech soen iech merci.

Aktualiséiert