Pierre Gramegna au sujet de l’affaire "LuxLeaks" et au sujet de l’idée d’un moratoire sur la contribution de 0,5% pour l’enfance

"Déi ganz Affär hei vu LuxLeaks huet Lëtzebuerg op jiddwer Fall an der ganzer Welt reputatiounsméisseg geschuet"

En Interview vum Max Theis (RTL Radio Lëtzebuerg):

A mat him maache mir elo de Suivi an der Affär LuxLeaks. Pierre Gramegna, gudde Moien.

Pierre Gramegna: Gudde Moien.

Max Theis: Här Gramegna, LuxLeaks ass jo viru knapp dräi Woche lancéiert ginn. Hutt Dir Erkenntnisser iwwer weider Presseoffensiven aus dem Ausland? Kann een dovunner ausgoen, datt et net bei LuxLeaks bleift?

Pierre Gramegna: Also dat wat mir de Moment wëssen, dat ass, datt de Konsortium selwer op sengem Site annoncéiert, datt hien nach additionelle Bedarf huet Informatiounen erauszeginn. An no deem Wéinege wat mir wëssen, kommen do nach e puer nei Nimm, an nei Rulingen eraus. Soss ass eis näischt bewosst.

Max Theis: Entretemps ass jo kloer datt de Jean-Claude Juncker ähnlech Bréiwer krut wéi Dir, an och datt de Luc Frieden wosst, datt Dokumenter bei PwC geklaut goufen. Wat léisst dat dann am Noenan bei Iech aus, wann Dir esou Saache gewuer gitt?

Pierre Gramegna: Ech weess net wat déi virescht Regierung genee wosst. Dat wat ech kann nëmme confirméieren, dat ass, datt d’Ampleur vun der ganzer Enquête eis net bekannt war am Sënn datt 20.000 Dokumenter géingen erauskommen, datt dat 500 Firmaë géing touchéieren. Dat war eis onbekannt. An ech mengen dat gëtt der Affär e ganz aneren Dréi, well d’ganz Welt ka jo all déi Dokumenter konsultéieren.

Max Theis: Wéi geet et dann elo mat de Rulinge weider zu Lëtzebuerg? Wéi séier wëllt Dir e Kader schafe fir do méi propper do ze stoen?

Pierre Gramegna: D’Regierung hat jo Gott sei Dank d’Initiativ geholl, viru LuxLeaks, fir eppes an den Zukunftspak ze schreiwe wat d’Rulingen ubelaangt. Mir wëllen d’Rulingen elo am Gesetz verankeren, an net méi dat op Basis vun enger Décision administrative erausginn.

Zweetens wëlle mir d’Transfertpräisser, déi e ganzt wichtegt Element sinn a ville Rulingen, elo och per Gesetz virgesinn. Da brauch een do keng Rulinge méi ze maachen. Anescht ausgedréckt, doduerch reduzéiere mir d’Zuel vun de Rulingen, maachen eis d’Liewe méi einfach a méi transparent.

Max Theis: De Fall gesat, eis Steierlandschaft ass manner attraktiv wann Dir do déi Reformen entaméiert, riskéieren dann och manner Firmen hei hir Finanzgeschäfter lafen ze loossen, ergo datt mir manner Steieren erakréien?

Pierre Gramegna: Also déi ganz Affär hei vu LuxLeaks huet Lëtzebuerg op jiddwer Fall an der ganzer Welt reputatiounsméisseg geschuet. Do kann een elo schonn näischt méi dogéint maachen.

Ech wëll awer ënnersträichen, datt mir et fäerdegbruecht hunn, datt d’Länner, an d’Regierunge vun deene Länner eis ganz wéineg ugegraff hunn. Ech fannen dat ass schonn emol eppes wat mir erzielt hunn, wat ganz wichteg war.

Dat zweet wat mir fäerdegbruecht hunn, dat ass, datt unerkannt ginn ass, datt et en internationale Problem ass, an net e lëtzebuerger Problem. A mir hu jo och fäerdegbruecht, mengen ech, eis an e gutt Liicht ze stellen, andeem mir och gesot hunn, mir wieren elo bereet wat d’Rulingen ubelaangt, an d’Richtung ze goe vun engem Échange. Dat heescht Lëtzebuerg ass beméit fir déi Problematik international ze léisen.

D’finanziell Konsequenze kënne grouss sinn, kënne potentiell grouss sinn, obwuel se haut nach net moossbar sinn. Firwat? Majo wéi d’Entreprise wäerte reagéieren, wäerte mir eréischt um Enn vum Joer, oder vläicht Ufank vum nächste Joer gesinn. Mir wëllen natierlech d’Entreprise rassuréieren. Mir wäerte weider Rulinge maachen, am Gesetz verankert, dat gëtt méi Sécherheet, a méi Prévisibilitéit. Mä den Enjeu sinn, dat muss ee ganz kloer soen, 100te Milliounen Euro.

Max Theis: Wéi ass et dat mat deenen, ech soen elo emol, deenen onmoralesch déiwe Steiertauxen? Gitt Dir do och drun?

Pierre Gramegna: Also ech mengen doduerch datt mir den Échange automatique vu Rulinge mat anere Länner maachen, kënnt schonn e gewëssenen Drock och op d’Entreprisen, dee ganz berechtegt ass.

Et ass och schonn esou datt mir haut op Ufro, wann e Land nofreet, firwat eng Entreprise e Ruling krut, mir dat scho maachen. Dat heescht, an där Hisiicht besteet eng Méiglechkeet vu Coopération internationale, mä déi gëtt nach net voll ausgenotzt.

Max Theis: Alleng ka Lëtzebuerg net vill maachen. Dir hutt elo déi aner Länner ugeschwat, déi da solle matzéien. Do si jo zum Beispill England, Holland, Irland, och anerer déi ee misst an d’Boot kréien. Wéi grouss sinn dann déi Chancen Ärer Meenung no?

Pierre Gramegna: Dat wäert sech elo an den nächste Wochen a Méint weisen. D’Kommissioun huet annoncéiert, datt se hir Proposition de directive géing séier op den Dësch leeën, an da wäerten d’Fronte kloer sinn. Lëtzebuerg wäert bei deene sinn, déi wëllen transparent sinn. Dat ass dat Wuert wat mir och elo ëmmer gebrauchen. A mir sti voll do hannendrun. Mir kënnen eis net virstellen, datt an enger Welt wou d’Leit ëmmer méi gefuerdert gi Steieren ze bezuelen, och no der Kris vun 2008, datt d’Entreprisen heiansdo duerch verschidde Combinaisoune vun nationalen, internationale Regele laanscht hir Responsabilitéit komme fir Steieren ze bezuelen.

Max Theis: Déi Lénk behaapten, datt d’Rulinge wéi se zu Lëtzebuerg gemaach ginn, illegal sinn. Wat sot Dir dann zu där Konklusioun?

Pierre Gramegna: Dat ass de Contraire vun der Realitéit. D’Kommissioun selwer huet och ëmmer gesot, datt se d’Rulingen eng Method fënnt, déi legal ass, an déi esouguer gutt ass fir d’Prévisibilitéit vun den Entreprisen, an och fir eng Certitude légale ze hunn. Also Rulinge sinn en tant que tel net a Fro gestallt.

Max Theis: Dir hat op Ärer Pressekonferenz gesot, et misst ee sech elo mat Affekote rüsten. Sinn dann ewell och scho Plainte komm am Kader vu LuxLeaks, Informatiounsufroen?

Pierre Gramegna: Et ass esou datt mir virbereet musse si wa mir géinge vun Affekoten ugegraff ginn. Déi 500 Fäll sinn um Internet, déi wäerten elo vu ville Leit gekuckt ginn, a vu ville Spezialisten, dat ass emol dat eent.

Dat zweet ass, datt natierlech och verschidde Länner eis kënnen Informatioune froen iwwer d’Entreprisen, déi vun hirem Land kommen, vläicht och fir méi Explikatiounen ze kréien, well et ass jo esou, datt wann de Ruling unerkannt gëtt, natierlech d’Steieren am Herkunftsland reduzéiert ginn.

Max Theis: Dat heescht, et kann duerchaus sinn, datt illegal Saache geschitt sinn aus der Vue vun deem Land wou d’Firma eigentlech hierkënnt?

Pierre Gramegna: Ech mengen dat Wuert “illegal” ass iwwerdriwwen. Wat ka sinn, dat ass, datt verschidden Interpretatioune gemaach gi sinn iwwer Finanzementer, oder iwwer Aktivitéite wou mir e Ruling ginn hunn, wat ka kontestéiert ginn, mä dat huet näischt mat Illegalitéit ze dinn.

Max Theis: Sidd Dir da schonn esou Informatioune gefrot gi bis elo?

Pierre Gramegna: Jo, do sinn der schonn e puer amgaangen.

Max Theis: Dir hat an de leschte Wochen natierlech och international Kontakter, ënnert anerem waart Dir op enger Rees a Brasilien. Wéi eng Kommentare kritt Dir dann esou aus dem Ausland, sief et Face to face, sief et iwwer Telefon?

Pierre Gramegna: Also ech muss soen, ech hu fonnt datt et gutt war datt mir déi Missioun gemaach hunn, déi scho laang geplangt war. Mir hunn natierlech ganz vill Attentioun kritt, wat och positiv war fir d’Mission économique et financière.

Ganz vill Interesse vun de Medien, ech hu ganz vill Interviewe ginn. An ech muss soen, datt d’Mediaë ganz korrekt waren, well se, loosse mir soen, och déi Argumenter, déi ech bruecht hunn, iwwer d’Legalitéit, iwwer de Fait datt d’Problematik international ass, awer ganz gerecht eriwwerbruecht hunn.

Ech muss och soen, datt de Vize-President vu Brasilien och ganz positiv war iwwer déi Mesuren, déi Lëtzebuerg elo ënnerhëlt, oder och ënnerholl huet, wéi d’Abolition vum Secret bancaire, a gesot huet, datt wa Lëtzebuerg eben elo esou en transparent Land gëtt, d’Kooperatioun mat Brasilien ka méi staark ginn.

Max Theis: Da wollt ech nach en anere Sujet uschwätzen, nämlech deen datt gëschter d’Regierung d’Sozialpartner gesinn huet, fir d’éischt d’Gewerkschaften, duerno d’Patronat. Ass dann elo dovunner auszegoen, datt de Budget nach muss ëmgeschriwwe ginn no deene Gespréicher?

Pierre Gramegna: Also de But vun der Réunioun war fir vun de Syndikater, a fir vun den Entreprise Vertrieder ze héieren, wat déi Saache sinn am Budget, an am Zukunftspak déi hinnen am mannste gefalen. An ech mengen dat ass la moindre des choses datt een dat nolauschtert.

Mir hu konkret emol och op den Dësch geluegt, als Regierung, datt mir wéilten den Dialog elo mat de Sozialpartner stäerken, andeem mir eis 4 Mol d’Joer systematesch gesinn, zweemol am Kader CES fir iwwer de Semestre européen ze schwätzen, dat heescht esou wéi mir de Budget mat den europäesche Regelen opstellen. An dann eng Kéier dann och méi konkret just virun der grousser Vakanz wa mir de Budget amgaange sinn ze preparéieren, an dann och de Point ze maachen iwwer den Emploi. Dat sinn déi 4 Rendezvousen mat de Partner. Dat ass begréisst ginn.

A mir hunn natierlech dann och nogelauschtert wat déi eng oder déi aner Kritike waren, a mir hunn décidéiert, datt mir eis da géingen nach zweemol dës Woch gesi fir ze kucken ob mir déi eng oder déi aner Pist, déi do évoquéiert ginn ass, kéinten nogoen.

Max Theis: Dat heescht, do kann et schonn nach zu Amendementer dee Moment am Budget kommen?

Pierre Gramegna: Ech mengen iwwer verschidde Modalitéite kann ee schwätzen, mä den Équilibre budgétaire muss gewahrt ginn. Mir musse bis 2018 an den Équiliber kommen, dat ass dat wat mir eis virgeholl hunn.

Ech wëll och hei ënnersträichen, datt ech gesinn, datt an den Sondage méi wéi 80% vun de Lëtzebuerger fannen, datt eppes muss gemaach ginn, an zwar déi gesinn an, datt mir Defizitproblemer hunn. Déi déi dat net agesinn, deene wëll ech awer wierklech soen, datt et eng eescht Situatioun ass.

A wann ech gesot kréien, mir hätte kee Problem, mir wieren elo schonn am Équiliber, da soen ech, dat ass net richteg. Mir hunn am Zentralstaat, wa mir näischt maachen, all Joer eng Milliard bis 1,5 Milliarden Defizit. An dat packe mir net, an déi Sue musse mir léine goen. An déi déi soen, da kënne mir an der Sécurité sociale de Surplus huele goe fir d’lafend Käschte vum Staat ze droen, soen ech, dat ass net raisonnabel, well mir dann dat Geld wat op der Säit ass fir eis Pensiounen ze finanzéieren, gebrauche fir déi Dépensen déi mir haut ze vill maachen, ze équilibréieren, dat ass net raisonnabel.

Max Theis: Mä um Dësch ass jo d’Fro ob déi Kontributioun vun 0,5% e Joer nach ausgesat gëtt. Dat heescht, déi Suen, déi do net erakomme wéi se geplangt waren, mussen dann op enger anerer Plaz gespuert ginn, oder wéi? Ënnert Stréch muss fir Iech jo d’selwecht bleiwen.

Pierre Gramegna: Also ënnert dem Stréch muss et souwisou d’selwecht bleiwen, well dat ass de ganze But vum Zukunftspak a vum Budget. Iwwer déi 0,5% géing ech just soen, datt mir bereet sinn iwwer d’Modalitéiten ze schwätzen, an dat wäerte mir am Laf vun dëser Woch maachen.

Max Theis: Wat heescht dat iwwer d’Modalitéiten, wie se muss bezuelen, oder?

Pierre Gramegna: Jo, wéi se gerechent gëtt, a wat hiren Zweck ass. Mä wann ee géing e Moratoire maachen, wat ech als Finanzminister net recommandéiere kann, da misst ee jo déi 120, 130 Milliounen, déi déi Kontributioun abréngt, entzwousch anescht fannen, an dat ass wahrscheinlech net esou einfach.

Max Theis: Pierre Gramegna, da kucke mir wat nach dës Woch an deene Gespréicher mat de Gewerkschaften erauskënnt. Mä Merci datt Dir de Moien hei waart.

Pierre Gramegna: Ech soen Iech villmools Merci!

 

Dernière mise à jour