Luc Frieden au sujet de l'actualité politique luxembourgeoise

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Guy Kaiser: Nach e bësselche midd vun där laanger Nuecht?

Luc Frieden: Neen, neen, ech si scho ganz op Zack. Ech mengen et si schwéier Sitzungen, et si schwéier Zäiten, mä dat gehéiert e bëssen dozou. Schwéier Sitzungen, well et geet am Fong drëm ze kucken am europäesche Finanzminister-Conseil wat mir maache wann eng Bank a Schwieregkeete kënnt, wien da muss bezuelen. An dat sinn Themen, déi och fir eist Land wichteg sinn, an déi fir d’Stabilitéit vun der Eurozon wichteg sinn. An dat dauert eben dofir laang. Mir sinn net eens ginn hënt, an dofir wäerte mir e Mëttwoch musse weiderfueren.

Guy Kaiser: Doropper komme mir nach zeréck. Dir hutt elo, fir dat méi Mënschlecht unzefänken, hat Dir 15 Sekonne geäntwert, dobäi bleift et eigentlech scho fir dës Émissioun, well fir dat Mënschlecht bleift an dësen Zäiten net vill Sputt. Et sinn haart Zäiten an der Politik, och an där nationaler.

De Procureur général Robert Biever sot dës Woch am Bommeleeër-Prozess, de fréiere Chef vun der Police hätt mat Iech, Här Frieden, ofgemaach, datt am Gesetzprojet “Entrave à la justice�? de Paragraph iwwer d’Strafvereitelung im Amt sollt gestrach ginn. En Accord tacite also tëschent Minister a Policendirekter. Mä op eemol wier de Paragraph nees am Text dra gewiescht, an zwar ënnert Ärem Successeur, dem François Biltgen.

Mat der Hëllef vun engem Zeien konnt déi Beschëllegung géint Iech Uganks vun der Woch entkräftegt ginn. Ma schonn den Dag drop, also Donneschdeg moies gouf et eng Perquisitioun an Ärem fréiere Ministère, also an der Justiz. Wat haalt Dir vun esou Noriichten?

Luc Frieden: Also generell fannen ech net gutt wéi mir a leschter Zäit als Mënsche mateneen ëmginn, wéi mir tëscht den Institutioune mateneen ëmginn.

An dofir, wann Dir sot, datt ech 15 Sekonne geäntwert hätt, wéi et mir geet, dat ass par rapport zu der Sitzung vu gëschter. Mä ech fanne generell, an dat hunn ech jo och bei de Kollege op der Televisioun gesot, mécht dat mech ganz rosen, mä wann ech e puer Deeg Recul hunn, mécht et mech virun allem traureg.

Mir kënnen dach net dauernd een iwwer deen aneren esou uerteelen, ouni d’Fakten all ze kennen. Dir hutt ugeschwat d’Élaboratioun vun deem Gesetz iwwer d’Entrave à la justice. Dir musst Iech emol virstelle wéi esou eng Chambersitzung do geet. Do gëtt an der, um Geriicht seet de Procureur eppes wat en aneren him gesot hätt. Dozou ginn ech an der Chamber gefrot, net um Geriicht, an der Chamber gefrot. Mä an der Chamber kommen net d’Fakten op den Dësch, mä et gëtt Twittere vun de Medien als Basis geholl fir meng Ausso.

Dat heescht, mir fonctionnéieren net méi normal. Engersäits ass e Prozess do, dee Prozess dee muss geféiert ginn, an dee gëtt um Geriicht geféiert.

An der Chamber musse gekuckt gi Responsabilitéiten, musse Gesetzer gestëmmt ginn. An ech hunn d’Impressioun, mir maachen alles e bëssen duercherneen, a mir sinn an enger extrem beuerteelender Gesellschaft ukomm, wou jiddwereen direkt deem anere säi Riichter ass. An dat ass eppes wat mech, och grad ronderëm dësen Nationalfeierdag, extrem besuergt.

Guy Kaiser: Dat hëlt een och alt méi an Uecht op Internetsiten, wou direkt ganz séier kommentéiert gëtt.

Mä fir dat Mënschlecht net op der Säit ze loossen, hei handelt et sech trotzdem em Iech, fréiere Justizminister, natierlech sidd Dir och Mënsch niewelaanscht, mä do sidd Dir an der Fonctioun [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: Virun allem emol Mënsch.

Guy Kaiser: Gutt, mä et geet awer elo hei em Är Fonctioun als fréiere Justizminister, respektiv och den Här Biever ass natierlech virun allem Mënsch, mä en ass awer Procureur général. A wann hien esou Saache seet, dat ass jo awer iwwerraschend, oder?

Luc Frieden: Selbstverständlech. An ech hunn déi Fonctioun als Justizminister net nëmme gäre gehat, mä ech hunn déi och ëmmer ganz sérieux ausgeübt.

Ech fannen et nämlech ganz wichteg datt mir eng gutt fonctionnéierend Justiz hunn, dofir hunn ech der Justiz méi Mëttele ginn, dofir hunn ech och regelméisseg Gespréicher geféiert mam deemolege Procureur général, dem Här Klopp, mam Procureur vun der Stad a vun Dikrech, dem Här Biever an dem Här Bour, mat deenen ech alleguer och ganz gutt zesumme geschafft hunn, fir eben ëmmer erëm ze kucken, wat musse mir maachen, datt déi Justiz uerdentlech fonctionnéiert.

Mä et kann net esou sinn, an dofir kommen ech nach eng Kéier op dee Punkt zeréck, datt deen ee permanent an deem Débat vun deem aneren intervenéiert. Während der Chamberdebatt mécht op eemol de Procureur e Communiqué, deen dann erëm vun den Deputéiert zitéiert gëtt, ech maachen eng Ausso an der Chamber, deen Dag duerno - respektiv och héich Beamten aus dem Justizministère - deen Dag duerno ginn déi dann op d’Geriicht zitéiert. Ech mengen datt dat alles net zum gudde Fonctionnement vun den Institutiounen bäidréit.

Or, eist Land ass staark ginn, a war staark duerch gutt fonctionnéierend Institutiounen. An dofir verlaangen ech wierklech datt mir eis erëm e bësse rappen, datt mir de Respekt virun den Institutiounen hunn.

A wann ech ronderëm d’Welt reesen, an ech maachen dat vill fir nei Investisseuren ze kréien, da war ee vu menge Sätz ëmmer, datt mir e gutt fonctionnéierende Staat hunn, mat der politescher a wirtschaftlecher Stabilitéit. An dat sinn Atouten, déi dierf een net einfach liichtfankeg, aus wat fir enge Grënn och ëmmer, op d’Spill setzen.

An dofir wierklech, komm mir ginn erëm e bësse méi normal mateneen em. Dat heescht net datt jiddweree muss deen anere gutt fannen. D’Froe musse gekläert ginn. Um Geriicht gëtt e Prozess gemaach, do sinn zwee Leit ugeklot, do muss, do ass eng Enquête gemaach ginn, an déi muss zu engem Uerteel féieren, wat déi Leit fräi schwätzt oder schëlleg erkläert, och de Prinzip vun der Présomption d’innocence ka weder fir déi Leit, nach fir anerer einfach iwwer Bord gehäit ginn, mä pour le reste musse mir respektvoll mateneen ëmgoen.

Guy Kaiser: An Dir mengt dat wier den Ament net de Fall. Dir hutt elo de Procureur ugeschwat.

Wier et dann net erëm emol un der Zäit datt - ech mengen et handelt sech jo awer hei em eng Vertrauenskris, esou gutt wat de Legislativ, den Exekutiv an och de Judicativ betrëfft - wier et dann net do un der Zäit sech emol eng Kéier un een Dësch ze sëtze fir eventuell Interpretatiounsdivergenzen, dat ass jo e modernt Wuert, fir déi emol aus der Welt ze schafen?

Luc Frieden: Ech mengen datt mir eis alleguer hei am Land mussen erëm méi ronderëm en Dësch sëtzen. Eng vun de Stäerkte war och am wirtschaftlechen a soziale Beräich, datt mir eis un en Dësch setzen, an da kucken, wou sinn d’Défien? Eist Land huet riseg Défien, mir kommen herno nach sécherlech drop. Och do brénge mir et net fäerdeg eis ronderëm en Dësch ze setzen.

An ech mengen, an dat ass eent vun den Ziler wat mech motivéiert an der Politik, ech hätt gären datt eis Institutioune gutt fonctionnéieren. An ech fannen, dofir sinn ech och gäre Finanzminister, well dat e Beräich ass deen eng horizontal Fonctioun huet, datt mir zesumme kucken, wou sinn d’Erausfuerderungen, wat mécht eis Konkurrenz, a wéi kënne mir et maache fir besser ze si wéi déi aner.

Ech hätt gären datt hei am Land eppes geschitt. Ech hätt gären datt eppes geschitt, an datt mir eis zukunftsorientéiert mat deene Froen ofginn, déi absolut wichteg sinn. Déi aner déi mussen och gekläert ginn, mä ech hunn d’Impressioun mir sinn extrem, kucke mir nëmmen an de Réckspigel, a mir versichen alles nëmmen an enger schneller, iwwermediatiséierter Zäit een iwwer deen aneren ze uerteelen, an eis net em déi wiesentlech Froen ze bekëmmeren.

Guy Kaiser: Déi Persoun déi Iech am Laf vun dëser Woch, d’Beschëllegunge géint Iech entkräftegt huet, ass jo den Här Schleder, e muss jo och nach am Prozess selwer dann aussoen, steet deen Ament ënnert Eed. Wann dee Mann bei senger Versioun bleift, an Dir och, da steet jo de Procureur op eng gewësse Manéier domm do, well wann dräi Leit zwou verschidde Versioune verzielen, da misst jo eigentlech am Prinzip op d’mannst ee léien? Dat ass jo awer och eng ganz cocasse Situatioun.

Luc Frieden: Dat ass richteg, mä dat ass awer och net richteg den Objet vun deem Prozess, dee fir de Moment um Geriicht stattfënnt.

Ech wëll soen, nach eng Kéier, wann ee e Projet de loi ausschafft, dann ass et net e Projet de loi, an de Minister huet net säin Accord zu deem Projet ginn, bis ech en dem Staatsminister schécke fir en am Regierungsrot virzeleeën.

Dee Punkt, deen an der Diskussioun ass, a wou gesot gëtt, den Här Reuland wier do net ganz dofir gewiescht, dat ass genee dee Punkt, deen och d’DP an den ADR net dofir waren. An ech hu mech op där Fro net festgeluegt, ech war also éischter op der Linn déi och duerno d’DP an den ADR ausgedréckt huet, mä ech hunn ëmmer gesot, well dat och d’Meenung war vu ganz ville Leit, déi gesot hunn, maache mir méi wéi de franséischen Text, an déi Fro hunn ech bis zum Schluss net tranchéiert, well ech war nëmme bis Mëtt 2009, an dofir Här Kaiser ass et wichteg datt ee seet, ech kann dach net mech fir eppes veräntwerten, wat ech nach net definitiv décidéiert hunn.

Mir uerteelen hei iwwer d’Élaboratioun vun engem Gesetzprojet. Dat ass net um Geriicht ze maachen, et ass iwweregens och net un der Chamber ze maachen. Esou laang de Gesetzprojet net do ass, ass keen do.

An et gouf keen Ofkommes mat iergendengem. Ech maachen dat iwweregens bei kengem Projet de loi. Ech décidéieren als Minister nodeem ech jiddwerengem nogelauschtert hunn. Och dat ass eng vun de Stäerkte vun eisem Land [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: An Dir dementéiert u sech domat formell datt Dir iergendwellechem Drock vun engem fréiere Polizeidirekter do e bësselchen noginn hätt, well Dir [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: Absolut, absolut. Mä iwwer dee Paragraph, deen net am franséischen Text stoung, goufen et ganz vill Kritiken. Ech soen dofir nach eng Kéier, déi zwou Oppositiounsparteien déi en och dofir net gestëmmt hunn, oder sech enthalen hunn. Mä dat war e Punkt dee schwéier diskutéiert ginn ass. An dofir hunn ech gesot, bon do musse mir all Klacke lauschteren. An dat ass och eng Stäerkt vun eisem Land.

Ech fannen datt et gutt ass wa mir zesumme schwätzen, an een deem aneren nolauschtert. An ech consultéiere ganz vill, bei all Projet de loi, och déi déi ech haut an de Finanze maachen. An da kréien ech ganz oft d’Fro gestallt, ass et dann normal datt dee Procureur do an de Justizministère kënnt, datt d’Polizisten an de Justizministère kommen? Jo. An der Élaboratioun vun engem Projet de loi fannen ech et normal datt mir een deem aneren nolauschteren.

Ech mengen eng vun de Stäerkte vum Lëtzebuerger Land, an dat gesinn ech oft och erëm eng Kéier op menge Wirtschaftspromotiounsreesen, datt Leit soen, mä formidabel wéi dir zu Lëtzebuerg tëscht dem Privatsecteur an dem ëffentleche Secteur matenee schafft, een deem aneren nolauschtert. An ech ka soen, als Justizminister hunn ech selbstverständlech och de Gewerkschafte vun der Police nogelauschtert, hunn ech selbstverständlech der Magistratur nogelauschtert. Mä en fin de compte hunn ech da missten d’Décisioun huelen. An an dësem Projet de loi hat ech nach keng definitiv Décisioun geholl.

Guy Kaiser: Ech hunn e bësselchen an eisen Archiven nogekroopt, an ech hu gesinn, do goufen et hefteg Communiquéen, zum Beispill vun enger Apuc, dat ass d’Associatioun vun de Cadres universitaires an der Police, do waren trotzdem ganz hefteg Iwwerleeungen dran, wou gesot gouf, wann dat do a Kraaft trëtt, dann ass dat u sech ee Gesetz wat ee grad esou gutt hätt kënne maachen an enger Diktatur. Dat weist schonn drop hin datt et hefteg Oppositioun aus deenen do Kreeser gouf. An déi krut Dir deemools als Justizminister net ze spieren?

Luc Frieden: Majo selbstverständlech. Ech hu jo gesot, dofir war dat do en héichkontestéierte Punkt. Dat war also net e Punkt, dee just dem Här Reuland net gefall hätt, mat deem ech iwweregens, mengen ech, maximal ee- bis zweemol doriwwer geschwat hunn, well hie mir seng Meenung gesot huet, wat och net anormal ass. Mä déi Meenung, déi hien do gesot huet, déi hunn enorm vill Leit gesot. An dat ass jo de wiesentleche Punkt.

Mä ech wëll soen, datt ech weder him nach engem anere Recht ginn hunn, well ech mech bis zum Schluss op där Fro do nach net meng total iwwerzeegend Conclusioun nach konnt zéien. An dee Punkt ass en Suspens bliwwen, a mäi Successeur als Justizminister huet de Projet dunn duerno weiderginn, op den Instanzewee, an dee Punkt, dee contestéiert war, huet de Justizminister Biltgen awer an de Projet geschriwwen. A wéi dee Punkt am Regierungsrot war, dat hu mir nogekuckt, hunn ech dee Punkt ënnerstëtzt, an ech hu mech also net do géint dee Projet de loi, wéi den Här Biltgen en abruecht huet, ausgeschwat, iwweregens keen anere Minister och, mä et ass an der Chamber och nach eng Kéier ganz hefteg driwwer diskutéiert ginn.

Mä am Fong ass dat net ganz wichteg. Wichteg ass, datt ee sech emol iwwerleet iwwer wat mir hei diskutéieren. Mir diskutéiere wéi e Projet de loi entsteet. An ech soen nach eng Kéier, ech fannen et gutt wann e Projet de loi entsteet, datt ee ganz ville Leit nolauschtert, datt een och déi eenzel Argumenter huet, mä da gehéiert et och zum Politiker, zur politescher Aufgab, zum Leadership an der Politik datt een dann tranchéiert. An dat hunn ech ganz oft am Liewe gemaach.

An dofir soen ech och, mir mussen och een deem aneren trauen, a mir mussen eis och nach zu eppes trauen. Dat gëllt iwweregens och an der Wirtschafts- a Finanzpolitik. Wa mir elo bei alles fäerten [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Op deen do Punkt komme mir nach am zweeten Deel zeréck, Här Frieden.

Luc Frieden: Wa mir bei alles fäerten, da komme mir och an dësem Land net méi virun. Mä mir fäerte wann direkt alles negativ duerno presentéiert gëtt.

Guy Kaiser: Ma d’Verhältnis tëschent Iech, Här Frieden, an dem Procureur schéngt mir jo awer an der Lescht e bësselche vergëft ze sinn. Ech hunn de Verbatim vun där zoustänneger Kommissioun geliest, wou Dir perséinlech mam Procureur Biever, an och mat der Untersuchungsriichterin Doris Woltz konfrontéiert gi waart. Déi verschidden Aussoe kann een elo dréinen a kéiere wéi ee wëllt, Dir hutt net expressis verbis gefrot, datt d’Enquête a Saache Bommeleeër sollt agestallt ginn. Ma déi grouss moralesch Ënnerstëtzung war et awer och net, oder?

Luc Frieden: Ech hu mech jo dozou an der Chamber schonn erkläert, an och bei Iech op RTL.

Ech mengen et ass, et muss een dat ëmmer och an déi Zäit situéiere wou déi Saachen do diskutéiert goufen. Dat war iwwer 20 Joer nom Prozess, an datt een do freet als Justizminister, wéi kommt dir virun, kënnt dat do zu engem Prozess, mécht dat do Sënn? Dat ass eng Fro déi honnerte vu Leit sech am Land gestallt hunn, a wou ech och fannen, datt e Justizminister déi muss kënne stellen.

Ech hunn ni gesot, haalt op mat där Affär. Ech hunn Iech och gesot, hei an op anere Plazen, wou wier mäin Intérêt dodrunner un enger Affär déi 20, elo schonn 30 Joer zeréck ass, mä d’Justiz soll hir Aarbecht do maachen, d’Justiz soll déi Aarbecht ofschléissen, a si huet jo gemaach, a si ass elo amgaange se ofzeschléissen um Geriicht.

An dofir mengen ech datt hei wierklech, ech weess net firwat, ech soen et nach eng Kéier, ech weess net firwat [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Mä wann Dir eemol oder e puermol gesot hutt, oder hätt, zum Procureur, hutt Dir da soss näischt ze dinn, wéi dat do. Dat ass jo awer trotzdem e bësselchen déi Aarbecht déi si amgaange waren ze maachen, a Fro gestallt?

Luc Frieden: Also éischtens emol sinn ech einfach, ech komme mir net zou an dem Erstaunen, datt d’Leit wësse wéi ee millimetergenee Wierder ausgedréckt huet viru 6, 7 Joer. Dofir mengen ech och net datt ee kann dat genee soen, wat da genee gesot ginn ass.

Ech weess just wat meng Intentioue waren. A meng Intentioun war ni datt déi Affär, déi Enquête géing net weider goen. Mä datt ech mir d’Fro stellen niewent esou vill aneren Affären, wou d’Leit sech bekloen, datt déi net schnell genuch viru ginn, zu Recht oder zu Onrecht, mä Dir wësst datt generell d’Leit fannen, datt d’Strofjustiz lues ass, well se och oft komplizéiert ass. Datt een esou eng Fro stellt an engem fräie Land, och wann ee Justizminister ass, dat muss awer wierklech nach erlaabt sinn.

Guy Kaiser: Da loosse mir et aneschtes dréinen, Här Frieden. Wann de Procureur därmoosse gefaart huet Iech op der Strooss ze begéinen, well hien eben dovunner ausgoung, do paraphraséieren ech e bësselchen dat wat e gesot huet an där Sëtzung [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: Dir paraphraséiert dat awer relativ wäit.

Guy Kaiser: A wat fir engem Sënn?

Luc Frieden: Ech mengen datt de Procureur mech ni gefaart huet. Ech hunn de Procureur regelméisseg gesinn, an dat ass wéi gesot, gehéiert zu mengen Aufgaben. A wann déi Saachen esou schlëmm gewiescht wieren, wëll ech och nach soen [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: En hat een Ament gesot, Här Frieden, en hätt Iech gesi kommen op der Strooss, an du huet hie sech gesot, o mäi Gott, elo wäert deen erëm ufänke vum Bommeleeër.

Mä op wat ech wollt erausgoen, Här Frieden, dat ass [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: Ech wëll just soen, Här Kaiser, wann déi Saachen esou schlëmm gewiescht wieren, a wann dat wierklech esou ëmfonnt gi wier, ech mengen da waart een net 7, 8 Joer bis een dat iergendwéi wëllt erklären [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dat wier u sech meng Fro gewiescht.

Luc Frieden: Da geet ee bei de Procureur général. An dofir kann ech mir awer ëmmer nach net déi Fro beäntweren, firwat dat [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Majo wier et dann net un der Zäit deen Ament gewiescht fir de Procureur général, oder deemools Procureur, fir bei de Staatsminister ze goen, a sech iwwer Iech ze beschwéieren?

Luc Frieden: Dofir stellen ech nach eng Kéier d’Fro. Firwat, firwat elo? Ech hu keng Äntwerten dorop, an ech beuerteelen och net einfach Leit, wann ech keng Fakten hunn.

Mä wann de Procureur dat do als ganz schlëmm ëmfonnt huet, da geet hie bei säi Chef, dat ass de Procureur général, an da muss dee kucke wat domat ass.

Ech soen nach eng Kéier, meng Intentioun war ni an deem an an engem aneren Dossier net, datt eng Affär soll ofgeschloss ginn. Ech hunn a) net dofir d’Moyenen, b) keen Intérêt dofir, an de grâce loosse mir d’Geriicht do seng Aarbecht maachen, loosse mir d’Geriicht dat an der Serenitéit maachen. An och d’Geriicht selwer muss kucken, datt dat an der Serenitéit geschitt.

Wann ech soe Geriicht, dann ass dat Untersuchungsriichter, dann ass dat Parquet, dann ass dat d’Riichteren déi d’Uerteel duerno spriechen.

Datt d’Leit dat dobausse kommentéieren, datt d’Medien dat kommentéieren, dat ass eng Saach. Mä jiddwereen an dësem Staat, och d’Medien, och d’Politik, an och d’Geriicht huet seng eegen Aufgaben, seng eege Responsabilitéit. D’Fräiheet geet och ëmmer zesumme mat Responsabilitéit. An dofir loosse mir déi Fräiheeten déi mir hunn, och grad erëm ronderëm eisen Nationalfeierdag, déi wiesentlech sinn an eisem Land, dat sinn net d’Fräiheeten déi just an eng Richtung ginn, déi Fräiheete verlaangen och datt mir eis un eis Regelen halen, an datt mir eis Responsabilitéit, déi mat deene Regele geet, och ganz iwwerhuelen. D’Fräiheet an Obligatioune sinn zwou Säite vun där selwechter Médaille.

Guy Kaiser: Wat mech perséinlech, an och vill aner Leit schockéiert huet, dat war den Optrëtt vum Procureur, dee sech an der Ëffentlechkeet huet misse géint d’Virwërf vu Pädophilie wieren. Do si mir dann an engem anere Szenario, géing ech soen, vum Bommeleeër eriwwer bei de Geheimdéngscht, obwuel déi zwee Dossieren jo awer zanter Méint enk zesummenhänken. De Premier selwer sot viru Méint op dëser Antenn datt et sech tatsächlech em eng Affär handelt.

Mat allem wat gewosst ass, et ass schonn dramatesch wat de SREL sech an de leschte Joere geleescht huet, oder? Ech mengen den Ausseminister sot gëschter nach um Deutschlandfunk, mir hunn ee klenge Geheimdéngscht, mä deen huet ganz grouss Mëscht gebaut.

Luc Frieden: Ech kennen net den Detail vun deem wat do an där Enquête-Kommissioun diskutéiert ginn ass, an et soll een och déi Kommissioun hir Aarbecht maache loossen. Och do warnen ech virdru fir virschnell Conclusiounen ze zéien. Dofir setzt een eng Enquête-Kommissioun an, datt déi all d’Fakte kuckt, an datt déi dann op eng équilibréiert Aart a Weis hir Schlussfolgerunge mécht. Do si mir nach net.

Ech gi gären zou datt vun deem wat ech héieren an de Medien iwwer de Geheimdéngscht, datt dat net alles perfekt gelaf ass. Mä Conclusiounen doraus ze zéien, dat ass eng ganz aner Geschicht. An ech mengen iwwerall kënnen et emol Saache ginn déi schif ginn. Dat ass net gutt, an dofir muss och gekuckt ginn an der Zukunft datt dat net méi ka geschéien. An dofir wëllt jo och d’Regierung schonn do Initiativen huelen. Si huet der schonn emol geholl, well et ass schonn eng Kéier en neit Gesetz gemaach ginn iwwer de Geheimdéngscht. Mä et muss een ëmmer kucken, datt et e Kader gëtt innerhalb vun deem d’Kontrollmechanismen esou fonctionnéieren, datt wa méiglech näischt ka geschéie wat net de Regelen entsprécht.

Guy Kaiser: Mä wann de Staatsminister zum Beispill wosst, datt géing eng Enquête géint de Procureur gefouert ginn, firwat huet hie sech net méi em déi Saach gekëmmert? Déi Remarque, ech hunn héieren du häss e Puff zu Esch, dat kann een op eng gewësse Manéier wuel witzeg ophuelen, mä eng Enquête géint de Procureur ass jo schonn net näischt. Wann de Premier vun esou enger Enquête wosst, firwat huet hie soss näischt ënnerholl?

Luc Frieden: Fale mir elo net an deen nämmlechte Feeler, dee mir virdrun anere virgeworf hunn!

Et ass net un eis zwee hei ouni all d’Fakten ze kennen, ouni mat där Persoun ze schwätzen déi dat concernéiert, hei Schlussfolgerungen ze zéien.

Ech soen nach eng Kéier, an dat huet de Staatsminister jo och selwer gesot an der Chamber, hei si Saachen déi net gutt gelaf sinn, an elo muss ee kucken, wie wosst wat, zu wéi engem Zäitpunkt. An dofir ass déi Enquête-Kommissioun do.

An ech hätt gären, wann ech richteg geliest hunn, kënnt déi d’nächst Woch 5 Mol zesummen, datt déi iwwer déi Fakten do kucken, an duerno, wann dee Rapport ugeholl ass, net just de Rapport deen den Här Bausch geschriwwen huet, dee seng Meenung doriwwer huet, als Oppositiounspolitiker, als Mënsch, mä nodeem déi Kommissioun dat gekuckt huet, wäert de Staatsminister dozou Stellung huelen, an da ginn d’Schlussfolgerunge gezunn.

Guy Kaiser: Eng vun de Conclusiounen [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: Ech beuerteelen net einfach esou, op Grond vu Saachen déi ech um Radio héieren, weder de Staatsminister nach iergend en aneren. Ech kommen dofir nach eng Kéier drop zeréck [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Obwuel villes um Radio richteg ass, gelt.

Luc Frieden: Et ass um Radio och net alles richteg, Här Kaiser.

Guy Kaiser: Dat kucke mir dann am Laf vun den nächste Wochen a Méint.

Mä eng vun de Conclusioune vum Här François Bausch ass jo schonn, et ass incontestabel datt déi politesch Verantwortung beim Premier läit. Dat huet hie selwer och scho gesot, wéi hie sech virun de Minister Luc Frieden gestallt huet, mat der Iwwerleeung, et kann een zwar responsabel sinn, dofir awer net onbedéngt schëlleg.

Bei all deem wat bis ewell gewosst ass, dat gëtt awer fir de Staatsminister schwiereg dem Land dat crédibel ze explizéieren?

Luc Frieden: Dir wëllt ëmmer erëm Leit, net Dir perséinlech, mä an deenen Aussoe läit ëmmer schonn iergendeng Virveruerteelung. Loosse mir och do de Prinzip, och an der tëschemënschlecher Relatioun ass fir d’éischt emol eng wichteg Considératioun datt een nolauschtert, an een all d’Fakten op den Dësch leet. Ech mengen och datt dat, a verschiddene Medie méi wéi an anere gemaach gëtt, et muss een all Säit héieren. Eréischt wann een all Säit héieren huet, a wann een d’Fakten um Dësch huet, da soll ee Schlussfolgerungen zéien. Dat gëllt, wéi gesot, an engem juristesche Prozess, dat gëllt an de Medien, an dat gëllt an der Politik.

An ech hätt wierklech gären datt mir erëm dorop zeréckkommen, datt mir iwwer Fakten diskutéieren, an net schonn d’Leit veruerteelen a soe wat se da misste maachen, iert mir se emol héieren hunn. Ech hunn de Staatsminister [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Mä et ginn awer verschidde Fakten, déi [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: Ech hunn de Staatsminister héieren, datt hie gesot huet, mir diskutéieren am Plenum iwwer dee Rapport wann en do ass. De Staatsminister geet den nächsten Dënschdeg an d’Chamber.

Mä loosse mir dem Premier, esou wéi och anere Leit, nolauschteren, an da muss jiddweree seng Aarbecht maachen, an dann huet jiddwereen eng subjektiv oder eng objektiv Beuerteelung doriwwer ze maachen. An do si mir nach net, an dofir [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Mä Fakt ass zum Beispill datt e Gespréich tëschent dem Premier an dem deemolege Chef vum Geheimdéngscht, mat enger Spezialauer enregistréiert gouf. Dem Här Mille ass weider näischt geschitt, grad esou wéineg wéi anere SREL-Memberen. Dat sinn awer Fakten.

Luc Frieden: Dat sinn, wann dat esou ass, sinn dat ganz grav Fakten, an dat ass och absolut inakzeptabel. An dat ass ganz kloer.

Et sinn eng Rei Saache geschitt, déi ee sech kaum hätt kënne virstellen, an déi ganz grav sinn. Mä wéi genee d’Sachlag war, wien dovunner wosst, wat duerno ënnerholl ginn ass, doriwwer wëll ech net einfach esou an enger Radiosémissioun uerteelen, well ech net all déi Fakte kennen, ech sinn net Member vun der Enquête-Kommissioun, ech sinn net Chef vum Geheimdéngscht, ech kann also net dat do beuerteelen, a wëll dat och net maachen, well ech d’Fakten net all kennen.

Mä generell vun deem wat een héiert, ass dat selbstverständlech eppes wat net dierf sinn, a wat net gutt ass fir eist Land.

Guy Kaiser: Da si mir eis elo schonn e Stéckelche méi no komm. Dir wëllt net beuerteelen, ech mat menge Froe wëll och net beuerteelen, och wann Dir mir dat vläicht liicht ënnerstellt, mä mat menge Froe wëll ech Äre Point de vue héieren. An da wiere mir bei där leschter oder zweetleschter Fro virun der Halschent.

An zwar héiert een awer an de Kulissen ëmmer méi mat där Vertrauenskris geet da Rieds, wéi wier et mat Neiwahlen? Wat haalt Dir dovunner?

Luc Frieden: Also et soll ee keng Angscht hu viru Wahlen. Ech mengen net datt ee ganz oft soll einfach eng Legislaturperiod ënnerbriechen. Well och dat gehéiert zur politescher Stabilitéit vun eisem Land. Mir hunn ëmmer eis driwwer, wa mir geschwat hunn iwwer Italien, esou Länner déi 40 Regierungen haten zënter dem Zweete Weltkrich, hu mir ëmmer gesot, et ass net gutt fir e Land a fir seng wirtschaftlech Entwécklung.

Op där anerer Säit soen ech, et soll ee Wahlen net fäerten, mir hunn an der Regierung net doriwwer diskutéiert ob mir fir oder géint Neiwahle sinn. Ech soe just par rapport zu där Fro, déi Dir stellt [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Och net an de Couloiren, neen?

Luc Frieden: Par rapport zu där Fro déi Dir stellt, wann et Neiwahle ginn, a wann déi kënnen d’Problemer léisen, jo, da fannen ech et en fait eng Chance fir mam Wieler kënnen ze schwätzen. An ech mengen datt mir mam Wieler mussen iwwer aner Saache schwätze wéi iwwer de Bommeleeër-Prozess, an iwwer de Geheimdéngscht.

Et kann eng Chance si fir mam Wieler och ze schwätzen, wat fir eng Konzepter hu mir fir erëm zu Lëtzebuerg nei Aarbechtsplazen ze schafen, fir zu Lëtzebuerg mat där Situatioun an der Finanzpolitik ëmzegoen, wéi maachen déi aner Parteien dat? An ech freeë mech op en Débat mam Wieler, ob deen elo stattfënnt, ob deen am Hierscht stattfënnt, oder am Mee d’nächst Joer. Mir si jo souwisou bal um Enn vun der Legislaturperiod.

Mir brauchen einfach erëm eis e bëssen ze rappen, een deen aneren ze respektéieren, innerhalb vun den Institutiounen ze fonctionnéieren.

An ech menge wierklech datt dee Moment komm ass, datt mir déi eng Saachen ofschléissen, an eis erëm op déi richteg Problemer konzentréieren.

Ech kann Iech soe wéivill Stonnen ech dës Woch verluer hunn, verluer hunn entre guillemets, ech soen dat respektvoll och vis-à-vis vun deenen, déi mech do dauernd an de Medien oder an der Chamber geruff hunn, ech muss soen, ech hunn déi Aarbecht dann owens nogeholl. Et geet drëm ze kucken, datt mir hei am Land nei Aarbechtsplaze kréien, datt déi Finanzplaz sech weider entwéckelt, datt am Beräich vun de Kommunikatioune mir nei Aarbechtsplaze schafen, datt an anere Beräicher, dat verlaangt eis total Energie.

An dofir wann Neiwahlen do kënnen e Bäitrag leeschten, datt mir eis erëm kënnen op d’Zukunft konzentréieren, da muss een doriwwer diskutéieren, mä dat ass fir de Moment awer och net d’Fro. Esou einfach déi Iddi, Neiwahlen, dann ass alles geléist, ass mengen ech net d’Solutioun.

Mä ech soen awer och, ech fäerte Wahlen net, am Géigendeel. Wahlen ass eng Chance an enger Demokratie datt d’Wieler, datt d’Leit am Land kënne jugéieren, an net déi, déi duerch Fonctioun, oder duerch Beruff moies fréi, oder owens spéit esou hir Meenung iwwer eppes hunn.

Dee richtege Souverain an engem Land ass d’Vollek. An dat lëtzebuerger Vollek, dat huet dann ze entscheeden, an dat ass näischt wat mech opreegt, au contraire, dat ass eng Chance datt mir an esou engem Land dierfe wunnen.

Guy Kaiser: Gutt Här Frieden. Mir hu scho vill vu Bommeleeër geschwat. Déi wirtschaftlech a finanziell Situatioun vum Land ass net grad esou explosiv. An awer, et geet dem Land net esou gutt, an dat ass dann de Sujet nom Journal.

[Noriichteniwwerbléck]

Bannent 5 Joer goung déi ëffentlech Schold vum Grand-Duché em dat 4 facht an d’Luucht. 2007 waren et 2,5 Milliarden Euro, oder 6,7% vum PIB. 2012 waren et schonn 11,4 Milliarden, oder och 25% vum PIB.

Déi méi grouss Décisiounen, wéi zum Beispill eng Hausse vun der TVA, wieren da vun der nächster Regierung ze huelen.

Och an dësem Kontext huet de Staatsminister vun enger Vertrauenskris geschwat. Déi verschidden Indicateurë stinn op rout, wéi gesot, ëffentlech Finanzen, Kompetitivitéit, Sozialmodell, Chômage, wirtschaftleche Wuesstem.

Et schéngt scho bal esou ze sinn, Här Frieden, wéi wann eis déi gutt Iddie géingen ausgoen?

Luc Frieden: Ech mengen et muss een ëmmer kucken, wou komme mir hier, a wou gi mir hin? Eis Situatioun ass wäitaus besser wéi déi vun den Nopeschlänner. Eis Staatsschold ass mat déi nidderegst an Europa, och wann ech déi erausrechnen déi mir extra gemaach hu fir eng Bank ze retten, wat gutt war, well mir do Dausende vu Leit, vu Clienten an Employéen gerett hunn. Eis Staatsschold ass also net héich am internationale Verglach.

Eis ëffentlech Finanze sinn duerch déi Spuerprogrammen déi mir gemaach hunn, haut op engem Niveau dee konform ass zu den europäesche Regelen.

Mä eise groussen Défi ass deen, wat an deenen nächste Joere geschitt. An dofir mengen ech datt mir eis och do mussen un en Dësch sëtzen, eis en Zil setzen, an dat Zil muss sinn, mir mussen déi Bescht sinn, mir musse besser wéi eis Nopere sinn. A Kompetitivitéit, wat e schrecklecht Wuert ass, heescht am Fong kucken, wat maachen d’Noperen, wat maachen eis Konkurrenten, an dat als e positiven Element ze huele fir besser wéi déi ze sinn. An dat ass gären dat wat ech maachen. Mir brauche méi Wettbewerbsfäegkeet par rapport zum Ausland, datt d’Leit soen, okay, mir kommen op Lëtzebuerg, well do ass et besser fir ze schaffen, fir ze liewen, fir kënnen eis Entreprise weider ze entwéckelen. An dat ass déi grouss Erausfuerderung.

A wann dat fonctionnéiert, an ech sinn optimistesch datt mir dat fäerdegbréngen, well zum Beispill op der Finanzplaz hu mir do ganz villes fäerdegbruecht, da kënne mir nei Aarbechtsplaze schafen, mä dofir muss een heiansdo och Risquen huelen, dofir muss ee sech trauen, an dofir muss een net einfach waarde bis et ze spéit ass.

Guy Kaiser: Dir sot, par rapport zum Ausland. Mä et ass natierlech och fir an d’eegen Täsch geduecht, fir datt mir e bësselche méi ëffentlech Recette kréien. Déi si jo och amgaange sech ze erhuelen. An den dräi éischte Méint vum Joer koumen 342 Millioune méi era wéi zejoert. An awer ënnert dem Stréch geet d’Schold elo net därmoossen zeréck. Da maache mir jo awer dach nach ëmmer definitiv eppes falsch, oder?

Luc Frieden: Dofir hunn ech scho virun zwee Joer gesot, mir brauchen eng nei Dépensekultur.

Mir féieren Dépensen an engem gewëssene Moment a fir e gudden Zweck, wou mir iwwerzeegt sinn, politesch, datt dat noutwenneg ass datt mir dee Besoin an der Gesellschaft ofdecken. Da muss een eng Rei Joeren duerno kucken, ob dee Besoin nach ëmmer op genee déi nämlecht Aart a Weis besteet, oder awer ob dat Zil konnt erreecht ginn. An do ginn et eng Rei Beräicher, wou sech d’Gesellschaft entwéckelt huet, dat ass an der Logementspolitik, dat ass an der Familljepolitik, wou mir da musse kucken, ass dat nach haut esou wéi dat deemools war. An ech mengen datt mir eis do an enger Évolutioun, mussen och akzeptéieren, datt mir eng Kéier eppes änneren. Dat bréngt dann ëmmer e bëssen Zodi mat sech, well d’Leit hunn ni gäre wann eppes ännert.

Ech mengen awer datt mir d’Ännerung als eng Chance solle gesinn. A mir mussen eng Rei Saachen änneren, well déi Schold déi mir haut hunn, déi net schlëmm ass, déi dierf net esou weider goen. Deen Defizit dee mir hunn, dee gebrauche mir largement fir Investissementer bezuelen. Mä et kann een net iwwer Joeren en Defizit mathuelen.

An dofir bleift mäi Plädoyer dee fir op eng raisonnabel Aart a Weis ze kucken, d’Steieren net ze héich ze maachen, well dat découragéiert d’Leit fir ze schaffen, an d’Betriber fir ze investéieren, an d’Dépensen deem unzepassen, an dat mécht een net an engem Hauruckverfahren, dat mécht een a Gespréicher, dat mécht een iwwer eng Rei Joeren.

Mä et muss och net fäerten heiansdo eppes ze maachen, well wa mir waarde bis jiddwereen domat d’accord ass, da komme mir net weider. A mir sinn an deem Prozess [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dir hat vun Zodi geschwat, Här Frieden, Zodi gouf et jo awer och, kann ech mech emol nach ganz gutt drun erënneren, beim Opstelle vum leschte Staatsbudget, och an Ären eegene Parteireien. Deen Zodi, ech iwwerhuelen elo Ären Terme, deen huet sech elo geluegt. Ma aus dem Defizit si mir nach ëmmer net eraus, esou séier geet dat och net, dees sinn ech mir bewosst, mä et gëtt awer elo op d’Joeren 2016, esouguer 2017 erausgedréckt. Also esou richteg viru si mir net komm, wann ech un dat zeréckdenke wéi d’Gemidder héichgekacht hunn.

Luc Frieden: Dat ass net ganz richteg, well mir sinn, substantiell hu mir eis verbessert. Mir hunn d’lescht Joer e Moossnamepak virgeluegt, deen en fait eisen Defizit em 2,1% vum PIB reduzéiert huet.

Eise groussen Défi ass, nach eng Kéier, d’Zukunft. Mir schafe jo och nach ëmmer Aarbechtsplazen, mä mir hunn och e wuessende Chômage. Mir musse kucken datt mir nei Aarbechtsplaze kënne schafen. Mir musse kucken datt mir, wann d’TVA-Einnamen aus dem Commerce électronique ewechfalen, wéi mir dat och duerch eng Drosselung vun den Dépensen iwwer e puer Joer kënne wettmaachen. A virun allem geet et drëm datt mir gesinn, mir liewen an Europa, wou mir e ganz nidderege Wuesstem hunn.

Mir ware gewinnt zu Lëtzebuerg héije Wuesstem ze hunn, an dorop hu mir och eis Dépensen opgebaut. Dee Wuesstem ass elo zënter Joeren, zënter 2008 wäit manner wéi mir gewinnt waren. A mir hätte gären de Liewensstandard dee mir gewinnt waren, a mir wëllen awer net gesinn, datt mir méi e luese Wuesstem hunn. Wat kënne mir maachen?

Ech mengen am Finanzsecteur maachen ech dat, mir mussen do versichen eis unzezapen un dem Wuesstem, deen op anere Plazen an der Welt besteet. Asien, de Moyen-Orient, dat si Regiounen, wou mir kënnen, op d’mannst a verschiddene Beräicher, vläicht nei Clienten, nei Investisseure siche goen. Dat ass ganz schwéier. Dat verlaangt enorm Energie, dat verlaangt och e bëssen oppene Geescht fir datt mir an enger oppener Gesellschaft wëssen, datt ouni auslännescht Kapital, ouni auslännesch Clientë mir net virukommen. Mä wa mir dat net maachen, da kënne mir net mam nämmlechte Liewensstandard virufueren. Also hu mir eng Wiel.

Wëlle mir manner zu Lëtzebuerg hunn, da kënne mir eis méi ofschotten. Wëlle mir dat nämlech hu wat mir haten, da musse mir eis opmaache fir nei Iddien, fir Neimaart, fir nei Clienten. An ech mengen datt déi zweet Alternativ déi ass, déi mir am Fong fir Lëtzebuerg wëllen hunn.

Guy Kaiser: Gutt Iddie bräichte mir jo awer och fir eis Finanzplaz, dat ass jo direkt Äre Ressort. D’Bankgeheimnis hu mir opginn. Dir sot mir elo, dat gouf laang am Viraus preparéiert. Du koum et dach awer éischter iwwerraschend, soen ech emol.

D’Finanzplaz ass ëmmer nach déi grouss Stäip fir d’Land, fir d’Ekonomie. De Private banking ass net onbedéngt pessimistesch, héiert een.

Ma firwat soll ech als Zänndokter aus der Belsch nach op Lëtzebuerg meng Sue placéiere kommen, wann ech weess, ech muss souwisou awer meng Steiere bezuelen?

Luc Frieden: Wa mir déi Bescht sinn, dat heescht, wa mir besser si wéi déi an der Belsch, wa mir [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Wat heescht dat konkret?

Luc Frieden: Dat heescht datt mir Servicer ubidden, a Produkter ubidden déi fir eng international Clientèle besser si wéi, an deene meeschte Länner hu mir Produkter, an Déngschtleeschtungen déi virun allem fir den nationale Maart gemaach sinn.

Or, et gi ganz vill Familljen, déi liewen haut iwwer d’Grenzen, déi hu Kanner an deem enge Land, déi hunn e Betrib an deem anere Land, dat si Leit déi brauchen eng Vermögensverwaltung. Déi si fréier an d’Schwäiz gaangen, déi gi vläicht op Singapur.

Mir sinn an der Eurozon, an Europa déi eenzeg international Finanzplaz. A wann ech Iech virdru gesot hunn, meng Strategie ass net no hannen ze kucken, well dee belsche Client deen hei e Kont hat mat 100.000 Euro, déi net déclaréiert waren, dat ass kee Modell fir d’Zukunft. Ech weess datt déi Décisioun schwiereg war, a fir d’Leit an de Banke ganz schwiereg ëmzesetzen ass.

Mä ech hunn och eng ganz Rei Entreprise begéint, déi gesot hunn, mir wëllen zu Lëtzebuerg net ausbauen, well do ass e Problem, mir wëssen net op muer net iergend e Skandal kënnt, et ass e Réputatiounsproblem. Et war also kee Modell fir d’Zukunft ze preparéieren.

Elo musse mir kucken, datt mir Clientë kréien aus Europa, an aus der ganzer Welt, déi international Verméigensverwaltung brauchen.

-Mir musse kucken, datt mir am Assurancesecteur nei Produkter entwéckelen, déi de Gesetzgeber muss begleeden, dat maachen ech an deenen nächste Wochen, wéi zum Beispill am Gesetz iwwer d’Professionnels du secteur des assurances.

-Mir versichen en internationalen Zentrum ze gi fir den Handel vun der chinesescher Währung, do hu mir gutt Chancen, ech sinn do ganz aktiv drun um Schaffen.

-Mir versichen an der arabescher Welt, wou ganz vill Suen duerch de Gas an de Pëtrol ass, eis unzezape wat mir do kënne maachen.

An d’Konkurrenz schléift net. Nach de Moien hunn ech gesinn, datt de franséische President dëse Weekend am Katar ass fir do nei Investisseure sichen ze goen. Ech muss soen [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dat ass den Här Hollande deen an der Zäit dem Sarkozy virgeworf huet, e géif och zevill wëllen dohinner akafe goen.

Luc Frieden: Dat ass ganz richteg. Mä ech mengen do gesitt Dir datt mir eis net kënnen nëmmen ofschotten.

Déi aner Länner wëssen och datt de Wuesstem fir de Moment net an Europa ass. An ech mengen net datt mir sollen eis vun Europa verabschieden.

Mir mussen einfach realiséieren, eise Liewensstandard zu Lëtzebuerg ass enorm héich. Mir liewen e bëssen iwwer eis Moyenen. Dat héiere mir net gären, ech selwer och net, well ech si jo och zefridde mat deem wat mir hunn. Mä mir hunn eng Traditioun, a mir hunn eng Stäerkt. Dat ass datt mir mat zwee Féiss um Buedem stinn. An elo musse mir kucken, datt déi zwee Féiss um Buedem stoe bleiwen. Net d’Aen zoumaachen a soen, oh, dat wäert schonn alles goen. Ech mengen datt et geet, awer nëmme wa mir eis enorm druginn.

An dofir hätt ech gären datt mir an engem Moderniséierungsprozess wieren, net an enger Revolutioun. Dat heescht mir kippen net alles ewech a soen, dat war alles schlecht. Mä mir mussen eis adaptéieren. An dat ass e Prozess an deem mir sinn.

An ech hätt och gären datt wa Wahle sinn, elo oder an 9 Méint, datt mir doriwwer diskutéieren. Wéi kënne mir eis adaptéieren un e méi luese Wuesstem an Europa? An dat geet nëmmen andeem mir eng staark Roll an Europa spillen, och am Ecofin-Conseil, an an aneren, an datt mir an der Welt eise Fändel opstellen.

Mir brauchen nei Aarbechtsplazen, an dofir brauche mir och Infrastrukturen déi gutt sinn. An dozou gehéiert och zum Beispill de ganze Beräich vum Internet, Kommunikatiounen, deen ech jo elo neierdéngs kritt hunn, an dee mir och hëlleft, och am Finanzsecteur, mä och doriwwer eraus, allgemeng an der Ekonomie, méi konkurrenzfäeg ze ginn.

Guy Kaiser: A propos Ecofin. Dee war gëschter Owend, respektiv nach de Moie fréi, hei zu Lëtzebuerg. Do goung zum Beispill Rieds iwwer d’Direktiv iwwer den automateschen Informatiounsaustausch. Dir plädéiert datt esou Regelen net nëmmen an Europa solle gëllen, ma op der ganzer Welt. Do huelen ech emol un datt dat awer quasi net méiglech ass. Wëllt Lëtzebuerg also iwwer dee Wee vläicht erëm blockéieren?

Luc Frieden: Also ech si kee grousse Fan vum automateschen Informatiounsaustausch. Ech sinn net iwwer Nuecht op eemol e Fan dovunner ginn.

Ech hu just Folgendes gemierkt. Mir kënne keen Handel méi maache mat Amerika, mir hunn e reelle Problem mat enger ganzer Rei Mammenhaiser vun de Banken, déi soen, mir kënnen net wéinst Ärer Réputatioun zu Lëtzebuerg bleiwen. Dofir hu mir gesot, elo ännere mir dat, mir preparéieren d’Zukunft.

Mir sinn also bereet op den automateschen Informatiounsaustausch ze goen, mä deen dierf net dozou féieren, datt d’Kapital vun Europa ewech geet op aner Plazen.

An dofir plädéieren ech staark dofir, fir zwou Saachen. Jo fir den automateschen Informatiounsaustausch, ënnert der Bedéngung datt en och op anere Plaze gemaach gëtt. Dofir hunn ech zum Beispill am Virfeld vun eiser Décisioun mat der schwäizer Finanzministerin geschwat, mat dem Finanzminister vu Singapur, fir nëmmen déi zwee ze nennen, an déi hu mir ganz gutt nogelauschtert, an déi hu gesot, mir mussen och bougéieren. A wa mir zesumme bougéieren, da behale mir déi nämlecht [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Mä do hu mir eng ganz Partie Inselen, wou mir wëssen, datt déi sech wäerten extrem schwéierdoen. Och Amerika, déi jo Europa ënner Drock gesat huet mat der FATCA, och Amerika huet Steieroasen.

Luc Frieden: Jo, mä Dir hutt gesi wat an deene leschte Woche geschitt ass. De G-8 huet erstmoleg gesot, datt den automateschen Informatiounsaustausch de globale Standard wier, den internationale Standard. Dir hutt gesinn, datt Singapur zum Beispill déi OCDE-Konventioun iwwer déi do Matière ënnerschriwwen huet. D’Saache sinn amgaangen ze bougéieren.

A wa mir wëllen dobäi si fir d’Zukunft ze preparéieren, da musse mir och mat bougéieren, och wann ech nach eng Kéier weess, datt dat kuerzfristeg weder populär ass nach einfach ass fir déi Leit, déi dat mussen ëmsetzen. Mä d’Zukunft preparéiert een andeem een och heiansdo Risquen hëlt, andeem ee sech eppes traut, andeem ee sech dat gutt iwwerleet.

Mä wa mir eis näischt méi trauen, wa mir net ëmmer de Bléck hunn 10 Joer en avance, an do hätt ech gären datt mir eng Finanzplaz hunn, déi eng ganz gutt Réputatioun huet, déi international Regelen uwennt, an déi eng Clientèle vun der ganzer Welt heihinner kritt, déi conform ass mat hire Gesetzer, mä déi sech hei besser traitéiert fillt wéi an hirem Heemechtsland. An dozou gehéiert dann och erëm eng Kéier d’Stabilitéit, an d’Virausschaubarkeet.

Et geet een op eng Plaz wou ee weess, ech hu Vertrauen an dat Land do. Ech hu Vertrauen an déi Plaz, a meng Sue sinn och nach do an e puer Joer, wann ech se erëm brauch.

Guy Kaiser: E bësselchen Zäit bleift nach, Här Frieden, fir iwwer d’Cargolux ze schwätzen.

Dir krut do virgeworf am Kader vun enger Missioun fir d’Finanzplaz esou niewebäi, soen ech emol, 35% vun de Parten un d’Qatar Airlines verkaaft ze hunn. Viru 14 Deeg, oder e bësselche méi, gouft Dir vun engem Rapport vu PricewaterhouseCoopers, zwar wäissgewäsch, wann ech kann deen Terme esou benotzen, vun enger Gesellschaft also, déi vun Ufank un d’Regierung an dësem Geschäft beroden huet. Ass dee Rapport also eescht ze huelen?

Luc Frieden:Selbstverständlech. Well esou eng grouss Consulting Firma déi schreift net egal wat, an d’Chamber huet [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Si war awer och [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: Jo, selbstverständlech, dofir hu mir se jo och geholl. Well et ass gesot ginn, dat ass déi Gesellschaft déi och déi Firma kennt, also d’Cargolux kennt.

Mä onofhängeg dovunner, dat ass jo guer net dee richtegen Thema. Den Thema ass, d’Cargolux war deemools a schwieregen, an enger schwiereger Situatioun. No 10 Joer ass näischt geschitt. An ech hunn no Diskussiounen, no Iwwerleeunge versicht, am Kader vun enger Wirtschaftsmissioun, och en Investisseur ze fannen. Dat war deemools schwiereg, dat gëtt och elo nach ganz schwiereg.

Mir brauchen international Investisseuren. Ech soen Iech, ech si beandrockt wéivill Leit wësse genee wéi een esou eng Verhandlung soll féieren. Deemools war dat schwiereg, an och deen Investisseur huet fonnt, datt déi Gesellschaft vill ze vill deier géing verkaaft ginn.

Mir brauchen och an der Zukunft Wirtschaftsministeren, Finanzministeren déi an d’Welt ginn, versichen [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Dir hutt Iech näischt virzewäerfen a Saache Cargolux?

Luc Frieden: Et ginn heiansdo Dealer déi och duerno net fonctionnéieren. Mä wann ech kucke wéi dat gelaf ass, a wéi et zu deem Accord komm ass, wat en Accord oral war, en Accord de principe, da wier ech frou gewiescht wa mir méi oft Leit hätten, déi och géinge versichen esou Accorde fäerdegzebréngen.

Et wier méi einfach gewiescht fir mech just dohinner ze goen, eng Ried ze halen iwwer d’Finanzplaz, an dann op d’Plage sëtzen ze goen. Dat ass net meng Konzeptioun vu menger Fonctioun.

Wann den Här Werner deemools net versicht hätt, an de Risiko geholl hätt de Satellit eropzeschéissen, deen hätt och kënnen eroffalen, wa mir net de Risiko geholl hätte viru Joeren d’Banque Générale ze retten, op engem Weekend wou ech och e Risiko agaange sinn, mä et ass riicht gaangen, mir mussen eis trauen eppes ze maachen.

An ech mengen datt et richteg war no 10 Joer Faillite vun der Swissair, déi Aktionär war vun der Cargolux, 10 Joer wou net vill geschitt ass, datt ech no Gespréicher mam deemolege Wirtschaftsminister, mam Transportminister, mam Staatsminister, déi Geleeënheet geholl hu fir ze négociéieren mat dem Premierminister vum Katar, an datt mir eis do eens gi sinn iwwer déi grouss Linnen, an datt mir dat gemaach hunn, ech menge wierklech datt dat eppes ass, wat ech hoffen och deene geléngt, déi elo en neien Investisseur siche ginn. An ech begleeden dat als Finanzminister selbstverständlech.

Guy Kaiser: Zwou Minutte bleiwen nach, Här Frieden.

Dir sidd jo neierdéngs Medien- oder Kommunikatiounsminister. Wat sot Dir dann zu deem Tëschefall tëscht der Press an dem CSV-Parteipresident? De Michel Wolter sot jo am Chamberplenum, e géing d’Kollege vum Radio 100,7 vum Quelleschutz entbannen. Wann Informatiounen am Dossier Pädophilie aus de Reie vun der CSV sollten erausgaange sinn, da kéinten d’Journalisten den Numm soen.

Dat ka jo awer net sinn, well de Quelleschutz ass fir d’Press net nëmmen e Recht, et ass och eng Obligatioun. Wann d’Journalisten elo ufänken d’Nimm an d’Ëffentlechkeet ze soe vun Informanten, da si mir erëm séier am leschte Joerhonnert ukomm.

Luc Frieden: Ech géing dat net iwwerbewäerte wat doraus entstanen ass. Ech mengen datt et an der CSV kee gëtt, an ech soen och, ech als neie Medieminister, mir wëssen alleguer datt d’Pressefräiheet, de Quelleschutz, d’Responsabilitéit vun de Journalisten, Rechter an Obligatiounen, datt déi ganz wichteg sinn. An ech mengen och datt déi kee raisonnablement a Fro gestallt huet. An ech mengen ech sinn do ganz en ligne mat deem wat och déi aner, a meng Virgänger an deem Punkt [gëtt ënnerbrach]

Guy Kaiser: Äre Parteipresident ass zimlech opbruecht?

Luc Frieden: Jo, jiddwereen huet do säi Charakter. Mä ech mengen en huet jo awer och kloer gemaach, datt och déi Prinzipien och fir hien a fir d’CSV ganz wichteg sinn.

Guy Kaiser: Wat hutt Dir soss scho kennegeléiert vun deem neie Ressort Medien?

Luc Frieden: Et ass en extrem wichtege Beräich fir Lëtzebuerg, well en eis erlaabt e méi modernt Land ze ginn, fir konkurrenzfäeg ze sinn. An dofir hätt ech gären, an deem Beräich virun allem, datt mir de ganz schnellen Internet fir Betriber, a fir Leit weider kënnen ausbauen. Dat ass wiesentlech, wa mir wëllen top sinn. An ech hu virdru gesot, mir mussen exzellent sinn, mir mussen innovéieren. D’Sécherheet vum Internet wäert eng vu menge grousse Prioritéite sinn.

An da géing ech gären an engem Beräich, och engem Zukunftsberäich virukommen, dat ass dee ganze Beräich vun elektronesche Paiementer.

An Zukunft wäerten d’Leit net méi an 10 Joer mat Sue bezuelen, mä mat hirem Telefon. An dofir wäert ech och de Summer gebrauche fir och an Amerika kucken ze goen, wat fir eng Méiglechkeeten et do ginn, datt mir och do nei Aarbechtsplazen, an nei Méiglechkeete fir e modernt Lëtzebuerg kënne schafen.

Guy Kaiser: Okay, op deem do Plang hu mir jo schonns, mengen ech, dräi Systemer hei zu Lëtzebuerg, déi amgaange sinn unzelafe fir mam Handy iergendwann eng Kéier kënnen ze telefonéieren [sic!].

Domat wiere mir awer elo um Enn vun eiser Émissioun ukomm. Et war vill ze schwätzen.

Zäit fir e Lidd, Här Frieden, blouf leider net. “Ein bisschen Frieden�? hätt ech jo kënne proposéieren, ma de Luc Frieden hu mir elo déck 50 Minutten héieren.

Här Minister, Merci fir de Besuch am Studio.

Luc Frieden: Et ass gäre geschitt.

Dernière mise à jour