Luc Frieden au sujet de Cargolux

Frank Kuffer: Knapps annerhalleft Joer ass d’Qatar Airways elo Aktionär an der Cargolux. No ville Kritiken zéien d’Katari sech deemnächst awer zeréck. An doriwwer sinn eng ganz Partie Leit frou, virop d’Gewerkschaften, mä awer och eng Partie Politiker. De Finanzminister steet an dësem Dossier zanter Wochen och an der Kritik. Gëschter gouf vu verschiddene Säiten esouguer säi Récktrëtt gefrot. De Luc Frieden ass eisen Invité de Mëtteg am Studio. Gudde Mëtteg Här Frieden.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Et muss ee soen, Dir waart gëschter net am Land, soss hätt Dir dann och vläicht direkt reagéiert. Mä hutt Dir da schonn dru geduecht ze démissionéieren?

Luc Frieden: Neen, well wann een démissionéiert da muss ee wësse firwat een dat mécht. Dir frot jo och net d’Demissioun, oder Är Kollegen an Italien, fir den Här Monti, dee gëschter am Katar war, an deen an de Katar gaangen ass, huet hie gesot, fir ze kucken, datt kataresch Investisseurë géingen an Italien investéieren, well Italien bräicht Investisseurë vu baussen.

An ech mengen dat selwecht hunn ech gemaach 2011. Dat selwecht huet gemaach de Wirtschaftsminister Krecké schonn 2004, 2006.

Et geet drëm ze kucken, datt auslännesch Investisseuren net laanscht Lëtzebuerg fueren, mä op Lëtzebuerg komme fir datt mir esou kënne Lëtzebuerg weider entwéckelen, an Aarbechtsplazen erhalen, an neier schafen duerch nei Aktivitéiten.

Frank Kuffer: Et ware jo och net mir, déi déi Démissioun gefrot hunn, mä zum Deel d’Gewerkschaften, an och verschidde Politiker. Mä sidd Dir awer och elo frou datt d’Kapitel Qatar Airways en Enn kritt no all deem Hin an Hier?

Luc Frieden: Ech mengen datt dat eng ganz normal Transaktioun war, déi och net einfach aus der Loft getraff ginn ass. De Wirtschaftsminister vun deemools, den Här Krecké, ass e puermol dohinner gaangen, den deemoolege President vum Cargolux-Verwaltungsrot, well d’Meenung zu Lëtzebuerg war bei der Cargolux, a bei deenen, déi sech dorëms bekëmmert hunn, duerch hir Fonctiounen, datt ee bräicht e strategesche Partner.

An an deem Sënn mengen ech datt een déi muss siche goen a Länner, wou Kapital ass, an Know-how an deem do Secteur. An dat war de Fall am Katar, dat war de Fall sécherlech och op anere Plazen an der Welt. Mä an deem Sënn mengen ech datt et falsch ass ze mengen, déi Operatioun u sech wier falsch gewiescht.

Wat Schued war, dat ass datt d’Ëmsetzung vun där Strategie, d’Ëmsetzung vun deem wat mir wollten, nämlech datt d’Aktivitéite vu Lëtzebuerg a vum Katar mat neie Routen, mat méi Gewiicht wat ee kënnt transportéieren, datt dat net gutt ëmgesat ginn ass, datt vu béide Säiten während deenen, an där Dynamik déi do entstanen ass, wann ee bis Aktionär ass, datt do net déi richteg Chimie entstanen ass. Dat gëllt fir déi zwou Säiten.

Et muss een, wann een an eng Gesellschaft eraklëmmt, dee Moment kucke wou d’Operatioun entsteet, an da muss se duerno ëmgesat ginn. An déi Ëmsetzung, déi ass net gutt iwwer d’Bühn gaangen, dat ass bedauerlech, mä dat geschitt och am Wirtschaftsliewen heiansdo. Ech hätt léiwer gehat, dat hätt ee kënne viruféieren, awer an engem aneren état d’esprit op béide Säiten, an dat ass leider net geschitt.

Frank Kuffer: Well et ass jo, Dir hutt gesot, et war eng normal Transaktioun, mä et ass scho komesch wann en Aktionär sech no nëmmen 18 Méint erëm zeréckzitt. Wat ass dann do schif gelaf? Dir sot, bei der Ëmsetzung, ass dat deen eenzege Problem dee war?

Luc Frieden: Ech mengen datt jo am Virfeld vun där Transaktioun, déi ech ofgeschloss hunn als Finanzminister, ganz vill driwwer diskutéiert ginn ass, wat kann ee gemeinsam maachen. Do loungen och Strategiepabeieren um Dësch. Do waren eng ganz Rei Leit der Meenung datt dat gutt wier fir d’Gesellschaft.

Ech wëll och drun erënneren, datt d’Swissair zënter 2001 an der Faillite war, déi war Aktionär vun der Cargolux. An datt et wichteg war, datt een endlech en neie Partner fonnt huet no joerelaang wou do net vill geschitt ass, fir en neie Partner ze hunn, dee géing an déi Gesellschaft eraklammen.

Et ware scho vill Synergie virgesinn, vill gemeinsam Strategien, mä de fundamentale Problem, mengen ech an dëser Gesellschaft, wéi vläicht och an anere Gesellschaften, ass, wéi brénge mir et fäerdeg bei, an engem schwieregen ekonomeschen Ëmfeld, wou d’Donnéeën och international geännert hunn, wou et nei Konkurrenten an der Welt gëtt, an an Fluggesellschaften ass dat de Fall, wéi brénge mir et da fäerdeg eng lëtzebuerger Gesellschaft fit a flott ze maachen?

An dofir mengen ech datt d’Katarien en fait eng Rei Problemer op den Dësch geluegt hunn, vläicht mat richtegen Äntwerten, an heiansdo vläicht mat falschen Äntwerten, déi wäit iwwer d’Cargolux erausginn. D’Cargolux ass eng international Gesellschaft, an dofir sinn déi Problemer, déi se huet, och net mat renge lëtzebuerger Mëttelen ze léisen. An ech mengen dat hei ass am Fong en Débat, déi méi wäit geet wéi déi Gesellschaft, deen hei op den Dësch komm ass.

Frank Kuffer: Dir sidd den Ament esou richteg ënnert Beschoss, well Dir den Deal deemools definitiv ofgeschloss hutt. Dir hutt elo just selwer gesot, deen ech ofgeschloss hunn, hutt Dir virdru gesot. Firwat hat Dir de Claude Wiseler am Juni 2011 dann net mat an de Katar, respektiv bedauert Dir elo datt den Transportminister, an deem säi Beräich d’Cargolux jo u sech fält, méi propper do steet wéi Dir?

Luc Frieden: Et ass jo net esou, wéi wann ech mat kengem Mënsch doriwwer geschwat hätt, an ech op eemol do einfach an de Katar gaange wier, an do eppes ofgeschloss hätt. Ech hunn am Virfeld [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Firwat war hien net mat?

Luc Frieden: Majo well et eng Wirtschaftsmissioun war, déi ech mam Ierfgroussherzog gemaach hunn. Ursprünglech sollt de Grand-Duc selwer mat goen, deen ass just an där Zäit do awer krank ginn, an dunn ass den Ierfgroussherzog mat gaangen. An op där Rees si mir an de Katar gaangen, a Saudi-Arabien, an d’Arabesch Emirater, an an de Libanon. An et war also eng Missioun, déi sollt méi breet ugeluegt ginn, an dofir war et normal datt dat, well et em d’Finanzplaz gaangen ass, de Finanzminister gemaach huet. Normalerweis reest ee Minister, an net zwee oder dräi.

Mä ech hunn am Virfeld mam Minister Krecké geschwat, ech hunn am Virfeld mam Minister Wiseler geschwat, ech hu mam Staatsminister geschwat, an och während der Transaktioun selwer hunn ech mam Staatsminister, a mam Transportminister telefonéiert. Dat ass och alles ganz normal.

Mä esouguer wann dat net gewiescht wier, déi Operatioun déi war zënter laangem virbereet, si war net ofgeschloss.

Et goufen der och, déi hätte léiwer eppes mat de Chinese gemaach, mä ech hunn et wiesentlech fonnt, a meng Kollegen am Fong och, datt een endlech géing e Partner fannen, an no joerelaang géing ofschléissen. Dat ass näischt Anormales. An de Finanzminister ass zoustänneg fir d’Participatiounë vum Staat. Mir haten déi Aktie kaaft vun der Swissair, no laange Joere wou näischt geschitt ass, an dofir hu mir déi Aktien dunn engem anere verkaaft. Mir hunn net nëmme nom Präis gekuckt, och no engem Konzept.

Frank Kuffer: Ech wollt soen, d’Chinesen hätten awer méi ginn, oder?

Luc Frieden: Also esou en Dokument ass mir net bekannt, well keng intensiv detailléiert Verhandlungen zu deem Zäitpunkt mat de Chinese stattfonnt hunn.

Dee Präis dee bezuelt ginn ass, dat ass e Präis, deen op Grond vun enger Valorisatioun festgeluegt ginn ass.

Mä ech muss Iech soen, onofhängeg dovunner, an enger Gesellschaft déi esou vill Héichten an Déifte kannt huet - erënnert Iech, 2009 huet de lëtzebuerger Staat der Cargolux eng Garantie misste gi vun 100 Milliounen Dollar - da gesitt Dir wéi schwiereg d’Situatioun war. An dofir ware mir frou datt mir ee fonnt hunn, deen dat kaaft huet, net einfach esou kaaft huet, mä mat engem Konzept, wat mir gedeelt hunn, wou et drëm gaangen ass méi Aktivitéite fir d’Cargolux och ze kréien, a si hunn natierlech och gehofft doduerch méi Aktivitéite fir sech ze kréien. Dat ass duerno net esou ëmgesat ginn [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Pardon, d’Haaptursaach war jo d’Konzept dann, an dat huet jo dann awer elo versot?

Luc Frieden: Neen, ech mengen dat net. D’Haaptursaach war, datt d’Atmosphär net zesumme komm ass, datt de Katar héchstwahrscheinlech méi séier Changementer wollt hunn. An ech menge mir mussen eis grondsätzlech nach eng Kéier d’Fro stellen, dofir ass deen Débat méi déif, wéi kréie mir esou Gesellschaften fit a flott fir am internationale Marché konkurrenzfäeg kënnen ze sinn, an engem Ëmfeld wat ganz schlecht ass.

Do kënnt also dobäi eng Rei strukturell Problemer an deem Secteur, niewent de konjunkturelle Problemer, well einfach d’Weltekonomie méi lues dréint. An ech mengen, datt och déi Problemer jo elo net geléist sinn, doduerch datt ee fort ass, au contraire, ech mengen déi Problemer déi sinn a bleiwen extrem grouss bei där Gesellschaft do, wéi bei anere Gesellschaften och.

Frank Kuffer: "Wann et eescht gëtt, da muss ee léien", hat emol eng Kéier een aneren an engem anere Kontext och gesot. Hutt Dir d’lescht Woch an der Chamberkommissioun, respektiv am Plenum gelunn, Här Frieden, well d’Situatioun vläicht eescht war?

Luc Frieden: Iwwer wat?

Frank Kuffer: Wéi iwwer d’Cargolux geschwat ginn ass an der Kommissioun, respektiv an der Chamber.

Luc Frieden: Op kee Fall. Ech mengen ech hu mat enger voller Transparenz deemools wéi och haut, erkläert, de Werdegang vun där Operatioun, déi eng normal Transaktioun war, wou d’Ëmsetzung net perfekt geklappt huet.

A wat e Freideg geschitt ass, konnt ech en Donneschdeg net wëssen. Ech war och e Freideg iwweregens och am Ausland, net einfach esou am Ausland, ech war e Freideg an der Schwäiz, wat mat déi gréisste Clientë sinn op der lëtzebuerger Finanzplaz am Fongeberäich, fir neier ze iwwerzeegen op Lëtzebuerg ze kommen.

Ech war gëschter iwweregens, datt Dir dat och wësst, an Irland, wat déi nächst Présidence ass, fir iwwer Steierdossieren ze schwätzen. Et ass also net esou datt een do reest fir Tourismus ze maachen. Dat si wichteg Saachen, wann een e klengt Land ass, wou ee muss am Ausland seng Stëmm erhiewen.

Ech war e Freideg net am Land. Den Qatar Airways huet de Minister Wiseler gesinn. Mä ech mengen datt dat einfach e Moment war, wou dat Ganzt an d’Bréch gaangen ass, well virdru schonn d’Chimie tëschent deenen eenzelnen Aktionären iwwer déi Joeren, iwwer déi Méint net geklappt huet.

Frank Kuffer: Huet Dir dat da gesi kommen, datt dat awer kéint esou ausgoen?

Luc Frieden: Ech mengen den Zäitpunkt konnt een net gesinn. An ech gleewe souwisou ëmmer drun, datt wann een Aktionär gemeinsam an enger Gesellschaft ass, da muss een, een op deen aneren zougoen. Et muss ee Stonne matenee verbréngen fir ze kucken eng gemeinsam Strategie ëmzesetzen, well eng Strategie ass eppes Dynamesches. Et huet een e Konzept, dat Konzept war do, d’Ëmsetzung war schwiereg, d’Methode si se sech net eens ginn. Dat kann een nëmme bedaueren.

An ech mengen nach ëmmer, wann een openeen zougaange wier, wann ee méi konstruktiv, an och net nëmmen op der Place publique mateneen diskutéiert hätt, an an der Strooss, da wier ee vläicht och e Stéck méi wäit komm.

Frank Kuffer: War et eben déi Strategie déi Drëps déi d’Faass iwwerlafe gelooss huet? War et och e bëssen de Richard Forson, dee si wollten anscheinend duerchdrécken, deen net duerchgaangen ass?

Luc Frieden: Dat kann ech Iech net soen. Ech war e Freideg net do dobäi. Ech kann och net fir de Katar a Qatar Airways schwätzen, da musst Dir déi froen.

Fakt ass, datt an där Gesellschaft eng Rei Problemer sinn, an datt déi Problemer och elo bleiwen.

An da wëll ech och soen, et ass och net anormal an der Wirtschaftswelt, datt och emol eng Kéier bei Participatiounen een eraklëmmt an dann erëm eng Kéier erausgeet. Et ass net den Idealfall, mä et ass och näischt Anormales an och näischt Dramatesches an der Wirtschaftswelt.

Frank Kuffer: De François Bausch sot, Dir hätt net nëmme 35% Aktien, mä virun allem 100% Betribsgeheimnisser u Qatar Airways verkaaft. Dat, wann een dat esou kuckt, schéngt dat engem logesch, neen, déi wësse jo elo alles iwwer Cargolux, an et ass e Konkurrent elo geschwënn erëm?

Luc Frieden: Déi wossten dat och virdrun, an dat ass e Marché op deem jiddwereen iwwer deen anere villes weess, well soss wier et jo och guer net méiglech gewiescht, schonn éiert ech op Doha gaange sinn, fir iwwerhaapt Strategiepabeieren ze hunn, an och ze gesi wat en ideale Partner wier, wou et och Synergieméiglechkeete géinge ginn, och fir eise Cargocenter.

A wann ech mir déi Pabeieren ukucken, da gesäit ee ganz gutt datt d’Analys vun deenen eenzelne Partner, déi a Fro kéimen, datt déi gemaach gi war. Do weess ganz gutt jiddweree wou een hiflitt, mat wat fir engen Tonnagen, mat wat fir enge Präisser. Et ass also net esou datt dat eng Welt wier, wou keen eppes iwwer deen aneren eppes géing wëssen.

Ech menge si wosste virdru vill, a si wäerten och an der Zukunft e ganz staarke Konkurrent bleiwen, well eben dat nei Firmaë sinn, déi nei op de Marché komm sinn, an déi dee Marché wëlle kréien. Dat sinn dynamesch Länner, dat sinn dynamesch Firmen. Dat gëllt iwweregens net nëmme fir de Katar, dat gëllt och fir Emirates, dat gëllt fir Etihad, dat gëllt och fir aner asiatesch Firmen. Dat sinn alles extrem gutt geféiert Geschäftsfirmaen, déi natierlech op eng agressiv Aart a Weis och op de Marchéë sech positionéieren. A mir mussen einfach feststellen, datt mir an enger Welt liewen, wou mir mat deenen a Konkurrenz sinn.

Frank Kuffer: Dat heescht, Dir gesitt absolut net datt elo Qatar Airways doduerch e Virdeel hätt, duerch dat wat si elo wëssen?

Luc Frieden: Ech mengen net datt se villes bäigeléiert hunn, wat se virdrun net wossten.

Frank Kuffer: Esou wéi geet et dann elo virun, dat ass jo elo wichteg? Qatar Airways geet eraus, mä fir d’éischt muss emol een dann déi Parten och wëlle kafen. Wie kéint dat da sinn? Keeft de Staat se vläicht temporaire?

Luc Frieden: Ech weess net wéi dat virugeet, well ech Iech gesot hunn, datt ech e Freideg un deem Gespréich net deelgeholl hunn tëscht dem Minister Wiseler an der Qatar Airways. Mä et ass e Fakt, dat kann ech Iech soen [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Dir hutt awer bestëmmt mam Här Wiseler geschwat.

Luc Frieden: Natierlech, mä et ass e Fakt, datt, den Här Wiseler huet och déi Äntwert op déi do Fro nach net, well Qatar Airways ass jo fir de Moment jo emol nach Aktionär. Déi hunn elo op Grond vun de Kontrakter, wa se da wëlle verkafen, da musse se dat fir d’éischt ubidden, deene besteeënden Aktionären.

Mir sinn der Meenung datt esou eng Gesellschaft, an dat ass eng generell Remarque déi ech wëll maachen, net kann zu 100% durablement vum Staat geféiert ginn. Dat ass net d’Aufgab vum Staat, an et ass och net de Staat dee kann op eng efficace Aart a Weis esou international Firmaen an der Loftfahrt, wéi an anere Beräicher féieren. Dat ass d’Aufgab vun der Privatwirtschaft, an dofir mengen ech muss een elo kucken ob een en anere Partner fënnt.

Mä ech wëll awer och soen, déi Diskussiounen déi do ronderëm och an der Chamber geféiert gi sinn, mir brauchen auslännesch Investisseuren zu Lëtzebuerg, och an der Zukunft, onofhängeg vun där Diskussioun em de Katar. An do kënne mir net d’Konditioune stellen, wéi déi, déi do an deem Kontext gestallt gi sinn.

Verschiddener hu gesot, mir kënnen dat net maache mat engem Land, wou et net Gewerkschafte ginn am selwechte Sënn wéi mir se hunn. Mir brauchen, wann esou een eraklëmmt, eng schrëftlech Beschäftegungsgarantie. Mir kënnen dat net maache mat engem Land, wou ee 35% géing kréien.

Ech soen Iech, wa mir esou Konditioune setzen, a wa mir déi dobäi nach op der Place publique diskutéieren, da fanne mir bei der Cargolux, an och bei anere keen méi deen a Lëtzebuerg wëllt investéieren.

Frank Kuffer: Mä kéint et sinn awer datt de Staat elo temporaire do eraklëmmt, also temporaire déi do Parten och nach hëlt?

Luc Frieden: Dat kann ech net ausschléissen, mä dat kann net sinn, och aus Grënn vun den europäesche Regelen iwwer staatlech Bäihëllefen, datt de Staat géing permanent zu 100% Aktionär an der Gesellschaft sinn. Wat ee sech ka virstellen, datt een temporaire déi Aktien iwwerhëlt, an dann un een anere verkeeft, mä doriwwer ass bis elo net diskutéiert ginn, an och keng Décisioun geholl ginn.

Frank Kuffer: Muss dat ee sinn, deen déi Parten do keeft, oder kënnen dat och e puer? Wier dat net vläicht en Avantage, datt net herno erëm een eng Spärminioritéit hätt oder esou?

Luc Frieden: Ech mengen datt een dee wëllt esou vill Suen an eng Firma ginn, déi par ailleurs extrem vill Schwieregkeeten huet, datt deen net bereet ass fir 5% oder 10% eranzeklammen, wann hie wëllt e strategesche Partner ginn.

A mir, ech wëll drun erënneren, datt dat d’Ausgangsbasis war, och iert ech an de Katar gaange sinn, net vu mir, mä vun deenen déi deen Dossier preparéiert hunn, an dat waren der vill déi gesot hunn, d’Cargolux brauch een deen eppes vun deem Métier versteet, an deen hinnen nei Perspektiven, an nei Méiglechkeete gëtt.

Ech mengen datt déi Raisonnementer, déi viru menger Rees stattfonnt hunn, an och an de Käpp vu ville waren, vum Minister Krecké, vum Minister Wiseler, vun der Cargolux, datt déi haut net total anescht sinn. Ech gesinn also schwiereg datt et der e puer wieren, mä wie weess, vläicht sinn der e puer déi gemeinsam wëllen dat maachen, dann ass dat eng aner Hypothes.

Frank Kuffer: Lafen dann elo schonn erëm Gespréicher mat de Russen, respektiv de Chinesen, et ass jo keng Zäit ze verléieren?

Luc Frieden: Ech hu keng esou Gespréicher geféiert.

Frank Kuffer: Wie verhandelt dann iwwerhaapt dës Kéier?

Luc Frieden: Jo, dat hänkt dovun of wien Aktionär ass.

Éischtens emol wëll ech nach eng Kéier soen, mir hu matenee geschwat während der Transaktioun, virun der Transaktioun an duerno. Well déi Transaktioun, déi ech ofgeschloss hunn, huet jo och nach missen duerno ënnerschriwwe gi vu ville Partner. Ech konnt deene jo net alleguer do d’Hand forcéieren. Also esou ze maachen, wann eppes schif geet, datt et just ee wier, dat ass eppes wat oft gemaach gëtt, dat reecht een temporairement op, dat ass awer normal bei esou. Neen, hei hunn der ganz vill dru geschafft.

Ech hunn dat effektiv als Finanzminister ofgeschloss, mä do war de Staat och Aktionär. Wann de Staat net Aktionär ass, da kënne mir och net verkafen. Dofir muss een dat emol fir d’éischt kucke wat déi nächst Etappe sinn.

Mä den Transportminister an de Finanzminister hunn ëmmer eng Responsabilitéit an deem Beräich, well, an iwweregens d’ganz Regierung, well et jo och kann a gewëssenen Hypothesen em staatlech Sue goen.

Frank Kuffer: Et gouf net nëmme Kritike vun den Oppositiounsparteien um Deal, d’Cargolux, de Lucien Lux dee seet zënter Méint, dat wier net dee richtege Choix gewiescht. War dat deen eenzege Majoritéitspolitiker dann, deen hei den Duerchbléck hat?

Luc Frieden: Dir musst den Här Lux, an déi aner Kollegen an der Chamber froen. Ech jugéieren net iwwer aner Kollegen. Ech mengen datt den Här Lux laang Transportminister war, datt hien d’Situatioun vun der Swissair kannt huet vun 2001 un, déi vun 2001 u blockéiert huet. An ech mengen datt et gutt war, datt an där Legislaturperiod duerno deen Dossier vun der Swissair endlech, dee Blockage vun der Swissair, dee menger Meenung no ze laang gedauert huet, ofgeschloss ginn ass.

Frank Kuffer: Kënnt Dir iergendwéi aschätze wéi laang datt et héchstens dierf daueren, bis déi Transaktioun elo ofgeschloss ass, den Transfert erëm vun deene Parten, respektiv esou laang ass jo och nach den Här Forson do, ass dat positiv esou laang deen nach do sëtzt?

Luc Frieden: Ech fannen net datt et op der Place publique ass fir iwwer Leit ze diskutéieren. Ech hu par ailleurs den Här Forson ni begéint, da kann ech scho guer net jugéieren. Ech héieren, datt hien e ganz gudde Finanzdirekter wier, dofir hu si en och agestallt.

Mä ech mengen datt esou Verhandlunge ganz schwiereg sinn a laang daueren. Déi meescht, déi iwwer dës Transaktioun schwätzen, hu visiblement nach ni esou eng Négociatioun geféiert, well soss wéisste se datt se a) net op der Place publique géing geféiert ginn, a b) géinge se net esou locker iwwer meng Verhandlungen zu Doha 2011 och schwätzen. Dat sinn äusserst schwiereg Verhandlungen. Ech bedauere mech net dofir. Ech soen, dat ass meng Aufgab.

Mä ech wëll dofir soen, datt et wäert ganz schwiereg ginn kuerzfristeg nach eng Kéier esou eppes ofzeschléissen. An en attendant bleiwen awer d’Problemer. Ech soen nach eng Kéier, et kann net esou sinn, datt de Steierzueler dës Problemer muss léisen. De Staat huet eng Responsabilitéit, mä dem Staat seng Responsabilitéit ass awer och begrenzt, well et hei e Privatbetrib ass, e Betrib deen an enger internationaler Konkurrenzsituatioun, och op eng privat Aart a Weis muss geféiert ginn, eng kommerziell Aart a Weis muss geféiert ginn. Et ass net eng Verwaltung, et ass e Betrib, dee muss no privatrechtleche Critère geféiert ginn, quitt datt de Staat, oder staatlech Aktionären eng Participatioun dran hunn, an datt et och wichteg ass fir d’Entwécklung vum Flughafen.

Mä esou Verhandlunge sinn äusserst schwiereg, an dofir soen ech nach eng Kéier, ech mengen datt mir international, an dat gëtt mir ëmmer méi bewosst, mir liewen an enger Welt, wou net nëmmen däitsch, a franséisch a belsch Aktionären op Lëtzebuerg kommen.

Et ass immens schwiereg Leit aus China, aus der arabescher Welt, op anere Plazen, aus Latäinamerika ze iwwerzeegen iwwerhaapt op Lëtzebuerg ze kommen. Maache mir dach dat net alles futti duerch elo innepolitesch Calculen. Et geet drëm och an Zukunft oppen ze si fir déi Investisseuren, well soss kréie mir keng Schaffplaze méi an der Zukunft zu Lëtzebuerg. An dat war mäin Zil, an dat ass mäin Zil, an dorunner wäert ech weider mat de Kollegen an der Regierung schaffen.

Frank Kuffer: Dir sot et, de Katar zum Beispill war an der Lescht jo nawell ganz interesséiert un eisem Land, also fir hei Suen auszeginn, ze investéieren. Halen déi sech dann elo éischter zeréck domat nodeems se eis kennegeléiert hunn?

Luc Frieden: Bein, ech hoffen dat net, well fir mech ass de Katar een ewéi anerer. Mir hunn zum Beispill virun een, zwee Joer eng Ambassade an den arabeschen Emirater opgemaach, beim Noper also, mam Zil Investore vun do heihinner ze kréien. Ech hunn Iech gesot, datt de Premierminister Monti aus Italien elo am Katar ass. D’Fransouse ware ganz oft am Katar. De Katar huet an Däitschland vill investéiert. Ech hoffen, datt auslännesch Investisseuren net soen, zu Lëtzebuerg sinn d’Konditiounen esou onméiglech, do wëlle mir net investéieren. Da kënne mir net wuessen. Mir wuesse jo gäre vill, well mir wuesse gären vill [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Musse mir dann eis Konditiounen änneren?

Luc Frieden: Ech mengen datt mir mussen nodenke wéi mir Betriber, déi international an engem schwierege wirtschaftlechen Ëmfeld, an enger globaler Welt, wéi déi anescht kënnen opgestallt ginn, jo, ech mengen datt dat eng fundamental Debatt ass.

Fir dann ze soen, dat waren déi béis auslännesch Investoren, dat ass kuerzfristeg vläicht méi einfach, mä ech mengen datt d’Problemer zu Lëtzebuerg vill méi fundamental sinn. Dofir hätt ech gären do, wéi beim Budget, an heiansdo iwwerschneiden déi Problemer sech, méi eng fundamental Debatt. Komm mir maachen eis näischt vir.

Frank Kuffer: Mä iwwer wat fundamental, wat musse mir dann änneren?

Luc Frieden: Majo, mir musse ganz genee kucken, wéi ass eist Land konkurrenzfäeg par rapport zum Ausland? Mir mussen et fäerdegbréngen attraktiv ze si fir Aarbechtsplazen.

An eng Firma déi mam Ausland konkurréiert, dat gëllt am Finanzsecteur, dat gëllt an der Loftfahrt, dat gëllt an alle Betriber zu Lëtzebuerg, déi international täteg sinn, musse mir vergläichen, wat kënnen déi aner besser. Ech hätt gären datt mir esou gutt wiere wéi d’Schwäiz, wéi Singapur, wéi aner Länner, déi och en héije Standard hunn, mä déi oppe si fir auslännescht Kapital, an déi an de Skalaë vun der Kompetitivitéit relativ uewe stinn.

An da musse mir kucken, wou sinn der Cargolux hir Problemer? A wann do Käschteproblemer dobäi sinn, wann do Infrastrukturproblemer dobäi sinn, da musse mir déi alleguer sachlech ugoen, mat oder ouni neiem Aktionär. An ech mengen, wéi gesot, datt déi Problemer net nëmme sech bei der Cargolux stellen.

Frank Kuffer: Dat Ganzt do ännert dat elo näischt fir KBL a BIL?

Luc Frieden: Also déi dräi Dossieren hu jo absolut näischt mateneen ze doen [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Jo, just datt d’Suen aus Katar kommen.

Luc Frieden: Jo, mä si hunn näischt mateneen ze dinn, well d’Cargolux hu mir elo beschriwwen. Mam Dossier vun der Kreditbank war d’lëtzebuerger Regierung ni befaasst. Déi belsch KBC huet dat u kataresch Investore verkaaft, do huet d’Regierung näischt domat ze doen.

A bei der BIL hu mir an engem dramatesche Moment vum Zesummebroch vum Groupe Dexia Gott sei Dank et fäerdegbruecht déi BIL erauszekafen, domat d’Erspuernisser vun de Leit, an déi Leit déi do schaffen, iwwerhaapt eng Aarbechtsplaz ze halen. An datt, Gott sei Dank hu mir do kataresch Investore fonnt, déi bereet waren honnerte vu Millioune quasi iwwer de Weekend ze investéieren.

Ech hoffen datt dat keng negativ Repercussiounen dorop huet. Ech ginn och dovunner aus datt dat keng negativ huet.

Mä et muss ee sech em déi Investore bekëmmeren, mä et muss een och akzeptéieren, wann een honnerte Milliounen an e Betrib investéiert, datt hien och kuckt datt dee Betrib profitabel ass, dat heescht, datt en och esou organiséiert ass, sech esou opstellt, an och heiansdo eppes ännert fir datt en och mëttelfristeg, a laangfristeg och Bénéfice mécht. Well dofir investéiert een an eng Gesellschaft, an en fin de compte ass dat och déi eenzeg Garantie fir datt Aarbechtsplazen, och an deene Betriber, bestoe bleiwen.

Frank Kuffer: Dir sot et, déi kommen net just heihinner wéinst eise schéine Gesiichter, mä fir och Suen ze verdéngen. Et leeft d’Rumeur, et ass scho méi wéi eng Rumeur, datt d’KBL relativ massiv Leit géing ofbauen. Wësst Dir schonn eppes dovunner?

Luc Frieden: Ech weess dovunner näischt. Ech hunn Iech gesot, datt mir och net Aktionär bei der Kreditbank waren, a sinn.

Mä ech mengen och d’Iddi datt zu Lëtzebuerg ni méi eng Aarbechtsplaz ofgeschaaft gëtt, dat ass eng vun där mir eis och musse verabschieden. Dat kléngt ganz haart, an ech wëll Iech soen, dat mécht och mir ganz vill aus.

Mä kuckt emol et sinn och Banken an deene leschte Joeren, déi zougemaach hunn, déi näischt mam Katar ze doen hunn. Et ass eng hollännesch Bank, déi zu Mamer ugesiddelt war, déi virun enger gewëssener Zäit zougemaach huet. Et goufen aner Banken, déi restrukturéiert hunn. An dofir musse mir kucken dat ze kompenséiere mat neier heihinner ze bréngen.

Dofir fueren ech zum Beispill am Januar a China. Dat ass och net eng perfekt organiséiert Demokratie mat ville Gewerkschaften, a ville Parteien. Mä mir hunn et fäerdegbruecht dräi chinesesch grouss Banken op Lëtzebuerg ze kréien.

Ech mengen d’Iddi datt d’Aarbechtsplaze fir ëmmer assuréiert sinn, an datt nach een dat ënnerschreift, ass fir de Moment net dran. Mä mir mussen dofir kämpfen d’Ëmfeld esou ze gestallten, datt nei Aarbechtsplazen entstinn. Dat ass méi einfach, fir einfach ze soen, et waren déi Béis vun do, an déi Transaktioun do war net gutt.

Ech mengen datt, wéi gesot, eng méi fundamental Debatt zu Lëtzebuerg noutwenneg ass. A vläicht huet deen net glécklechen Evenement, deen hei ronderëm dës Transaktioun geschitt ass, vläicht och déi Debatt lassgetrueden. A wéi gesot, et ass onglécklech datt et esou gaangen ass, mä mir dierfen eis net virun de Problemer, déi eist Land huet, déi verschidde Betriber hunn, d’Aen einfach zoumaachen.

Frank Kuffer: Luc Frieden, Merci datt Dir de Mëtteg bei eis komm sidd. Elo geet et direkt weider op Bréissel an den Euro-Grupp. Villmools Merci datt Dir Iech Zäit geholl hutt och fir deen e bësse méi laangen Interview.

Luc Frieden: Et ass gäre geschitt.

Dernière mise à jour