Luc Frieden au sujet des efforts de la Grèce en matière de consolidation budgétaire

Claude Zeimetz: De Finanzminister Luc Frieden lueft de Moie bei eis am Interview fir d’alleréischt emol déi sëlleg Efforten, déi Griicheland a ganz kuerzer Zäit gemaach huet.

Luc Frieden: Alles dat wat Griicheland gemaach huet, dat ass enorm, dat huet nach ni e Land fäerdeg bruecht an esou enger kuerzer Zäit.

Mä trotzdem, fir déi Ziler ze erreechen déi mir gesat hunn, dat ass an där Zäitspan bis 2014 net méiglech. An dofir hu mir gemengt, datt wa Griicheland 2 Joer méi Zäit hätt, datt dat méi realistesch wier.

Wiesentlech ass awer, datt mir mierken, datt an deene leschte Méint, och d’lescht Woch, e Mëttwoch, e Sonndeg mat deene Gesetzer eng 55 Moossnamen ëmgesat gi sinn, déi elo Zäit brauchen ëmgesat ze ginn.

Wat heescht dat, wa se 2 Joer méi Zäit kréien? Mä dat heescht, datt mir héchstwahrscheinlech mussen de Griichen nach e bësse méi Sue ginn, oder awer, an dat waren déi Diskussiounen déi gëschter Owend laang gedauert hunn, fir ze kucke verschidde Finanzementer anescht ze maachen. Dat brauch seng Zäit, an dofir hu mir och gëschter Owend géint 11 Auer opgehalen a gesot, mir géingen eis d’nächst Woch erëmgesinn.

Claude Zeimetz: Den zäitlechen Décalage soll eng 33 Milliarden Euro zousätzlech kaschten. Wéi kënnen déi Suen da finanzéiert ginn, respektiv vu wiem musse se finanzéiert ginn, a wéi eng Pistë leien dann elo awer schonn um Dësch?

Luc Frieden: Déi zousätzlech Suen, dat gi keng Suen déi duerch bilateral Prête kommen, mä do kann ee verschidde Saache vläicht maachen am Finanzement. Do sinn elo d’Techniker amgaangen dat ze kucken.

Mir ware gëschter Owend net an enger Positioun fir doriwwer detailléiert ze diskutéieren, aus deem ganz einfache Grond, datt mir eis gëschter Owend emol konzentréiert hunn drop fir ze kucken, all déi Gesetzer déi gestëmmt gi sinn d’lescht Woch, fir déi erkläert ze kréien. Ech gesinn et als ganz schwiereg un, datt vill frëscht Geld do kënnt, respektiv datt mir géingen op Sue verzichten, déi mir schonn eng Kéier u Griicheland geléint hunn, an déi net géingen zréckbezuelt ginn.

Ech mengen, et si verschidde Parameteren déi net ginn. Mä dee griicheschen Dossier bleift e ganz schwieregen, dee griicheschen Dossier muss een ëmmer zesumme gesi mat den Dossiere vun anere Länner.

Claude Zeimetz: Dat heescht, e Scholdeschnëtt, deen d’Troika jo am Fong och proposéiert hat, vun den ëffentleche Créancieren, dee wier fir Iech och keng Optioun?

Däitschland hat dee jo och schonn direkt refuséiert.

Luc Frieden: Ech mengen, datt deen der Crédibilitéit enorm géing schueden. An ech mengen, datt eng Rei Länner deen net wëllen, an datt deen och net politesch an ekonomesch akzeptabel ass.

Claude Zeimetz: Gëschter krut Griicheland nach net déi nächst Finanztranche deblockéiert, an Héicht vun 31,5 Milliarden. De Jean-Claude Juncker sot gëschter Owend, datt hien hofft, datt dat haut 8 Deeg geschitt. Vu wat hänkt déi do Diskussioun dann nach of? Well d’Finanzhëllef u sech, déi gëtt jo awer vu kengem a Fro gestallt.

Luc Frieden: Déi hänkt vun zwou Saachen of. Éischtens déi detailléiert Analys vun all deem wat d’Griichen d’lescht Woch gemaach hunn, ob dat wierklech alles war. Mir hunn d’Impressioun, datt, an dat huet och dee griichesche Minister gesot, datt de Gros gemaach ass, mä datt awer e puer Punkte bleiwen. Déi sollen an den nächsten Deeg duerch d’Parlament goen.

Mir wëssen, datt eng Rei vun de Reformen, déi schonn décidéiert gi waren, an der Ëmsetzung duerch d’Wahlen och e bëssen a Retard komm sinn. Dat ass virun allem d’Privatisatioun, dat ass och d’Steierreform. Déi mussen nach definitiv gemaach ginn.

An da musse mir e Wee fannen, wéi dann déi 2 zousätzlech Joer, vun deene mir virdru geschwat hunn, fir d’Erfëllung vun de Spuerpläng ze erreechen, wéi déi solle finanzéiert ginn. Ech mengen, et gëtt och keng einfach Léisung do. Mä den IWF an d’Europäesch Kommissioun sinn do amgaangen eng Rei Berechnungen ze maachen, déi eis da sollen an den nächsten Deeg virgeluecht ginn.

Claude Zeimetz: Mä déi Décisiounen, déi gi sécher dann haut 8 Deeg geholl an engem extraordinären Eurogrupp.

Luc Frieden: Sécher ass ni eppes, bis een d’Sitzung hannert sech huet. Dat hänkt, wéi gesot, dovun of wat do alles décidéiert gëtt. De generelle Grondtoun gëschter Owend war, datt d’Griiche vill gemaach hunn, an datt elo d’Finanzministere vun den Eurostaten och hiren Deel musse maachen.

Mä och wann dann déi Décisioun geholl ass, bleift fir mech wichteg d’Ëmsetzung ze kontrolléiere vun deem wat décidéiert ginn ass. Jo, effektiv, d’Griichen hu sech enorm beweegt, mä et wäert Joeren dauere bis déi Gesetzer déi elo gestëmmt gi sinn och hir Friichten droen.

Claude Zeimetz: Nach eng lescht Fro, Här Frieden. Gëschter gouf et oppene Sträit, kann een op den Agencë liesen, tëscht dem FMI an dem Eurogrupp, wat d’Staatsschold vu Griicheland betrëfft, oder soe mir d’Zäit déi d’Land huet fir d’Schold op 120% vum PIB ze drécken. De Jean-Claude Juncker wëll Griicheland och hei 2 Joer méi Zäit ginn, den FMI net. Firwat, a wat bedeit dat, wann een do keen Accord fënnt?

Luc Frieden: Et gouf keen oppene Sträit, mä et ginn iwwer all déi Sujeten do ganz intensiv Diskussiounen, well et jo am Fong zwou Realitéite ginn. Op där enger Säit Griicheland, wat Sue brauch a wat säi Scholdestand muss erofsetzen, an op där anerer Säit Länner déi musse Sue ginn. An déi zwou Realitéite si quasi net mateneen ze verbannen.

Engersäits doen d’Griichen engem Leed, an anerersäits hu mir alleguer selwer och Problemer fir déi Suen opzebréngen. An déi Realitéite beienee bréngen ass schwiereg.

Den IWF ass kee Land, dee kann also méi eng strikt Positioun do fueren. Mir sinn der Meenung, datt et souwisou ganz schwiereg ass de Scholdestand elo fir d’Joer 2020, oder 2022 festzeleeën. Dat ass nach ganz laang, dat sinn nach 8 Joer. Dofir mengen ech, datt mir do en Niveau géife fannen, dee muss bei 120% leien. Well alles wat iwwer 120% vun der Staatsschold ass, ass absolut inakzeptabel. 120% ass schonn inakzeptabel, mä wann ee kuckt wou d’Griichen hierkommen, kënnt een net doriwwer weider.

Ech mengen, datt mir tëscht dem IWF an der Eurogrupp do eng Léisung fannen. Ob 2020 oder 2022, mengen ech, ass net de fundamentale Punkt. Fundamental ass, datt se op 120% Staatsschold ronderëm déi do Zäit kommen, mä dee Wee dohinner ass nach ganz schwiereg.

Dernière mise à jour