Luc Frieden au sujet du projet du budget de l'État pour l'exercice 2013 et au sujet de la vente de parts de la société Cargolux à Qatar Airways

Mariette Zenners: Lustlosegkeet gëtt Iech also virgehäit, just nach Observateur vu baussen ze sinn. Hutt Dir dann d’Flemm mat Ärer Aarbecht?

Luc Frieden: Neen, mä déi Aarbecht ass schwéier, esou wéi d’Aarbecht vun deenen anere Ministeren.

De Finanzminister, deen ass jo do fir d’gesamt Equilibere vun de Staatsfinanzen ze maachen. An ech mengen, ech sinn an enger schwiereger ekonomescher Situatioun. 0% Wuesstem dëst Joer, vläicht 1% d’nächst Joer, dat ass enorm wéineg, da komme manner Steieren eran, d’Dépensë lafen awer weider. An datt een do ganz schwiereg Propositiounen nëmme ka maachen, datt déi ni e Konsensus fannen, ech mengen domat muss ee liewen.

Mä wat gutt ass, an dofir hunn ech net d’Flemm, wat gutt ass, datt mir och grad duerch déi Diskussiounen an de leschte Woche vläicht méi en Débat de fond zu Lëtzebuerg kréien iwwer déi ganz Problematik. Wéi kënne mir eis erëm opstellen, datt eist Land op där enger Säit gesond Staatsfinanzen huet, an anerersäits datt Betriber och weider Aarbechtsplazen erhalen a schafen? Dat ass den Défi vu Lëtzebuerg.

Mariette Zenners: Mä mam éischte Projet waart Dir jo effektiv net esou zefridden. Dir sot selwer, den zweete Projet gefält Iech besser. Dat heescht, Dir hat och d’Flemm iergendwéi mat Äre Kollegen, beim éischte Projet?

Luc Frieden: Esoulaang een en Defizit huet, ass een als Finanzminister net zefridden, besonnesch wann deen Defizit iwwer e puer Joer besteet.

An et ass richteg, datt ech mir Suerge gemaach hunn. Mä onofhängeg vu menger Roll, och als Bierger, wann d’Schold wiisst, elo weess ech och, datt ee fir verschidde laangfristeg Investitiounsprojete ka Schold maachen, et geet also elo drëm, an deenen nächste Joeren, an dat hu mir schonn ugefaangen, intelligent ze spueren, dat heescht sozial équilibréiert, an ze kucken, datt dat wat ee mécht, datt dat keen Effet mëttel- a laangfristeg op d’wirtschaftlech Entwécklung huet. An dat ass e schwieregen Equiliber.

Mariette Zenners: Dir sot, intelligent spueren a sozial équilibréiert. Elo soen Déi Gréng grad, et gëtt esou un de Schrauwe gedréint, e bëssen no vir an no hannen, et gëtt awer keng richteg Revisioun gemaach, an och d’sozial Gerechtegkeet feelt am Fong.

Luc Frieden: Dat ass eng Appréciatioun, ech mengen datt dat net ganz richteg ass. Well eise Steiersystem ass extrem sozialgerecht, heiansdo vläicht esouguer net genuch breet opgestallt, well eng ganz kleng Zuel vu Leit bezuelen de Gros vun de Steieren.

Mä wat ech mengen, datt mir musse méi fundamental maachen, do sinn ech mat villen d’accord, dat hunn ech jo och annoncéiert, wa mir eng Budgetsreform maachen, datt mir méi no e puer Joer eng Evaluatioun vun enger Rei vu Moossname kënne maachen, an da kucken, okay, da musse mir dat elo änneren.

Mariette Zenners: Mä Dir hat jo awer elo schonn e puer Joer Zäit dofir.

Luc Frieden: Jo, mir hu jo och eng Rei esou Saache gemaach, ma ech géing et gär méi strukturell maachen. Mä de Finanzminister kann net einfach soen, esou du Minister, elo ännere mir all déi do Politiken. Do muss och de Fachminister matmaachen, do muss d’Regierung matmaachen, an dofir ass dat e ganz schwieregen Exercice.

An ech wäert weider mech dofir asetzen an der Regierung, an ech mengen, d’Kollegen deelen déi Meenung och, fir datt mir och eng Rei strukturell Reforme maachen, dat heescht, d’Politike ganz a Fro stellen. Och da kréie mir keen Applaus, och net vun deenen, déi elo grad geschwat hunn, mä [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: A propos Applaus, d’Leit dobausse fannen och, datt si musse bludden. Wou spuert Dir da beim Stat selwer, ausser datt elo d’Staatsbeamten déi a Pensioun ginn net direkt d’office sollen ersat ginn?

Luc Frieden: Mir hunn zum Beispill eng Nullronn beim Stat an dëser ganzer Legislaturperiod gemaach. Dat ass net näischt, dat ass et a villen anere Secteuren net ginn. Mä déi ass noutwenneg, well mir net méi genuch Suen hunn, et kommen der manner era wéi erausginn.

Mir hu während 2 Joer elo hannerteneen d’Fonctionnementskäschte vum Stat reduzéiert, déi klassesch Fonctionnementskäschten. Anerer lafe weider, wéi d’Loyeren déi mir bezuelen, Informatikskäschte lafe weider. Dat heescht, de Stat selwer huet eng ganz Mass vu Sue gespuert, an e muss op deem Wee weiderfueren.

Mä op eemol kënnt een do op en Enn, an dofir musse mir elo an deene grousse Bléck déi mir hunn, Sozialtransferten, Investitiounen, Paien, musse mir nach eng Kéier op eng raisonnabel Aart a Weis kucken, wat een iwwer 3, 4 Joer eraus ka maachen, fir datt d’Evolutioun no uewen net weider geet. Dat ass e schwieregen Exercice.

Mariette Zenners: A propos schwieregen Exercice, dat elo emol fir de Volet Staatsfinanzen.

Dir sidd awer an de leschte Wochen a Méint och vill an d’Kritik gerode wéinst der Cargolux. Iech gëtt do virgehäit, fir et emol salopp auszedrécken, en Deal mat de Katarien ofgeschloss ze hunn, praktesch am Alleingang, an dräi Betriber d’Cargolux, d’BIL an d’KBL, bradéiert ze hunn.

Hei fir d’éischt emol e kuerzen Historique vun der Geschicht, a wéi eng Reprochen Iech och elo do gemaach ginn, mam Jeannot Ries.

[Reportage vum Jeannot Ries]

Mariette Zenners: War deen Deal mam Katar ee Luc Frieden Alleingang?

Luc Frieden: D’Cargolux huet während ville Joere scho mat Qatar Airways négociéiert. Déi Négociatioune sinn ni op en Enn komm. Et sinn och eng Rei aner Piste studéiert ginn [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Déi ware jo awer anscheinend ofgeschloss?

Luc Frieden: Deen ass net erfollegräich ofgeschloss ginn, deen ass leie bliwwen.

An et muss ee wëssen, d’Cargolux war 2009, laang ier d’Katari komm waren, an enger ganz schlechter Situatioun. Et gouf eng Augmentation de capital, de Stat huet 100 Milliounen Dollar misste Garantie ginn. A mir haten d’Aktie vun der Swissair kaaft, vum Liquidateur, déi war faillite déi Gesellschaft, an déi huet de Stat kaaft. An ech hunn ëmmer gesot, ech sinn nëmmen d’accord déi Aktien ze kafe mam Zil se un ee weider ze verkafen, un en industrielle strategesche Partner.

An dofir sinn ech am Kader vun enger Finanzmissioun, wou ech op Doha war, hu mir gekuckt, kënne mir net d’Katari och interesséieren u Lëtzebuerg – et ass e Land wat ganz vill Sue verdéngt duerch de Gas – fir Suen aus dem Ausland hei op Lëtzebuerg ze kréien. An ech hu mat hinnen négociéiert, an ech hat virun der Rees mat deenen anere Ministeren doriwwer geschwat.

D’Cargolux war Qatar Airways sichen, mä et ass richteg, ech hunn deen Deal op en Enn bruecht, an dat ass och gutt esou. Wann ee Verantwortung huet, da muss ee se och heiansdo exerzéieren. A wann deen Deal net zustane komm wier, da wier nach vläicht eng laang Zäit näischt zustane komm. An d’Swissair huet alles blockéiert, an dofir war et wichteg déi Swissair ze ersetzen, datt ee kéint d’Zukunft vun der Cargolux preparéieren.

Mariette Zenners: Mä war dat dann e Package, ass dee Moment och gesot ginn, eng BIL an eng KBL gehéieren dozou?

Luc Frieden: Absolut net, an dat ass jo och zäitlech iwwerhaapt net matenee gewiescht. Den [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Dat heescht, am Februar 2011, wéi Dir dat mat der Qatar Airways ausgehandelt hutt, war näischt Rieds vu BIL a KBL?

Luc Frieden: Neen. Ech sinn dohinner gaangen, an ech hunn – et muss ee wëssen, datt eist Land sech ëmmer nëmmen entwéckelt wann een op aner Plaze geet a versicht Investisseuren ze fannen.

An ech hu versicht déi Regioun, dat ass och d’Arabesch Emirater, dat ass de Katar, dat ass de Finanzzentrum vun der arabescher Welt, dovun ze iwwerzeegen och bei eis ze investéieren. Dat ass noutwenneg, och op anere Plazen an der Welt iwweregens.

Wat ass do geschitt? Dunn hu mir gesot, mä och op der Finanzplaz sinn Opportunitéiten, kuckt Iech dat un. Mä dee Moment war d’Dexia jo nach guer net a Schwieregkeeten, dat war eréischt Enn 2011, dat hat also absolut näischt ze di mat där Transaktioun vun der Cargolux, déi schonn 2009 Négociatiounen ugefaangen hunn, déi awer net op en Enn komm sinn.

Ech wollt datt déi Négociatioune géifen ofgeschloss ginn, an ech war a schwierege Verhandlunge mam Premierminister vum Katar, an do si mir zu engem Resultat komm. De Katar wollt vill manner Sue ginn, de Katar wollt datt eng Holding-Gesellschaft dat géing kafen.

Ech hunn et fäerdeg bruecht, datt mir méi Sue kritt hu wéi dat wat si gebueden hunn, op Grond vun enger Valorisatioun, an datt Qatar Airways e Partner ginn ass, an net e Finanzpartner.

Mariette Zenners: Mä firwat grad de Katar, et louche jo awer och aner Offere vir, zum Beispill de chineseschen HNA-Grupp, hu mir gesinn, hätt 170 Millioune ginn. Och fir d’BIL, ech mengen, déi ass fir 730 Milliounen iwwergaangen, déi ass op 1,5 Milliarde geschat ginn. Wann ee méi Suen hätt kënne kréien, firwat se net huelen?

Luc Frieden: Also, esou einfach ass dat net, Madame Zenners. Et war zu deem Moment wou ech op Katar gaange sinn, et goufe verschidden Diskussiounen, mä et gouf keng bindend Offer, a keng Verhandlungen am Detail, wou een och esou eng Zomm [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Mä et waren aner Interessenten do, et wieren Alternative ginn.

Luc Frieden: Mä keen deen esou eng Zomm zu deem Moment gebueden huet. A virun allem war och den Zäitfaktor wichteg. Et war wichteg, datt no Joere vu Blockage, no Joere wou mir en Aktionär gesicht hunn, een déi Verhandlunge géif ofschléissen. An ech hunn a schwierege Verhandlungen zu Doha déi Verhandlung ofgeschloss. An ech si frou, datt dat gelongen ass.

Mä ech war de Katar net sichen. D’Cargolux ass a Gespréicher mat Qatar Airways agetrueden. Ech hunn déi Verhandlungen ofgeschloss, an als Finanzminister sinn ech zoustänneg fir d’Participatioune vum Stat, also ass et och meng Aufgab Décisiounen ze huelen, do wou se fir noutwenneg erschéngen.

Mariette Zenners: Elo hu mir virdrun am Reportage [gëtt ënnerbrach]

Luc Frieden: Zur BIL wëll ech awer nach just soen: mir hunn net de Präis verhandelt. Wann d’BIL verkaaft ginn ass fir e gewëssene Präis, d’BIL ass verkaaft gi vun der Dexia, an d’Dexia huet als Vendeur e Präis négociéiert, an dee Präis ass do erauskomm. Et ass also net esou, datt een do seet, do hätt ee kënne méi ginn. Mir hunn näischt verkaaft, mir hunn 10% vun eppes kaaft, a wa mir fir manner kafe wéi dat gemengt ginn ass, ass dat am Intérêt vum lëtzebuerger Steierzueler.

Mariette Zenners: Bon, mir hu virdrun am Reportage de Premier héieren, wéi den Deal ënnerschriwwe gouf. Mir kommen op d’Cargolux zréck. Et wier och fir nei Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg ze schafen. Elo gëtt Iech virgehäit, Dir hätt reng e Finanzgeschäft gemaach, an et wier guer net no der Strategie vun der Entreprise gekuckt ginn, och net fir d’Aarbechtsplazen ofzesécheren.

Luc Frieden: Wann een eng Operatioun mécht mat engem anere Land, mat engem anere Partner, en industrielle Partner sicht, dann ass d’Äntwert direkt domat ginn. Et sicht een net e Finanzpartner, well där waren och ee Moment am Gespréich, mä mir hunn ee gesicht deen eppes vum Business versteet.

An et ass gekuckt ginn, wat fir eng Synergië kann ee maache fir de Flughafe Findel ze stäerken, fir d’Cargolux ze stäerken. A si hunn natierlech och dofir gekuckt, datt och hir Kooperatioun mat Europa um Flughafen Doha géinge gestäerkt ginn.

Dat ass d’Philosophie, dat war d’Philosophie deemools, an dat muss och d’Philosophie an der Zukunft sinn. Ech sinn natierlech och onglécklech, datt dat net alles esou séier an d’Plaz fält, wéi een dat konnt erwaarden. Mä d’Philosophie war an ass, fir Synergië mat enger neier Gesellschaft ze maachen, déi awer bewisen huet, datt se villes schonn erreecht huet. A mir kënnen nëmmen dovunner léieren, a si kënnen och zum Deel vun eis léieren.

Mariette Zenners: Elo gouf an engem Artikel am Lëtzebuerger Land virun zwou Wochen ugeprangert, datt de Verkaf un de Limite vun der Legalitéit war. Fir et emol vereinfacht auszedrécken, goufen d’Aktien en bloc verkaaft. An, wéi den Här Etgen och virdru sot, krute Privataktionäre méi wéi déi staatlech, oder semi-staatlech. Stëmmt dat, wat an deem Land-Artikel steet?

Luc Frieden: Déi Transaktioun war ganz normal, an ass absolut legal.

Mariette Zenners: Och datt se iwwer eng ING huet missen ofgeseent ginn?

Luc Frieden: Selbstverständlech, well [gëtt ënnerbrach]

Mariette Zenners: Dat huet jo awer och nees kascht.

Luc Frieden: Wann op där enger Säit eng ganz Rei Aktionäre sinn, an déi verkafen un een Aktionär, ass et net anormal, datt déi Aktionären op där enger Säit déi Aktien enger Bank ginn, déi am Kader vun engem Contrat fiduciaire déi Aktie weiderverkeeft. Dat ass dat Normaalst vun der Welt.

Dat ass och keng geheim Transaktioun, wéi do steet. Mä am Wirtschaftsliewe si ganz vill Saache vertraulech, net jiddwereen deelt dat der Press direkt mat.

Ech wëll awer soen, fir mech gëtt et hei absolut Transparenz, an ech wäert och ouni ze zécken all déi Kontrakter der Chamber ginn.

Wat ass, an dat ass och net anormal, datt, wann en Aktionär d’Gesellschaft verléisst, an dësem Fall war dat d’PIP, dat ass eng Investitiounsgesellschaft, a Lux-Avantage, dat ass e Fong, wann déi verkafen, da kënnen déi anescht behandelt gi wéi déi lëtzebuergesch staatlech Aktionären, déi an der Gesellschaft bleiwen. Well deenen hiren Intérêt war, laangfristeg ze kucken, datt d’Cargolux méi Wäert géing kréien, an doduerch kréien déi hir Rémunératioun. Dat gëtt et a villen Transaktiounen, an dat ass also hei net anormal.

Mariette Zenners: Dat heescht, de Virworf datt hei esouguer vläicht e penale Volet wier, datt eppes illegal gelaf ass, dee loosst Dir net gëllen?

Luc Frieden: Jo, dat ass einfach juristesch falsch.

Nach eng Kéier, et ass net anormal datt en Aktionär deen erausgeet anescht behandelt gëtt, ëmsou méi wou ech wëll soen, datt d’Investitiounsgesellschaft PIP schonn 2009, bei der leschter Augmentation de capital, well dunn hat d’Cargolux scho ganz grouss Schwieregkeeten, datt déi gesot huet, mir wëllen eraus goen, an dofir hunn déi e préférentielt Recht kritt fir kënnen eraus ze goen.

An datt ass duerno exerzéiert ginn, an dat ass a voller Transparenz geschitt, och an deenen eenzelne Gesellschaften, déi duerno verkaaft hunn.

Mariette Zenners: Bon, voll Transparenz, dat wäert och vun Iech erwaart ginn, wann Dir elo d’nächst Woch an d’Chamberkommissioun gitt fir dat do alles ze erklären. Mir wäerten also ganz sécher nach op dëse Sujet zréckkommen. Fir elo soen ech Iech Merci fir de Besuch am Studio, Här Minister.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour