Luc Frieden au sujet du plan de sauvetage pour Chypre

Carine Rippinger: Här Frieden, mir hunn elo éischt Detailer héieren. Sot Dir eis vläicht nach eng Kéier, wat geschitt elo genee mat deene Bankkonte virun allem vu Clienten déi méi wéi 100.000 Euro hunn, bei den zwou gréisste Banken op Zypern?

Luc Frieden: Jo, ech mengen et ass wichteg datt ee präziséiert, datt déi Léisung déi mir gëschter gesicht hunn, hënt gesicht hunn, datt déi sech konzentréiert op zwou Banken. Dat heescht anescht ausgedréckt, datt d’Clientë vun all deenen anere Banken, datt deene guer näischt geschitt.

Da, wat déi zwou Banken ubelaangt, dat ass also d’Laiki Bank, déi gëtt opgeléist. Déi Clienten déi manner wéi 100.000 Euro hunn, deenen hir Konte ginn transferéiert un d’Bank of Cyprus. Dat heescht d’Clienten ënnert 100.000 Euro, deene geschitt och bei deenen do zwou Banken näischt.

Dann déi Clienten déi méi wéi 100.000 Euro hu bei der Laiki Bank, déi wäerte ganz vill verléieren, well déi Bank gëtt ofgewéckelt. Dat heescht wann déi Avoiren déi déi Bank huet, bis realiséiert ginn, da gëtt dat opgedeelt ënnert d’Clienten.

An da bei der Bank of Cyprus, wat eng ganz grouss Bank ass, eng Bank mat iwwer 10.000 Mataarbechter, déi Bank déi gëtt ëmstrukturéiert, an do kréien d’Clienten hir Suen elo emol net zeréck. Déi wäerten herno zum Deel Aktie kréie fir déi Dépôten déi se haten. Dat heescht och déi Clientë wäerten eng ganz Zomm vu Sue verléieren. Mä wéi gesot, nëmmen déi Clienten déi méi wéi 100.000 Euro hunn. Och do sinn 100.000 Euro assuréiert.

Carine Rippinger: Kann dann elo scho chiffréiert gi wéivill do erakënnt, respektiv wéivill deen Eenzelne verléiert bei där do Démarche?

Luc Frieden: Neen, dat kënne mir net präzis soen. Déi Verhandlungen déi am Virfeld stattfonnt hunn tëschent dem Här Van Rompuy, dem Här Barroso an dem zypriotesche President, déi haten een Haaptzil, dat war fir déi Tax do, déi mir d’lescht Woch décidéiert haten, ze évitéieren, a fir eng Léisung ze fannen, déi sech géing konzentréieren op déi do zwou Banken.

Déi Bank, d’Bank of Cyprus, déi soll herno en eege Kapitalratio vun 9% hunn, an et gëtt also vun hannen no vir gerechent. Wéi kann ee kucken, datt déi genuch Kapital huet, datt déi rekapitaliséiert gëtt, och mat den Avoirë vun de Clienten, fir op deen do Prozentsaz ze kommen? An do kann een dovun ausgoen, datt awer e gutt Stéck vun deene Suen, wat déi Clienten hunn, se net kënnen herno erëmkréien.

Mä d’Ofweiung war ze maachen, entweder gi mir nach méi Suen - mir, dat heescht déi europäesch Steierzueler aus deenen anere 16 Länner - oder awer et mécht een e Mix, mir ginn 10 Milliarden, an d’Zypriote selwer, a virun allem och déi do Clienten, leeschten och e Bäitrag, an dat ass eben déi Léisung, déi och vun Zypern selwer schliisslech no laangen a schwierege Verhandlunge préféréiert ginn ass.

Mä et war esou schwiereg, well d’Zyprioten och ganz oft gesot hunn, datt si mat Saachen net d’accord wieren, an dunn hunn aner Memberstaate gesot, ma da géifen et och keng Sue ginn aus der Europäescher Unioun.

Carine Rippinger: Wéi eng Suiten huet dat do dann elo fir déi zypriotesch Bankeplaz, déi jo awer ganz staark ofhängeg ass och vun auslännesche Clienten, notamment aus Russland an aus Groussbritannien? Ass dat do net e schlecht Signal da fir déi Clienten?

Luc Frieden: Also et ass sécherlech eppes ganz Aussergewéinleches, et ass eppes Eenzegaarteges wat mir nach ni gemaach hunn. Mä d’Analys war vun allen Experten, datt d’Laiki Bank net viabel wier, datt déi keng Chance hätt ze iwwerliewen. Dofir ass déi Léisung hei sécherlech eng mat enger Rei vu Risken, mä si huet awer och eng Rei Avantagen.

Avantage ass datt mir eng Léisung hunn, an dat ass enorm wichteg gewiescht, well d’Mäert hunn net gären Onsécherheet. Elo ass eng Léisung do. Zweetens, déi Léisung konzentréiert sech op zwou Banken, an net op all d’Banken. An drëttens, sinn déi kleng Spuerer ënnert 100.000 Euro protégéiert.

D’Fro ass also elo, eng psychologesch méi, wéi reagéieren d’Clientë vun deenen anere Banken? Hinne geschitt en fait näischt, mä loosse se awer hir Suen op Zypern oder net? Dat ass eng Fro op déi natierlech kee kann eng Äntwert hunn.

Dir wësst, datt d’Banken an Zypern och haut zou sinn, well haut ass Feierdag an Zypern. A wéi dat muer ausgesäit, dat mussen d’zypriotesch Autoritéiten elo nach kucken, ob se muer op maachen oder net.

Mä et ass kloer datt dat hei ganz exzeptionell ass, an datt mir och gesot hunn, et ass eng eenzegaarteg Situatioun, an déi kënne mir net an engem anere Land maachen.

Carine Rippinger: Wéivill Schued huet den Image vun der Eurozon, awer och der Politik gelidden iwwer déi lescht Woch, an där esou intensiv huet missen noverhandelt ginn iwwer deen éischten Accord, deen am Fong fonnt gi war am Eurogrupp?

Luc Frieden: Jo, ech mengen an esou schwierege Situatioune kann ee Solutiounen och emol maachen, déi net d’Zoustëmmung vun engem Parlament fannen.

Ech muss allerdéngs soen, datt ech déi Solutioun vun der leschter Woch vläicht nach besser fonnt hu wéi déi vu gëschter Owend. Mä dat ass esou an enger Verhandlung. Dir musst wëssen, wa 17 Länner matenee verhandelen, an e ganz schwieregen zypriotesche President do mat verhandelt, deen och mat ville Saachen net d’accord war, da sinn dat eben Héichten an Déiften an esou enger Négociatioun, déi inevitabel sinn.

Ech mengen trotzdem, och wann ee kuckt wéi elo an den éischte Reaktiounen op de Marchéen an Asien sinn, dann ass et wichteg datt eng Léisung fonnt ginn ass. Dat anert dat gëtt séier vergiess. Mä mir hu bis elo nach ni eng Léisung gehat an engem Land, wou mir gesot hunn, datt eng Rei Clienten hir Suen net zeréckkritt hunn. Mä wa mir dat net gemaach hätten, dann hätten d’europäesch Länner misste méi Sue ginn, an dofir gouf et keng Majoritéit op de Säite vun den Euro-Staaten.

Et gëtt an esou komplizéierten Dossieren einfach keng Léisung, déi een a 5 Minutten huet, a mat där jiddwereen d’accord ass.

Et ass richteg datt héchstwahrscheinlech d’europäesch Krisemanagement heirënner gelidden huet. Mä nach eng Kéier, wichteg ass datt mir elo eng Léisung hunn. An et kann een nëmmen hoffen, et kann een nëmmen hoffen, datt dës Léisung elo à la fois d’Marchéë berouegt, an Zypern hëlleft iwwer déi nächst Joeren och säi Bankesystem a seng Ekonomie erëm e bëssen op eege Féiss ze setzen.

Carine Rippinger: Dat bleift dann alles ofzewaarden. Här Frieden, villmools Merci fir dës Informatiounen.

Luc Frieden: Et ass gäre geschitt.

Dernière mise à jour