Luc Frieden réfute les allégations selon lesquelles il a tenté de prendre influence sur l'enquête dans le cadre de l'affaire dite du Bommeleeër

Guy Kaiser: De Minister Luc Frieden hätt an der Zäit, wéi hien nach d’Justiz ënner sech hat, während e puer Joer bei der Justiz dofir plädéiert, d’Enquête an der Affär Bommeleeër zouzemaachen, mat där Noriicht koum an der Mëttesstonn de Soziokulturelle Radio. An deem Reportage gouf dem Minister ënnerstallt, en hätt op d’mannst theoretesch probéiert, als Politiker Afloss op d’Justiz ze huelen. Dat si schwéier Virwërf, wat ass do drun?

Luc Frieden: Ech sinn extrem erstaunt iwwer esou Sätz. Et ass total aus der Loft gegraff. Ech wëll drun erënneren, datt a menger Amtszäit als Justizminister emol erëm Bewegung an deen Dossier komm ass. Ech hu meng Responsabilitéit als Justiz- an och als Policeminister iwwerholl.

Ech wëll drun erënneren, datt ech mënschlech ganz schwiereg Décisioune geholl hunn. Op Grond vun der Aarbecht vun der Justiz hunn ech de Polizeichef, de Polizeigeneralsekretär ofgesat. Ech hunn zwee Poliziste suspendéiert. Also, dofir mengen ech, datt wierklech a menger Amtszäit an deem Dossier eppes geschitt ass.

D’Justiz huet hir Aarbecht gemaach, d’Police huet hir Aarbecht gemaach. An ech hunn en fait d’Justiz an d’Police, dat wat a mengen Aufgabe war, ëmmer ënnerstëtzt.

Guy Kaiser: Weider heescht et an deem Reportage, bei der Arrestatioun vun den zwee fréiere Gendaarme soll de Minister irritéiert gewiescht sinn, datt hien doduerch elo Misère hätt. Rieds geet vun enger Diskussioun vum Luc Frieden mam Procureur d’État Robert Biever, d’Relatiounen tëscht Minister a Procureur wieren an där Zäit op deem Punkt net einfach gewiescht.

Luc Frieden: Och dat entsprécht net der Realitéit. Ech wëll just soen, datt dat effektiv ganz schwiereg Décisioune waren, well wann ee muss e Polizeigeneraldirekter ofsetze vu senger Fonctioun, op Grond vun engem Bréif vum Procureur, datt een doriwwer mam Procureur sech ënnerhält ass dat Normaalst vun der Welt. De Procureur ass ënner der Autoritéit vum Justizminister. An datt de Procureur déi Problemer dem Justizminister exposéiert, schéngt mir normal ze sinn.

An datt de Justiz- a Policeminister dorop hin da muss ganz schwiereg mënschlech an och juristesch Décisiounen huelen, ech mengen dat ass näischt Exzeptionelles.

Mä ech hunn nimools eng Ausso gemaach, datt ee soll an dësem Dossier net schaffen.

Ech hu par contre ëmmer gesot, mir mussen déi do Affär sérieux huelen, mä ginn och vill aner Affären, méi rezent Affären, an deenen een och muss ganz aktiv eppes ënnerhuelen. Do wou Abréch sinn, d’Luxair-Akzident, Vergewaltegungen; ech hätt ëmmer gär gehat, datt och déi rezent Affäre géinge sérieux gemaach ginn. Mä selbstverständlech, och aner Affären.

Par ailleurs hunn ech iwwerhaapt net, ni d’Intentiounen an och net d’Mëttele gehat fir eng Affär ze stoppen, dat ass och absolut net a menger Conceptioun déi ee vun engem Justizminister muss hunn.

Ech hunn an all deene Joere wou ech Justizminister war, d’Aarbecht vun der Justiz ënnerstëtzt. An dofir ass och d’Justiz ëmmer ee gewiescht, deen ech als Justizminister och a menger Aarbecht ënnerstëtzt hunn. Et war eng réciproque Ënnerstëtzung.

Guy Kaiser: Dir hutt also ni probéiert Afloss ze huelen op d’Justiz?

Luc Frieden: Ech hunn ni probéiert Afloss op d’Justiz ze huelen, an ech géing och net wësse firwat.

Als Justizminister an als [ondäitlech] vum Land huet een Intérêt wann all Affär opgekläert gëtt. Ech hätt gär, datt all Affär opgekläert gëtt. Dat soen ech och nach haut, wou ech net méi Justizminister sinn. Dofir ass d’Justiz do.

D’Justiz huet hir Aarbecht gemaach ënner menger Amtszäit an deem Dossier do. An déi Affär ass jo dofir och elo virun d’Geriicht komm, an d’Geriicht muss kucke wat un där Aarbecht vun der Justiz a vun der Police vun deen leschte Joeren drun ass.

Guy Kaiser: An deem Reportage housch et ënner anerem och, den deemolege Justizminister, also Dir, Här Frieden, hätt de Pierre Reuland Enn Januar 2008 vu senge Fonctioune suspendéiert, allerdéngs hätt eng Regierungssource gesot, de Luc Frieden hätt sech mat där Suspendéierung schwéier gedoen. Am Ufank hätt de Minister nach gesot, d’Aussoe vum Pierre Reuland iwwer d’Bommeleeër wieren aus dem Kontext gerappt ginn. Wat sot Dir dann dozou?

Luc Frieden: Ech hunn Iech elo grad gesot, datt esou Décisiounen äusserst schwiereg sinn, an datt een déi muss sech gutt iwwerleeën. Si si mënschlech schwiereg, si si juristesch schwiereg, well et iwwerhaapt net geet, eisen Texter no, fir einfach ee vun enger Fonctioun ofzesetzen, an datt een dat mécht no reiflecher Iwwerleeung. Ech mengen, och dat gehéiert zu enger seriéiser Conceptioun an Ausübung vu sengem Amt als Justizminister.

Dernière mise à jour