Le ministre des Finances au sujet des négociations relatives à FATCA avec les États-Unis

Sascha Georges: Et war also eng Équipe vun Äre Finanzexperten an den USA fir iwwert den FATCA ze schwätzen. Wat koum dann elo bei dëse Verhandlungen eraus?

Luc Frieden: Mir hunn déi Verhandlungen nach net ofgeschloss. Mä ech hunn no deene gudde Gespréicher déi di lescht Woch zu Washington gelaf sinn, décidéiert, datt mir géinge mat den Amerikaner e System maachen wou eis Steierverwaltungen Informatiounen austauschen. Dësen Accord muss een also gesinn am breede Kontext vun dem automateschen Informatiounsaustausch wou och virdrun Äre Reportage am Europaparlament war. D'Amerikaner verlaangen dat. Wann een dat net mécht, wann ee keen Accord mécht, hätten d'Amerikaner einfach op allen Operatiounen mat amerikanesche Bierger eng Penalitéit, eng Strof vun 30% opgehuewen. Amerika ass fir eis e wichtege Wirtschaftspartner. Et muss een zum Beispill wëssen, datt am Fongeberäich, wat jo ee vun de Standbeener vun eiser Finanzplaz ass, de gréissten Deel, also déi gréisste Part de Marché amerikanesch Promoteuren hunn. 23%. Mir hunn also de Choix, maache mir eppes mat Amerika, maache mir näischt mat Amerika. Wa mir näischt mat hinne maachen, imposéieren si eis eng Strof. Wa mir eppes mat hinne maachen an dat ass d'Zil vun deem Accord, dann hu mir op mannst eng Kontroll iwwer dat wou mir Informatiounen austauschen.

Sascha Georges: Dat heescht wann ech Iech richteg verstinn, huet den amerikanesche Client bei enger lëtzebuerger Bank zum Beispill méi dovunner, datt mir bei FATCA matmaachen, wéi net.

Luc Frieden: Generell dat ass richteg. Generell eis Finanzplaz huet méi dovunner wa mir duerfir suergen, datt iwwerall déi nämmlecht Spillregele gëllen an ech hätt gär, datt mir mat déi Spillregele kënnen definéieren. Den Amerikaner hiert Gesetz hätt sech souwisou op déi ganz Welt applizéiert, mä d'Amerikaner soe, mir kënnen awer och e bilateralen Accord négociéieren. Dat ass eng ganz komplizéiert Matière wou een déi eenzel Kategorien vun Akommessen definéiert an d'Manéier wéi een déi Communicatioun mécht. A wa mir décidéiert hunn dee sougenanntene Modell 1, wéi d'Experten dat nennen, dann heescht dat, datt d'Informatiounen tëscht den 2 Steierverwaltunge ginn. Dat selwecht also wéi dat wat mir fir den Ament an Europa diskutéieren. An et muss een einfach gesinn, datt de System op der Welt an déi dote Richtung geet. An, datt wa mir dat maachen, da maache mir dat nëmmen - an ech mengen dat ass och wichteg fir an Europa - fir datt mir eng gutt Reputatioun op der Finanzplaz hunn, datt mir Partner hunn an der Welt mat deene mir Handel kënne maachen an duerfir hätt ech gären, datt déi international Standarden zu Lëtzebuerg ugewannt ginn, mä och an anere Finanzzentren. Mir maachen näischt zu Lëtzebuerg wat net och déi aner musse maachen an dat wat mir zu Lëtzebuerg maachen, géinge mir gäre mat gestalten.

Sascha Georges: Dat heescht, Dir fuerdert och beim automateschen Informatiounsaustausch, datt drëtt Länner mat zéien.

Luc Frieden: Jo, ech mengen dat ass e ganz wichtege Punkt. Ech si keen begeeschterten Unhänger vum automateschen Informatiounsaustausch. Mä mir hunn dee Wiessel gemaach, well mir gesinn hunn, datt d'international Tendenz ganz schnell an déi Richtung vu méi Transparenz geet. Souguer eng Rei Mammenhaiser vu Banken hu gesot, mir wëlle mat Lëtzebuerg näischt méi ze doen hunn, wann Dir eng schlecht Reputatioun hutt. An aner Regelen uwennt wéi déi aner Länner. Mir wëllen een Accord mat Amerika hunn well dat e wichtege Wirtschaftspartner ass. Mä mir soen awer, mir si keng Toperten déi einfach kucken, datt hei da Regele spillen déi zur Delokalisatioun vun Aktivitéiten féieren. Duerfir war et och um leschte Finanzministerconseil vun deem lo grad geschwat ginn ass, datt mir gesot hu jo, mir wëllen och, datt d'europäesch Kommissioun mat Drëttstaaten, Schwäiz, Liechtenstein, Monaco verhandele geet, datt och do dee Prinzip vum automateschen Informatiounsaustausch spillt op deenen nämmlechte Produkter an da kënne mir och eisen Accord ginn. An dat ass eng Nuance déi ganz wichteg ass. Jo, mir hätte gäre gemeinsam Regelen, mä mir hätten déi gären op alle wichtege Finanzplazen. An an deem Kontext kann ech Iech och soen, datt ech de Moien mam Finanzminister vu Singapur e längert Telefonsgespréich hat. Singapur, wat jo ee vun eise Konkurrenten ass, e faire Konkurrent, mä eng international Finanzplaz an Asien. Hien huet mir confirméiert, datt si och op dee Wee wëlle goen. Datt si och mat den Amerikaner en Informatiounsaustausch, en automateschen Informatiounsaustausch ofgemaach hunn. Deen nämmlechte Modell. Modell 1. An, datt se och gären hätten, datt déi aner Finanzplazen wéi Lëtzebuerg, wéi Hongkong, wéi London, och deen automateschen Informatiounsaustausch maachen. Mir sinn also op där nämmlechter Linn wéi och Plazen wéi Singapur déi an Asien eng Zort Lëtzebuerg sinn.

Sascha Georges: Deen Austausch gëllt fir all Finanzproduiten?

Luc Frieden: An Europa gëllt en fir de Moment nëmme fir d'Zënsen déi u Privatpersoune bezuelt ginn. Dat ass déi Décisioun déi de Staatsminister den 10. Abrëll annoncéiert huet. Mä mir hu gesot, mir sinn d'accord fir deen Uwendungsberäich vun där Directive auszedehnen wann déi Regelen och op aner Plaze gemaach ginn. An duerfir, wann ech virdrun de Kommissiounspresident elo hei op RTL héieren hunn, dann ass et wichteg, datt d'Kommissioun och sech duerfir asetzt, net nëmmen datt dat an Europa geschitt, well soss kënnt et zu enger Delokalisatioun, enger méiglecher Delokalisatioun vun Aktivitéiten. Mä datt Europa seng Stëmm erhieft am G20, am G8, iwwerall wou se mat dobäi sëtzen, fir datt dat den internationale Standard gëtt. Da kënne mir domat d'accord sinn, well dann ass eng Logik am System fir iwwerall déi nämmlecht Regelen ze maachen, dann hu mir eng fair Konkurrenz an eng international Finanzplaz brauch international Regelen. Mir brauchen e gudde Ruff, soss kréie mir keen neie Client op Lëtzebuerg. A mir musse kucken, datt mir an der Gestaltung vun deene Regelen och eppes mat ze soen hunn an dat maache mir bei der OCDE, dat maache mir op deenen anere Plaze wou mir Member sinn.

Sascha Georges: Dir sot et, OCDE an Dir sot och G20, respektiv G8, ass d'EU dann iwwerhaapt nach déi richteg Plaz fir iwwert sou eng global Saach ze schwätzen?

Luc Frieden: D'EU ass effektiv net déi eenzeg Plaz wou een doriwwer ka schwätzen, well d’Économie a virun allem d'Finanzindustrie enorm international ass. A mir mussen och zu Lëtzebuerg et fäerdeg bréngen eng international Finanzplaz ze bleiwen, net nëmmen eng europäesch Finanzplaz. Duerfir ginn ech och d'nächst Woch op d'OCDE nach eng Kéier - ech war schonn virun e puer Wochen do - fir mat hinnen nach eng Kéier ze kucken wéi ee kann eng international Regel do fannen. A mir wäerte bei där Geleeënheet och eng international OECD Konventioun, en Traité an deem dote Beräich ënnerschreiwen.

Europa alleng kann dat doten net maachen. Europa muss seng Stëmm erhiewen fir datt an der Welt esou eng Regel gëllt, och zu Hongkong, och zu Singapur, och an Amerika an dann mécht et réischt Sënn. An duerfir wäert dat fir eis ëmmer rëm en Thema bleiwen, fir datt mir zu Lëtzebuerg net einfach eppes maachen wat ekonomesch net iwwerluecht ass, wat villäicht kuerzfristeg ee kënnt aus innepolitesche Grënn oder europapolitesche Grënn maachen. Mä wat ekonomesch kee Sënn géing maachen, well et geet och ëm d'Konkurrenzfähegkeet vun Europa als Ganzt an ëm d'Aarbechtsplazen an Europa.

Sascha Georges: Wëll Dir dat wierklech, datt alleguerten déi Drëttstaaten mat maachen oder ass et och e bësse fir sech hannert deenen ze verstoppen, datt déi wann déi “nee�? soen, brauch Lëtzebuerg net mat op de Wee ze goen.

Luc Frieden: Ech menge mir mussen déi Verhandlungen op eng seriös Aart a Weis féieren an da muss een am Liicht vun deene Verhandlunge kucken wéi wäit dat eis ekonomesch ka schueden oder net. Ech si keen Adept vun enger totaler Harmonisatioun. Mä ech soen awer, et muss ee kucken, datt net deen een eppes mécht wat just zu enger Verschibung vun Aktivitéite kënnt. Ech erënneren och drun, datt dat och d'Ursaach war firwat mir zum Beispill bei der Finanztransaktiounssteier net matmaachen. Wann der 11 dat maachen an et ginn der 27, respektiv et gëtt och Amerika an Asien an déi maachen alleguerten net mat. Jo, da mécht sou eppes kee Sënn. Et geet also net nëmme just ëm dat wat ee gutt fënnt, et geet och drëm wat mécht ekonomesch e Sënn, well leschten Enns geet et drëm, datt mir zu Lëtzebuerg nei Aarbechtsplaze kënne schafen.

Sascha Georges: Mä Dir hutt gesot Singapur, Hongkong géife Gespréicher lafen. Singapur wär och d'accord mat op den Austausch vun Informatiounen ze goen. Ass et awer net e bëssen utopech ze mengen, datt dat wierklech global kënnt fonctionnéieren? Fäert Dir net, datt iergendwou, soe mir elo, e schwaarzt Schof bleift wat dann dovunner guer näischt wëll wëssen an domatter am Fong geholl alles unzitt u Kapital?

Luc Frieden: Eist Zil ass et, datt all déi wichteg international Finanzplaze mat maachen. Eist Zil ass net, datt 180 Länner mat maachen. Mä datt all déi grouss Finanzplaze mat maachen. Dat gëllt och wa mir soen, et muss méi Transparenz iwwert Sëtzer vun Entreprise sinn. Da muss dat gëlle fir d'Trusten, da muss dat gëlle fir d'Delaware Gesellschaften. Et kann also net sou sinn, datt ee Regelen just nëmmen zu Lëtzebuerg an och nach an Europa mécht. Mä wa mir dat maachen, ech mengen da kritt eis Finanzplaz och eng nei Chance. Kuerzfristeg weess ech, datt dat do besonnesch a verschidden Haiser ganz schwiereg ass.

Sascha Georges: An Aarbechtsplaze wäert kaschten.

Luc Frieden: Kuerzfristeg verlaangt dat eng Ëmstellung, well wa fréier de belsche Client komm ass dee vläicht net seng Suen doheem all déclaréiert huet, dee Client koum souwisou a leschter Zäit och schonn net méi, well en hat och Angscht viru senger nationaler Steierautoritéit a virun senger nationaler Justiz. Wa mir déi Regelen hei maachen, da musse mir kucken, datt mir dee klenge Spuerer aus den 3 Nopeschlänner, deen an d'Schwäiz nach vläicht komm ass, ersetzen duerch Clienten déi vun iwwerall vun der Welt kommen, wat vläicht méi wohlhabend Clienten sinn déi eng international Gestioun vun hirem Patrimoine brauchen. An duerfir muss ech och en Appell maachen un d’Direktioun vun de Banken, datt se och hirem Personal hëllefen déi ze ënnerstëtzen an der Formatioun, well et ass eng aner Zort vu Berodung vum Client déi ee muss maachen wann een aus Asien oder aus dem Mëttleren Orient op Lëtzebuerg an eng Bank kënnt. En internationalt Ëmfeld brauch, wéi wa just deen aus den 3 Nopeschlänner kënnt mat deem mir méi gewinnt warne.

Ech mengen et ass eng nei Chance fir eis Finanzplaz a laangfristeg bréngt se eppes eisem Land. Kuerzfristeg verlaangt et eng Ëmstellung an all Ëmstellung, wësst Dir, dat ass ëmmer batter. An ech weess, datt dat fir déi Leit déi a verschiddene Servicer vun de Banke schaffen ganz schwiereg ass. Mä ech menge si mussen dat mëttel- a laangfristeg gesinn. Well mat eisem Modell, deen de Modell vun der Vergaangenheet war, mat deem mir gutt gelieft hunn, dee Modell hat keng Chance fir d'Zukunft en termes de réputation an an Termen vun neien Aarbechtsplazen an neie Clienten.

Sascha Georges: Dat heescht d'Bankgeheimnis ass begruewen. War dann de FATCA den Ausléiser duerfir, datt Lëtzebuerg säi Bankgeheimnis opgëtt oder war et de sougenannten Offshore Leaks oder zum Beispill déi verschidden CDen mat Daten drop déi vu verschiddene Fiscen an däitsche Bundeslänner kaaft goufen?

Luc Frieden: Et war eng Mëschung. Et ass ganz sécher, datt Négociatioune mat Amerika, déi FATCA-Gesetzgebung eng ganz wesentlech Roll gespillt huet. Ech wëll och drop hiweisen, datt deen Accord deen eng Quellesteier virgesinn hat tëscht der Schwäiz an Däitschland, dee sougenannten Rubik-Modell am däitsche Parlament, am däitsche Bundestag net duerchgaangen ass. Dat huet eis och indiquéiert d'Quellesteier ass kee Modell op dee mir eis kënne baséieren. Déi CDen déi geklaut gi sinn, déi hu mat sech gezunn, datt d'Leit ëmmer méi Angscht kritt hunn, déi Leit déi komm sinn an Steieren hannerzunn hunn. Dat si se jo Gott sei Dank net all. Ech hoffen dat wéinegstens. D'Leit hunn déi Amnestien an hiren Heemechtslänner gebraucht. De Modell vum Bankgeheimnis als Instrument fir Steieren ze strëppen ass kee Modell dee fir d'Zukunft Lëtzebuerg e Modell konnt sinn.

Par contre musse mir elo kucken, datt mir net egal wat maachen. An dat hu mir net gemaach. Duerfir hu mir gesot, ok mir maachen hei e Schrëtt, et ass e couragéierte Schrëtt, e schwierege Schrëtt deen och vill Leit sech Froen driwwer stellen, mä deen an engem méi breede Kontext muss gesinn. Eise Modell hunn déi aner Länner net akzeptéiert, mir hätte keng nei Clienten kritt an eng Rei Banken hätten zougemaach, well se net wollten zu Lëtzebuerg eng Duechter hunn déi net d'Regelen international uwennt.

Mä mir mussen eis elo ëmbauen. Mir mussen elo mat Courage Promotioun ronderëm d'Welt maachen. Mir musse mat de Banken zesummen, mat dem Personal vun de Banken Formatioun maachen an nei Clienten unzéien.

Sascha Georges: Mä egal wéi si mir jo dovunner ofhängeg, datt op mannst déi aner grouss Finanzzentren do wierklech mat zéien. Duerfir hu mir jo awer elo keng Garantie. Ass et da vläicht e Feeler gewiescht do e bëssen sou no vir ze preschen? Hätt een net solle fir d'éischt do taaschten wéi déi aner dat gesinn?

Luc Frieden: Nee, well mir an, wéi mir dat just fir de Moment gemaach hunn, am Beräich vun den Zënsen, déi u Privatpersoune bezuelt ginn - a mir hu gesot, mir hätten elo gär, datt d'Kommissioun déi Verhandlunge féiert. A bei FATCA, bei den Amerikaner, maache mir dat wat och aner Finanzplazen elo gemaach hunn. Duerfir wéi gesot, meng Gespréicher mam Finanzminister vu Singapur. Ech hu gekuckt wat all déi aner Länner maachen, och d'Schwäiz, si maachen alleguerten een Accord mat den Amerikaner, well se och en Intérêt drun hunn mat den Amerikaner, aus wirtschaftlechen Realitéitsgrënn deen Accord ze hunn. Mir kënnen “nee�? soen mat den Amerikaner, wéi gesot dann applizéiert sech déi Gesetzgebung unilateral. Mir kënnen “nee�? soen an Europa. Dat ass keen Akt vu groussem Courage, dat ass 10 Minutten déi ganz penibel sinn an engem Conseil. Mä dann hu mir kee Modell fir d'Zukunft opgebaut. Mir kënnen net a mir wëllen och net e Land sinn wou d'Leit just nëmmen op Lëtzebuerg kommen, well se dann doheem hir Steieren net bezuelen. Mir wëllen e Land sinn mat enger internationaler Finanzplaz, wou grenziwwerschreitend Finanzprodukter a Strukturen enger internationaler Clientèle Stabilitéit ginn. Och Dateschutz, et heescht jo net esou, datt déi Informatiounen einfach un all Mënsch ginn. Dir kritt se net wann Dir urufft bei enger Bank. D'Steierverwaltung kritt se. Et ass also e groussen Ënnerscheed. Stabilitéit, e gudden gesetzlechen a fiskaleschen Kader. An wéi gesot eng Confidentialitéit vun den Donnéeën well dat mat der Privatsphär zesummen hängt. Dat kënne mir de Clienten op der Welt ubidden. Mä dat musse mir elo nach besser vermaarten an duerfir musse mir och eis Promotiounsefforten, déi schonn intensiv sinn, nach verstäerken.

Sascha Georges: E globalen Informatiounsaustausch, e globale Finanzsystem deen déi nämmlecht Chancen un all Finanzplaz gëtt. Dat ass sécherlech eng grouss Aarbecht wéi Dir sot, dat ass och laangfristeg gesinn. Mä da kënne mir eis jo am Fong geholl guer näischt erwaarden an deem dote Kontext elo vum Sommet muer wéi de Premier Jean-Claude Juncker och gesot huet schonn.

Luc Frieden: Ech mengen dee Sommet ass wichteg wann Europa nach eng Kéier wëllt soen, fir Verschiddener ass dat méi wichteg wéi fir anerer, datt mir am Kampf géint de Steierbedruch un engem Strang zéien. An dat e wichtegt Zil ass aus der Europäescher Unioun. Ech mengen dat huet och mat Gerechtegkeet ze doen. Et kann net esou sinn, datt déi eng Steiere strëppen an déi aner musse Steiere bezuelen. Dat ass an engem Land sou an dat ass an Europa sou. Ech mengen déi Prinzipien kann een nach eng Kéier affirméieren an ech mengen och net, datt Lëtzebuerg mat deene Prinzipien déi do an deenen Diskussiounen gemaach ginn, datt déi e Problem fir Lëtzebuerg duerstellen. Ech hoffe just, datt dee Sommet nach eng Kéier ganz genee och confirméiert, datt de Wee vum automateschen Informatiounsaustausch a generell d'Regele vun de Finanzplazen net nëmme kënnen an Europa spillen, datt se iwweregens mussen iwwerall an Europa spillen, mä och ausserhalb vun Europa. An an deem Kontext hunn ech gesinn, datt jo och den englesche Premier och seng Inselen alleguerten - an d'Englänner hunn där vill, vill méi wéi mir, well mir hu keng - datt en déi och opgeruff huet, datt déi och mussen an deene Systemer do mat maachen. Dir gesidd, et gëtt eng international Tendenz fir méi Transparenz an eng Unitéit fir am Kampf géint de Steierbedruch virzegoen an dat ass e Prinzip deen och d'lëtzebuerger Regierung voll a ganz deelt.

Sascha Georges: Vläicht nach ofschléissend ganz kuerz, wéini mengt Dir si mir dann ukomm? Wéini ass deen automateschen Informatiounsaustausch international, wéini leeft dat?

Luc Frieden: Mir sinn an engem Prozess, mir hunn 2005 eng Quellesteier ageféiert. Do ass och d'Finanzplaz net ënnergaang. Dat war eng schwéier Ëmstellung. Mir hunn e grousse Schrëtt gemaach 2009. Wou mir den Informatiounsaustausch op Ufro gemaach hunn. No deene sougenanntene groe Lëschten. Elo si mir an engem weidere Prozess. Et ass eng Evolutioun déi net ophält. Ech mengen, datt et nach eng Rei Joren dauert bis en méi breet souwuel geographesch wéi produktméisseg applizéiert gëtt. Ech ka kee präzisen Datum drop setzen, mä et ass näischt vun haut op muer wat sou geschitt an dat erlaabt eis och, eiser Finanzplaz, wat eng zolitt Finanzplaz ass. Wou et vill gutt Leit ginn mat gudden Iddien, datt déi och Zäit hunn fir sech ëmzestellen a vill hunn et an deene leschte Joren schonn gemaach. Et ginn nei Chancen, à court terme ass e Changement schwiereg, à long terme gëllt et eist Land gutt ze positionéieren an déi Changementer do maache mir souwisou generell am Land. Déi limitéieren sech net nëmmen op d'Finanzplaz, ech mengen e Land muss sech ëmmer adaptéieren. Net nëmme stoe bleiwen an der Vergaangenheet, mä d'Zukunft preparéieren an dat hei ass een Deel vun der Preparatioun vun der Zukunft vun eisem Land un deem mir schaffen.

Sascha Georges: Luc Frieden Merci fir dës Explikatiounen.

Luc Frieden: Merci och.

Dernière mise à jour