Aktualiséiert den
"Kurs op muer. Ee Muer fir Jiddereen" – de Gilles Roth presentéiert de Staatsbudget fir 2025
Den 9. Oktober 2024, huet de Finanzminister Gilles Roth an der Chamber de Staatsbudget fir 2025 presentéiert.
Ënnert dem Motto "Kurs op muer. Ee Muer fir Jiddereen", knäppt dës 2025-Editioun vum Budget un déi Ambitiounen un, déi d'Regierung sech mat hirem éischten Iwwergangsbudget fir 2024 gesat hat. Neie Schwong, Opschwong a Vertrauen, verbonne mat Steierentlaaschtungen, Solidaritéit mat deenen Äermsten, engem ambitiéisen Investitiounsprogramm, méi Effizienz a Sécherheet, dat sinn och déi grouss Leitmotiver vum Budget 2025.
De Gilles Roth kommentéiert: "Mir hale Kurs op muer. Ee Muer fir Jiddereen. Mir wëlle Lëtzebuerg a seng Biergerinnen a Bierger fir d'Zukunft stäerken. Mir wëllen eis Seegele mat Optimismus a Vertraue setzen. An och wa mir d'Stierm nach net all iwwerstanen hunn, sou mierke mir dach dass d'Tendenzen an déi richteg Richtung ginn."
E geopolitesche Kontext gepräägt vun Onsécherheeten. Positiv makroekonomesch Tendenzen.
De Budget 2025 schreift sech an en ongewëssenen geopolitesche Kontext an. Duerfir ass et wichteg, datt Lëtzebuerg seng Hausaufgabe mécht. No engem Rezessiounsjoer 2023 (-1,1% vum PIB), gesinn d'Pronosticke vun der Statec fir Lëtzebuerg e Wuesstum vum PIB vu +1,5% fir 2024 a vu +2,7% fir 2025 vir. D'Inflatioun ass réckleefeg a wäert sech 2024 op 2,3% stabiliséieren. Am Joresverglach ass d'Joresinflatioun an der Eurozon am September op +1,8% gefall. Am Beräich vun der monetärer Politik gëtt et e Liichtbléck.
Dës positiv Entwécklungen hunn (nach) keng Auswierkung op d'Beschäftegungstatistiken. Esou wäert d'Beschäftegung 2024 bei 0,9% stagnéieren, an de Chômagetaux wäert 2025 op 6% klammen.
Eckdate vum Staatsbudget 2025 – Eng nohalteg Finanzpolitik duerch e positive Schéiereffekt um Niveau vum Zentralstaat, an eng Tendenz no ënne fir d'Staatsscholden ab 2025
Recetten an Depensë vum Zentralstaat
D'Recettë vum Zentralstaat klammen ëm 1,5 Milliarden Euro (+5,2%) am Verglach zu 2024, a belafen sech op 29,6 Milliarden Euro. D'Ausgabe vum Zentralstaat belafen sech op 30,9 Milliarden Euro (+1,4 Milliard Euro oder +4,5% am Verglach zu 2024).
Zil erreecht. 2025 wäert de "Schéiereffekt" ee positive sinn, mat Einnamen déi méi séier klamme wéi d'Ausgaben.
Defizit vum Zentralstaat
Fir 2025, läit den Defizit vum Zentralstaat bei -1,29 Milliarden Euro. Dat si gutt 500 Milliounen Euro manner, ewéi am Pluriannuell am Mäerz 2024 geschat.
Defizit um Niveau vun den ëffentleche Verwaltungen
Trotz der Verbesserung vum Defizit am Zentralstaat an engem positive Saldo um Niveau vun de lokale Verwaltungen, bleift de Solde vun den ëffentleche Verwaltungen iwwert déi ganz Period 2025-2028 negativ.
Staatsschold
Nodeems d'Staatsschold tëscht 2018 an 2028 ëm +6,6,% vum PIB geklommen ass, stabiliséiert si sech 2024 a 2025 op 27,5% vum PIB, fir bis 2028 eng Trajectoire no ënnen ze weisen.
Budgetär Prioritéiten
D'Zil Lëtzebuerg ze stäerke gëtt duerch d'Prioritéite vun dësem Budget kloer reflektéiert.
1. E Budget fir en inklusiivt a solidarescht Lëtzebuerg. Mat faire Chance fir Jiddereen. Mat engem staarke Sozialstaat.
Sozialpolitik – Aarmutsbekämpfung an eng Rei Steiererliichterunge fir eis Matbierger
D'Aarmutsbekämpfung ass eng absolut Prioritéit vun dëser Regierung.
- Ronn 47% vun den Ausgabe vum Zentralstaat fléissen an d'Sozialtransferten.
- 15% vum Budget si fir d'Altersversuergung virgesinn. D'Participatioun vum Staat an der Pensiounskeess beleeft sech op 2,7 Milliarden Euro. Dat entsprécht enger Progressioun vu 5%.
- Eng budgetär Strategie fir eng effizient Aarmutsbekämpfung an Hëllefsmoossname fir déi Äermsten an eiser Gesellschaft.
Logement – fir eng méi grouss Offer un abordabelem Wunnraum
Den abordabele Wunnraum ass eng Prioritéit vun dësem Budget.
- D’Ausgabe vum Spezialfong fir abordabele Wunnraum klammen ëm 130 Milliounen Euro am Verglach mat 2024.
- Fir 2025-2028 sinn Investissementer vun insgesamt 2 Milliarden Euro an den abordabele Wunnengsraum virgesinn.
- Am Kader vum VEFA-Opkafprogramm ass eng Gesamtenveloppe vu 480 Milliounen Euro virgesinn. Bis September 2024 konnten an deem Kader 152 Logementer opkaf ginn.
- Neierung: d'Enregistrementskäschte fir d'Acquisitioun vun enger bestoender oder neier Immobilie gi réckwierkend vum 1. Oktober 2024 a bis den 30. Juni 2025 ëm d'Hallschent reduzéiert.
Educatioun
Eise Schoulsystem ass d’Fundament fir eis Gesellschaft vu muer.
- Den Educatiouns-Budget klëmmt duerfir ëm +330 Milliounen Euro op iwwer 4,4 Milliarden Euro.
Beschäftegung a Kafkraaft
Moossname fir besser Aarbechtsbedéngungen an Ënnerstëtzung fir d'Familljen
- Méi Netto-Gehalt duerch eng duerchschnëttlech Entlaaschtung am Steiertarif ëm 17,4% zanter dem 1. Januar 2024.
- D'Zukunftskeess gräift de Famillje mat iwwert 1,5 Milliarden Euro ënnert d'Äerm.
- D’Ausgabe vum Beschäftegungsfong belafen sech op 1,2 Milliarden Euro. Dat ass ee Plus vu 35 Milliounen Euro am Verglach zu 2024.
2. E Budget mat substanziellen Investissementer an eis Mobilitéit, eise Gesondheetssystem an de Klimaschutz am Allgemengen.
Fir 2025, si staatlech Investissementer an Héicht vu 4,6% vum PIB virgesinn; dat si ronn 3,9 Milliounen Euro.
Schinn
- D'Recettë vum Fonds du rail klamme vu 605 Milliounen Euro am Joer 2024 op 780 Milliounen Euro am Joer 2028 (ca +30%).
- D'Finanzéierung vum Bus, ë.a. vum RGTR-, TICE- an CFL-Reseau beleeft sech fir 2025 op 390 Milliounen Euro.
- 82 Milliounen Euro fléissen an den Transport fir Leit mat spezifesche Besoinen. De Schülertransport beleeft sech op 53 Milliounen Euro.
Stroossereseau
D'Dotatioun vum Fonds des routes klëmmt vun 395 Milliounen Euro am Joer 2025 op 480 Milliounen Euro am Joer 2028. (+22%)
Ëffentlech Gebaier
Zu de Prioritéiten zielt de Bau vu Lycéesgebaier fir deen iwwert déi nächst 4 Joer Ausgaben an Héicht vu 740 Milliounen Euro geplangt sinn.
Spideeler
D’Enveloppe vum Fonds hospitalier geet op 156 Milliounen Euro erop – ee Plus vun 21%. Fir 2025 si gréisser Ausgabe fir den neie CHL, de Südspidol an den Ausbau vun der Urgence am Nordspidol geplangt.
Energie, Klima an Ëmwelt
An d'Zukunft investéieren heescht och an de Schutz vun eisem Klima an eiser Biodiversitéit investéieren.
- Fir 2025, belafen sech d'Investissementer vun den dräi Haaptfonge vum Ministère fir Ëmwelt, Klima a Biodiversitéit op iwwer 510 Milliounen Euro.
3. E Budget fir eng méi kompetitiv Wirtschaft an eng gesond Finanzplaz
D'Regierung wëll d'Kompetitivitéit vun eiser Wirtschaft an d'Attraktivitéit vun eiser Finanzplaz stäerken. Wesentlech fir d'Finanzéierung vum Sozialstaat:
- Fir 2025 ginn 52 Milliounen Euro an d'Weiderentwécklung vun eisen Aktivitéitszonen investéiert. Iwwert d'Joren 2025-2028 belafen d'Investitiounen sech op 172 Milliounen.
- D'Ëmsetzung vum nationalen Energie- a Klimaplang, also dem PNEC, beleeft sech op véier Joer op 1,3 Milliarden Euro, wouvunner ronn 174 Milliounen Euro op de Wirtschaftsministère entfalen.
- Finanziell Ënnerstëtzung vun zwou Produktiounsanlage vun Hydrogen an der Héicht vun 110 Milliounen Euro op zéng Joer.
- D'Ausgabe vum Innovatiouns-Fong gi ronn 23 Milliounen Euro an d'Luucht.
- D'Bedeelegung um IRIS-Projet wäert sech iwwert déi nächst 25 Joer op ca. 155 Milliounen Euro belafen;
- 272 Milliounen Euro fléissen an d'Landwirtschaft.
4. E Budget fir e modernt Land an e performante Staat
D'Regierung investéiert weider an d'Moderniséierung vum Land, mat Fokus op follgend Beräicher:
- Digitaliséierung:
- Ausgaben an Héicht vun 282 Milliounen Euro queesch duerch d'Ministèren an Administratiounen;
- Eng Enveloppe vu 700 Milliounen Euro fir de CTIE iwwert déi nächst Joren;
- 8,7 Milliounen Euro op 4 Joer fir déi national Plattform fir den Austausch vun Daten;
- 7,9 Milliounen Euro fir déi national Strategie e-Santé;
- Performant Gemengen:
- De globalen Dotatiounsfong fir d'Gemenge klëmmt op 3,2 Milliarden Euro. Dat entsprécht engem Plus vun 119 Milliounen Euro am Verglach zu 2024.
- D'Kreditter déi d'Gemenge fir hir Investissementer an d'Basis-Infrastrukturen kréien, ginn ëm 69,5 Milliounen Euro an d'Luucht.
5. E Budget fir ee séchert Land
Nach ni huet Lëtzebuerg esou vill an d’Sécherheet vu senge Bierger investéiert, a gläichzäiteg un d'Wäerter vum Rechtsstaat gehalen.
- D’Dotatioun vum nationale Rettungsdéngscht geet 2025 ëm 40 Milliounen Euro an d’Luucht.
- D’lafend Ausgabe (ouni Personalkäschten) belafen sech am Joer 2025 op 63 Milliounen Euro. Dat ass e Plus vu 4 Milliounen Euro.
6. E Budget fir e Lëtzebuerg an Europa an an der Welt
D'Regierung wëll och Kurs op Europa halen, a weider uechter d'Welt present a solidaresch si mat senge Partner sinn.
- D’Trajectoire vum Effort de dépense gouf ugepasst fir schonn 2030 2% vum RNB ze erreechen. Dat sinn Ausgaben an Héicht vu 792 Milliounen Euro am Joer 2025. Dat entsprécht engem Plus vu 94 Milliounen Euro op ee Joer. Do kommen nach eemol 80 Milliounen zousätzlech Hëllef fir d'Ukrain dobäi.
En Zukunftsbudget mat Kurs op muer
Dëse Budget notzt d'Chance vun haut fir Kurs op muer ze halen:
- Kurs a Richtung Opschwong a Wuesstum,
- Kurs a Richtung Wuelstand an Entlaaschtung,
- Kurs a Richtung Gerechtegkeet an Aarmutsbekämpfung,
- Kurs a Richtung Liewensqualitéit a Mobilitéit,
- Kurs a Richtung Nohaltegkeet a Klima-Transitioun,
- Kurs a Richtung Digitaliséierung a Kënschtlech Intelligenz,
- Kurs a Richtung nohalteg Finanzen,
- Kurs a Richtung Vertrauen,
Kurs op ee Muer fir jiddereen.
Communiqué vum Finanzministère