Luc Frieden au sujet de la place financière luxembourgeoise

Luc Frieden: Mir wëlle keen Amalgam zwëschent Zypern a Lëtzebuerg. An doniewent kënnt, datt mir och mussen ënnersträichen, datt een international Finanzplaze brauch.

Claude Zeimetz: De Communiqué ass och extra op englesch geschriwwe ginn. Dat ass jo och net onbedéngt d’Regel elo fir Communiquéë vun der lëtzebuerger Regierung.

Luc Frieden: Dee Communiqué ass virun allem fir d’international Press a fir d’Clientèle vun de Banke geduecht.

Et si selbstverständlech eng Rei Froe komm, et si jo och eng Rei Leit déi frou si wann international Finanzplazen a Schwieregkeete kommen. Et muss ee gesinn, datt an där ganzer Zypern-Rettungsoperatioun eng Rei Ministeren der Meenung waren, datt et souwisou am Fong am beschte wier, et géing ee seng Suen am eegene Land investéieren.

Or, mir sinn Europäer, mir mussen europäesch denken. Lëtzebuerg lieft vun Europa, vum grousse Bannemaart. An och aner Länner liewen dovun. Just si wëllen elo d’Impressioun ginn, datt esoubal een iwwer d’Grenz geet, ass een an engem onsécheren Environnement. Dat ass traureg.

Mir musse weider dofir eis asetzen, datt de Bannemaart, d’fräi Zirkulatioun vun de Leit, vun den Déngschtleeschtungen a vum Kapital bestoe bleift, well soss gi mir 50, 60 Joer zeréck mat schlechte politeschen an ekonomesche Konsequenze fir Europa, an och selbstverständlech fir eng oppen Ekonomie wéi Lëtzebuerg.

Claude Zeimetz: D’Gréisst vum zypriotesche Finanzsecteur, de Bankesecteur war fir verschidden Euro-Finanzministeren en Dar am A. Ass den Drock op Lëtzebuerg doduerch och elo méi grouss ginn?

Luc Frieden: Dat ass en Argument wat an där Diskussioun e puermol op komm ass, an en Argument wat mir zeréckweisen. Et kann een net soen, e klengt Land ka keng grouss Finanzplaz hunn. Kuckt Spuenien ass e grousst Land, an trotzdem huet dat grousst Land Spuenien et net fäerdegbruecht seng Banke mat eegene Mëttelen ze retten. An dofir mengen ech datt een d’Gréisst vun enger Finanzplaz net muss jugéiere par rapport zum nationale Produit intérieur brut, mä et muss een et jugéiere par rapport zu der gesamter Eurozon. Mir sinn eng europäesch Finanzplaz. A wichteg ass ze kucken, datt déi eenzel Banke stabil sinn.

Claude Zeimetz: Dat war an ass elo déi lëtzebuerger Positioun. Mä ass dann de politeschen Drock duerch Zypern do och méi grouss ginn op Lëtzebuerg, froen ech nach eng Kéier no?

Luc Frieden: Ech mengen datt den Drock net spezifesch op Lëtzebuerg méi grouss ginn ass, mä datt d’international Dimensioun vu Finanzplaze generell a Fro gestallt ginn ass.

Ech sinn erféiert, datt fir verschidde Ministeren de Fait selwer datt e Client, deen net op Zypern wunnt, awer seng Suen op Zypern dréit, datt dat schonn u sech aus komesch ass. An déi Téin, déi sinn natierlech fir eng international Finanzplaz wéi Lëtzebuerg net gutt.

Ech mengen datt eng Rei Leit frou wiere wann et nëmme géingen national Finanzplaze ginn. Dat ass awer schlecht fir Europa, an dat ass selbstverständlech ganz schlecht fir Lëtzebuerg, well mir liewe vum auslännesche Kapital, mir liewen net vum lëtzebuerger Kapital.

Claude Zeimetz: Hutt Dir am Finanzministère Echoë kritt vu Banken, déi Iech gesot hunn, datt auslännesch Clientë sech elo zu Lëtzebuerg Suerge géinge maachen?

Luc Frieden: Et sinn eng Rei Froe komm, esou wäit mir dat matgedeelt kritt hunn. An dat ass och normal, well duerch déi Rettungsoperatioun an Zypern hunn d’Leit sech erëm Froe gestallt iwwer d’Sécherheet vun hiren Dépôten.

Ech kann nach eng Kéier soen, datt mir alles gemaach hunn, an och alles wäerte maache fir datt d’Dépôten zu Lëtzebuerg sécher sinn, déi vun de Résidenten, déi vun de Lëtzebuerger grad esou wéi déi vun den auslännesche Clienten.

Claude Zeimetz: Mä wann Dir sot, mir wäerten alles maachen, kann een dat net affirmativ soen, d’Dépôtë si sécher?

Luc Frieden: Mir hunn an der Vergaangenheet bewisen, datt mir och déi Dépôten iwwer 100.000 Euro protégéieren, soss hätte mir Fortis an Dexia deemools net gerett. A mir hunn och eis bedeelegt un der Rettungsoperatioun vu Kaupthing, obschonn dat keng systemesch relevant Bank war. Dat heescht, mir hunn ëmmer dofir gesuergt, datt och d’Avoiren iwwer 100.000 Euro solle geschützt ginn. Et geet am Fong drëm datt d’Spuerer kënne Vertrauen an de Finanzsystem hunn.

Dernière mise à jour