Luc Frieden au sujet de la situation budgétaire de la Chypre et de la possibilité d'imposer des limites aux bonus pour des banquiers et cadres des entreprises

Luc Frieden: Mir sinn der Meenung, datt een Zypern schnell muss hëllefen, well soss komme mir an eng ähnlech Situatioun wéi déi déi mir bei Griicheland haten. Wat et méi laang dauert, wat méi Onsécherheet entsteet. A mir hunn et d’lescht Joer fäerdegbruecht fir d’Eurozon ze stabiliséieren, mir solle se also elo net erëm destabiliséieren.

Déi Debatt iwwer Zypern ass awer eng déi e bësse mat anere Critèrë geféiert gëtt, well verschidde Länner fannen, datt Zypern vill ze vill e grousse Finanzsecteur huet. Eng Fro déi also och Lëtzebuerg direkt interesséiert. Dat ass bis elo e Critère deen ni évoquéiert ginn ass. Mir mengen och datt dat kee Critère ka sinn.

Eng aner Considératioun, déi gemaach gëtt ass fir ze kucken, ob Zypern all Moossnamen am Kampf géint d’Geldwäsch adäquat ëmgesat huet. Do huet déi nei zypriotesch Regierung gesot, si géingen en Audit virleeë fir ze beweisen, datt si déi Gesetzer an déi Regelen déi international gëlteg sinn och ëmgesat hunn.

17 Milliarden, dat si schrecklech vill Suen, mä et si vill, vill manner Suen, wéi déi déi mir Irland, Portugal oder Griicheland ausginn hunn. A vu datt mir all zesummen hei an engem Boot sëtzen, menge mir datt ee soll an deenen nächste Wochen déi Décisioun do huelen.

Claude Zeimetz: D’Lutte géint Blanchiment ass am Fong eng Fro déi am Raum steet. Et gëtt vu verschiddenen Eurolänner gefuerdert, datt do méi Efforte gemaach ginn. Elo huet déi nei Regierung Entgéintkommes signaliséiert. Ginn dann Ärer Meenung no d’Efforten do wäit genuch an Zypern?

Luc Frieden: Ech mengen, et ginn international Regelen déi op de Finanzplaze musse gëllen, dat sinn déi sougenannten GAFI-Regelen, déi mir och zu Lëtzebuerg uwennen.

Ech kann net nëmmen am Eenzelfall feststellen ob dat an Zypern esou gemaach gëtt, mä déi Rapporten déi mir kréien, weisen awer, datt do déi Regelen ëmgesat gi sinn. A wann een dann nach en zousätzlechen Audit huet, ech mengen, datt dat misst duergoe fir kënnen eng Décisioun ze huelen.

Par ailleurs ass dat jo och am Fong kee Critère fir eng Finanzhëllef ze ginn. Mir hätten natierlech gären, datt dat sérieux ugewandt gëtt, mä ech mengen, hei ginn déi Argumenter e bësse virgeschobe vu verschidde Länner fir net mussen ze hëllefen.

Ech géing och wëllen drop hiweisen, datt Zypern a Schwieregkeete komm ass duerch Griicheland. Et ass absolut noutwenneg, datt mir, och am eegenen Intérêt, am Intérêt vun deenen anere Länner vun der Eurozon, hei eng Décisioun huelen.

Claude Zeimetz: Dat heescht, op deem Punkt do deelt Dir och d’Meenung da vum Eurogruppechef Dijsselbloem, dee sot, datt Zypern am Fong systemrelevant fir déi ganz Eurozon ass?

Luc Frieden: All Land ass systemrelevant an Europa, well mir eng Ustiechungsgefor, op d’mannst eng psychologesch Ustiechungsgefor net kënnen ausschléissen.

Claude Zeimetz: Kucke mir dann nach kuerz op den Dag vun haut, Här Frieden.

Am Ecofin gëtt iwwer déi zukünfteg Limite fir Bankerbonien diskutéiert. No der Schwäiz wëll d’Kommissioun, eegenen Aussoen no, och bis Enn des Joers Proposë maache fir d’Managerpaien ze limitéieren. Sinn dës Mesuren elo méi wéi eng Berouegungspëll fir d’Bierger, déi jo d’Gefill hunn datt si fir d’Kris musse bezuelen, a wéi stitt Dir als lëtzebuerger Finanzminister zu dëser neier Bonikultur?

Luc Frieden: Mir hunn zu Lëtzebuerg scho virun 1, 2 Joer iwwer d’CSSF Regelen opgestallt fir sécherzestellen, datt de variablen Deel vun der Rémunératioun net esou héich ass, datt dee kéint zu risikoräichen Aktivitéite féieren. Datt d’Leit also géife kucke fir méiglechst risikoräich Geschäfter ze maachen, an doduerch hir Pai ze erhéijen an dat kéint de ganze System a Gefor bréngen. Dofir mengen ech ass et richteg, datt een dat e bëssen encadréiert.

Ech fannen och, datt d’Schwäizer hei, wéi esou oft, op eng ganz raisonnabel Aart a Weis ofgestëmmt hunn. Et ass jo net gesot ginn, datt ee keng Rémunération variable, kee Bonus méi dierf hunn, mä datt deen net méi héich dierf si wéi d’Grondgehalt.

Dat ass och am Regelfall bei de lëtzebuerger Banken de Fall. An dofir si mir och mat deene Propositiounen, déi haut diskutéiert ginn am Conseil vun de Finanzministeren, si mir do d’accord. Si wäerfen also keng Schwieregkeeten op fir Lëtzebuerg, an am Géigendeel si mir och der Meenung, datt dat gutt ass, datt et gewësse Grondregele ginn innerhalb vun deenen d’Banke fonctionnéieren, well d’Banken och ëmmer eng Gefor si fir d’ganz Ekonomie, wa se sech op eng irresponsabel Aart a Weis behuelen.

Mä wéi gesot, dat ass zu Lëtzebuerg bei dem Gros vun de Banken, wou mir dat konnten iwwerkucken, net de Fall.

Dernière mise à jour