"Neie Schwong fir eist Land"

De 6. Mäerz 2024, huet de Finanzminister Gilles Roth den Deputéierten an der Chamber de Staatsbudget fir 2024 presentéiert. Den éischte Budget vun der neier Regierung steet ënner dem Zeeche vum "Neie Schwong fir eist Land".

  1. ©SIP/ Julien Warnand

    Gilles Roth, Finanzminister

    Gilles Roth, Finanzminister

  2. © SIP / Julien Warnand

    Depot vum Gesetzesentworf iwwer de Budget vun de Recetten an Ausgabe vum Staat fir d'Joer 2024 - Ried vum Gilles Roth, Finanzminister

    Depot vum Gesetzesentworf iwwer de Budget vun de Recetten an Ausgabe vum Staat fir d'Joer 2024 - Ried vum Gilles Roth, Finanzminister

  3. © SIP / Julien Warnand

  4. ©SIP/ Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Diane Adehm, Rapporteurin vum Budget 2024, Presidentin vum Finanzkommissioun vun der Chamber ; Claude Wiseler, Chamberpresident; Gilles Roth, Finanzminister

    (v.l.n.r.) Diane Adehm, Rapporteurin vum Budget 2024, Presidentin vum Finanzkommissioun vun der Chamber ; Claude Wiseler, Chamberpresident; Gilles Roth, Finanzminister

  5. ©SIP/ Julien Warnand

    Depot vum Gesetzesentworf iwwer de Budget vun de Recetten an Ausgabe vum Staat fir d'Joer 2024 - Ried vum Gilles Roth, Finanzminister

    Depot vum Gesetzesentworf iwwer de Budget vun de Recetten an Ausgabe vum Staat fir d'Joer 2024 - Ried vum Gilles Roth, Finanzminister

  6. ©SIP/ Julien Warnand

    Illustratioun

    Illustratioun

  7. © SIP / Julien Warnand

    (v.l.n.r.) Diane Adehm, Rapporteurin vum Budget 2024, Presidentin vum Finanzkommissioun vun der Chamber ; Claude Wiseler, Chamberpresident; Gilles Roth, Finanzminister

    (v.l.n.r.) Diane Adehm, Rapporteurin vum Budget 2024, Presidentin vum Finanzkommissioun vun der Chamber ; Claude Wiseler, Chamberpresident; Gilles Roth, Finanzminister

  8. © SIP / Julien Warnand

    Depot vum Gesetzesentworf iwwer de Budget vun de Recetten an Ausgabe vum Staat fir d'Joer 2024 - Ried vum Gilles Roth, Finanzminister

    Depot vum Gesetzesentworf iwwer de Budget vun de Recetten an Ausgabe vum Staat fir d'Joer 2024 - Ried vum Gilles Roth, Finanzminister

"Mat dësem Relance-Budget, wëll d'Regierung Vertraue schafe, beim Bierger a bei den Entreprisen. Mir wëllen d'Kafkraaft vun de Stéit weiderhi stäerken. Mir wäerten och d'Kompetitivitéit vun de Betriber stäerken. Mat dësem Budget ënnerstëtze mir den Opbau vun engem modernen an attraktive Land an deem mir virun allem an Zukunftsberäicher fir Lëtzebuerg investéieren. Mat dësem stabillen a solidaresche Budget, schafe mir déi néideg Viraussetzunge fir kënne gestäerkt aus de Krise vun de leschte Joren erauszekommen", preziséiert de Gilles Roth.

E schwierege geopoliteschen a makroekonomesche Kontext

Dëse Budget gëtt an engem schwierege geopolitesche Kontext opgestallt. Vill Konflikter, wéi den Ukrain-Krich an den israeelo-palästinensesche Konflikt, hunn en direkten Afloss op eis Wirtschaftslag.

No engem Rezessiounsjoer 2023 (-1% vum PIB), geet de Statec fir 2024 vun engem liichte Wuesstum vum Lëtzebuerger PIB (+2%) aus, am Verglach zu nëmmen 0,6% an der Eurozon.

Den Inflatiounstaux zu Lëtzebuerg wäert sech bei 2,2% apendelen. Gläichzäiteg klëmmt de Chômage-Taux bis op 5,9%, wärend de Wuesstum um Aarbechtsmaart nëmme bei 1,3% wäert leien.

Eckdaten: eng zolidd Basis fir laangfristeg de Wee aus der Kris ze fannen

Recetten an Depensë vum Zentralstaat

Virun dësem Hannergrond:

  • D'Recettë vum Zentralstaat klammen ëm 1,8 Milliarden Euro (+7,1%) par rapport zu 2023, a belafen sech op 27,5 Milliarden Euro.
  • D'Depensë vum Zentralstaat belafen sech op 29,4 Milliarden Euro (+2 Milliarden Euro, respektiv +7,6%). 2023 waren dës Ausgaben nach ëm 11,5% geklommen.

Wärend d'Hausse vun den Depensen 2024 méi lues klëmmt an un d' Hausse vun de Recetten erukënnt, rechent d'Regierung fir 2025 mat engem "positive Schéiereffekt", wou d'Recettë méi schnell wuesse wäerte wéi d'Depensen.

Defizit vum Zentralstaat

Fir 2024, läit den Defizit vum Zentralstaat bei -1,9 Milliarden Euro. Wärend den Defizit an de Joren 2021 bis 2023 nach ronn 500 Milliounen Euro d'Joer geklommen ass, wäert dës Progressioun fir 2024 ofgebremst (+250 Milliounen Euro). Dëse réckleefegen Trend wäert ab 2025 ze verzeechne sinn.

Am Verglach zum Zenario, deen dem Formateur am Oktober 2023 vun der Finanzinspektioun virgeluecht gouf, konnt dës nei Regierung mat senger Budgetspolitik en Deel vun den Defiziter Enn dës Jores kompenséieren (-3,6 Milliarden Euro géintiwwer 1,9 Milliarden Euro).

Saldo vun den aneren Deelberäicher vum Staat

Déi lokal Verwaltunge rechne fir 2024 mat engem positive Saldo vun +62 Milliounen Euro, wougéint d'Sécurité sociale bei 1,05 Milliarden Euro läit. De Previsioune vum Statec no am Beräich vum bannenzegen Aarbechtsmaart, wäert dëse Saldo déi nächst Joren ofhuelen, fir 2027 just nach bei +261 Milliounen Euro ze leien.

Defizit um Niveau vun den ëffentleche Verwaltungen

Um Niveau vun den ëffentleche Verwaltungen (Zentralstaat, lokal Verwaltungen a Sécurité sociale), weist de Saldo en Defizit vu knapp ënner 1 Milliard Euro op.

Staatsschold

Tëscht 2018 an 2023 ass d'Staatsschold kontinuéierlech gewuess. D'Schold evoluéiert fir 2024 vun 22,2 Milliarden Euro (26,5% vum PIB) op 26,4 Milliarden Euro (27,3% vum PIB) am Joer 2027. Domat wäert d'Staatsschold am Hibléck op de PIB iwwert déi ganz Legislateur offlaachen.

Budgetär Prioritéiten

Mat dësem Budget, wëll d'Regierung virun allem:

  • d'Kafkraaft vun de Bierger ënnerstëtzen,
  • d'Kompetitivitéit vu senge Betriber stäerken,
  • an d'Attraktivitéit vum Land an a seng sozial Kohäsioun investéieren,
  • der Kris am Wunnengs- a Bausecteur entgéintwierken.

An deem Sënn, bleiwen d'Investitiounen op engem héijen Niveau a belafen sech fir 2024 op 4 Milliarden Euro. De Fokus läit dobäi op Zukunftsberäicher wéi d'Mobilitéit, d'Digitaliséierung an déi energeetesch Transitioun.

De Budget ass ausserdeem eng staark Äntwert op d'Krisen am Logements- an am Bausecteur. Déi nei steierlech Mesuren, d'Revisioun vun den individuellen Hëllefen an den neie Programm fir déi staatlech Acquisitioun vun "ventes en l'état futur d'achèvement" belafen sech fir d'Period 2024-2027 op 845 Milliounen Euro.

Och d'sozial Kohäsioun an d'Zesummeliewen si Prioritéite vun der Regierung, déi an dësem Budget erëmgespigelt ginn.

  • Esou maachen déi sozial Leeschtunge 47% vum Staatsbudget aus.
  • D'Zukunftskeess kritt 1,5 Milliarden Euro fir d'Bezuele vum Kannergeld, vum Congé parental, vun der Allocatioun fir d'Schoulrentrée a vun den Allocations de naissance.
  • D'Participatioun vum Staat an der Sécurité sociale geet op 12% erop. D'Ausgabe vum Fonds pour l'emploi klammen op 1,1 Milliarden Euro. Bal d'Hallschent vun dësen Ausgaben (499 Milliounen Euro) gi fir d'Chômageindemnitéite benotzt.

Ausserdeem spigelt de Budget den Engagement vun der Regierung zugonschte vun der internationaler Solidaritéit

  • D'Verdeedegungsausgabe leien 2024 bei 0,82% vum PIB géintiwwer den 0,77% déi ursprénglech virgesi waren. Dat entsprécht engem Total vu 696,3 Milliounen Euro, wouvunner 69,5 Milliounen Euro als Hëllef un d'Ukrain ginn.
  • 1% vum nationale Bruttoakommes kommen der Entwécklungszesummenaarbecht zou.

E Relance-Budget fir Vertrauen ze schafen

Zesummefaassend, ass de Budget 2024:

  • E Budget vun der steierlecher an administrativer Entlaaschtung. Fir eis Bierger an eis Betriber.
  • E solidaresche Budget. Zu Lëtzebuerg a mat eisen auslännesche Partner.
  • E Budget vun der Solidaritéit. Zu Lëtzebuerg a mat eise Partner.
  • E Budget vum Invest. An d'Zukunftsberäicher. Eis Infrastrukturen. Dat Digitaalt. D'Energietransitioun. Eis Zukunft.
  • E Budget vun der Effizienz. An der Aart a Weis, wéi mir eis Ausgabe gestalten.
  • E Budget fir nohalteg Staatsfinanzen.

"Mat dësem Budget, schafe mir Vertraue fir eis Betriber an eis Bierger. Et ass eis Flicht, d'Zukunft vun den nächste Generatiounen net ze belaaschten", ënnersträicht de Gilles Roth.

Communiqué vum Finanzministère

Aktualiséiert