Pierre Gramegna au sujet du Conseil Ecofin, de la directive sur la fiscalité des revenus de l’épargne et l’Union bancaire

Groussen Oral also haut fir den Xavier Bettel virun den Deputéierten. Fir de Finanzminister ass et den Ament en éischten Optrëtt a senger neier Fonctioun op europäeschem Niveau. Zu Bréissel vertrëtt de Pierre Gramegna haut eist Land am Ecofin, nodeem gëschter ewell den Eurogrupp beienee war. De Pierre Gramegna hu mir de Moie live am Gespréich. Gudde Moien op Bréissel.

Pierre Gramegna: Jo, gudde Moien.

Roy Grotz: Här Gramegna, Dir hutt Ären Kollegen am Eurogrupp gëschter och natierlech d’Prioritéite vun der neier Regierung a Saache Budgets- a Wuesstemspolitik duergeluecht. Hutt Dir hinnen dann och Detailer driwwer ginn, wéi Lëtzebuerg zu den Aspuerunge vun 1,5 Milliard wëll kommen?

Pierre Gramegna: Neen, do zum Detail ass et natierlech net komm. Ech hu mat menge Kollegen natierlech missen d’Prioritéiten an d’Eckwäerter déi d’lëtzebuerger Regierung sech ginn huet erklären. An déi Eckwäerter si jo bekannt, an zwar datt Lëtzebuerg wëll seng Objektiver de moyen terme vu + 0,5% vum PIB anhalen, bis 2018, sachant datt mir am Joer 2015 wéinst de Pertë vu Recettë vum Commerce électronique, sachant datt mir doduerch natierlech 2015 e grousst Lach kréien. An dat muss een natierlech dann zu Bréissel melle le moment venu, an dat hunn ech och an d’Perspektiv gesat.

Dat zweet wat ech menge Kollegen erkläert hunn ass, datt mir wëllen d’Staatsschold net iwwer 30% vum PIB klamme loossen – déi ass haut bei 25%. Ech hunn awer och erkläert, datt mir 2013 an der Rei si par rapport zu den europäesche Critèren. An dat ass op där enger Säit, wéi op där zweeter natierlech och, datt d’Regierung drop aus ass, eng durabel Croissance op der lëtzebuerger Ekonomie ze hunn, an esou och ze versichen de Chômage erof ze kréien.

Roy Grotz: Ebe just, wéi ass déi dann ze erreechen, déi durabel Croissance? Lues a lues zitt se jo un, och allgemeng am Eurogrupp, déi Wäerter si bekannt. Wéi kann dann d’lëtzebuerger Ekonomie vun deem lues a luesen Opdriff profitéieren, mengt Dir?

Pierre Gramegna: Lëtzebuerg hänkt immens vill vum Ausland of. An dee gréisste Vecteur de croissance dee Lëtzebuerg huet ass natierlech international, an dat ass esouwuel op der Finanzplaz, déi sech ka weider entwéckelen an diversifizéieren, an déi 4 Haaptsecteuren déi d’Regierung och identifizéiert huet vun der Technologies de l’information, vum Environnement, vun Health Technologies, also Gesondheetstechnologien, an d’Logistik.

Roy Grotz: Da kommt, mir bleiwen awer eng Kéier direkt bei Ärem Domaine, an iwwer dat wat och haut am Ecofin geschwat gëtt. Muss sech Lëtzebuerg net grad do op en extrem raue Wand aus der EU gefaasst maachen? Ech denken natierlech un d’erweidert Direktiv iwwer d’Zënsbesteierung, déi den Ament jo nëmme fir d’Bezuele vun Zënsen duerch physesch Persoune gëllt.

Pierre Gramegna: Jo, déi Debatt ass haut de Moien. Et ass och den éischte Punkt um Ordre du jour. Ech wäert do insistéieren, datt déi Argumenter déi Lëtzebuerg opbréngt gutt gehéiert ginn. A mir hunn eng Positioun do, déi an der Continuitéit ass vun der virëschter. An ech kann déi kuerz erklären.

Mir kënnen enger Erweiderung vun der Zënsdirektiv nëmmen zoustëmmen, wann Negociatioune mat 5 Länner an Europa, déi um Kontinent sinn, ugefaange ginn an e bësse weider ginn, haaptsächlech mat der Schwäiz. A vun der Schwäiz hu mir nach guer keng Äntwert, wat déi bereet sinn ze maachen. An esou laang d’Schwäiz net seet, datt se en equivalente System wéi dee vun dem Échange d’informations, dee Lëtzebuerg jo elo upeilt, wëllt maachen, ka Lëtzebuerg net bougéieren.

Dat zweet ass, datt Initiativen op allen Niveauen, och an der OCDE, op deem Échange d’informations och gemaach ginn, an datt et kee Sënn huet, ze vill séier esou eng Direktiv unzehuelen, déi herno misst ugepasst ginn. Et ass also net urgent fir an deenen nächsten Deeg a Wochen do elo e Kompromëss ze fannen. An ech wäert menge Kollegen dat erklären, och wann dat natierlech net op grouss Zefriddenheet stéisst.

Roy Grotz: Mä mengt Dir, datt mir nach laang deen do – et ass jo net just e Cavalier seul, mir sinn net esou ganz alleng, an awer – datt mir dee weider kënnen duerchhalen, déi nächste Méint?

Pierre Gramegna: Also, dat ass eng schwéier Fro. Ech wäert d’Kollegen och erënneren, datt Lëtzebuerg jo elo de Wee vum Échange automatique ageschloen huet. A mir wëllen dat op den 1. Januar 2015 asetzen, an dat wäerte mir och maachen.

An ech mengen, déi nächst Méint wäerten eis jo och weisen, ob d’Schwäiz op dee selwechte Wee geet. A wann d’Schwäiz op dee selwechte Wee geet, dann hu mir jo, wéi een dat op Englesch schéi seet, a level playing field, datt also eis Haaptkonkurrenten Ähnleches maachen. An da ka Lëtzebuerg méi flexibel sinn.

Roy Grotz: Dir musst haut och op méi Levele playen. Dir sidd am Nomëtteg fir d’Ried vum Premier Bettel hei. Duerno riskéiert Dir, nach eng Kéier zeréck mussen ze fuere wéinst der Union bancaire, déi och um Ordre du jour steet?

Pierre Gramegna: Dat ass richteg. An d’Présidence huet annoncéiert, datt se vläicht haut den Duerchbroch wëllt erreechen.

Och dat ass e ganz wichtege Sujet fir Lëtzebuerg, well et geet net nëmmen dorëms, datt mir wëllen eng Finanzplaz hunn, déi diversifizéiert ass an efficace, mir mussen natierlech och eng hunn déi sech an den europäesche Rahmen afügt, net nëmme fir d’Zënsdirektiv mä och fir d’Union bancaire. An et ass eisen Interêt, datt déi Union bancaire gutt fonctionnéiert, datt se fir Lëtzebuerg och Atoute bréngt. An Atouten heescht, datt mir zwar do mussen abezuele fir déi Fongen déi do geschafe gi fir d’Banken ze protegéieren, oder plutôt fir d’Staaten ze protegéieren op där enger Säit, mä datt mir awer och e Bénéfice dovunner hu wann esou Krisenzäite kommen. Dofir muss ech dann onbedéngt effektiv nom Xavier Bettel senger Ried, wou ech mech drop freeën, op Bréissel zeréckkommen.

Roy Grotz: Voilà, e chargéierten Dag also fir de Pierre Gramegna. Merci fir d’Explikatiounen, an e Bonjour natierlech op Bréissel.

Pierre Gramegna: Merci, Äddi.

Dernière mise à jour