Luc Frieden au sujet du projet de budget 2013

Max Theis: Här Frieden, als Journalist waart ee bei esou enger Presentatioun ëmmer op ee Schlagwuert, besonnesch um Radio, zum Beispill Krisebudget, raisonnabel Budgetspolitik, Iwwergangsbudget, dat ware mol Wierder déi ee soss a Presentatiounen héieren huet. Do koum haut vun Iech näischt. Et huet ee bal d'Impressioun, Dir hätt d'Chifferen dréche presentéiert ouni ze kommentéieren.

Luc Frieden: Ech hu gesot, de Budget ass een Ausdrock vun enger schwiereger ekonomescher Situatioun an et ass effektiv schwiereg an dësen Zäiten, dee Budget ze qualifizéieren, well e Budget ass vläicht an esou Zäiten nach méi wéi soss ee Kompromëss, deen an der Regierung entstanen ass an et ass ee Kompromëss deen och versicht den Equiliber tëschent de Positioune vu “wéi reagéiert een an där Kris?�?, “mat méi spueren oder manner spueren?�?, “op wat soll ee spueren?�?, an dofir mengen ech, sinn déi Chifferen, schwätzen eng kloer Sprooch an ech mengen, dat ass och genuch. Chifferen, déi ech an deem Kontext presentéiert hunn, fir datt doriwwer kann eng Debatte stattfannen. Et soll an der Demokratie jo och esou sinn.

Max Theis: Wéivill Prozent kënnt Dir Iech dann identifizéiere mat deem Dokument?

Luc Frieden: Et ass de Budget vun der Regierung. De Finanzminister, dat ass wéi an enger Fussballséquipe, ass ee vun de Spiller an am Numm vun deenen anere Spiller hunn ech dee Budget vun der ganzer Regierung presentéiert.

Max Theis: Mir haten elo d'Reaktioune vun den Deputéierten héieren. De Budgetsrapporter Lucien Lux kann deene Jonken net méi an d’Aen kucke bei dësem Budget, esouguer an Ärer Bluttgrupp si se enttäuscht. De Michel Wolter seet, den Equiliber fir 2014 wier net méi ugepeilt. Wat sot Dir dann zu deenen Aschätzunge vun de Majoritéitsparteien?

Luc Frieden: Ech deelen déi Aschätzungen an deem Sënn, datt effektiv - an dat ass fir ee Finanzminister an dësem Land wéi an anere Länner esou - natierlech eng Situatioun wou een een héije Budgetsdefizit huet an eng wuessend Schold, eng net zefriddestellend Situatioun. Doriwwer eraus, muss een natierlech da kucke wat sinn d'Äntwerten déi een doropper gëtt an do soen ech, doriwwer huet d'Regierung laang délibéréiert an dat wat ech virgestallt hunn, ass d'Resultat vun deenen Délibératiounen. Wat fir eng Dépensen, a wéi engem Moment, a wéi wäit schneit een do? Wat fir eng Steieren, a wéi engem Moment, a wéi héich ännert een och do? An do ass ebe wou deen Equiliber muss fonnt ginn an dat kann een ënnerschiddlech gesinn, mä Fakt ass - an ech mengen dat ass déi generell Aschätzung, déi mir jo alleguerte maachen - datt mir an engem ganz schwieregen Ëmfeld liewen an datt à la longue een Defizit, deen esou héich ass, net gutt ass. Woubäi ech allerdéngs och muss drop hiweisen, datt mir jo och - mir komme vläicht nach doropper - d'Investitiounen héich gehalen hunn an datt mir eng ganz Rei Moossname gemaach hunn. Mir hunn ëmmerhin 2% vum Bruttoinlandprodukt agespuert. Dat sinn ëmmerhin eng 750 Milliounen Euro. Mä zugläich wiisst d'Land an dorauser entstinn erëm eng ganz Rei Dépensen.

Et ass also eppes ganz Komplizéiertes, wat een am Fong net mat engem Satz ka weder kommentéieren nach begutachten. Mä an och d’Léisungen sinn net einfach.

Max Theis: Mä wann ech Iech richteg interpretéieren, hätt Dir Iech kënne virstelle méi radikal virzegoen?

Luc Frieden: Ee Finanzminister presentéiert an der Chamber ee Budget vun enger ganzer Regierung an ech mengen et hëlleft net vill wann een elo d'états d'âmes vun eenzelen Ministeren, y compris dem Finanzminister dozou gesäit. Mä ech mengen dat ass och allgemeng an der Populatioun esou. Wann ech mat Leit dobausse schwätzen, huet jiddwereen aner Iddien, vläicht wou ee kënnt méi oder manner Steieren ophiewen, méi oder manner ausginn. An esou geet et och dem Finanzminister, mä nach eng Kéier d'Regierung ass eng Équipe an et ass déi Équipe déi zu dësem Resultat geschafft huet.

Max Theis: Dir hat se schonn ugeschwat, d'Investissementer, si ginn d'nächst Joer 7,7% erof. Wou hutt Dir dann, wat hutt Dir dann do gestrach?

Luc Frieden: D'Investissementer ginn erof, mä bleiwen op engem ganz héijen Niveau. Well wa mir 1,7 Milliarden direkt an indirekt ausginn - direkt wat de Staat selwer baut, indirekt wou mir engem Drëtte Sue ginn, wéi Gemengen oder bei Altersheimer - 1,7 Milliarden ass nach méi héich wéi 2011 wou mir 1,5 Milliarden haten oder 2010 1,6 Milliarden. Mir bleiwen also op engem ganz héijen Niveau. Wat gemaach ginn ass, ass eng ganz Lëscht vu Projeten, déi mir scho beim Stabilitéitsprogramm virgestallt haten, déi net gemaach oder zeréckgesat ginn an dobäi koumen eng Rei vu méi klenge Projeten wéi zum Beispill an der Renovatioun vu Stroossen oder vun deem engen oder anere klenge Stroosseprojet deen net gemaach ginn oder administrativ Gebaier déi net gebaut ginn. De Bauteminister kënnt Iech dat méi am Detail soen, mä mir hunn en Fait fir eng ronn 250 Milliounen direkt an indirekt, déi am pluriannuellen Investitiounsprogramm - dee mir d'lescht Joer presentéiert hunn - haten, hu mir déi ofgesat oder no hanne geréckelt.

Max Theis: Da schwätze mir de Bauteminister effektiv doropper un. Wat den ëffentlechen Transport ugeet, dat wär jo och dann de Wiseler, den Här Wiseler, deen do eis kënnt Ried an Äntwert stoen. Do ginn déi Tariffer erop fir Bus a Bunn. Kënnt Dir eis do scho méi soen?

Luc Frieden: Deen Detail muss den zoustännege Minister presentéieren, mä Fakt ass, datt mir gesot hunn, mir hate fréier een Taux de Couverture vun 10% bei de Fonctionnementskäschte vum Bus an Zuch, dat heescht 10% hunn d'Leit iwwer Tickete bezuelt par rapport zum Käschtepunkt deen dat Ganzt kascht. Do si mir elo bei 5%. Well d'Angebot ass ëmmer méi grouss ginn. Dat ass jo och gutt, mä elo hu mir gesot, bon mir kënnen net den ëffentlechen Transport, dat ass een enorme Service deen ugebuede gëtt, also mussen déi Tariffer eropgoen. Déi ginn net vill erop, mä mir wäerten awer domatter 6 Millioune méi erakréien an ech mengen dat ass absolut noutwenneg, fir datt mir och weider kënnen een ëffentlechen Transport ubidden.

Max Theis: Iwwert d'Personalentwécklung gouf u sech och näischt gesot, wat ass dann do geplangt d'nächst Joer?

Luc Frieden: Jo, ech konnt net alles de Moie soen, mä do muss natierlech ganz vill och gespuert ginn. Et ginn awer d'nächst Joer Leit agestallt, virun allem an dem Enseignement. Et wäerten eng 300 Leit, de gesamte Staat, agestallt ginn, dovunner grossomoddo eng 200 fir den Enseignement, well och ëmmer méi Kanner an d'Schoul ginn.

Max Theis: Eng Partie Gemengepäpp hunn eng Kéier grouss gekuckt, wéi Dir gesot hutt d’Subventiounen fir d'Gemenge géifen no der Finanzcapacitéit gekuckt ginn. Kréien sougenannt räich Gemengen näischt méi oder vill manner? Wéi geet dat?

Luc Frieden: Dat ass ee Prinzip dee mir haut schonn hunn. A verschidde Ministèrë besteet dee Prinzip an an anere Ministèren net. Den Inneministère huet ganz kloer Critèren no deenen d'Gemenge gehollef kréien. Wann de Staat manner huet, muss en och kucke wéi e seng Suen ausdeelt a mir hu festgestallt, datt a verschidden anere Ministèren Subventioune bezuelt ginn, déi net der Finanzcapacitéit vun de Gemenge Rechnung droen an dofir muss also elo all Minister deen där Subventiounen huet, muss déi un d'Regele vum Inneministère upassen. Et ass also ee Prinzip dee mir schonn haut hunn, mä dee mir generaliséieren.

Max Theis: D'Mammerent, do ginn et och Adaptatiounen, déi soll just nach fir Frae gëllen, déi keng eege Rent hunn. Kënnt Dir dann do aschätze wéivill Fraen do eppes verléieren?

Luc Frieden: Ech kann Iech de Chiffer soen, deen hunn ech och an der Chamber gesot. Mir wäerten domatter 7 Millioune manner Ausgab hu fir d'Mammerent. Déi zoustänneg Ministere wäerten do och am Detail déi Moossnam presentéieren, mä et geet also drëm fir ze kucken do anzespueren a méi sozial selektiv och ze sinn, dofir wou am Fong d'Mammerent wierklech agefouert gi war, a sech op déi Mamme konzentréieren.

Max Theis: Eng lescht Fro nach wat d'Emprunten ugeet, do war Rieds vu 4,5 Milliarden déi bei der Chamber ugefrot ginn. 1,5 Milliard zum Beispill fir den Defizit ze decken. 2013 solle mir bei enger Verschëldung vu 25% ukommen. Sinn dat Chifferen déi Iech e bëssen Angscht och maachen?

Luc Frieden: De Chiffer u sech mécht mir keng Angscht, et ass d'Evolutioun mat där een net kann zefridde sinn, well mir natierlech aus engem Land komm sinn, wou mir keng Schold haten. An d'ekonomesch Situatioun ass esou, datt mir elo hu misse Schold maachen, fir eng ganz Rei Investitiounen awer kënne weider ze tätegen. An et ass ganz kloer, datt déi Schold net dierf weider uwuessen. Mir si wäit ënnert dem Niveau deen an Europa erlaabt ass, mä mir sinn awer och eng ganz kleng Économie an eng ganz vulnérabel Économie. Well mir quasi ausschliisslech vum Finanzsecteur ofhänke wat Steiereinnamen ubelaangen an dofir mengen ech, ass dat ee Chiffer deen ee muss op jidder Fall ganz gutt am A behalen a wou een net kann all Joers esouvill Schold dobäi maachen. Deen Effort fir den Defizit weider ze reduzéieren, fir d'Schold net weider ulafen ze loossen, ass een Effort deen iwwert déi nächst Joere selbstverständlech muss weidergoen an dofir ass och deen Débat deen elo entsteet gutt, fir ze kucken, wou sinn dann déi Piste wou ee ka substantiell spueren a wou fanne mir do ee Konsensus am Land iwwert déi Moossnamen.

Max Theis: Luc Frieden, mir wäerten nach dacks Geleeënheet hunn iwwert deen dote Budget ze diskutéieren, ze debattéieren, ze philosophéieren. Merci datt Dir Iech haut Zäit geholl hutt.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour