Luc Frieden au sujet du plan de sauvetage pour Chypre

Frank Kuffer: Zypern ass kloer net gerett. D’Parlament huet gëschter Owend de Rettungsplang ganz kloer net ugeholl. An elo? Dat probéiere mir an den nächste Minutte mam lëtzebuerger Finanzminister ze klären. Einfach dierft et net gi fir Zypern an d’Eurozon. Luc Frieden, gudde Mëtteg.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Dir hutt dee Plang déi lescht Woch an der Nuecht vun e Freideg op e Samschdeg jo mat ausgeschafft. Sidd Dir elo iwwerrascht, enttäuscht datt Zypern nee gesot huet?

Luc Frieden: Ech sinn, bedaueren datt Zypern nee gesot huet, well ech hätt gären eng Léisung gehat, mä ech mengen et muss een d’Décisioun vun engem Parlament respektéieren. Zypern ass e souveräne Staat, a wann e Parlament eppes décidéiert, muss een dat respektéieren.

Ech muss soen, ech sinn net total iwwerrascht iwwer d’Fassong wéi déi Décisioun, déi mir geholl hunn, opgeholl ginn ass, well an der Sitzung selwer hunn ech eng ganz Rei Froe gestallt iwwer d’méiglech Implikatioune vun där Décisioun déi mir géingen huelen. Déi Froe sinn net als extrem eescht vun Aneren onbedéngt geholl ginn. Eng Rei Länner hunn insistéiert datt d’Spuerer an der Léisung vum Problem e Bäitrag misste leeschten. An ech hu vun Ufank u gesinn, datt dat géing eng ganz Rei Froen opwäerfen.

Frank Kuffer: Dir hutt et awer mat gedroen?

Luc Frieden: Ech hunn et mat gedroen, well et muss ee wëssen, datt zwee, dräi Länner dat als eng Virkonditioun quasi gesat hunn, datt déi eenzel europäesch Institutiounen, d’Kommissioun an d’Zentralbank sech deem och net widdersat hunn, am Géigendeel, an datt och den Internationale Währungsfong déi Positioun, déi och ëffentlech diskutéiert ginn ass, an déi schonn am Virfeld, virun allem och an Däitschland diskutéiert ginn ass, datt déi e ganz staarke Support fonnt huet.

A wéi jiddwereen domat d’accord war, och Zypern iwweregens, hunn ech deem och meng Zoustëmmung ginn.

Frank Kuffer: Firwat dann? Dir hätt jo och kéinten nee soen.

Luc Frieden: Well dann hätt mir guer keng Léisung gehat, a wa keng [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Elo hu mir och keng, oder?

Luc Frieden: Dat muss ee gesinn. Ech soen nach eng Kéier. Wourëms geet et hei?

Et geet drëm datt wann een an der Eurozon ass, datt wann ee Land Schwieregkeeten huet, datt dann all déi aner Länner hëllefen, well jiddwereen huet en Intérêt drun datt d’Stabilitéit bleift. Natierlech hëllefe mir ni einfach eesäiteg, dat hu mir och bis elo ni gemaach. Mir geheien d’Suen net zur Fënster eraus. Mir hunn och ëmmer gesot, da muss dat Land selwer Effortë bréngen. An d’Fro ass a wéi enger Form bréngt et déi Efforten? Verschidde Länner hu gesot, mä do mussen och d’Spuerer zum Deel, well dat net europäesch Spuerer sinn, oder net aus der EU Spuerer sinn, dat ass ee Critère deen ech net onbedéngt deelen, da mussen déi och hei e Bäitrag leeschten. Esou huet déi Diskussioun ugefaangen, an dat war och an den däitsche Medien jo largement, esouwuel vun der Oppositioun, vun der Majoritéit esou formuléiert ginn. An doraus ass déi ganz Dynamik entstanen.

Frank Kuffer: Mir ginn d’Suen also elo bei, ausserhalb vun der EU sichen, ass dat da richteg?

Luc Frieden: Ech wëll emol fir d’éischt soen, datt déi Debatt déi mir Owes haten, am Fong net méi eng Debatt war wéivill Sue mir géingen den Zypriote ginn, mä ob et besser wier et géing een en esougenannten Haircut maachen, wou jiddweree géing e Stéck vu senge Suen net zeréckkréien, oder eng Zort Steier aféieren, eng Tax, an déi Tax ass vläicht méi no bei deem wat mir haten, an och hunn an Europa, zum Beispill eng Verméigenssteier, déi och eng Steier ass um Kapital ënnert anerem. An doduerch hunn ech fonnt, datt ënnert all deenen Optiounen déi do loungen, dat do vläicht déi wier, déi am mannste schiedlech wier. Et muss een also de ganze Kontext gesinn, iert ee kann déi Décisioun beuerteelen. Mä si hat vun Ufank u Risquen. Et ass en extrem schwieregen Dossier, an et gëtt keng einfach Léisung. Dir musst jo och gesinn, mir sinn zu 17 ronderëm den Dësch. Et war keen do, deen déi europäesch Institutiounen, respektiv eng Rei Memberstaaten konnt forcéieren ze soen, mir verzichten drop fir hei och Déposantë mat an déi Léisung eranzezéien.

Frank Kuffer: Dir hätt dat jo kënnte soen, datt Dir dat net wéilt.

Luc Frieden: Ech hunn dat e puermol gesot, mä d’Majoritéit vun de Länner waren der Meenung, a wéi gesot, och d’Institutiounen a virun allem och den Internationale Währungsfong, wat jo awer ganz grouss Institutioune sinn, déi all déi Froen do och sérieux, an och esouwuel wirtschaftlech wéi politesch kucken, datt déi der Meenung waren, datt dat hei keng gréisser Risque géing matsechzéien.

Mä wéi gesot, nach eng Kéier, mir mussen d’Décisioun vum zypriotesche Parlament respektéieren. Esou fonctionnéiert Europa.

Frank Kuffer: Mir kommen herno op déi Tax do zeréck.

Et si jo awer och nach déi 10 Milliarden Euro, déi aus dem ESM kommen. Do hutt Dir gesot, et gi keng lëtzebuerger, belsch an däitsch Sue geholl, hutt Dir hei am Interview gesot. Wou kommen déi Suen dann hir aus dem ESM?

Frank Kuffer: Ob mir Zypern hëllefen oder net, bleift de Bäitrag vu Lëtzebuerg am Europäesche Rettungsschirm ESM genee dee nämmlechten.

Den ESM dat ass eng Firma, eng Institutioun, déi geet d’Suen op d’Marchéë léinen, an déi Suen déi se léint, déi gëtt se weider un Zypern, oder un aner Länner.

An nëmmen am Fall wou déi Länner net kënnen zeréckbezuelen, da spillen déi Garantien, déi mir dem ESM ginn hunn. An dofir hat ech Recht, an net Dir an Ärem Commentaire, Här Kuffer, well [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Wat ass da mat deenen 200.000, 200 Milliounen déi mir abezuelt hunn?

Luc Frieden: Majo, déi Sue sinn do. Dat ass d’Kapital vum ESM, dat sinn also Suen déi bleiwen an deem ESM, an déi erlaben dem ESM fir op de Finanzmäert Suen ophuelen ze goen. Dat heescht, de lëtzebuerger Steierzueler gëtt net elo belaascht doduerch op mir e Freideg eng Décisioun geholl hunn oder net [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: En ass eng Kéier belaascht ginn, déi Sue si jo awer abezuelt ginn, pardon.

Luc Frieden: Jo, mä déi Sue sinn nach ëmmer do, déi Suen sinn nach ëmmer do, déi gehéieren nach ëmmer den europäeschen Institutiounen, an domat eis mat. Déi Sue sinn net ausginn.

Et ass also en Ënnerscheed ob ech en Auto kafen als Staat, an ech ginn déi Suen aus, oder ob ech déi Suen, quasi wéi wann een Aktien an enger Gesellschaft keeft, dann huet een nach ëmmer en Avoir wat dogéint steet. An et wier nëmmen am Fall wou all déi Länner do géinge faillite goen, an net kënnten zeréckbezuelen, wou dann den ESM sech kënnt retournéiere géint seng Aktionären, well mir sinn en Aktionär an deem ESM.

Frank Kuffer: Et gesäit jo awer fir verschidde Länner, elo och fir Zypern awer ganz schlecht aus. Sidd Dir dann iwwerzeegt, datt mir all déi Suen zeréckkréien?

Luc Frieden: Eist Zil zënter zwee, dräi Joer an dëser Kris ass ëmmer d’Stabilitéit vun der Eurozon ze assuréieren, well dorunner hu mir e ganz groussen eegenen Intérêt. Mir sinn e Land mat enger grousser Finanzplaz, mir sinn e Land wat vill exportéiert, a vill importéiert. Mir hunn also Intérêt datt mir an enger roueger Währungszon sinn, wou den Euro en Zahlungsmëttel ass, mat deem mir kënnen ouni grouss Schwankungen, déi Operatioune kënne maachen. Mir mussen alles dru ginn, datt déi Länner op eege Féiss erëm stoe kommen.

An dofir soen ech nach eng Kéier, ech sinn net der Meenung datt een einfach soll de Griichen, Zyprioten, de Portugise Sue ginn, a soen, dat war et. Hei si keng Donen. Mir ginn hinne Suen, verbannen dat mat ganz strikte Konditiounen, datt se Strukturreforme maachen, datt se Spuermoossnamen huelen, fir datt se erëm op eege Féiss kommen, an dann erëm kënnen normal Sue léine goen, esou wéi mir dat och maache wa mir Sue brauchen.

Frank Kuffer: Mä d’Fro war, sidd Dir iwwerzeegt, datt mir déi Suen all zeréck kréien?

Luc Frieden: Dat muss eist Zil bleiwen. Ech kann Iech dat net mat 100%eger Sécherheet soen, well ech mengen an engem Fall vu Griicheland wäert dat 10 Joer dauere bis se erëm op eegene Féiss stinn. Ma wa mir dat Zil opginn, wa mir déi Hoffnung do opginn, da maache mir guer näischt.

Ech mengen datt déi Länner eng Chance hunn, wa se strikt iwwer e puer Joer déi Strukturreforme maachen. Jo, dann hu mir eng Chance déi Suen zeréckzekréien. An dann hu mir och eng Chance datt déi Länner an der Zukunft erëm kënne wéi en normaalt Land fonctionnéieren. An dat wënsche mir deene Leit.

Frank Kuffer: Ass dann iwwerhaapt een Zäitkader do gesat? Déi 10 Milliarden zum Beispill, wéini kritt Lëtz...wéini gëtt den ESM..., oder wéini sinn déi Suen zeréckbezuelt?

Luc Frieden: Jo, fir de Moment ass et jo esou datt wann Zypern refuséiert dësen Deal, dann ass och déi 10 Milliarde fir de Moment net do fir Zypern. Dat heescht, dat do muss den Objet si vun enger Négociatioun. Mä dat ass jo och eng vun de Schwieregkeeten am Dossier. Et ass jo net einfach elo, elo geschitt hei näischt, an elo ass d’Kapitel eriwwer. Mä et ass esou datt och an dësem Moment d’Europäesch Unioun, den Europäesche Rettungsschierm keng Sue wäert an Zypern gi bis déi Situatioun do gekläert ass. Dat heescht, Zypern steet virun och enger ganz grousser a schwiereger Décisioun, wat dann elo an deenen nächsten Deeg vun hirer Säit aus geschitt.

Frank Kuffer: Dann awer zu där Tax nach eng Kéier, op de Konten op Zypern. 6,75 fir déi Kleng, 9,9 fir déi méi Déck. Wat hat Dir Iech dann dobäi geduecht? Fir och wierklech déi ganz Kleng?

Luc Frieden: Also éischtens emol ass déi Diskussioun jo vill méi sophistikéiert gewiescht, well gesot ginn ass, hei soll, ech hunn Iech erkläert, datt verschiddene Länner, Däitschland, Holland enorm dorop insistéiert hunn datt d’Spuerer och géingen e Bäitrag maachen, zum Deel mam Argument wou gesot ginn ass, do komme Leit, Räicher aus der ganzer Welt, déi déposéieren do hir Suen, also mussen déi och bei der Léisung en Deel bäidroen.

Frank Kuffer: Déi hunn awer näischt falsch gemaach, oder, pardon?

Frank Kuffer: D’Angscht an den Ae vu verschidden Memberstaaten, soen déi, déi hu vun engem System profitéiert, da musse se och deem System bäidroen.

Ech deelen Är Meenung datt déi Leit à priori näischt falsch gemaach hunn, au contraire, ech mengen och mir sinn eng international Finanzplaz, a mir mussen an Europa, net nëmmen zu Lëtzebuerg, an an anere Länner, mir musse generell och fir auslännesch Investisseuren, an auslännesch Déposanten op sinn innerhalb vun Europa, an ausserhalb vun Europa.

Zypern selwer, an d’Kommissioun, an d’EZB hunn dofir gewarnt eng Tax anzeféieren déi ze héich wier, ech ënnersträichen och nach eng Kéier, Zypern selwer, well se sech gesot hunn, wa mir déi ze héich maachen, dann ass muer kee méi do. Dat heescht, wann déi Leit, och wann d’Steier bis bezuelt wier, all hir Suen ewechhuelen, jo, dann hunn déi kleng Spuerer, vläicht déi 100.000 Euro, mä déi aner sinn alleguer net méi do, dat heescht, hir Banke briechen zesummen. An dofir muss een e richtegen Equiliber fannen.

Frank Kuffer: An do wieren déi Kleng dann och mat betraff? Ass dat da Sozialpolitik, wann een engem dee 5.000 Euro um Kont huet, 6,75% ewech hëlt?

Luc Frieden: Also, ech wëll soen, datt ech vun Ufank un der Meenung war, datt ee misst déi 100.000 Euro do voll a ganz eraushuelen.

Mä ech soen nach eng Kéier, dat hätt geheescht, datt déi uewen hätte misste vill méi besteiert ginn, an do ass, war d’Meenung och vun Zypern, datt dat géing ze wäit goe wéinst dem Effet vun der Kapitalflucht.

Mä ech wëll awer soen, och virun allem well den Här Turmes virdrun an Ärem Journal do Aussoe gemaach huet, den Här Turmes misst déi Direktiv genee liesen. Déi 100.000 Euro si geschützt wann eng Bank faillite geet. Or, hei ass jo just d’Zil fir d’Banken net faillite goen ze loossen.

Mir hunn zu Lëtzebuerg jo och ëmmer bewisen, an dofir kann ech och hei nach eng Kéier ganz kloer de Lëtzebuerger soen, zu Lëtzebuerg sinn am Fall vun enger Faillite déi 100.000 nach wéi vor voll a ganz assuréiert.

Mä, ech soe méi, mir hunn, d’lëtzebuerger Regierung huet zënter 2008 ëmmer séchergestallt, datt et iwwerhaapt net an déi do Situatioun géing kommen. Dofir hu mir zwou Banken zu Lëtzebuerg gerett, fir datt d’Leit vill méi wéi déi garantéiert 100.000 Euro, wa se da méi hunn, géinge protégéiert hunn.

Déi 100.000 spillen also net am Fall vun Zypern, well mir jo zum Zil haten, déi Banken iwwerhaapt ze retten.

Mä d’Fro wéivill ee géing vun där Steier net belaaschten? Do hu mir finalement gesot, dat mussen d’Zypriote selwer décidéieren.

Ech mengen datt ee soll, obschonns datt et juristesch nëmmen am Fall vun der Faillite ass, soll een ëmmer kucken, datt 100.000 Euro net ënnert iergendwellech Moossname falen, well dat awer Spuerer sinn, déi manner kënne mat anere Moyenen hiert Liewen organiséieren, wann dann alles ronderëm zesummebrécht. Dofir hunn ech dofir grousst Versteesdemech.

Mä nach eng Kéier, et ass d’zypritoescht Parlament wat net mat där do Moossnam, bis 100.000, d’accord war. Dat huet net un eis geleeën.

Frank Kuffer: Äre Parteikolleg, de Frank Engel, huet dat iwweregens och gesot vun deenen 100.000 Euro, datt déi sollte garantéiert bleiwen.

Mä Zypern ass eng speziell Situatioun, gëtt ëmmer gesot, eng immens grouss Finanzplaz an engem klenge Land. Da muss et engem als Lëtzebuerger jo e bëssen elle ginn elo?

Luc Frieden: Jo, ech menge mir mussen hei Zypern kucken, mir mussen d’Effete vun där Décisioun op Europa kucken, och an deenen nächsten Deeg wa mir aner Décisiounen huelen. An ech menge mir mussen hei driwwer diskutéieren, an da musse mir kucken d’Effeten op Lëtzebuerg.

Ech mengen datt mir eng Similitude mat Zypern hunn, awer nëmmen eng eenzeg. Dat ass, mir sinn e klengt Land wéi si, mat enger riseger Finanzplaz. Et ginn awer och eng Rei Ënnerscheeder. Ech géing der just e puer mentionéieren, déi ech direkt gesinn.

Zypern huet bal nëmmen national Banken, zypriotesch Banken, mir hunn 150 Banken, déi Filiale si vun groussen internationale Banken. Mir hunn aner Produite wéi d’Zyprioten. Mir si vill méi breet opgestallt, mir hunn e Fongesecteur, mir hunn e Privat banking, mir hunn dorënner ganz vill Strukturen. Mir applizéieren och ganz strikt all international Standarden, wéi Anti-Geldwäschdispositiounen, an esou weider. Mir sinn extrem sérieux superviséiert. An dofir mengen ech datt een déi eng Finanzplaz mat där anerer net ka vergläichen.

Mä mech besuergt scho wa verschidde Länner soen, e klengt Land ka keng grouss Finanzplaz hunn. Dat ass eng Diskussioun, déi muss een eng Kéier méi breet féieren.

Mä ech kann de Leit soen, esouwuel de Lëtzebuerger wéi den Auslänner, déi hir Suen op Lëtzebuerg bréngen, mir hunn alles assuréiert fir datt hir Dépôten zu Lëtzebuerg sécher sinn, an datt d’Supervisioun an d’Stabilitéit vum Finanzsecteur voll a ganz assuréiert ass.

Frank Kuffer: Gleewen d’Leit dat do nach, vun allem wat se héieren? Ech gleewen Iech dat do elo, mä d’Leit, wa se dat dobaussen héieren och elo vun Zypern an esou, ginn d’Leit elo net hir Sue geschwënn ophiewen, a si leeë se ënnert d’Kappkëssen?

Luc Frieden: Si kënnen eis et gleewen op Grond vun der eegener Erfahrung déi se gemaach hunn. Mir hunn d’BGL an d’Dexia a schwierege Momenter gerett. Mir hunn esouguer zu Léisunge bäigedroe bei verschidden islännesche Banken, obschonns datt mir dat net hätte misse maachen. A mir kucke permanent, esouwuel mat den nationalen Autoritéite wéi mat internationalen Autoritéiten, zum Beispill dem Internationale Währungsfong d’Stabilitéit vun eisem Finanzsecteur.

An dofir mengen ech datt d’Leit scho kënne gleewen, datt Lëtzebuerg eng stabel, sérieux Finanzplaz ass, wou hir Dépôtë sécher sinn. D’Regierung huet alles gemaach, a wäert och an der Zukunft alles maachen datt d’Dépôten zu Lëtzebuerg vun de Leit, d’Erspuernisser vun de Leit respektéiert ginn, an och assuréiert bleiwen.

Frank Kuffer: Ginn d’Banken op Zypern iwwerhaapt nach eng Kéier op? Äre Kolleg Schäuble huet de Moie gemengt, dat wier guer net sécher datt se iwwerhaapt nach eng Kéier op ginn.

Luc Frieden: Dat mussen d’Zyprioten décidéieren. Ech menge schonn datt se erëm eng Kéier op ginn, well Suen sinn noutwenneg fir d’Leit fir ze liewen.

Mir gesinn natierlech dee Risiko vun engem Bankrun, datt d’Leit alles ophiewe ginn, an dofir muss een an deenen nächsten Deeg mat den Zyprioten zesumme kucken, och am Kader vum Eurogrupp, fir datt een eng Léisung fir Zypern fënnt.

Dat wat an Zypern geschitt, kann eis net egal sinn. Zypern ass net einfach eng Insel, déi ganz wäit ewech vun eis ewech ass. Zypern ass e Memberstaat vun der Eurozon, an Zypern muss dofir kënnen op eis Solidaritéit zielen, an eisem eegenen Intérêt an an hirem Intérêt. Mä zugläich muss Zypern och en eegenen Bäitrag leeschten, esou wéi och virdrun Griicheland, Portugal, Irland dat gemaach hunn, an déi zwee leschtgenannten op eng ganz remarkabel Aart a Weis.

Frank Kuffer: Zypern schéngt elo amgaangen ze sinn op Moskau d’Sue sichen ze goen. Ass dat dann déi gutt Léisung, wann d’Russen d’EU musse retten?

Luc Frieden: Ech menge mir liewen an enger interdependenter Welt. Et ass net anormal, mengen ech, datt och hei Gespréicher mat Russland stattfannen. Russland an Zypern hu ganz enk wirtschaftlech Bezéiungen. Russland huet e Kredit, e grousse Kredit vun e puer Milliarden Zypern ginn, datt een doriwwer diskutéiert stéiert mech net.

Ech weisen zum Beispill drop hin datt Groussbritannien och am Fall vun der Rettung vun Irland gehollef huet, obschonn datt Groussbritannien jo net an der Eurozon ass.

Ech mengen hautdesdaags fir just ze soen, jiddweree ka just no sech selwer kucken, dat fonctionnéiert net méi esou. Mech stéiert et net, au contraire, ech begréissen et, wa Russland och hei géing e Bäitrag zur Léisung vun der Kris leeschten.

Frank Kuffer: Et ginn elo ganz vill Kritiken un Iech an un Äre Kollegen.

De Robert Weber, Äre Parteikolleg seet, Dir an déi aner Finanzministeren hätte keen Haërz, mä e Paweesteen. Den LSAP-Europadeputéierten Robert Goebbels, dee sot, et wier eng Sauerei.

Robert Goebbels(O-Toun): Dat verstinn ech net wéi erwuesse Finanzministeren, dorënner och eisen, sech kënnen op esou eng Situatioun eraginn.

Frank Kuffer: An dann Äre Chef, de Staatsminister Jean-Claude Juncker, zanter kuerzem net méi Chef vum Eurogrupp, dee paakt Iech och net mat Händschen un. Ech zitéieren elo aus engem Interview am Standard. “Ich war zum ersten Mal nicht in der Eurogruppe, und schon�?, - an da kënnt eng laang Paus – “ich bin peinlich berührt, das ist nicht sehr kollegial, aber ich kann auch nicht sagen, dass ich mit der Lösung einverstanden wäre.�?

Dat heescht mam Jean-Claude Juncker wier dat do net geschitt?

Luc Frieden: Also éischtens emol gëtt et op dëser Fro absolut keng Divergence de vue tëschent dem Premierminister a mir. Ech hunn nach de Moie laang mat him doriwwer geschwat, an och während deene Verhandlungen öfters mam Staatsminister telefonéiert.

Mir sinn der Meenung datt een hei Zypern muss hëllefen, an datt Zypern, esou wéi an deenen anere Fäll och, e Bäitrag muss leeschten.

Mä et muss een och gesinn, an dofir wäert, et ass natierlech schwiereg, weder Dir nach den Här Goebbels waart an de Sitzunge vum Eurogrupp dobäi, an ech hunn Iech och net während der Sitzung ugeruff [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Schued.

Luc Frieden: Ech hat bei dëser Léisung eng ganz Rei Froen, eng ganz Rei Bedenken. Déi Bedenke sinn awer an aneren hiren Aen net justifizéiert.

Et gëtt am Fong eng ënnerschiddlech Analys och vun der méiglecher Ustiechungsgefor, déi vun Zypern aus ka goen.

Ech mengen datt mir net solle bei all Land eng aner Léisung maachen. Datt mir vläicht éischter sollen op de Modell goen, dee mir bei Spuenien gemaach hunn, an dee mir bei Irland gemaach hunn, an net all kéiers eng aner Léisung probéieren, well déi féiert ëmmer zu ganz vill Fragezeichen.

Mä nach eng Kéier, wann een an esou enger Sitzung ass, an et gesäit een datt eng ganz Rei Länner enger Meenung sinn, an et wëllt een eng Léisung hunn, a wann een och gesäit, wéi gesot, datt Zypern d’accord war, ech wëll dat nach eng Kéier ënnersträichen, den zypriotesche Finanzminister, d’zypriotesch Presidentin op engem gewëssene Moment consultéiert ginn ass, [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Hate se eng aner Méiglechkeet?

Luc Frieden: Si hate selbstverständlech och eng aner Méiglechkeet an deem Sënn datt se hätte kënne vläicht proposéieren op eng aner Fassong déi 6, 7 Milliarden, em déi et jo an dëser Diskussioun gaangen ass, ze ginn.

Europa hätt och eng aner Méiglechkeet gehat, dat heescht, méi Suen ze ginn. An iwwer all déi Saachen, mengen ech, muss een an enger Eurozon diskutéieren. Et war eng äusserst schwiereg Sitzung.

A stellt Iech emol nach eng Kéier vir, wann Dir géingt 17 Journalisten niewentenee setzen, an déi missten all an där do Fro deen nämmlechte Commentaire, oder déi nämlecht Meenung ofginn. [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Mä Har Frieden, Dir hat jo awer och herno d’Méiglechkeet nach eng Kéier fir ze soen, neen, dat ass net déi richteg Léisung. Dat war jo net nëmmen, Dir sot, Zypern war d’accord. Jo mä och de Luc Frieden war d’accord.

Luc Frieden: Ech war d’accord, well ech gesinn hunn, datt d’Absence vun enger Léisung vill méi schlëmm wier.

Wa mir de Samschdeg Moien erausgaange wieren, a soen, mir hëllefen Zypern net, respektiv mir wëlle méi Sue ginn, mä domat hätte mir keng Majoritéit am Conseil fonnt, well verschidde Länner gesot hunn, an och elo soen, mir ginn op kee Fall méi wéi 10 Milliarden, dann hätte mir keen Accord gehat. Dat wier an Europa e Méindeg de Moien, och zu Lëtzebuerg, och an eise Banken zu gréissere Perturbatioune gefouert. An an deem Sënn hunn ech mäin Accord zu dëser Décisioun ginn. Et ass keng perfekt Décisioun gewiescht, mä déi Décisioun wäerft Froen op, dat ass ganz richteg. Mä keng Décisioun, also d’Alternativ wier vill méi schlëmm gewiescht fir d’Stabilitéit vun der Eurozon.

Mir mussen eng Léisung fannen, fir d’Stabilitéit vun der Eurozon an dësem Fall, wéi an aneren, ze assuréieren, esou wéi mir dat an der Vergaangenheet gemaach hunn.

Frank Kuffer: Wann ech deen Interview hei mam Här Juncker liesen, hätt hien dat do dann och mat gedroen zum Schluss? Wier dat selwecht erauskomm mam Jean-Claude Juncker als Chef vum Eurogrupp?

Luc Frieden: Jiddwereen huet säi Stil, an de Jean-Claude Juncker hätt sécherlech deenen eenzelne Länner méi nogelauschtert wéi vläicht deen aktuelle President, dee par ailleurs gutt presidéiert, mä deen och selwer natierlech geprägt ass duerch dee ganz heftegen Débat iwwer déi Rettungspläng a sengem eegene Land, nämlech Holland.

Frank Kuffer: Dir hutt elo virdrun nach gesot, d’Absence vun engem Plang wier schlëmm gewiescht. Dat heescht, mir sinn elo an enger schlëmmer Situatioun, well elo ass jo kee Plang méi do, d’Léisung ass elo net méi do?

Luc Frieden: Mir si selbstverständlech an enger schlëmmer Situatioun.

Esou wéi mir an enger schlëmmer Situatioun ware bei der Rettung vu Griicheland, wéi mir an enger schlëmmer Situatioun ware bei der Rettung vun Irland, etc, wéi mir mat Suerg kucke wat an Italien fir sech geet am Sënn datt et do absolut noutwenneg ass, datt een eng reformfäeg Regierung op d’Been kritt.

Déi Kris ass net eriwwer. Ech wëll net, d’Leit brauchen net ze panikéieren, dat wier och falsch. Mä et muss ee wëssen, datt déi Problemer hei keng liicht Léisungen hunn, an datt mir elo musse mat rouegem Kapp kucke wéi mir kënne sécherstellen, datt Stabilitéit herrscht.

Stabilitéit ass an deem Sënn assuréiert datt näischt mat den Dépôtë vun de Leit geschitt. D’Banke wäerten net zesummebriechen, well esouwuel d’EZB wéi d’Memberstaaten hu genuch Moyenë fir d’Stabilitéit ze assuréieren. An nach eng Kéier, zu Lëtzebuerg hu mir dat schonn e puermol bewisen.

Mä esou laang déi Zypernfro net gekläert ass, bleift eng gewëssen Onrou. An dofir plädéieren ech dofir datt mir esou schnell wéi méiglech mat den Zyprioten eng Léisung sichen. Mä de Schlëssel läit och an Zypern selwer, mä de Schlëssel läit och an enger Rei vun, ech géing soen, virun allem grousse Memberstaate vun der Europäescher Unioun.

Frank Kuffer: Vun e Freideg op e Samschdeg war jo keng aner Léisung do. Wou geet een déi dann elo sichen? Et muss jo awer och elo séier goen, oder net?

Luc Frieden: Mir telefonéiere vill mateneen, mir Finanzministeren. Dir hutt selwer gesot, datt den zypriotesche Finanzminister a Kontakt ass mat Russland. Dofir bleiwe jo och d’zypriotesch Banken emol bis op Weideres zou. An et kann een nëmmen hoffen, wënschen an dozou bäidroen, datt eng Léisung an deenen nächsten Deeg fonnt gëtt. Ech menge soss wier dat net gutt fir Europa, net gutt fir Zypern, an ech soen, och net gutt fir Lëtzebuerg.

Frank Kuffer: Wat ass de Risiko?

Luc Frieden: Dee Risiko deen ech virdru beschriwwen hunn, Onstabilitéit an Europa.

Eng Ekonomie ka sech nëmme weider entwéckele wann et Stabilitéit gëtt. Dat kascht heiansdo en Euro, en Euro deen awer nëmme gutt ugeluegt ass, wa jiddweree sech un d’Spillregelen hält.

D’europäesch Währungsunioun ass e grousse Bénéfice fir Lëtzebuerg. Den Euro ass e Bénéfice fir Lëtzebuerg, well mir ouni Wiesselkursschwankungen, ouni Ofwäertunge kënnen handelen, mä et verlaangt awer datt jiddweree sech un d’Spillregelen vu Budgetsdisziplin hält, an déi Strukturreforme mécht fir datt e konkurrenzfäeg bleift. Dat gëllt a verschiddene Länner méi wéi an aneren.

Mä esou laang mir net sécherstellen, datt d’Länner sech un d’Regelen halen, mir hunn elo nei Regele gemaach, bleift e Risiko. Also bleift den Diskurs deen nämmlechten.

Mir musse kuerzfristeg Moossname maache fir Stabilitéit, och Zypern hëllefen, och an eisem Intérêt, a mir musse laangfristeg Moossnamen huelen, fir datt jiddwereen an deem Währungsveräin déi nämmlecht Regelen huet, an domat Vertraue schaaft.

Et geet ëm d’Vertrauen. Ouni Vertrauen huelen d’Leit hir Suen ewech. Mir mussen dofir suergen, datt d’Vertraue bestoe bleift. Wa Feeler ënnerwee gemaach ginn, da mussen déi corrigéiert ginn. Mä Vertraue kënnen d’Leit an de lëtzebuerger Finanzsystem hunn.

Frank Kuffer: Ech wollt zwar elo ophalen, mä elo muss ech awer nach d’Fro stellen, Vertraue schaaft ee jo awer net mat där Mesure déi vun e Freideg op e Samschdeg décidéiert gi war?

Luc Frieden: Déi Mesure ass jo elo an där Form net méi do, also muss een elo aner Mesuren envisagéieren.

Frank Kuffer: Luc Frieden, ech soen Iech villmools Merci datt Dir Iech esou ganz kuerzfristeg Zäit geholl hutt fir eis, an da waarde mir op neie wäissen Damp vu Bréissel.

Luc Frieden: Et ass gäre geschitt.

Dernière mise à jour