Pierre Gramegna invité de l'émission "Riicht eraus"

"Et wär och ganz schwéier gewiescht, an 3 Méint strukturell Ännerungen ze maachen. De Budget ass jo haaptsächlech opgestallt ginn à législation constante, mat enger Ausnam, dat sinn d’Studenhëllefen. Mä wéi gesot, an enger ganz kuerzer Zäit och vun 2 Méint. Et ass awer och esou, datt d’Recetten zwar klammen 2014, mä si klamme manner séier wéi 2013. Dat ass nach net vill ënnerstrach ginn, sou datt wierklech de groussen Effort awer op den Depensë gemaach ginn ass. Wat jo och wichteg war, well mir wollten de lëtzebuerger Residente soen a weisen, datt de Staat mam Spuere bei sech selwer ufänkt. Well wa mir Sacrificë wäerten an den nächste Méint vun der ganzer Populatioun froen, da muss ee weisen, datt een och bei sech ufänkt.

Jean-Claude Franck (Radio 100,7): Als Direkter vun der Chambre de commerce géift Dir elo wahrscheinlech soen, de Staatsbudget fir 2014, dat wier elo net dee grousse Worf. 

Pierre Gramegna: Ech waarden, wat d’Chambre de commerce wäert an hirem exzellenten Avis schreiwen. Ech weess, datt se dat ëmmer mat vill Suergfalt mécht, mat villen Tableauen a mat vill Recherche. An ech wäert e mat vill Attentioun liesen. 

Ech sinn awer iwwerzeegt, datt op jiddwer Fall op d’mannst eng Saach der Chambre de commerce gutt wäert gefalen an dat ass, datt mir de Spuerkurs dee mir annoncéiert haten an der Koalitioun, datt mir eis un dee gehalen hunn. An dat kënnt, mengen ech, ganz einfach a kloer eraus, wann ee weess datt d’Depensë beim Zentralstaat, bei der Administration centrale, ëm 3,5% nëmmen an d’Luucht ginn. Dat ass deen niddregsten Taux säit ganz laanger Zäit, an dat beweist, datt dat wat d’Regierung sech virgeholl hat, datt mir dat och gehalen hunn. 

Jean-Claude Franck: D’Chambre de commerce wäert awer och dat soe wat ech elo soen, datt dat zum groussen Deel och op eng verbessert Konjunktur zeréck ze féieren ass, an elo net nëmmen op strukturell Ännerungen déi elo an deem Budget gemaach gi wäre vun der neier Regierung. 

Pierre Gramegna: Also, et wär och ganz schwéier gewiescht an 3 Méint strukturell Ännerungen ze maachen. De Budget ass jo haaptsächlech opgestallt ginn à législation constante, mat enger Ausnam, dat sinn d’Studenhëllefen. Mä wéi gesot, an enger ganz kuerzer Zäit och vun 2 Méint. 

Et ass awer och esou, datt d’Recetten zwar klammen 2014, mä si klamme manner séier wéi 2013. Dat ass nach net vill ënnerstrach ginn, sou datt wierklech de groussen Effort awer op den Depensë gemaach ginn ass. Wat jo och wichteg war, well mir wollten de lëtzebuerger Residente soen a weisen, datt de Staat mam Spuere bei sech selwer ufänkt. Well wa mir Sacrificë wäerten an den nächste Méint vun der ganzer Populatioun froen, da muss ee weisen, datt een och bei sech ufänkt. 

Jean-Claude Franck: Majo, wann een do hëlt ënnert deenen 230 Milliounen, dee Spuerpak deen Dir do ficeléiert hutt. Do si jo och Reduktioune bei de Fonctionnementskäschten an de Ministèren. Do hutt Dir elo e Volume vun ongeféier 50 Milliounen erreecht. Dat huet déi virecht Regierung awer och mol gemaach. Schonn e puer Mol. Dat ass am Fong jo awer och näischt Neies dann? 

Pierre Gramegna: Et ass mol geschitt, datt virecht Regierungen d’Fonctionnementskäschte gedréckt hunn. Ech muss Iech awer soen, datt mir eis d’Zil gesat haten 10% Reduktioun ze maachen, an datt mir trotz allen Efforten déi mir gemaach hunn “nëmmen” op 8,5% komm sinn a mir wollten och net déi Ziffer verschéineren a mir wollte se och net verheemlechen. Ech wollt nämlech de Lëtzebuerger soen, mir hunn de gréisste méiglechen Effort gemaach, a wann ee sech en ambitiéist Zil gëtt, da kann et och mol sinn, datt een et net 100% erreecht. 

Ech si stolz op déi 8,5% déi mir erreecht hunn. Mir hu laang do missen dru schaffen. All Ministère ass dru gaang, mä net nëmmen d’Ministèren, och d’Etablissements publics, och d’Institutiounen, ob dat d’Chambre des députés ass, de Palais; an dat huet mir Freed gemaach, well et huet een e Solidaritéitsgespier gehat, datt jiddweree geduecht huet, ech muss elo dat maachen, ech muss deen Effort maache fir d’Saach. An dat ass u sech eppes wat mech encouragéiert huet. 

Jean-Claude Franck: Déi virecht Regierung hat an engem Spuerpak nämlech e Chiffer vu 60 Millioune stoen bei Reduktioun vu Fonctionnementskäschten eng Kéier. Dat heescht, do sidd Dir awer an deem Beräich vun deem wat och virdru machbar war? Dir hutt do keen neie Spillraum nach fonnt? 

Pierre Gramegna: Ech muss Iech soen, wann een elo géing zeréck kucken, wéi oft datt elo op de Fonctionnementskäschten an de leschte 5 bis 7 Joer gespuert ginn ass, datt do net méi vill Sputt ass. An dat hunn ech effektiv gemierkt. Dofir si mir jo och net op déi 10% komm. An dat ass eng gutt an eng schlecht Noriicht. Déi gutt Noriicht ass, datt dann en fait de Staat elo méi efficace ginn ass, an datt net méi vill Marge de manoeuvre ass op de Fonctionnementskäschten. Dat ass déi gutt Noriicht. Déi schlecht Noriicht ass, datt et dofir d’nächst Joer schwéier gëtt fir neit Spuerpotential ze fannen. 

Jean-Claude Franck: Bei den Investitiounen, do spuert Dir och eng 137 Milliounen Euro. Dir dotéiert verschidde Fonge manner staark wéi dat zejoert gemaach gouf. De Fonds du rail kritt zum Beispill 40 Millioune manner wéi zejoert. De Fonds du rail, gëtt jo awer gesot, ass fir den ëffentlechen Transport. Dat ass eng Prioritéit. Ass dat dann awer keng sou Prioritéit wéi dat ëmmer gesot gëtt? 

Pierre Gramegna: Jo, d’Fongen, well et eng lëtzebuerger Spezialitéit ass, gëtt engem eng gewësse Flexibilitéit. An dofir ass och de Spuereffort an den Investissementer haaptsächlech op de Fonge geschitt. Do kritt een e gewëssenen Zäitraum, e gewëssene Spillraum, an ech hunn a menger Budgetsried jo gesot, datt mir fir d’Mobilitéit, den Transport an de Fonctionnement dovun, an deem heite Budget 750 Milliounen Euro ausginn. Ech hunn och gesot, datt mir 14,5 Millioun ausgi fir den Tram. Dat heescht, den ëffentlechen Transport gëtt ganz grouss geschriwwen an dësem Budget. 

An déi Erspuernesser déi mir op den Investissementer gemaach hunn, dat si jo haaptsächlech Infrastrukturen – ob dat Fonds du rail, Fonds des routes ass, ob dat a verschiddenen Etablissements publics ass, et ass och an engem Fonds agricole – wat de Point commun ass, datt mir kee Projet wollte sträichen. Och erëm wéinst Zäitgrënn. Wann Dir wëllt eppes sträichen, da musst Dir eng Analys maachen, an de pour an de contre ofweien an dofir hate mir d’Zäit net. En revanche konnte mir d’Saache strecken. Mir hunn eis gesot, an enger Zäit wou een de Budget muss awer méi equilibréieren, kann ee verschidde Saachen an d’nächst Joer tesselen, an dat ass dat wat mir hei gemaach hunn. 

Jean-Claude Franck: Do ass zum Beispill de Fonds d’orientation économique et social de l’agriculture, Dir hutt en elo erwänt, dee kritt 12 Milliounen Euro bal manner. Heescht dat dann, datt dodrun awer iergendwéi Pläng bei Iech existéieren, datt d’Subventiounen zum Beispill fir d’Landwirtschaft irgendwéi wäerten erof goen? Just, datt Dir déi Pläng nach net bekannt gemaach hutt? 

Pierre Gramegna: Neen, dat ass well an deem Fong nach e bësse Sputt war, an datt ee wousst, datt een eng Dotatioun do hätt, déi e bësse méi Spillraum hätt. 

Jean-Claude Franck: Et ass mir eppes opgefall wéi ech de Staatsbudget geliest hunn, wou Dir mir vläicht weider hëllefe kënnt. Am Budget vum Staatsministère gëtt et e Posten deen heescht” Gouvernement.” An dee Posten huet, wann een Dépenses courantes an Dépenses en capital zesumme kuckt, da sinn dat 18 Millioune méi wéi zejoert. Ënner “Gouvernement”. Wat stécht do dohannert? 

Pierre Gramegna: Also, ech hunn elo net dat viru mir. Mä ech weess, datt mir beim Staatsministerbudget eng Rëtsch Depensen hunn déi do affektéiert ginn, déi nei Investissementer oder nei Decisioune sinn, déi an där kuerzer Zäit wou d’Regierung do ass geholl gi sinn. 

Ee vun deenen ass zum Beispill en neie Réseau vu Frequenzen am ganze Land fir d’Services de sécurité. An dat alleng sinn 1.850.000 Euro. Déi ginn dann affektéiert op dee Budget. A wann Dir eng Foto dovunner maacht, da fannt Dir, datt dat esou vill ropgeet. Also, Dir fannt där Punkte bestëmmt ganz vill. 

Et ass jo och net esou, datt mir an deem heite Budget gesot hunn, et kënnt iwwerhaapt näischt Neies bäi. Wann eng Urgence war, dann ass dat gemaach ginn. 

Jean-Claude Franck: Ass dat dann net awer och, well d’Regierungsequipe méi grouss ginn ass, datt doduerch do vläicht méi de Posten an d’Luucht gaangen ass? 

Pierre Gramegna: Neen, ech mengen net, datt dat domat ze dinn huet. 

Jean-Claude Franck: Da stoung awer am Regierungsprogramm, also am Regierungsaccord, datt fir de Budget 2014 scho géif e Kassensturz gemaach ginn. Dat Wuert steet wuertwiertlech dran. An Dir géift Linn fir Linn duerchgoen a kucken, ob dat da wierklech misst sinn. An Dir wollt, dat ass jo mol Screening genannt ginn, wierklech kucken, op wat een iwwerall spuere kann. Dat, wann een awer de Budget lo liest, schéngt Dir nach net an deem kuerzen Zäitraum awer fäerdeg bruecht ze hunn. Datt Dir wierklech all Poste konnt genau kucken. 

Pierre Gramegna: Et ass e bësse komplizéiert fir dat ze erklären. Ech versichen dat elo hei. 

Mir sinn awer duerch dee ganze Budget gaang. Mir hunn dee wierklech ofgekämmt, awer op déi traditionell Aart a Weis. Dofir hat ech mat menge 14 anere Ministerkollegen bilateral Reuniounen déi ganz vill Zäit geholl hunn. An do hu mir ee Budget no deem anere geholl – eng Rëtsch Ministeren hu méi Ministèren – a mir hunn dat ganz sorgfälteg gemaach. 

Wat net konnt gemaach ginn, dat ass eben sech eng nei Aarbechtsmethod ze ginn an och d’Artikelen e bësse méi global ze kucken. Well wann Dir d’Artikelen zesumme schlot, da bréngt dir et besser fäerdeg Sputt rauszekréien, Iech Prioritéiten ze ginn. Dat ass nach net gelongen. Dat maache mir am 2015er Budget. 

Jean-Claude Franck: Majo genau. Do ass jo bei eis op der Antenn dës Woch bekannt ginn, datt Dir en externe Consultant, McKinsey, domat beoptraagt hutt fir déi Viraarbechten elo mol ze maache vun der Prozedur, wéi een dat ka fir de Budget 2015 hikréien, datt eben déi Budgetsreform, déi Prozedur, datt déi soll änneren. Firwat hutt Dir dat vu McKinsey net schonn an der Chamber, an Ärer Budgetsried gesot? Da wier elo vläicht och manner doriwwer diskutéiert ginn, oder net? Et wier méi transparent gewiescht. 

Pierre Gramegna: Ech mengen, datt mir de Choix gemaach hunn iwwert den 2015er Budget elo nëmme relativ generell ze kommuniquéieren. Ech hu jo domat meng Ried opgehalen, well ech wollt de Lien maachen an erklären, datt déi Aart a Weis wéi mir wëlle fir den 2015er Budget schaffen eng ganz nei gëtt. 

De Fait, datt mir do e Consultant an dësem Fall McKinsey eran huelen ass en fait nëmmen ee klengen Deel vun deene grousse Changementer. Well dat wat McKinsey mécht, dat ass en fait d’Methodologie an d’Plaz ze setzen, eis déi ze erklären, op Basis vun deene groussen Erfahrungen déi déi Firma an ähnleche Prozesser konnt am Frankräich, an England an an Holland maachen. Mir wollten also deen Avantage ausnotzen a mir hunn alleguerten d’Ministèren zesumme geruff fir mat ze schaffen, well contrairement zu deem wat vläicht a verschiddene Käpp verstane ginn ass, eng Gesellschaft wéi McKinsey ass een deen Iech hëlleft, deen Iech bäisteet, mä en fin de compte muss d’Administratioun selwer, mussen d’Ministèrë selwer déi nei Methodologie herno ëmsetzen, well dat Ganzt kann een nëmme mat de Fonctionnairë mat maachen, an et muss ee se implizéieren. 

Wat ech och nach wollt soen, dat ass, datt mir immens kuerz an der Zäit waren a sinn an och doduerch missten eng Procédure d’urgence anhuelen. An dat hu mir dann och invoquéiert. An dat ass dann vun der Commission des soumissions sou gutt geheescht ginn. An dat hu mir gemaach fir kënnen d’Aarbechte séier unzefänken, well mir sinn elo am Mäerz, an dat ass en fait déi normal Zäit fir e Budget unzefänken. Et ass e bësse komesch, an dat ass och extra fir dëst Joer, datt mir en fait 2 Budgeten en parallèle preparéieren. Dat ass en immensen Aarbechtsopwand. An den 2014 hu mir traditionell gemaach, ouni Consultant, natierlech, well dat och dat Normaalst an der Welt ass. Mä fir de 15er brauche mir deen Appui fir méi séier virun ze kommen an der Methodologie an och an der Manéier wéi mir eis organiséiere fir zilgerecht unzekommen. 

Jean-Claude Franck: Mä ass den Timing dann net vläicht einfach ze vill ambitiéis, datt Dir scho wëllt fir de Budget 2015, dee jo wéi gesot, Dir hutt et gesot, et muss vun elo ausgeschafft ginn, parallel elo och eigentlech eng ganz Diskussioun déi awer net einfach ass fir déi Budgetsprozedur zu Lëtzebuerg ze änneren? 

Pierre Gramegna: Jo, dat ass eng ganz gutt Remarque déi Dir maacht, mä d’Regierung huet geduecht, datt et schwéier ze erkläre wär, wa mir elo de Lëtzebuerger, déi dës Regierung jo gewielt hunn, géinge soen, dat Neitst am Budget dat kënnt réischt 2016 oder 2017. Da musse mir eben op d’Zänn bäissen a laang Stonne schaffen, an ech mengen, et ass der Méi wäert. 

Jean-Claude Franck: Jo, mat der Aarbecht muss et herno natierlech grad sou gutt sinn. Well heiansdo ass jo de Risiko, wann een eppes ze séier mécht, dann ass et och net an der Déift genau diskutéiert ginn. 

Pierre Gramegna: Dofir braucht Dir e Consultant deen dat schonn X Mol gemaach huet, an deen Iech d’Methodologie ka weisen. 

An ech wëll och ënnersträichen, datt de Consultant a kenger Manéier wäert intervenéieren iwwert Choixe vun Erspuernesser oder Choixe vu Projeten. Dat bleift d’Decisioun vun der Regierung, déi also regelméisseg wäert de Point maachen. Ech hunn e Comité de pilotage en place gesat deen ech wäert presidéieren. Deen ass schonn emol zesumme komm. Do hate mir dann ongeféier 50 Fonctionnaire vun alle Ministèren déi do zesumme souzen. Dat ass e Risenopwand. An ech muss zwar soen, den Etat d’esprit war ganz positiv an ech freeë mech fir déi Reform ze maachen. 

Jean-Claude Franck: Et ass e Präis vu 96.000 Euro hors TVA d’Woch, wann ech richteg informéiert sinn. Do hängt jo e Mandat drun. Sidd Dir bereet dat public ze maachen? Kann een do gewuer ginn, wat do genee zu deem Mandat gehéiert? Dir hutt nämlech elo gesot, d’Siche vu Spuermesuren ass net dobäi. 

Pierre Gramegna: Neen, et ass d’Methodologie. Dat heescht, de Konzept auszeschaffen, wéi ee ka beim Budget spueren. Wat fir eng Methoden een do gebraucht. An dat debouchéiert dann op dat wat een nennt eng “Lettre de mission”. Dat heescht, do kënnt dann en Endprodukt eraus. Wat ass eng “Lettre de mission”? Dat ass en fait d’Aufgab déi all Ministère kritt. Mä déi Aufgab ass dann eben op eng speziell Manéier opbereet, a sou datt et da méi einfach ass fir ze kucken, wéi ee soll spueren. Dat ass eben déi Method déi McKinsey zum Beispill an Holland gebraucht huet. 

Jean-Claude Franck: An an der zweeter Phas, wann dann déi Aarbechtsgruppen en place sinn, mat deene bis zu 50 Beamten, wéi mir dat an eisem Bericht gemellt hunn, da wäert dann nach e Consultant och dobäi sinn, mä dat gëtt ausgeschriwwen, dat kéint also reng theoretesch och en anere ginn dann. 

Pierre Gramegna: Ah jo, dat gëtt fräi ausgeschriwwe fir grouss Consultanten, déi e grousse Réservoir un Experten hunn. Also, dat gëtt dann ausgeschriwwen. An et ass och esou, mir wollte kee Grupp forcéiere fir Consultanten ze huelen. Ma mir waren obligéiert e Consultant am Ufank ze hunn, fir d’Methodologie ze hunn, sou datt et elo all Grupp iwwerlooss ass, ob e wëll Appell maachen un déi Consultanten, an dat ass schonn op, dat ass ausgeschriwwen, a mir kréien elo ganz vill Offeren eran. 

Jean-Claude Franck: An der Wochenzeitung Lëtzebuerger Land ass suggeréiert ginn, Dir hätt do vläicht en Interessekonflikt, Dir hätt vläicht McKinsey erausgewielt, well Är Duechter bei McKinsey e Stage gemaach huet. 

Pierre Gramegna: Jo, dat ass natierlech komplett falsch. An ech wëll elo e bëssen aushuele fir ze erkläeren, firwat datt dat net richteg ass. 

McKinsey ass eng ganz reputéiert Gesellschaft déi scho vill fir de Ministère des Finances geschafft huet an deene leschte Joren, an en particulier och d’lescht Joer. Et ass also net esou, datt ech McKinsey siche gaange sinn. Si hu schonn op villen Dossieren déi mat de Finanzen ze dinn hu geschafft. Haten do och vläicht eng Longueur d’avance op aneren. A wéi gesot, ech sinn se net siche gaang, si ware scho praktesch am Haus an hate ganz vill Kontakter zu den Equipen déi do waren. Dat ass mol den éischte Punkt. 

Dat Zweet ass, datt mir keen Appel d’offre gemaach hunn, well Urgenz war. An ech mengen, dat liicht jiddwerengem an, datt een huet missen hei séier schalten. 

Dat Drëtt ass, datt McKinsey technesch déi Connaissancen hat, well se dat an anere Länner gemaach hunn. 

Wat elo meng Duechter ubelaangt, déi schafft, enfin déi huet bei McKinsey virun eppes méi wéi 2 Joer ugefaang, huet do 4 Interviewe misse maache fir geholl ze ginn. A wéi se do geholl ginn ass bei McKinsey wousst jo keen, datt ech eng Kéier géing Minister ginn. 

Ech wëll awer ënnersträichen, datt McKinsey an ech iwwer de possibele Conflit d’intérêts geschwat hunn, a mir op d’Erkenntnis komm sinn, datt en fait meng Duechter misst ophalen ze schaffe bei McKinsey. Ech mengen, dat ass dee beschte Beweis, datt mir kee Mélange des gens wollten hunn. En fait zitt McKinsey kee Virdeel, keen Nodeel an där ganzer Saach. Si ware souwisou ganz präsent. Op där aner Säit, meng Duechter huet plutôt nëmmen Nodeeler an där ganzer Affär, well si huet missen ophale mat schaffen. Dofir, ech si ganz relax fir driwwer ze schwätzen. Ech mengen, méi virsiichteg wéi dat kann een net sinn. 

Jean-Claude Franck: Dir hutt gesot, McKinsey huet keen Optrag fir no neie Spuermesuren ze sichen. An domat géif ech gären zeréck komme bei déi Spuermesuren déi schonn am 2014er Budget sinn. Dir hutt gesot, den neie Modell vun de Studenteboursë wäert dëst Joer 35 Milliounen Euro Erspuernesser era bréngen. Do kann ee jo dovunner ausgoen, datt dat dann d’nächst Joer awer nach vill méi gëtt, well dëst Joer gräift e jo réischt vun August-September un. Dat heescht, d’nächst Joer, wann en dann op e ganzt Joer gräift, misst et eigentlech op ee Joer nach am 2015er Budget nach méi ausmaachen, oder leien ech do falsch? 

Pierre Gramegna: Neen, dat ass ganz richteg. D’Studentenhëllefe géinge kaschten d’nächst Joer, wann ee keng Modifikatioun vum Gesetz géing maachen – ech zitéieren dat aus dem Kapp – ech mengen 178 Milliounen Euro. Dat ass jo gewalteg. An et ass jo sou héich ginn, well den Arrêt vun der Cour de justice européenne jo de Bénéfice vun de Subsiden op d’Kanner vun de Frontalieren ausgedehnt huet. 

Déi nei Propositioun erlaabt et trotzdem, datt se nach ganz generéis ass fir Erspuernesser ze maache fir ongeféier, mengen ech, op 108 bis 110 Milliounen Euro erof ze goen. Dat heescht d’Erspuernesser wäerten ongeféier bei 70 Millioune leien. En rythme de croisière, dat heescht, an deene Jore wou déi Mesure d’ganzt Joer laang gräift. 

Dëst Joer, d’Schouljoer 2014/2015, do hu mir eben eng Iwwergangsperiod, wou nach 1 Semester wäert am ale Regime sinn, an 1 Semester am neien. An dofir ass d’Erspuernes fir dat lafend Joer nëmme 35 Milliounen. 

Jean-Claude Franck: Den OGB-L huet Iech virgehäit, datt Dir do Zuelen ageschriwwen hutt an de Budget, vun deenen et jo eigentlech nach net kloer ass, ob d’Gesetz iwwerhaapt esou gestëmmt gëtt, well et gëtt jo awer Fuerderunge fir d’Montanten ze iwwerschaffen? 

Pierre Gramegna: Jo, dat ass richteg. Datt den OGB-L deen dee Kommentar gemaach huet, dat ass säi gutt Recht. 

Mir wollte bei dësem Gesetz wierklech de Punkt markéieren, well et, fannen ech, en typescht Gesetz ass wat schlecht ausgeduecht gi war vun Ufank un. Et ass e Gesetz wat geduecht gi war fir d’Prestations familiales “ze kompenséieren”, déi no 18 Joer net méi ausbezuelt ginn. Wat en fait och herno zum Verhängnis ginn ass, well mir dee Lien gemaach hunn an d’Cour de justice eis du condamnéiert huet. 

A mir wollte weisen, datt een, och wann ee ganz generéis bleift awer mat Bon sens kann efficace schaffen. An dat hei war ee vun deene rare Projete wou een huet misse séier eppes maachen, well de Spuerpotential grouss ass, a wou ee konnt eppes an 2 Méint änneren. 

Dofir, et ass e bëssen e Beispill wat mir wollte setzen. An ech mengen, d’Regierung ass ganz zouversiichtlech iwwert dee Projet, well wann Dir gutt kuckt wat do verluer geet fir d’Studenten ass net sou grouss. An ech hunn a menger Ried gesot, datt ech iwwerzeegt sinn, datt et ee vun de generéiste Systemer op der Welt ass, an ech bleiwen dobäi. 

Elo soll dat Gesetz säi Wee goen an diskutéiert ginn. An do wäerte mir och Propositioune vu bausse kréien. Als Finanzminister wäert ech haaptsächlech kucken, datt mir am Finanzrahme bleiwen. 

Jean-Claude Franck: Am Wahlkampf huet besonnesch Är Partei och ëmmer erëm gesot, d’Famillje mat Kanner sollen awer net ze vill belaascht ginn. An elo ass eng vun den éischte Spuermesuren déi Dir annoncéiert ass ebe grad eng déi Familljen an och Studente concernéiert. Also déi Jonk. Ass dat dann awer net e bëssen onglécklech? 

Pierre Gramegna: Also, wann der 6.000 Euro nach ëmmer kënnt léinen, an Dir kënnt 2.000 Euro Don kréien, plus 2.000 wann Dir an d’Ausland studéiere gitt. Dat si schonn 10.000 Euro. A wann Dir nach e schwierege Fall sozialméisseg sidd, an der Famill, da kënnt Dir der nach 2.000 dobäi kommen. Da si mir op 12.000 Euro. An da kënnt Dir nach Är Frais de scolarité bis 3.750 Euro rembourséiert kréien, an d’Halschent souguer geschenkt kréien. Soen ech, dat ass e Package mat deem ee praktesch kann 1 Joer liewen, wann ee spuersam ass a wann ee vläicht net ze vill wäit ewech geet. Also, ech defiéiere vill Leit fir ze kucken, wou se e Regime fannen dee vill méi wäit geet wéi dat. 

Jean-Claude Franck: Mir hu gemellt, a mir komme bei d’TVA, datt d’Regierung driwwer nodenkt, d’TVA schonn op den 1. Juli an d’Luucht ze setzen. De Premier sot nom Regierungsrot, et wier nach näischt decidéiert. Dat stëmmt jo och, mä trotzdem gëtt et jo awer déi Iwwerleeunge vum 1. Juli. Dat kënnt Dir jo awer net dementéieren, oder? 

Pierre Gramegna: Neen, dat dementéieren ech och net. Ech hunn dat och no der Budgetsried verschiddene Journaliste geäntwert, datt 2 Hypothesen do sinn. Déi éischt wier, datt et den 1. Juli géing erop goen an déi aner, datt et den 1. Januar 2015 erop geet. 

De Grond, firwat d’Decisioun nach net geholl ass, ass well d’Regierung sech Zäit hëlt fir mat de Federatioune Gespréicher ze féieren fir dat och uerdentlech ze preparéieren. Well do sinn eng ganz Rëtsch Besoinen a verschiddene Secteure fir sech do ëmzestellen. A wann deen Exercice vun de Consultatioune fäerdeg ass, da wäert d’Regierung déi Decisioun huelen. 

Jean-Claude Franck: Wat wier dann d’Iwwerleeung fir et sou séier wéi méiglech ze maachen? Also fir et schonn den 1. Juli ze maachen? Ass dat haaptsächlech wéinst dem Inflatiounsschub an der Indexdiskussioun, déi och do hannendrun hänkt? 

Pierre Gramegna: Den Haaptgrond fir et 2014 ze maachen ass duebel. 

Deen éischten ass, datt eng Augmentation de TVA op den 1. Januar en fait nëmmen zu ¾ wierkt. Wann also d’Augmentatioun vun der TVA 2015 géing geschéien, kréie mir fir d’Joer 2015 nëmme 75% vun de Recetten eran. Dat ass, well verschidden Declaratiounen nëmme periodesch gemaach ginn. An dat ass da schonn erëm eng Kéier 75 bis 100 Milliounen déi Dir da fir dat sou wichtegt Joer vun 2015 net era kritt. Dat ass also den Haaptgrond. Wa mir et op den 1. Juli maachen, dann ass an där Period vun deene 6 Méint deen Ewechfall vun ¼, an en plus kritt Dir awer déi ¾ déi nach iwwereg bleiwen. Dat heescht, Dir hutt eng Recette supplémentaire fir 2014. An dat Zweet ass, datt d’Joer 2015 da voll spillt. Dat heescht, dat gëtt awer e Schub vun e puer 100 Millioune méi déi Dir do era kritt. 

Deen zweete Grond, firwat mir dat wollte séier maachen, dat ass, nodeem ee mam Secteur geschwat huet, mat de Secteure geschwat huet, an och mat dem Secteur électronique geschwat huet, dann ass et wichteg, datt tëschent dem Moment wou d’Augmentation de TVA gemaach gëtt an dem Moment wou et annoncéiert gëtt, net ze vill Zäit sollt leien. 

Jean-Claude Franck: Mä wann et awer – Dir hutt elo nämlech net op d’Fro vum Index geäntwert – wann et den 1. Juli gemaach gëtt, da wär duerch déi Indexmodulatioun déi nach am Moment do ass, géif déi Hausse déi dann entsteet bei de Präisser géif net méi komplett kompenséiert gi bei de Léin a bei de Salairen a bei de Gehälter, also d’Pensiounen och. Woumatter Dir wahrscheinlech enger Indexdiskussioun wëllt aus dem Wee goen, well jo dëst Joer d’Indexmodulatioun nach do ass. 

Pierre Gramegna: Dat ass richteg. Wann een d’Augmentatioun vun der TVA – ech rappeléieren, d’Augmentation de TVA ass virgesinn vu + 2% op allen Tauxe mat Ausnam vum Taux super-réduit, dee bei 3% bleift – wa mir also déi Augmentatioun am Juli maachen ass et esou, datt de gréissten Deel vun der Inflatioun op den éischte Méint sech wäert verdeelen. 

Ech wëll awer och ënnersträichen, datt d’Estimatioune vum Statec soen, datt déi Augmentatioun wäert en Effet vun Augmentatioun hunnun ongeféier 1%. Wat seet dat eis aus? Dat seet eis och aus, datt d’Entreprisen déi Augmentation de TVA net komplett repercutéieren. Well a verschiddenen Domainer d’Konkurrenz esou ass, datt een net kann einfach de Präis an d’Luucht setzen, au risque datt ee par rapport zu Konkurrenten aus dem Ausland net méi kompetitiv ass. 

An wat den Index ubelaangt ass et richteg, vu datt den Haaptdeel vun der Augmentatioun op den éischte Méint wäert sinn, wäert dat effektiv am Index, deen dann am Oktober ofgeschloss gëtt – den Index ofgeschloss am Sënn, datt do den Taux gekuckt gëtt wou en da steet – datt dat zum Deel dann net zum Droe kënnt. Dat ass richteg. 

Jean-Claude Franck: Lescht Fro virun der Paus. Ass et dann awer net awer geféierlech, wann een ze séier elo mécht aus verschiddenen, dann och vläicht politesche Considératiounwn eraus, well eng TVA déi bis gehéicht ass, grad elo wou d’Konjunktur jo och besser dréit, déi kann ee jo net erëm all ze séier erof maachen? Also, da kann ee jo net ze vill spillen domat. Et kann ee jo net op eemol 6 Méint duerno soen, oh, mir hunn elo gemierkt et war awer net an deem Ëmfang néideg ,a mir maachen et dann erëm anescht. 

Pierre Gramegna: Neen, do dierf ee sech net ieren. Mä et ass jo esou, datt mir d’Chance hunn, datt mir eng Konjunktur vu plus 3,2% virgesinn hu fir d’Croissance zu Lëtzebuerg 2014. Dat ass ee vun dee beschte Resultater säit laanger Zäit. Pake mir Holz un, datt et sou geet, dat ass d’Ziffer déi de Statec ausgerechent huet. An et ass grad an enger Period wou Dir Croissance hutt, wou Dir kënnt Reforme maachen a wou Dir kënnt an dësem Fall Steieren an d’Luucht setzen, indirekt Steieren an d’Luucht setzen, well dat e bëssen ofgefiedert gëtt well Croissance ass. 

Also, dat Schlëmmst ass, wann Dir musst Steieren an d’Luucht setzen, indirekter oder direkter, wann Dir an enger Rezessioun sidd. An där Hisiicht huet Lëtzebuerg Chance, datt mir elo en Ausbléck hunn, deen awer relativ positiv ass an och e positiven Ausbléck an der Eurozon, wou et awer och elo mol vill méi biergop geet wéi dat nach virun engem oder 2 Joer de Fall war. 

[Noriichteniwwerbléck vum Carole Schimmer] 

Jean-Claude Franck: A Suite vun eisem Gespréich mam liberale Finanzminister Pierre Gramegna hei an der Emissioun “Riicht eraus”, dat an der Woch vum Dépôt vum Staatsbudget fir 2014. 

An de Pierre Gramegna huet et beim Dépôt e puer Mol gesot, 2015 gëtt eigentlech réischt de richtegen Défi bei de Staatsfinanzen, nodeems een dëst Joer nach ee liichten Iwwerschoss huet, well d'nächst Joer eng nei Regel an der EU gëllt an doduerch Lëtzebuerg am eCommerce vill manner Recettë wäert nach kënne behalen, bei der TVA, déi am Moment do nach richteg spruddelen, kann ee soen. Et geet een dovun aus, datt tëscht 0,6 Milliarden an 1,1 Milliard Euro wäerte vum nächste Joer u verluer goen. 

Elo fro evill Leit sech, wéi ass et méiglech, datt et net ka méi präzis gesot ginn, firwat nëmmen entweder 0,6 oder 1,1 Milliard? Dat läit dodran, datt et 2 Méiglechkeete gëtt: et wäert e Guichet unique ginn. Wann d'Betriber dee wielen, da wäert Lëtzebuerg nach een Deel vun de Recetten an enger Phase transitoire behalen. Wann d'Betriber deen net wielen, da verléiert Lëtzebuerg direkt alles, an dann ass den Ënnerscheed vum Verloscht immens grouss. 

Eigentlech, Pierre Gramegna, ass dat jo eng immens wichteg Fro, well mir schwätzen hei vun engem Ënnerscheed vu 500 Milliounen Euro déi de Staat entweder méi oder manner erakritt, jee nodeem ob d'Betriber dee Guichet unique wäerte wielen, oder net. Do misst jo eigentlech alles dragestach ginn, fir datt een op d’mannst an där Phase transitoire nach op d’mannst en Deel vun deene Recettë ka behalen an nëmmen 0,6 Milliarden herno verluer ginn. 

Pierre Gramegna: Mir hunn de Maximum gemaach, andeems mir dee Guichet unique preparéiert hunn an och elo de Firme virun e puer Deeg virgestallt hunn. Dat ass eng Plaz déi ganz frëndlech ass fir all d'Operatiounen ofzewéckele wat de Paiement vun der TVA op eng elektronesch Aart a Weis ubelaangt. 

Nu läit de Ball komplett bei de Gesellschaften. Ech muss dat lo e bëssen erklären. Den 1.1.2015 changéiert de Regime vun der TVA applicable. Bis dohinner, a säit enger laanger Zäit, ass d'TVA applizéiert gi vun deem Land wou ee sech etabléiert hat. Ganz vill Entreprisen hate Lëtzebuerg gewielt. Firwat? Well mir deen nidderegsten Taux vun TVA haten – an ech ënnersträichen, datt mir trotz der Augmentatioun vun 2% déi wäert kommen, nach ëmmer déi nidderegst wäerte behalen – an dofir dann zu Lëtzebuerg waren. 

Ech hunn dat a menger Budgetsried ënnerstrach: mir wësse säit 2007, datt mir 2015 déi ganz grouss Zomm vun TVA-Gelder wäerte verléieren, an trotzdem hu mir alles ausginn. Ech muss soen, la crise est passée par là, 2008, dat huet d'Saach natierlech net méi einfach gemaach. Mä et huet een ni verspuert, datt do ee Wëlle gewiescht wier fir een Deel vun deene Recetten déi occasionnel waren op d'Säit ze leeën, fir dat ofzefiedere wann et net méi de Fall ass. Soit. Ech maache keng Polemik, mä ech stellen dat fest. 

Wat awer lo ass, wat och eis Auditeure musse verstoen ass Folgendes: fir déi Entreprisen déi gewinnt waren hei zu Lëtzebuerg ze si fir hire Commerce électronique, war et also einfach. Si haten een Taux an eng Plaz, dat war Lëtzebuerg. An elo musse si fir alleguerten d'Länner vun der EU TVA an deene Länner bezuelen, op deem Taux vun deene Länner. Dat heescht, wann am Frankräich den Taux 20,6 ass, da muss een e Buch wat een zwar iwwer Lëtzebuerg elektronesch transitéiere léisst, 20,6 bezuelen. Wann een an Däitschland geet, da muss een den däitschen Taux bezuelen, etc. Dat heescht, d'Firmen déi soss, wann een sou wëllt, ee Logiciel haten dee 15% applizéiert huet fir alleguerten d'Wueren déi elektronesch a ganz Europa verkaaft si ginn, kréien elo 28 Tauxen. Dee vu Lëtzebuerg natierlech mat. A si musse sech also komplett anescht opstellen. 

An d'Iddi déi war, an dat steet och an der Direktiv als eng Méiglechkeet, datt mir hinnen e Guichet unique, dat heescht, eng Plattform liwweren, wou si déi 28 Tauxe méi liicht kënnen geréieren a vläicht net mussen direkt an deene 27 anere Länner präsent sinn a Calcule maachen. Do spuere si Geld. Ech mengen, dat ass eng ganz flott Iddi a mir hu schonn éischt Echoe vun den Entreprisë krut, déi fonnt hunn, datt dat ganz genial wär wat mir do proposéieren. 

Jean-Claude Franck: Mä et géif mech awer dann, Dir sot elo, Dir hutt Echoe kritt, wann Dir sot, virun e puer Deeg war déi Reunioun, wéi war dann do de Feedback? 

Pierre Gramegna: De Feedback war gutt. 

Jean-Claude Franck: Dat heescht, si wëllen dat benotzen awer? 

Pierre Gramegna: Et sinn der déi eis gesot hunn, mir hunn nach keng Decisioun geholl, an et sinn der déi gesot hunn, mir fannen dat ganz gutt a mir studéieren dat an et gesäit gutt aus. 

Wat ee sech muss bewosst sinn dat ass, datt d'Entreprisen 2015 jo mat engem Changement de structure ze dinn hunn. An do sinn der déi soe sech, Äre Guichet unique ass zwar ganz schéin a gutt, mä ech muss mech souwisou, a 4 Joer, kann ech dee Guichet unique net méi ausnotzen, well ech da jo alles an deene 27 anere Länner muss bezuelen. An do sinn der, déi aus strategesche Grënn, oder well si och aner Investissementer wëlle maachen, vläicht wäerten decidéieren awer direkt ze goen. 

Dat Zweet wat ech wëll ënnersträichen, well dat ëmmer mat Comprehensiouns-Schwieregkeete verbonnen ass, nach eng Kéier erkläre wat Lëtzebuerg kéint recuperéiere wa si all bleiwen. Wa si all géinge bleiwen, da géinge mir 30% vun de Recetten nach behalen. 30% vun de Recetten, wa mir elo 1 Milliard als Ziffer huelen, dat heescht da kéinte mir nach 300 Millioune vun enger Milliard retten. An dat selwecht wär de Fall fir 2016. An dann, 2017 an 2018 géinge mir nach just 150 Milliarden retten. An Dir gesitt, 300 par rapport zu enger Milliard, dat ass e risegen Ënnerscheed. An dat ass eben déi Perte déi mir mussen acalculéieren. An dofir ass deen Ecart sou grouss. 

Jean-Claude Franck: Lo hu mir an eisem Beitrag iwwert déi Iwwerleeungen an der Regierung fir d'TVA-Hausse op den 1. Juli och gesot, datt d'eCommerce-Konzerner, datt déi éischter géifen awer dofir plädéieren dëst Joer nach keng TVA-Hausse ze maachen. Déi hu jo e gewëssene Poids an där Diskussioun. Hutt Dir do iergendwéi Kontakter? Sinn der do déi Iech gesot hunn, hei maacht dat nach wann ech gelift net dëst Joer? 

Pierre Gramegna: Also, mir sinn am Gaangen all déi Gesellschaften ze gesinn an net anescht wéi déi normal Gesellschaften, enfin, “déi normal Gesellschaften” zu Lëtzebuerg: déi déi net am eCommerce. All Gesellschaft seet Iech, mir hätte gären, datt d'Hausse vun de Steieren esou spéit wéi méiglech kënnt. 

Mä op där anerer Säit muss ee realistesch sinn: och fir déi Gesellschaften ass et nach ëmmer sou, datt si zu Lëtzebuerg, och mat der Augmentatioun, nach ëmmer dee gënschtegsten Taux de TVA hunn. Sou datt dat sech vläicht equilibréiert. Mä wéi gesot, wann d'Gesellschaften aus strategesche Grënn soen, ech muss de toute façon den 1.1.2015 mech komplett anescht opriichten, da maache si et. 

Jean-Claude Franck: Vun 2015 un am Staatsbudget, mir hu jo iwwert d'Reform vun der Prozedur geschwat, an och iwwert eng TVA-Hausse, awer nach net iwwert dat wéi Dir fir de Rescht dee Staatsbudget wëllt vläicht anescht ugoen, och politesch aner Akzenter setzen an deem Staatsbudget 2015. Do sinn der vill déi soen, do kënnt et da knëppeldéck. Wat erwaart d'Leit dann do? Wat hutt Dir so scho Wëlles? Et héiert een, Dir hätt an de Koalitiounsverhandlunge schonn esou Lëschten do gehat, wou een awer dat Eent oder dat Anert scho sou als Iddi gehat hätt, wéi een dann dat Eent oder dat Anert kéint aspueren. 

Pierre Gramegna: Also, éischtens mol wäerte mir pro Ministère e Groupe de travail maachen, en fait mir hunn dat lo op d'Bee gesat. 

An dann hu mir e puer, wat een nennt horizontal Gruppen op d'Bee gesat, déi sech ëm verschidde wichteg Sujete bekëmmeren. Een ass zum Beispill eng Centrale d'achat an d’Koordinatioun vun Investissementen ze maachen. Dat gëtt ee grousse Grupp, deen en fait bal all Ministère interesséiert. An do verstitt Dir, datt do Spuerpotential ass. Een anere Grupp kéint sinn een, wéi een alleguerte sozial Prestatiounen déi et gëtt och an engem Grupp kuckt, well et sinn 3-4 Ministèren déi Prestatiounen ausbezuelen, an dann eben ausrechent wat een da wierklech am Total kritt, an dann och kuckt, ob verschidde vun deene Moossnamen net contradictoire sinn, déi eng par rapport zu deenen aneren. Mir hunn als Zil zu Lëtzebuerg, datt ëmmer méi Frae solle schaffen, an dann hu mir an engems eppes wat insistéiert fir net ze schaffen. Sou Saache muss een hannerfroen. An da wäerte mir nach een zwee aner horizontal Gruppe maachen. 

Et geet also dorëms Pisten ze fannen, wou een déi Leeschtungen déi ee bréngt méi zilgerecht un déi bréngt déi et och brauchen – mir hunn eben ze vill eng Géisskanepolitik, datt dann indépendemment vum Revenu jiddwereen dat selwecht kritt. Mir mengen, datt dat zu dësem Zäitalter net méi gerechtfäerdegt ass. 

Jean-Claude Franck: Mä dat heescht, bei de soziale Leeschtunge ginn et Ännerungen 2015. 

Pierre Gramegna: Ah jo, do gëtt et ganz sécher Ännerungen. A mir hu jo ugefaange mat dem Subside un d'Studenten, wou jo 2.000 Euro vun deene 6.000 déi ee ka kréie gebonne sinn un de Revenu vun den Elteren. A wann een dat geschéckerlech mécht, a wann een dat gutt explizéiert, a wann ee sech gutt Ziler gëtt, da kann een dat, mengen ech, raisonnablement maachen. 

Jean-Claude Franck: An d'Kannergeld? 

Pierre Gramegna: Jo, d'Kannergeld ass eng vun deene Prestatiounen déi do dra falen. Mir hunn och do ee vun deene generéiste Systemer déi et op der Welt gëtt [gëtt ënnerbrach] 

Jean-Claude Franck: Mä d'Fro ass, ob Dir schonn e Modell hutt, ob Dir schonn Iwwerleeunge konkreter Natur hutt, wat een do maache kann? Et ass jo scho laang an der Diskussioun: eng Besteierung eventuell, oder ... 

Pierre Gramegna: Jo, do gëtt et vill Pisten, mä do ass keng Decisioun geholl. 

Decisioune wäerte geholl ginn am Summer, wann een alleguerten d'Spuermesuren déi vun deene Gruppen alleguerte gekuckt gi sinn an ausgewäert gi sinn, vun der Regierung gemaach. En fait ass d'Zil vun der ganzer Démarche, datt souguer méi Spuermesuren ausgerechent ginn, wéi dat wat mir brauchen, fir datt mir och politesch de Choix kënnen hunn. 

Wa mir soen, mir missten 100 spueren a mir mussen hannen 100 erauskréien, a mir hunn nëmmen 100 Mesuren déi op den Dësch kommen, jo, dann hutt Dir net vill Choix politique. An ech fannen, dat ass och ganz wichteg, datt een dat erkläert. Mir wäerten also och schonn intellektuell do ganz gefuerdert ginn, well mir wëlle méi wäit goe wéi dat wat mir brauchen, fir datt mir kënnen der Regierung de Choix loosse vun der Strategie a vun de Mesuren déi si wäert wielen. 

Jean-Claude Franck: Wéi eng Zuel verlaangt Dir dann als Finanzminister? Wéi héich muss dann do dat Spuerpotential ongeféier fonnt ginn? Wéi vill Millioune ginn dat? 

Pierre Gramegna: Also, dat gëtt Milliarden, leider. De Programme de coalition gouvernemental huet jo vun 1,5 Milliarde geschwat. 

Jean-Claude Franck: Jo, do waren natierlech d'Wirtschaftsdonnéeën och nach anescht. 

Pierre Gramegna: Jo, mä dat gëtt Iech den Ordre de grandeur. Ech mengen, wat wichteg ass, dat ass sech net op eng Ziffer festzeneelen, mä sech en Zil ze ginn. An en Zil gi fir sou vill wéi méiglech ze spueren, an da kënnen e bëssen hannerzech ze goen, et ass esou wou mir dat wëlle maachen. 

Jean-Claude Franck: Dann, 2016 soll eng Steierreform kommen, eng grouss global Steierreform gëtt ëmmer gesot. Wéi wäit sidd Dir do mat de Preparativen, well do hutt Dir eigentlech och nach näischt verroden, wéi dat konkret soll goen? 

Pierre Gramegna: Ech muss Iech soen, do hunn ech nach bal näischt gemaach. Well ech si sou beschäftegt mat deenen 2 Budgeten déi ech muss preparéieren, deen een hunn ech lo just deposéiert; mir hunn europäesch Dossieren am Ecofin déi fir eis Finanzplaz extrem wichteg sinn; an eng fiskal Reform virzebereeden ass eppes extrem Komplizéiertes, an dat kann ech och net alleng maachen, do brauch ech menge Equipe am Ministère, an dofir brauch ech och de Conseil national de la fiscalité, dee jo muss op d'Bee gesat ginn. Dee gëtt et nach net. 

Bref, all déi Preparative si mir just am Gaange lo unzesetzen, well mir wëllen dat gutt maachen a mir wëllen eis do och vun Experte berode loossen, vu Practicienen. Mir hunn zu Lëtzebuerg e grousse Savoir-faire an der Fiskalitéit. Ech denken un all déi Beruffer déi ronderëm d'Finanzplaz sinn. An ech mengen och, datt déi fiskal Reform misst schonn e bëssen à la lumière vun de Réformes budgétaires gekuckt ginn. Et ass also lo net fir an der Urgenz lo an eng Richtung ze lafen, mä ech wäert awer an deenen nächste Wochen éischt Schrëtter do ënnerhuelen. 

Jean-Claude Franck: Mä grad d'Steierreform misst déi net och eng Prioritéit hunn, awer och genau sou wéi d'Aspueren, well jo iwwert d'Steierreform ee jo eng gewëss Gerechtegkeet kann erëm retabléieren. Well wann ee lo ufänkt bei de Leit, bei de Stéit och ze spueren, vläicht och bei de Betriber, iwwert eng Steierreform kann ee jo och villes erëm retabléieren, neen? 

Pierre Gramegna: Jo dat ass richteg. Ech hu mir soe gelooss – ech hunn nach ni sou eng Steierreform gemaach – ech hu mir soe gelooss, datt an alle Länner eng Steierreform ze maachen déi global ass en Effort ass, dee wierklech de Moyen terme ass. Dat heescht, do brauch een eng laang Period vu Recherche, vu Calculen, vun Equiliberen. An dofir, mir wäerten och lo domatter ufänken. Mä ech wëll net, datt lo gemengt gëtt, datt wann ech elo de Conseil national de la fiscalité aberuffen, datt dann 2 Méint duerno eng Fiskalreform kënnt. Dat ass total onméiglech. 

Jean-Claude Franck: A vun der Prozedur hir, Dir hutt gesot, mir wäerten och op Experten hei am Land zeréckgräifen, mä hutt Dir do och schonn e bëssen eng Methodologie wéi Dir wëllt virgoen? 

Pierre Gramegna: Neen, do hunn ech d'Methodologie nach net, contrairement beim Budget, wou mir dat jo lo am Eiltempo ugefaangen hunn. Ech kann awer mat deene limitéierte Ressourcë vu Leit déi mir hunn net alles matenee maachen. Mä mir wäerten eis dat ukucken am Conseil national de la fiscalité, eis do Leit dobäihuelen déi vum Terrain sinn an déi eis wäerten hëllefen vläicht eng Methodologie auszeschaffen. 

Jean-Claude Franck: D'Intérêts notionnels: mir hu Sourcen aus Regierungskreeser zitéiert, datt déi Iddi fir Betriber déi mat eegenem Kapital investéieren ze entlaaschten, datt déi Iddi vum Dësch wier. Kënnt Dir dat an Tëschenzäit confirméieren? Am Staatsbudget vun 2014 hu mir op jiddwer Fall näischt dovun erëmfonnt. 

Pierre Gramegna: Neen, do ass och näischt. An d'Intérêts notionnels ass jo och en Deel vun engem Paquet fiscal. An ech gesi schlecht, wéi ee kéint op den Intérêts notionnels lo eppes ganz séier maachen, ouni dat am Kontext vun der ganzer Réforme fiscale ze maachen. Dat ass, mengen ech, den allerwiesentlechste Punkt. 

Deen zweeten dat ass, datt mir am Gaange sinn d'Avantagen an d'Desavantagë vun den Intérêts notionnels ze kucken. Ech hunn do meng Servicer gefrot eng detailléiert Studie ze maachen. Si sinn domat am Gaangen. Si sinn awer nach net fäerdeg domat. 

Wat mir kloer schéngt, dat ass, datt mir d'Intérêts notionnels, sou wéi se an der Belsch fonctionnéieren, wahrscheinlech net wäerten zu Lëtzebuerg maachen, well den Déchet fiscal ze grouss ass. Mä dat heescht awer net, datt déi ganz Reflexioun vum Dësch ass. Mä d'Intérêts notionnels à la belge, dat wäerte mir net maachen. 

Jean-Claude Franck: Och de Logement gouf am Wahlkampf als Prioritéit ugesinn. Hutt Dir als Finanzminister Iddie fir um steierleche Volet eppes géint déi héich Wunnengspräisser ze ënnerhuelen? 

Pierre Gramegna: De ganzen Deel Logement ass och ee vun deene Groupes horizontaux déi mir do en place setze fir d'Budgetsreform. An do gëtt et souvill Hiewelen déi ee muss kucken, sou datt ech lo haut näischt dozou wëll a ka soen. Mir hu souvill Mesurë fir d'Logementer ze ënnerstëtzen, an trotzdem sinn eis Präisser extrem héich. Dat wat am Regierungsaccord steet ass, datt méi soll op der Offer nogeduecht ginn, wat d'Hëllefen ubelaangt, amplaz op der Demande, dat ass eng generell Piste ,an ech mengen dobäi bleift et, datt do soll dru geschafft ginn, mä méi kann ech Iech lo nach net soen. 

Jean-Claude Franck: Ee wichtegen Datum gëtt den 1.1.2015, lo mol net wéinst dem Staatsbudget direkt, mä wéinst dem automateschen Informatiounsaustausch, dee wäert agefouert ginn op den Zënsen. Et ass awer nach en anere Match am gaangen an zwar deen iwwert d'Erweiderung vun der Zënsdirektiv op aner Produiten. Wéini fannt Dir do an der Europäescher Unioun en Accord? 

Pierre Gramegna: Et ass sou, datt an deene leschte Méint eng phenomenal Accélératioun stattfonnt huet am Échange automatique d’informations. Dir wësst, datt Lëtzebuerg d'Erweiderung vun der Zënsdirektiv net akzeptéiert huet fir de Moment, well mir immens drop gepocht hunn, datt soll gekuckt gi mat 5 europäesche Staaten, an deem dann och d'Schwäiz dran ass, sollen déi selwecht Konditiounen ubidde wéi dann d'EU; op Englesch gëtt dat level playing field genannt. An ech mengen, dat war eng richteg Approche. 

Parallel huet an de leschte Wochen d'OCDE e Standard commun – common reporting standard op Englesch genannt – e Standard commun fir den Échange automatique ausgeschafft. An deen ass dann och op de G20 geschéckt ginn, deen an Australien getaagt huet virun 2 Wochen. An deen ass och vum G20 begréisst ginn.  Am Mee hëlt d'OCDE dee Standard a senger ministerieller Sëtzung un. 

Wat heescht dat? Mat dat heescht, datt déi 30 Membere vun der OCDE, wou Amerika dran ass, Mexiko, wou Brasilien dran ass, dat heescht, den amerikanesche Kontinent ass dra vertrueden, Asien ass dra vertrueden, d'ganz EU ass dran an d'Schwäiz ass dran. Dat heescht, do hu mir ee Modell vu level playing field deen am Gaang ass sech ze imposéieren. An d'Bestriewunge vun der EU fir eng EU Direktiv ze maache sinn en parallel dozou. Dat heescht, mir kënnen dat net nëmme méi enk op dem Niveau vun der europäescher Direktiv kucken, mir sollen et lo wierklech am Weltkontext gesinn. Sou datt ech mengen, datt deen Dossier elo ganz séier evoluéiert. 

Mir kréien och e Rapport de progrès vum Commissaire den nächsten Dënschdeg zu Bréissel, an do hunn ech nach e puer Froen dozou an e puer Interpretatiounen, mä dat beweist awer, datt deen Dossier séier bougéiert. Mä et ass sou, datt festgehale gi war, datt dat misst um Sommet decidéiert ginn an do wäert dann eise Premierminister Stellung huelen. 

Jean-Claude Franck: Et gesäit duerno aus, wéi wann op deem Sommet, dat huet och d'Agence Europe gemellt, kéint een Accord scho falen. Alsom et geet, Dir hutt et jo ugedeit am Fong, Dir hutt gesot, ronderëm eis geschitt sou vill. Dir wëllt am Fong domat soen, datt Dir net méi laang blockéiert, an datt et geschwënn en Accord gëtt? 

Pierre Gramegna: Jo, et gesäit duerno aus, wéi wann dee level playing field sech wierklech am Gaangen ass virun eisen Aen auszedehnen. Mä et ass een ni à l'abri, an europäeschen Negociatiounen, vun all deenen aneren déi do sëtzen a Konditiounen déi do op den Dësch gesat ginn. Do muss een ëmmer höllesch oppassen. An dofir mengen ech il ne faut pas vendre la peau de l'ours avant de l'avoir tué. 

Jean-Claude Franck: Mä d'Agence Europe huet vun engem Bréif geschwat och vum Kommissär, vum zoustännege Kommissär mat deem Lëtzebuerg a priori och relativ zefridde wär, wou et ëm d'Fortschrëtter geet, déi mat deene 5 Länner, ënnert anerem d'Schwäiz, gemaach gi wären. Dat heescht, do schéngt awer eppes geschitt ze sinn dann? 

Pierre Gramegna: Jo, jo, si hate lo zwou Sëtzunge mat de Schwäizer, wat jo och eng gutt Saach ass, well bis Januar war iwwerhaapt keng Sëtzung mat de Schwäizer, do konnte mir jo dann och net bougéieren. Ech hunn och selwer Kontakter gehat mat der Schwäizer Finanzministerin, déi ech virun 2 Woche besicht hunn a mir sinn an enkem Kontakt. An et ass mir och wichteg ze wësse wéi d'Schwäizer reagéieren. Dat selwecht gëllt och fir Éisterräich, dat ass jo dat anert Land wat jo wéi Lëtzebuerg gären hätt, datt d'Konditiounen déi selwecht fir jiddweree sinn. An och mat den Éisterräicher halen ech Kontakt, fir datt mir do koordinéiert virginn. 

Jean-Claude Franck: En Datum lo, wéini déi erweidert Zënsdirektiv dann op aner Produiten, wéi zum Beispill Dividenden; vu wéini un do den automateschen Informatiounsaustausch gëllt, dat gëtt et awer nach net. Hutt Dir do nach Spillraum. oder gëtt dat dann zimlech sécher och den 1.1.2015? Oder kënnt dat nach e bësse méi spéit? 

Pierre Gramegna: Neen, déi Direktiv, déi erweidert Direktiv, déi huet als Datum fir a Kraaft ze trieden den 1.1.2017. 

Jean-Claude Franck: Ok, dat heescht, dat ass sécher. A wäert Dir do nach probéieren um Datum ze spillen oder? 

Pierre Gramegna: Neen, ech mengen, dat steet lo sou an der Direktiv dran an ech mengen net, datt et eng gutt Iddi wär lo nach den Debat ronderëm de Contenu vun der Direktiv opzemaachen. 

Jean-Claude Franck: Et ass jo eng Fro awer och lo, wéi staark d'Banken dat do lo ze spiere kréien. Hutt Dir an Tëschenzäit awer méi konkret Donnéeën doriwwer? Ech hu gesot kritt, McKinsey hätt och dorop geschafft, zum Beispill. 

Pierre Gramegna: Jo, dat ass richteg. Do ass eng gréisser Etude gemaach ginn d'lescht Joer vu McKinsey, kommandéiert vum Finanzministère. A mir sinn am Gaangen och déi Etude voll auszenotzen. 

Mir hate gëschter eng éischt Sëtzung vum Haut comité de la place financière, dee mir jo verstäerkt wëllen asetzen, a mat engem Secrétariat permanent dotéiert hunn. A mir hunn do eng ganz Rëtsch Initiativen déi mir wëllen huelen, fir de Private banking, ëm deen et jo hei geet beim Échange automatique d'informations, fir de Private banking ze stäerken. 

Do sinn eng Rëtsch Initiativen. Ech ka vläicht eng mol nennen, fir datt de Public och versteet, datt dat net sou einfach ass: Lëtzebuerg ass ëmmer méi konfrontéiert, datt national Mesuren an de Länner geholl ginn, fir grenziwwerschreidend Bankoperatiounen ze maachen. Ech ginn Iech ee Beispill: wann Dir an der Belsch eng Police d'assurance huelt, braucht Dir näischt ze declaréieren. Wann Dir awer an der Belsch Resident sidd, an Dir huelt eng lëtzebuergesch Police d'assurance, da musst Dir dat mellen. An dat decouragéiert natierlech d'Cliente fir grenziwwerschreidend ze goen. An där gëtt et eng ganz Rëtsch. 

Eng aner Saach déi mir gekuckt hunn ass d'Formatioun. Mir wäerten am Private banking ëmmer méi sophistikéiert Produiten ubidde mussen a mir wäerten ëmmer méi déck a räich Clienten hunn, déi sophistikéiert sinn. An dofir musse mir dann och d'Employéen an d’Dirigeante vun deene Banke sou ëmschoulen, datt si kënnen deene ganz exigenten neie Clienten e gudde Service ubidden. 

Jean-Claude Franck: Ech géif awer mat Iech och nach gär iwwert d'Gouvernance an Ärem eegene Ministère schwätzen. Dir hutt 3 héich Beamten déi annoncéiert hunn, datt si de Ministère wëlle verloossen: d'Sarah Khabirpour, den Alphonse Berns a virun allem och de Georges Heinrich, den Direkter vum Tresor. Wat hutt Dir verbrach, datt déi allen 3 sou kuerz no de Wahle wëllen hirer Wee goen? 

Pierre Gramegna: Oh, ech hunn näischt verbrach. Ech sinn e Mënsch deen en fait bekannt ass, fir ganz gutt mat de Leit eens ze ginn an dee jo Diplomat als Formatioun ass. A sou sinn ech och déi Saach ugaangen an hu versicht, mat all de Leit déi am Ministère sinn eens ze ginn. 

Jean-Claude Franck: An dat huet net bei jiddwerengem geklappt, oder wéi? 

Pierre Gramegna: An dat schéngt awer net effektiv jiddwerengem gefall ze hunn. 

Ech muss awer soen, datt ech bereet war mat deene Leit ze schaffen. An datt déi Persounen dann op eemol e Stréch gezunn hunn an op hir eegen Initiativ wollten de Ministère verloossen, ech hunn datt zur Kenntnis geholl. Si wëllen aner Weeër goen an hirem professionelle Liewe sech reorientéieren. Dat ass hiert gutt Recht. 

Awer ech wëll drop insistéieren, ech war bereet mat en alleguerten ze schaffen. 

Ech wëll awer och dobäi soen, de Minister ass deen deen d'politesch Responsabilitéit huet an e muss jo awer och kënne säi Ministère organiséieren an Zesummenaarbecht an a Cooperatioun mat de Fonctionnairen déi do sinn. An et kann net sinn, datt de Ministère muss zu 100% fonctionnéiere wéi e virdru fonctionnéiert huet, well soss brauch ee kee Minister. An ech muss soen, ech hu ganz vill gutt Fonctionnairen do, a mat deenen et scho wäert geléngen dee Ministère och an Zukunft gutt ze geréieren. 

Jean-Claude Franck: Hutt Dir dann awer scho Léisunge fir déi Leit ze ersetzen, och an deene ville Verwaltungsréit? Do si jo eng ganz Partie Decisiounen déi drun hänken. 

Pierre Gramegna: Jo, d'Decisioune vun de Verwaltungsréit déi kommen, nodeems ee sech d'Equipe ginn huet. Ech sinn aktiv am Gaangen déi Equipe zesummenzesetzen an dat wäert schonn an engem ganz noe Futur de Fall sinn, datt d'Equipe en place ass. 

Jean-Claude Franck: Grad d'Positioun vum Tresors-Direkter ass jo awer net onwichteg. Wie gëtt dat deen neien? 

Pierre Gramegna: Dat ass nach net decidéiert. 

Jean-Claude Franck: Mä Dir hutt awer do Leit déi awer a Fro kommen, oder? 

Pierre Gramegna: Jo. 

Jean-Claude Franck: Eng Fro nach um Schluss: Dir sidd och zoustänneg fir de Verkaf vun den Aktien vun der Cargolux. Gëtt et een Datum, wéini déi Parten un HNCA verkaf ginn, an och déi Zuel vun deem Verkaf, wat een do erakritt als Staat? Taucht dat och am Staatsbudget schonn op, oder kënnt dat nodréiglech bäi? 

Pierre Gramegna: D'Operatioun ass jo ënnerschriwwen an an deenen nächste Woche misst de Paiement erfalen. An do waarde mir, datt dat wierklech geschitt, mä ech sinn do ganz confiant, well alles lo an deem Deal do gutt virugeet. 

Jean-Claude Franck: Wou sinn déi Suen dann, sinn déi am Staatsbudget scho mat agerechent, oder komme se nach zousätzlech bäi? 

Pierre Gramegna: Neen, neen, déi sinn nach net gelant. 

Jean-Claude Franck: Dat géife jo dann nach eng Kéier 120 Milliounen Dollar zwar da méi ginn. 

Pierre Gramegna: Jo, et gëtt 120 Milliounen Dollar méi. Mä mir mussen der, well mir verschidden Aktien erëm opkafen als Ministère, da ginn déi 120 kompenséiert an da bleiwen ongeféier 70 Milliounen Dollar. 

Jean-Claude Franck: Déi nach zousätzlech bäikommen als Recette. 

Pierre Gramegna: Jo. 

Jean-Claude Franck: Voilà, bei eis am Studio déi lescht Stonn de Finanzminister Pierre Gramegna. Merci, datt Dir an der Woch vum Dépôt vum Staatsbudget bei eis an de Studio komm sidd fir d'Explikatiounen. 

Pierre Gramegna: Merci, et war eng grouss Freed. 

Jean-Claude Franck: An eisen Nolauschterer Merci fir den Interessi. En neie Rendezvous mat “Riicht eraus” gëtt et haut an enger Woch, selwecht Plaz, selwecht Antenn. 

Dernière mise à jour