Pierre Gramegna au sujet d’un article paru au Luxemburger Wort concernant l’ambiance et l’organisation du travail au sein du ministère des Finances

"Fir mech ass dat komplett erfonnt"

Pierre Gramegna: Fir mech ass dat komplett erfonnt. Ech sinn en Dossiersmann, dat kënnen Iech d’Leit alleguer konfirméieren. Ech schaffe mech an allen Dossieren an, et ass mir keen zevill komplizéiert. Dat hunn ech an der Vergaangenheet gemaach, wéi ech Diplomat war, hunn ech d’Dossiere misste selwer maachen, a selwer constituéieren, a verstoen a liesen. Dat maachen ech och haut genee d’selwecht. An op der Chambre de commerce hunn ech missten och ganz vill nei Saachen entdecken. Ech mengen all déi Leit, déi mech e bësse kennen, wëssen datt ech net e superficielle Mësch sinn, mä een deen an d’Déift erageet. Dofir kann ech dat do einfach nëmmen op de Kont vun de Rumeure setzen. An et ass traureg datt esou Saache geschriwwe ginn, mä et ass nun eben esou. Mä ech kann nëmme soen, datt dat menger Personalitéit guer net entsprécht.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, Dir sidd net iwwerfuerdert, esou wéi dat suggéréiert gëtt am Fong am Artikel?

Pierre Gramegna: Ech spiere mech guer net iwwerfuerdert. Ech spiere mech ganz à l’aise an deem hei Job. Ech spiere mech och an Europa ganz à l’aise. Dat hunn ech, mengen ech, an deene leschte 4, 5 Méint bewisen an den Ecofinen, wou ech regelméisseg intervenéieren ouni datt ee mir muss Note preparéieren, wëll ech dann och ënnersträichen. Ech kréinen awer ganz gutt Note preparéiert, mä heiansdo muss een och selwer eppes kënne soen, kann ech alles maachen, an a ganz ville Sproochen. Ech hunn e ganz gudde mënschleche Kontakt mat de Leit. An ech spiere mech absolut net iwwerfuerdert wat de Contenu vu menger Aarbecht hei zu Lëtzebuerg ubelaangt.

D’Chambre de commerce schreift regelméisseg Avisen iwwer alleguer d’Gesetzer, déi en Impakt op d’Ekonomie hunn. Dat heescht, ech hunn d’Legislatioun vu Lëtzebuerg säit 10 Joer suivéiert. Ech mengen datt dat eng gutt Preparatioun ass. Mä bon, dat ass anerer ze soen, ob ech meng Aarbecht gutt oder schlecht maachen, dat gesi mir a 5 Joer.

Jean-Claude Franck: Dir hutt gesot d’éinescht, et ass net kloer ob nach Weiderer ginn. Sinn dann do nach Leit, déi gutt si mat deenen dräi héije Beamten, déi schonn hiren Départ annoncéiert hunn, déi awer eventuell och geschwë kënne goen? Kënnt Dir do e bësse méi präzis gi wéi virdrun, wann ech gelift.

Pierre Gramegna: Neen, ech wëll net iwwer Internaë schwätzen. Dat ass net eppes wat ech elo wëll beschwätzen. Dat gesi mir an deenen nächste Wochen a Méint wéi dat evoluéiert.

Jean-Claude Franck: Dat heescht, Dir haalt et awer fir méiglech? Also Dir sot net, et wäert kee méi goen dowéinst?

Pierre Gramegna: Majo, wat soll ech Iech doriwwer soen? Dat ass an deene Leit hire Käpp, dat ass hir Décisioun, hire Wëllen, hir Motivatioun, an do hunn ech, dat ass hir Décisioun, an do hunn ech keen Afloss drop. Wa muer een opsteet, an e wëllt goen, dann ass dat seng Décisioun. Dann ass dat esou.

Jean-Claude Franck: Et ass jo esou datt am Artikel steet, do wiere Leit, déi hätten Iech gefrot fir opzehalen, an Dir hätt hinnen dat awer elo emol net accordéiert. Ass dat richteg?

Pierre Gramegna: Ech, wéi gesot, ech kommentéiere keng Interna.

Jean-Claude Franck: Okay. Well et war jo och vun engem ganz héije Beamten, vum Här Waringo, stoung am Feierkrop, hie géif am Juni och ophalen, och e bëssen no Divergenze mat Iech. En huet eis elo gesot, dat wier net wouer, hie wier vu Juni u pensiounsberechtegt, géif awer dann, also e kéint vu Juni u goen, géif awer nach bleiwen. Hat Dir mat him Gespréicher wéi laang hien Iech nach zur Säit steet?

Pierre Gramegna: Ech freeë mech datt den Här Waringo spontan dozou Stellung geholl huet. Ech freeë mech iwwer déi Zesummenaarbecht, déi ech mam Här Waringo iwwer déi lescht 5 Méint hat. Hien huet eng riseg Erfahrung. An ouni hien a senger Équipe vun der IGF wier et iwwerhaapt net méiglech e Budget opzestellen, muss ee sech emol bewosst sinn.

An zweetens sinn ech mat him a senger Équipe amgaangen de Budget de nouvelle génération auszestampfen, eng herkuleanesch Aarbecht. An ech ka mech nëmme félicitéieren, datt beim Här Waringo an a senger Équipe esou vill Leit sinn, déi sech mat Begeeschterung an déi Aarbecht eraknéien, an déi net fortlafen.

Dernière mise à jour