Luc Frieden au sujet des accusations à son encontre et concernant son rôle dans l'enquête sur l'affaire dite du poseur de bombes ("Affär Bommeleeër")

Mariette Zenners: Dir wäert en Donneschdeg an der Chamber also eng Zort Vertrauensfro gestallt kréien, duerch Motioune vun de Gréngen an der DP. Kënnt Dir den Owend renge Gewëssens soen, datt Dir am Dossier ëmmer no de Prinzipie vum Rechtsstaat, also der Gewaltentrennung, an dësem Dossier gehandelt hutt?

Luc Frieden: Absolut. Ech sinn extrem rosen an entsat iwwer dat wat d’lescht Woch do einfach esou an d’Welt gesat gëtt. Et muss ee wëssen, wann ee Justizminister ass, dann ass een zoustänneg fir de ganze Justizapparat, fir de gudde Fonctionnement vun der Justiz. A wann eng Affär esou laang schleeft, déi an aner Affären, dann ass et normal datt de Justizminister sech dofir Suerge mécht Dofir hunn ech gekuckt, datt d’Justiz géif méi Leit kréien. Ech sinn dee Justizminister deen am meeschte Leit der Justiz bäiginn hunn. Ech hu gekuckt datt d’Affäre géinge viru goen, net individuell Affären, dat kann ech jo guer net, dat ass och net meng Aufgab. Mä datt een dann no 20 Joer freet, wéi ass et mat där Affär, wéini bréngt dir déi Affär zu engem Prozess?

De Procureur huet mech gefrot en Appartement ze loune fir déi Enquêteuren. Ech hu gesot, jo. Mä datt ech da froen, mä wéi laang wëllt dir dann nach dorunner schaffen, dat ass déi normaalsten Aufgab vun der Welt. An dofir hunn ech ni d’Intentioun gehat an engem Dossier anzegräifen.

An och iwweregens d’Madame Woltz huet gesot, an och de Procureur huet gesot, ech hätt ni gesot, maacht den Dossier zou. Ech hunn ni Detailer gefrot [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Si hunn awer e gewëssenen Drock ëmfonnt, datt Dir hätt wëllen den Dossier zoumaachen. Dat hu si jo awer kloer gesot.

Luc Frieden: Dat Wuert Drock ass mengen ech net gebraucht ginn, et ass gesot ginn, ech hunn d’Fro gestallt, wéini kënnt déi Affär do op en Enn. A wann een dat anescht verstanen huet wéi meng Fro war, nämlech d’Fro, wéi geet dat do virun, da bedaueren ech dat. Mä zu kengem Moment war et meng Intentioun ze soen, haalt op mat där Affär.

Ech stellen och d’Fro, wou wier da mäin Intérêt drun? Eng Affär déi 25 Joer zeréck läit, wou hätt ech dann en Intérêt drun ze soen, maacht dat do net, kuckt dat do net.

Mä ech fannen et scho relativ spektakulär datt wann ee 25 Joer op enger Affär schafft, a wann een dann als Justizminister freet, majo wéi geet dat da weider, wéini kënnt dat zu engem Prozess, datt dat eng Fro ass déi kann anescht interpretéiert ginn. Mä nach eng Kéier, wéi gesot, et war net meng Intentioun. Wann een dat anescht verstanen huet, da bedaueren ech dat. Mä dat ass awer net eng Amëschung an d’Justiz, also de grâce.

Mariette Zenners: Mä elo huet awer esouwuel de Procureur wéi och d’Untersuchungsriichterin deen Drock esou ëmfonnt. Mir lauschteren eis vläicht nach eng Kéier un, wat de Robert Biever sot.

Wat hien awer ëmfonnt huet während Joeren, wou hie sot, et ass jo net nëmmen eng Kéier well datt Dir mat där Intentioun e bësse bei hie koumt, firwat schleeft déi Enquête, firwat haalt Dir Iech do drun. Mir lauschtere vläicht eng Kéier nach wat hien dozou ze soen hat.

Robert Biever(O-Toun): Hutt Dir da soss näischt ze doen? Ob dat en Encouragement ass fir d’Enquête weiderzeféieren oder net, do muss ech doriwwer [inaudible] keng Meenung. An där Gespréicher hat ech eng ganz Rei. Ech kann net soe wéivill, mä iwwer d’Joeren, vun 2001 un, bei Geleeënheet, wou mir dann dorop ze schwätze koumen.

Mariette Zenners: Hutt Dir soss näischt ze dinn?, engersäits zum Procureur général ze soen, an anersäits ze soen, déi Affär muss opgekläert ginn, dat hutt Dir jo och an der Ëffentlechkeet gesot. Dat widdersprécht sech jo awer.

Luc Frieden: Nee guer net. Kuckt, Madame Zenners, do leien esou vill Affären, ech hu gesot an engem Interview, d’Luxair-Akzident, ech kënnt aner Affären nennen, déi joerelaang do loungen. A mech huet ëmmer genervt, a mech nervt nach haut wa Saachen ze laang schleefen. Ech hätt gären datt eppes geschitt hei am Land, ech hätt och gären datt eppes an den Affären an der Justiz geschitt, an dofir ass et normal datt een esou eng Fro stellt.

Jo, a wa 4 Leit während 20 Joer un esou eppes schaffen, a vläicht méi Leit, da muss ee kënnen déi do Fro stellen. An ech soe mir och elo, wann dat esou schlëmm war wat ech do gesot hunn, wat ech net mengen, well nimools hunn ech an de Justizapparat agegraff, ech, dee seriéisen Typ, wou d’Leit ëmmer soen, ech hätt mäin Job zevill sérieux gemaach, ech géing dach ni d’Prinzipie vum Rechtsstaat violéieren.

Mä wann dat esou schlëmm gewiescht wier [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Dierf e Justizminister sech dann iwwerhaapt op iergendeng Manéier an esou en Dossier amëschen?

Luc Frieden: Neen, de Justizminister ass zoustänneg fir de gudde Fonctionnement vun der Justiz. A wann dat do esou schlëmm gewiescht wier, da stellen ech mir d’Fro, firwat huet da keen dat gesot deemools, firwat huet keen dat gesot an deene leschte 4 Joer? Ech sinn zënter 4 Joer net méi Justizminister. Firwat elo?

Mariette Zenners: Bon, d’Doris Woltz huet jiddwerfalls och deen Drock ëmfonnt, dat huet si och de leschte Freideg, et war jo net nëmmen de Procureur, och an der Kommissioun ausgesot. Si wollt selwer eis dozou keen Interview ginn.

Mir lauschteren dozou kuerz den DP-Deputéierten Xavier Bettel.

Xavier Bettel(O-Toun): Eng erfuere Magistratin déi seet, si wier erschloen, si war frustréiert, si huet gemengt si géif keng Ënnerstëtzung méi kréien. Dat ass hir Meenung. Ech héieren de Procureur dee seet, e wier net amused gewiescht, hien hätt d’Gefill gehat hien hätt keng Ënnerstëtzung. Ech mengen e Minister huet selbstverständlech hannert senge Leit ze stoen. Den Här Frieden seet eis an der Sitzung, mäi But war datt déi Affär sollt opgekläert ginn. Ech hu kloer d’Fro gestallt, ob dat d’Impressioun ass, déi de Procureur an d’Untersuchungsriichter haten? Déi hunn eis kloer nee gesot.

Mariette Zenners: Déi Aussoe vum Doris Woltz a Roby Biever si jo awer kloer.

Luc Frieden: Also ech hätt just gären, datt mengen Aussoe grad esou vill gegleeft gëtt wéi déi vun anere Leit.

Ech sinn, dat hei ass dach incroyabel wat hei leeft zu Lëtzebuerg. Et seet een eppes, d’Madame Woltz huet gesot - an ech respektéieren d’Madame Woltz, ech si mat der Madame Woltz a mam Här Biever ëmmer gutt zesumme gefuer - d’Madame Woltz huet gesot, eng Minutt während engem Basketballsmatch zu Contern, wou ech meng Duechter kucke gaange sinn, hätt d’Gespréich doriwwer stattfonnt, hätt ganz kuerz gewiescht, an ech hätt gefrot, ma wéi laang dauert dat nach, a wéini kënnt déi Affär do op en Enn. Datt si dat vläicht anescht verstanen huet, hunn ech jo gesot, dat mag sinn, dat ass sécherlech net d’Intentioun gewiescht. Mä wann ech hätt wëllen Drock ausüben, ech weess iwwerhaapt net wéi ech dat gemaach hätt, dann hätt ech et sécherlech anescht gemaach wéi esou, an dofir de grâce, musse mir awer och do d’Saach e bëssen an hir Perspektiv setzen.

Ech soen nach eng Kéier, fir mech ass wichteg datt hei am Land mir eng gutt fonctionnéierend Justiz hunn, eng onofhängeg Justiz hunn. An d’Onofhängegkeet vun der Justiz déi verlaangt, datt d’Geriicht elo hir Décisioun hëlt. [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Wou jo awer elo e Malaise ass tëscht deem Pouvoir an dem Exekutiven.

Luc Frieden: Madame Zenners, a menger Amtszäit ass enorm vill am Justizapparat geschitt, an och an dëser Affär. Ech hunn zwee Poliziste suspendéiert, ech hunn de Generaldirekter vun der Police, an de Generalsekretär vun der Police ofgesat, ouni konnten a wollten esouguer Prozeduren ze respektéieren, well mir hunn et misste maachen op Grond vun der Aarbecht vun dem Procureur.

Dofir fir dat elo alles anescht duerzestellen, ech mengen dat kann aner Ursaachen hunn. Op jiddwerfalls ech weess et net, ech si just extrem erstaunt, datt een elo op eemol fënnt, datt esou Säz, hutt Dir soss näischt ze maachen, ech mengen emol net datt se an där Form gefall sinn, mä datt d’Fro wéi geet déi Affär weider, datt déi elo op eemol gestallt gëtt, an datt esou eng Affär draus gemaach gëtt, ech mengen do geet et einfach drëm ee futti ze maachen [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Wat wëllt Dir dann domat soen?

Luc Frieden: Ech mengen datt et a leschter Zäit ganz vill Affäre ginn zu Lëtzebuerg, déi keng Affäre sinn, mä wou bäi alles wat ech maache versicht gëtt hei d’Leit ze destabiliséieren, oder duerch alles futti ze maachen. Huelt d’Affär [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Vu wéi enger Säit aus?

Luc Frieden: Majo well dat politesch gefält. Kuckt d’Affär Cargolux-Qatar. Et war [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Dorop wollt ech grad kommen.

Luc Frieden: Majo da si mir. Ech mengen do ass versicht ginn ze soen, wat huet deen do gemaach? En Alleingang vum Frieden. Neen, et goufe laang Étuden, déi gesot hunn, dat kann e gudde Partner sinn. Mä 10 Joer ass do näischt geschitt mat der Faillite vun der Swiss-Air. Ech sinn an de Qatar e puer Mol gaangen, nodeem de Wirtschaftsminister Jeannot Krecké do war, an ech hunn et fäerdegbruecht eppes do iwwer d’Bühn ze kréien.

Mariette Zenners: Dat heescht, Dir emfannt dat Ganzt als perséinlech Attack géint Iech?

Luc Frieden: An et ass ganz sécher eng Attack op meng Éier, well ech weess wéi ech als Justizminister fonctionnéiert hunn, a wéi ech als Mënsch fonctionnéieren.

D’Rechter, d’Institutioune vum Land, dat war ëmmer mäin Dada. D’Verfassungsgeriicht, ech sinn den Auteur dovunner, de Papp dovunner, a fir dann esou eppes engem ze ënnerstellen. Jo dat ass inakzeptabel.

Mariette Zenners: Mä elo hutt Dir Iech jo erëm iergendwou schlecht ugeluegt bei där Saach mam Qatar duerch dee Rapport deen Dir elo d’lescht Woch presentéiert hutt. Pricewaterhouse, déi Dir engagéiert hutt, déi mat am Deal iergendwéi implizéiert war.

Mir lauschteren eis do kuerz d’Kritiken un, déi duerno och erëm koume vum Grénge-Fraktiounschef François Bausch.

François Bausch(O-Toun): Wou een da muss feststellen, datt éischtens op e ganze Koup Froen déi mir gestallt hunn, an deem Rapport keng Äntwert ass.

Ee sech zweetens muss froen, ob dat esou glécklech war fir deen nämmlechte Consultant ze huelen, deen och am Prozess zwëschent der Verhandlung mat de Katarie mat am Spill war.

An drëttens een d’Impressioun awer net lass gëtt, wann een dat hei liest, datt e bëssen et Copy-paste ass, niddergeschriwwen zu deem wat de Minister eis scho virun iwwer engem Joer gesot huet, dat heescht datt et awer e bëssen eng bestallte Saach ass.

Mariette Zenners: Eng bestallte Saach. En plus 200.000 Euro fir esou ee Rapport. An dësen Zäite kléngt dat natierlech net gutt.

Luc Frieden: Do gesitt Dir erëm eng Kéier dat wat ech virdru gesot hunn. Et gëtt einfach versicht alles futti ze rieden, sech net mam Inhalt auserneenzesetzen. Wat huet d’Chamber gefrot? E Rapport!. Dat heescht e Rapport vun der Regierung. Dat heescht, ech hätt dee Rapport selwer kënne schreiwen. Mä well ech keng Leit a keng Zäit hu fir dee Rapport selwer ze schreiwen, well et hu misste 24 ganz ënnerschiddlech Leit interviewt ginn, hu mir gesot, dann huele mir eng Firma déi dat kann, déi och de Betrib kennt. A mengt Dir déi gréisste Consulting Firm an deem Beräich, oder an der Welt an hei zu Lëtzebuerg, déi géing sech einfach do esou e Rapport kafe loossen?

Mä esouguer wann ech de Rapport selwer geschriwwen hätt, egal wien de Rapport geschriwwen hätt, dat do géing einfach gesot ginn.

Ech hätt vill léiwer mir géinge kucke firwat brauch een e strategesche Partner fir d’Cargolux? Wat war an den Dossieren? Déi Dossieren hunn ech all der Chamber ginn. War et e schwieregen Dossier oder net? E war deemools schwiereg, e war haut schwiereg, an et ass net einfach en neien Aktionär ze fannen. Ech hunn en Aktionär fonnt, datt dat duerno net matenee geklappt huet, dat ass e ganz anert Thema. Mä mir setzen eis net ausernee mat de reelle Problemer.

Elo gëtt geschwat iwwer d’Indépendance vun deem Rapport. Et gëtt net zur Saach geschwat. An ech hätt gären, an ech mengen dat ass ganz oft dat, et gëtt hei versicht Leit futti ze maachen, op Nebenkriegsschauplätze ze goen, fir net musse sech mat der Saach auserneenzesetzen. D’Schwieregkeete vun der Cargolux [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Vu wiem ëmfannt Dir déi Attacken dann, vu wiem senger Säit aus?

Luc Frieden: Majo ech menge vu groussen Deeler vun der Oppositioun. An an deem Justizdossier froen ech mech ob et net nach aner Ursaache ginn, mä ech weess nach net wéi eng.

Mariette Zenners: Bon, dat war et elo emol fir elo. Dir bleift awer nach bei eis, mir hunn nach Froen zu engem aneren Dossier.

Déi ganz Affär ronderëm de SREL hëlt haut nämlech nach méi grouss Ausmoossen un.

[Reportage iwwer d’Aussoen vum Robert Biewer den 10.06.2013 am Mëttespanorama vum radio 100,7 an d’Reaktiounen do drop. Et geet ëm d’Accusatioun, datt de SREL wéi eng Geheimpolizei geschafft hätt an domat an der Illegalitéit war]

Mariette Zenners: Vun enger Staatsaffär schwätzt den Alex Bodry. D’DP schreift den Owend an engem Communiqué vun enger institutioneller Kris. D’Vertrauensfro géint d’Regierung géif sech ëm sou méi opdrängen. Elo ass de Premier de Moment a Griicheland, hutt Dir scho mat him iwwert déi aktuell Entwécklung geschwat?

Luc Frieden: Ech hunn de Moien mam Staatsminister geschwat, net no deenen leschten Informatiounen do.

Mariette Zenners: Gleeft Dir dann oder wousst Dir datt et sou eng Zort Geheimpolice am Staat gouf?

Luc Frieden: Nee, ech si jo och net zoustänneg fir de Geheimdéngscht. Mä ech menge wat wichteg ass, dat ass datt ee kuckt, datt d’Institutiounen am Staat gutt fonctionnéieren. Ech mengen mir hunn en allgemengen Intérêt, all d’Bierger hei am Land, och d’Majoritéit an och d’Oppositioun, datt mir d’Institutioune respektéieren. Nëmme wann d’Institutioune gutt fonctionnéieren hu mir e Rechtsstaat a mir brauchen och Vertrauen an d’Institutioune vun dësem Land. An duerfir géing ech bieden, datt et wichteg ass, datt ee politesch Iddien géinteneen austauscht, mä datt mir alleguerten d’Institutioune respektéieren, datt mir net all d’Institutiounen hei am Land einfach futti zerrieden. An duerfir brauch ee Kloerheet an deenen eenzelnen Dossieren. Ech kennen net all déi Elementer. Déi si fir d’Justiz ze kucken an d’Parlament muss seng Aarbecht maachen. Mä net alles an een Dëppe geheien, net d’Prozesser op 3 Plaze féieren an kucken wat d’Fakten sinn [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Et ass de Moment ebe schwéier mat der Enquêtekommissioun, Geheimdéngscht, Bommeleeërprozess, alles vermëscht sech e bëssen [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: Jo, mä do huet jiddwereen seng Responsabilitéit. D’Regierung, d’Parlament, och d’Medien a mir musse kucken - an d’Justiz huet hir Aufgab ze maachen - mä mir musse kucken, datt déi Institutiounen hei am Land net durabele Schued halen. Dat ass eisen Intérêt. An ech muss soen, ech hunn als Justizminister deemools duerfir vill gesuergt, datt déi Justiz kann uerdentlech fonctionnéieren. An als Finanzminister haut ass och meng Suerg, datt de Staat uerdentlech fonctionnéiert an duerfir brauchen och Suen, fir datt dee Staat fonctionnéiert.

Mariette Zenners: Mä wien kënnt dann Ärer Meenung no Interessi iwwerhaapt drun hunn sou Leit wéi dem Procureur mat sou schlëmme Virwërf wéi a Pädophileréseauen verwéckelt ze sinn, ze schueden?

Luc Frieden: Wien huet Interessi drun mir ze schueden? Wien huet Interessi drun anere Leit ze schueden? Sou komme mir net weider an deem Land hei. Et ass eng extrem grave Accusatioun géint mech d’lescht Woch erhuewe ginn. Ech loossen dat net einfach sou stoen. Et ginn aner Accusatiounen erhuewen, déi mussen alleguerten op hir Faiten, op hir Véracitéit iwwerpréift ginn. Ech hätt gär, datt bei deem engen a bei deem aneren dat sou geschitt. Et kann een net iwwert deen een oder deen aneren mam Pifffass fueren ouni datt ee kuckt wat réellement geschitt ass. Ech hätt gär, datt mir erëm zeréck kommen an e Land wou mir eis un en Dësch sëtzen [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Et steet eng Ausso vum fréiere Justizminister géint eng vum Procureur général.

Luc Frieden: Jo, et geet hei drëm, mir hunn enorm Problemer hei am Land. Problemer, wéi kréie mir wirtschaftleche Wuesstum, wéi kréie mir gesond Staatsfinanzen, wéi kréie mir gesond Staatsfinanzen, wéi kréie mir Aarbechtsplazen. Un all deenen Dossieren schaffen ech, un all deenen Dossieren musse mir eis dru ginn. Komm mir bekëmmeren eis och do drëmmer a kucken, datt mir op eng sachlech Aart a Weis eng Analys maache vun deem wat geschitt ass, mä vermësche mir net alles. A kucke mir virun allem, datt d’Institutioune fonctionnéieren an datt eist Land wiisst a viru kënnt. A loosse mir net zevill Zäit an all eis Energie verléieren mat Saachen déi mussen opgekläert ginn, mä wou mir wierklech net zesumme weider kommen wa mir wëllen a schwéieren ekonomeschen Zäiten iwwerliewen.

Mariette Zenners: Bon, jiddefalls wäert dat déi nächst Deeg nach an der Chamber och debattéiert ginn. Ech soen Iech elo Merci fir dës Explikatiounen, Här Minister.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour