PIERRE GRAMEGNA AU SUJET DU PROJET DU BUDJET 2015

"Et ass net einfach d’Depensen ze reduzéieren."

Interview: Jean-Claude Franck (Radio 100,7)

Jean-Claude Franck: Dir mengt elo, datt Dir bis 2018 esouguer den Zentralstaat, deen déi lescht Joere systematesch defizitär war, datt Dir deen op e liichten Defizit just nach kënnt reduzéiere vun eppes méi wéi 100 Milliounen Euro. Ass dat net iwwer-ambitiéis?

Pierre Gramegna: Et ass esou, datt mir an deene 5 leschte Joere gelidden hunn, datt mir en fait eis net genuch op den Zentralstaat konzentréiert hunn. Dat ass nämlech do wou den Defizit war, an och nach ass. A mir hu praktesch all lescht 5 Joer eng Milliard misste léine goen. An dat kënne mir eis net leeschten. An dofir ass den Haaptbut gewiescht vun dem Rééquilibrage vun de Finances publiques, justement beim Zentralstaat déi Milliard do méi kleng ze kréien. A wann alles riicht leeft, alles dat wat mir virgesinn hunn, da lande mir effektiv 2018 bei engem ganz liichten Defizit vun eppes méi wéi 100 Milliounen 2018. Wat dann och heescht, datt wa mir de Gesamtstaat huelen, d’Administration publique, mir wäerten en Iwwerschoss hu vun 900 Millioune bis eng Milliard. Ech wëll awer och ënnersträichen, datt dat nëmmen ass, well mir an der Sécurité sociale esou en Iwwerschoss hunn, wou mir awer wëssen, datt dee fragile ass, an dofir kënne mir eis net durablement op deen Iwwerschoss do stëtzen.

Jean-Claude Franck: Dir hutt an Ärer Budgetsried gesot, datt ongeféier d’Halschent vun deem Pak Steiermesurë wieren, an d’Halschent Spuermesuren. Wann een awer elo den Detail kuckt, dann huet een den Androck, datt Dir e bëssen domat spillt, well 2015 zum Beispill ass den Equiliber do awer nach en aneren. Also, d’nächst Joer wäert e gudden Deel, méi e groussen Deel iwwer d’Steieren erakommen, a méi e klengen Deel iwwer Spuermesuren. Ass dat net fir eng DP awer, déi ëmmer gesot huet, fir d’éischt soll gespuert ginn, an dann iwwer Steieren nogeduecht ginn, e Problem?

Pierre Gramegna: Zwou Saachen dozou. Den éischte Punkt ass, mir hunn 2014 exklusiv beim Staat gespuert, dat heescht, do war et 100% zu 0. Zweetens musse mir déi Mesuren alleguer justement à moyen terme kucken, wou mir eis jo als Zil gesat hunn, datt mir beim Zentralstaat an den Equiliber kommen 2018. Dat mécht ee progressiv. An dofir muss een dat och 2018 moossen. Et ass net einfach d’Depensen ze reduzéieren. Mir wäerten der ronn 200 reduzéiere bis 2015, an déi 200 dat si strukturell Depensen a Reformen, dat heescht, déi spille bis 2018 ëmmer duerch. A wann een dann de Kumul vun deenen Depensëreduktioune mécht, da kënnt een zum Schluss vun der Period op e Ratio, deen ongeféier 50/50 ass.

Jean-Claude Franck: An Dir mengt, datt eng Partei, also Är Partei, d’DP, domat liewe kann?

Pierre Gramegna: Ech mengen, d’DP ass sech ganz bewosst wéi schwéier et ass Strukturreformen ze maachen an engem Land wéi deem hei, wou dat laang net gemaach ginn ass. A wa mir kucke wat am Ausland muss gemaach gi fir den Rééquilibrage vun de Finanzen an d’Rei ze kréien, da mengen ech realiséiert een, datt mir dat zu Lëtzebuerg hei op eng Aart a Weis maachen, déi awer nach raisonnabel ass.

Jean-Claude Franck: Dir hutt an Ärer Budgetsried net chiffréiert wéi grouss den Effort fir d’Betriber ass, oder och net opgelëscht wéi vill d’Stéit bäidroe musse bei deem Ganzen, a wéi vill d’Betriber dovun. Firwat? Ass dat, well d’Betriber besser ewechkommen? Deen Androck huet een nämlech wann een d’Zuele kuckt.

Pierre Gramegna: Wann ee gutt kuckt, gëtt hei all Mënsch e bësse gefrot en Effort ze maachen, an [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: D’Stéit awer méi?

Pierre Gramegna: Dat muss ee genee ausrechnen. Wann ech elo d’Entreprisë kucken, si verléieren eng Rëtsch vu Subventioune bei de Formatiounen, dat ka bis 25 Milliounen duerstellen. Si wäerten, wat d’Subventiounen ubelaangt wa se Projeten an der Recherche, am Developpement maachen, gëtt dat méi selektiv gekuckt. Dat heescht, d’Entreprisë kréien nach Ënnerstëtzung, mä vläicht, wéi gesot, méi selektiv. Dat sinn och Zéngtemilliounen. An dann drëttens mengen ech, sinn d’Entreprisë jo awer och schéi gefuerdert ginn an der Mutualité des employeurs, dat heescht, mat der Lohnfortzahlung, wou wéinst engem Absenteissem deen awer iwwer déi lescht Joere geklommen ass, de Käschtepunkt relativ deier ginn ass. An de Staat huet gefuerdert, datt d’Entreprisen och en Deel vun deem exzessiven Defizit do solle bezuelen. Lescht [gëtt ënnerbrach]

Jean-Claude Franck: Woubäi awer nach Verhandlunge lafen, an et bis Enn dës Joers do nach méiglech ass, datt de Staat awer vläicht nach nogëtt, well d’Betriber maachen do zimlech groussen Drock.

Pierre Gramegna: Jo, mir hunn elo an de Budget geschriwwen, datt mir d’Halschent vun deem Wee wëlle goen. An dat ass schonn e considérabelen Effort. An de Staat huet och decidéiert, vill Kontrolleren anzesetze fir justement de Absenteissem erofzekommen. Dat si Käschten déi och nach de Staat dobäi dréit. Ech mengen, datt mir do e relativ équilibréierte Pak hunn. Ech wëll awer och nach dobäi soen, datt d’Betriber jo elo och sech mussen domat offannen, datt den Index erëm voll spillt. A well mir jo och d’Augmentation de TVA hunn, ass et esou, datt d’Entreprisen iwwer dee Mechanismus vum Index en Deel vun där TVA-Augmentatioun och au deuxième tour bezuelen. Also, dofir ass de Calcul och net esou einfach ze maachen. Mir si jo och elo net hei fir eng Rechnung ze maachen op de Millimeter, wie bezilt. D’Haaptsaach, mir hunn eng Solidaritéit tëschent all de Partner.

Jean-Claude Franck: D’Kannergeldreform. Dir hutt Pläng, d’Kannergeld alles an allem an der Gesamtenveloppe ze kierzen. Dir sidd awer net sécher, datt et verfassungskonform ass.

Pierre Gramegna: Mir ware ganz virsiichteg, andeem mir gesot hunn, dat ass eng Mesure am Beräich vun de Prestations familiales wou mir wëlle sécher sinn, datt mir dat rechtsméisseg maachen. An et ass nëmmen aus enger bonne Politik vu Prudence, datt mir de Conseil d’État gefrot hunn. Ech soe mir, mir waren hei ganz virsiichteg op där enger Säit, well mir gesot hunn, kommt, mir touchéieren net déi Prestatiounen déi haut ausbezuelt ginn. Dat heescht, all déi déi bis Enn dës Joers 2014 Kanner kréien, déi bénéficiéiere vum ale System. An dofir soe mir och, datt keen eppes ewech geholl kritt. An déi déi d’Kanner eréischt d’nächst Joer kréien, dat heescht, Kanner déi nach guer net do sinn, déi kréien dann en neie System, dee liicht manner generéis ass wann ee vill Kanner kritt, mä beim éischte Kand ass dat jo equivalent.

Jean-Claude Franck: A wann de Staatsrot seet, datt Dir et musst fir jiddweree maachen, well et soss eng Zwouklassegesellschaft bei de Kanner gëtt?

Pierre Gramegna: Jo, wann een elo net méi kéint un egal wellecher Prestatioun réckelen, sous prétexte datt virdru Leit et kritt hunn, da kann ee jo iwwerhaapt kee Changement méi maachen. An da froen ech mech, wéi dat an all deenen anere Länner, wou d’Kannergeld an aner Prestatioune ganz staark erofgaange sinn, méiglech war. Ech ginn dovunner aus, datt eis Constitutioun och do raisonnabel ass.

Jean-Claude Franck: Riskéiere Famillje mat Kanner duerch déi Kierzungen awer net finanziell nach méi an d’Laberenten ze kommen? Dir hutt elo gesot, bei Famillje mat ville Kanner mécht eppes Klenges aus, hutt Dir elo gesot. Mat dräi Kanner zum Beispill gëtt et am neie Regime 240 Euro de Mount manner, wa mir dat richteg gerechent hunn, wéi mam ale Regime. Dat si jo awer vill Suen.

Pierre Gramegna: Et ass esou, datt verschidde Käschten een net méi huet, wann een en zweet oder en drëtt Kand huet.

Jean-Claude Franck: Anerer kommen awer vläicht och dobäi?

Pierre Gramegna: Jo, d’Hypothes sinn do verschidden. Do gëtt et och verschidde Modeller an anere Länner. Ech fannen, datt een dat soll equivalent traitéieren. An et mécht ee schliisslech net Kanner fir Contributiounen ze kréien. Jiddwereen huet jo de Choix sech ze organiséiere wéi e wëllt. An dat ass jo och de Grond, firwat mir un dem Passé näischt wëlle changéieren. Wann d’Leit och Kanner gemaach hätten, well se Contributiounen a Prestatioune kréien, da kënne se déi jo behalen.

Jean-Claude Franck: Dir sot, de Staatsbudget mat de Mesurë wier sozial gerecht. Firwat ass de Fräibetrag bei der Steier vun 0,5% just ¼ vum Mindestloun, an net zum Beispill, wéi bei der Krisesteier, do ware en e ganze Mindestloun?

Pierre Gramegna: Neen, bei der Krisesteier war en ¾ vum Mindestloun. Mä mir hunn eis inspiréiert op der Assurance dépendance, do gëtt och ¼ vum Mindestloun exemptéiert. A mir hu fonnt, datt dat e gudde System wier.

Jean-Claude Franck: An dat mengt Dir geet duer fir sozial gerecht ze sinn, datt also och een deen de Mindestloun huet awer och, och wann et net vill ass, mä deen ass jo och scho vun enger, zum Beispill, TVA-Hausse och impaktéiert? Wier et net awer vläicht fir grad déi, déi ganz wéineg hu besser, déi ganz ze befreie vun där Steier?

Pierre Gramegna: Neen, dat hu mir net fonnt, well d’Kanner vu muer, dat ass de Räichtum vum ganze Land, an do soll all Mënsch contribuéieren. Dofir hu mir et awer och gestaffelt, et ass jo e Prozentsaz, een deen de Mindestloun kritt bezilt 7,2 Euro de Mount, een dee 5.000 oder 10.000 Euro verdéngt, bezilt dofir ganz vill méi. Mir hu fonnt, datt dat e gerechte System ass.

Jean-Claude Franck: Dir hutt an Ärer Budgetsried 2018 als Zildatum ugi fir de Budget no Objektiver ze erstellen, also dann dee Budget nouvelle génération, fir e bis dohi fäerdeg ze hunn, a stoen ze hunn, also integral no Objektiver. Sidd Dir do e bësse méi realistesch ginn an de leschte Méint? Hutt Dir gemierkt wéi schwéier dat ass? Well am Ufank vum Joer hat Dir nach gemengt dat kéint méi séier goen.

Pierre Gramegna: Wann ee genee noliest wat ech gesot hunn, ech hu gesot, datt mir e Budget de nouvelle génération géinge maachen. A mir sinn am Gaangen en ze maachen. A mir hunn eng Method ugewannt fir de Budget 2015 ze maachen, déi der Method gläicht déi een och muss gebrauche fir herno e Budget par objectifs ze hunn. Dat heescht, déi Phas an där mir sinn, kann een nennen, datt dat eng Preparatioun ass fir de Budget nouvelle génération. Punkt eent. Punkt zwee: fir méi ze changéieren am Budget muss ee Gesetzer changéieren. An dat wollte mir an der kuerzer Zäit hei net maachen. Dat heescht, mir wäerten an den nächste Méint drop schaffen, wéi een zu Lëtzebuerg e Budget par objectifs ka maachen, wat implizéiert, datt een d’Gesetzer ännert. An dat wëll ech da maachen, andeem ech d’Chamberkommissioun déi dofir zoustänneg ass mat abezéien. An dat soll och e Processus sinn deen transparent ass, wou jiddweree sech kann dofir interesséieren. An Transparenz ass mir och wichteg, an dofir hu mir och alleguer déi Mesurë vum Zukunftspak op de Site Internet gesat. A mir hunn och de ganze Budget op engem USB-Stick de Membere vum Parlament ginn, well mir wollte weisen, de Budget, dat si vläicht 4 Zille Pabeier, dat sinn Dausenden an Dausenden Artikelen, mä wann een dat mat der neier Technologie kuckt, da kann een doduerch kommen a sech e gutt Bild maachen.

Jean-Claude Franck: Wann de Budget elo ieren hefteg kontestéiert gëtt déi nächst Wochen, sidd Dir bereet en ze amendéiere fir en nozebesseren?

Pierre Gramegna: Ma ech si gespaant ze gesi wat fir eng Propositioune vun der Oppositioun kommen. Do waarden ech ganz gespaant drop. Et ass natierlech esou, datt fir d’Oppositioun et och net einfach ass am kuerze Raum deen elo war fir déi ze maachen. Dofir waarden ech gespaant, ob do eppes Konkretes kënnt. A wann eppes Flottes do géing opkommen, wat gutt wier, da géinge mir dat op jiddwer Fall seriéis studéieren.

Jean-Claude Franck: Mä ech hat och elo net nëmmen d’Oppositioun gemengt, well déi kritiséiert jo och natierlecherweis, mä zum Beispill och d’Gewerkschaften, déi ufänken e ganz kriteschen Toun ze huelen.

Pierre Gramegna: Ech mengen, jiddwereen, d’Gewerkschaften, d’Patronat an och d’Oppositioun, jiddweree soll sech de Budget emol gutt ukucken, e soll en ënnert d’Lupp huelen. Mir hunn d’Chance gehat an der Regierung, datt mir elo 9, 10 Méint ganz hefteg drop geschafft hunn, a mir hu versicht eppes Équilibréiertes ze maachen, eppes wou d’Solidaritéit zwëschent de Generatiounen, an d’Solidaritéit zwëschent de verschiddenen Akteure vun der Gesellschaft gutt respektéiert ass. Et ass kloer, datt et net e Budget ass wou et jiddwerengem besser geet. Et ass plutôt e Budget wou jiddwereen e klengen Effort gefrot gëtt. A wa jiddwereen dat am Fong analyséiert huet an da gesäit, datt en am Fong geholl eng Participatioun zu deem Effort mécht, ech mengen, da gëtt dat alles drobar an och akzeptéiert.

Jean-Claude Franck: Esou wäit also de Finanzminister iwwer de Staatsbudget 2015. Merci Pierre Gramegna, datt Dir bei eis an de Studio komm sidd.

Pierre Gramegna: Dat war eng grouss Freed. Villmools Merci!

Dernière mise à jour