Luc Frieden au sujet de la vente de la banque BIL au fonds d'investissement qatari Precision Capital

Claude Zeimetz: "Quand le simoun souffle sur Dexia", huet d’Zeitung L’Écho iwwer d’Vente vun der BIL un de kataresche Fong Precision Capital haut iwwerschriwwen. D’Zeitung schreift vu Verhandlungen, déi méi politesch wéi wirtschaftlech waren, an esou staark op de Verkafspräis gedréckt hunn. D’Dexia-BIL wier, wéi gesot, zu enger Geisel vun der lëtzebuerger Diplomatie vis-à-vis vum Katar ginn.

Um Telefon begréissen ech elo de Finanzminister Luc Frieden. Gudde Moien, Här Frieden.

Luc Frieden: Gudde Moien.

Claude Zeimetz: Dat do si jo ganz staark Wierder vun der Zeitung. De L’Écho huet sech intensiv mat der Recherche iwwer d’Verhandlunge vun der Vente beschäftegt, mat Insider geschwat. Wat äntwert Dir elo als lëtzebuerger Finanzminister op déi do Reprochen?

Luc Frieden: Ech mengen, datt deen Artikel ignoréiert wat de Problem war, dee mir am September 2011 op eemol eng Kéier Freides owes haten, wou de Chef vum Dexia-Grupp mech ugeruff huet, a gesot huet, mir packen et net méi, mir mussen de Weekend eng Léisung fannen, soss ass de Grupp Dexia fort.

An un dem Grupp Dexia hänkt d’BIL. An dofir war et eist Zil, fir ze kucken esou schnell wéi méiglech d’BIL, de lëtzebuerger Deel, erauszehuelen, fir den Dausende vu Clienten hei zu Lëtzebuerg, an och de Leit déi op där Bank schaffen eng Zukunft ze ginn.

De Chef vun der Dexia huet mir gesot, datt si kee fonnt hunn deen déi BIL géing direkt kafen, an dat iwwer de Weekend maachen; mir bräichten eng Léisung iwwer de Weekend. An dofir hunn ech mech beméit fir ze kucken, wie kéint dorunner interesséiert sinn. Ech hu keen zu Lëtzebuerg fonnt deen ouni Analys kéint honnerte vu Milliounen op den Dësch leeën. A vu datt ech wosst, datt de Katar eis gesot huet, datt si interesséiert wieren zu Lëtzebuerg, och op der Finanzplaz, eng Acquisitioun ze maachen, hunn ech e laangt Gespréich geféiert mam Premierminister vum Katar, fir deen ze encouragéieren an e Gespréich mat der Dexia eranzeklammen, fir d’BIL ze kafen an domat der BIL eng Zukunft ze ginn.

An dat ass eis gelongen. Dat war eng Situatioun déi exzeptionell war, an déi huet bis elo op d’mannst zu deem Resultat geféiert wat mir wollten hunn, nämlech datt d’BIL géing als eegestänneg Bank zu Lëtzebuerg eng zolitt Bank fir d’Zukunft ginn.

Claude Zeimetz: De L’Écho dee widderschwätzt Iech e bëssen op deem do Punkt, a schreift vun zwou seriéisen Offeren, déi am Fong ni a Betruecht gezu gi wieren. Déi eng vu Blackfish Capital, déi och d’Kaupthing iwwerholl haten, an déi aner déi wier vun enger Geschäftsbank vu Lëtzebuerg komm, déi scho mat der Dexia ze dinn hat, an do gëtt awer keen Numm genannt. Wat sot Dir dozou? Firwat goufen déi do zwou Offeren dann ni considéréiert?

Luc Frieden: De lëtzebuerger Stat huet jo näischt verkaaft. Et ass d’Dexia, un där de Stat net Aktionär war, an och net Aktionär gëtt, déi eppes verkafen, nämlech hir lëtzebuerger Duechter.

D’Dexia huet eis gesot, datt keng sérieux Offer um Dësch loung. An dee Reproche do, deen ass jo iwweregens och vun der Europäescher Kommissioun analyséiert ginn am Kader vun der Prozedur déi se gemaach hunn iwwer de Präis, well do ass dat och ëmmer erëm gesot ginn. An dofir ass gesot ginn, elo kucke mir, goufen et aner Offeren, goufen et aner Präisser, war dee Präis richteg? An d’Europäesch Kommissioun huet just virum Summer an enger Décisioun no enger laanger Prozedur, wou och konnte Parteie kloen, wou awer keen anere Bidder geklot huet, gesot, de Präis war ënner den Ëmstänn dee richtege Präis, an et war keng aner Offer do.

Claude Zeimetz: En anere Reproche, deen Iech direkt och viséiert: de L’Écho dee schreift vu Verhandlungen, quasi scho bal geheime Verhandlungen, déi während der Wirtschaftsmissioun am Noen Osten am Februar zejoert gefouert gi wieren. Do wiert Dir als Finanzminister, zesumme mam Ierfgroussherzog Guillaume an dem Albert Wildgen, dee jo ënner anerem och aktuelle President vum Verwaltungsrot bei der Cargolux ass, alleng op Doha gaange fir do ze verhandelen, ouni datt do en aneren dovunner Bescheed gewosst hätt.

Luc Frieden: Wann ee wëll, datt eist Land virukënnt, brauche mir vill internationaalt, neit Kapital. Mir kënne leider net mat lëtzebuerger Kapital d’Zukunft vun dësem Land, a vun den Entreprisen assuréieren. An dofir ass et meng Aufgab fir ëmmer erëm an der Welt dofir ze werben, datt Lëtzebuerg eng Plaz ass wou nei Investisseuren hikommen. Dat hu mir gemaach an Asien, dat maache mir a China, dat maache mir an der arabescher Welt, an dofir sinn ech effektiv och an d’arabesch Welt X-Mol gaangen – dat sinn iwweregens keng geheim Missiounen, well déi ware bekannt – wou ech ëmmer erëm soen, Lëtzebuerg ass eng Plaz wou auslännescht Kapital wëllkomm ass, well dat war an der Vergaangenheet esou, an dat ass och an der Zukunft esou.

Ech wëll soen, datt mir wéinst der BIL net particulièrement op Doha gaange sinn, mä datt mir op Doha gaange si fir d’Finanzplaz virzestellen, fir aner Secteure vun der Ekonomie virzestellen, esou wéi mir och an aner Länner gaange sinn. An ech mengen, dat ass noutwenneg, dat ass och an der Zukunft noutwenneg.

A grad well mir déi gutt Kontakter haten, konnte mir an engem kruziale Moment, wou et ëm d’Zukunft vun Dausende vu Cliente vun enger systemescher lëtzebuerger Bank gaangen ass, op déi Kontakter zréckgräife fir ze soen, ass dat do net fir iech eng Méiglechkeet fir a Verhandlungen ze trieden? Mä d’Verhandlungen hu stattfonnt, wéi dat och normal ass, tëscht dem Verkeefer, der Dexia, an dem Katar. D’Verhandlungen hunn net stattfonnt, wat de Präis ubelaangt, mat der Participatioun vum lëtzebuerger Stat, well mir jo net déi sinn déi verkaf hunn, an dofir hu mir och net de Präis négociéiert.

Mä ech mengen, et ass gutt, an et soll och an der Zukunft esou sinn, datt d’Regierung, Wirtschaftsminister, Finanzminister, anerer, an der Welt de lëtzebuerger Pavillon vermaarten, fir sécherzestellen datt och eis wirtschaftlech Entwécklung eng Zukunft huet.

Claude Zeimetz: Wéi sécher ass elo d’Zukunft, haaptsächlech fir d’Mataarbechter vun der BIL? De L’Écho ass sech sécher, datt d’BIL an d’KBL, déi jo och vun de Katarien iwwerholl goufen, an 1, 2 Joer fusionéiere wäerten. D’Zeitung seet do e soziale Massaker viraus. Kënnt do eng Fusioun?

Luc Frieden: Ech sinn emol ganz frou, datt mir d’BIL gerett hunn. Ech si frou, datt mir d’BGL virun e puer Joer gerett hunn, well dat gëtt alles séier vergiess, virun allem d’Ëmstänn. An dat ass och an deem Artikel do, dee muss ee méi am Kontext vun der belscher Innepolitik gesinn, wou d’Belsch e bëssen traureg sinn, datt si als Aktionär vun der Dexia net eng gutt Léisung fir de ganze Grupp fäerdeg bruecht hunn.

Wat Lëtzebuerg ubelaangt, esou mengen ech datt een ni weess wat an der Zukunft geschitt. Bei kenger Bank, bei kenger Firma kann ech Iech soen, wéi dat a 5, 6 Joer ausgesäit. Mä fir de Moment ass eng Fusioun net envisagéiert. Déi zwou Banken hu ganz aner Geschäftsausriichtungen. An dofir mengen ech, datt elo emol déi nei Aktionäre musse kucken, wat an deene Banke genee vu Potentialitéiten dran ass, datt do Businesspläng ausgeschafft ginn, datt et vläicht zu enger Zesummenaarbecht a verschiddene Servicer kënnt, mä eng Fusioun ass fir de Moment net envisagéiert.

Claude Zeimetz: Mä formell ausschléisse kënnt Dir se awer à ce stade och net?

Luc Frieden: Ech kann déi bei kenger lëtzebuerger Firma ausschléissen. Mir liewen an enger Welt, déi ganz vill ännert, an dofir mengen ech datt a ganz villen Entreprisen zu Lëtzebuerg an engem schwierege konkurentiellen Ëmfeld an deenen nächste 5 bis 10 Joer esou munch Ännerunge wäerte kommen. Soen, datt eng Firma ni en neien Aktionär kritt, oder ni fusionéiert, ass net sérieux.

Op där anerer Säit mengen ech datt, vu datt déi KBL ganz international ausgeriicht ass, an d’BIL eng Bank ass, déi virun allem hire Marché am lëtzebuerger Land, an an der Regioun huet, datt dat Geschäftsberäicher sinn, déi sech net vill iwwerschneiden, an dofir och eng Fusioun an dësem Moment och kee Sënn géing maachen.

Claude Zeimetz: Nach eng kuerz lescht Fro: d’BIL muss rekapitaliséiert ginn, do sinn d’Verhandlungen amgaangen. Kënnt Dir do vläicht iergend eng Gréissenuerdnung schonn nennen, wéi e Montant do gebraucht gëtt, a wéini datt déi Verhandlungen do ofgeschloss wäerte sinn?

Luc Frieden: Déi Rekapitalisatioun vun der BIL, déi ass Deel vun dem Accord, an dat ass eng Operatioun déi amgaangen ass gemaach ze ginn, de geneeë Montant kann een do net nennen.

Mä ech wëll nach eng Kéier präziséieren, dat ass virgesinn am Kontrakt, dat gëtt um Niveau vun der Dexia-Grupp gemaach, wou de lëtzebuerger Stat net dran ass. An ech ginn dovun aus, datt bis Enn des Mounts oder Mëtt Oktober déi Operatiounen iwwer d’Bühn sinn. D’Operatioun BIL ass an dréchene Féiss, d’Operatioun BIL ass ënnerschriwwen, an déi reng formaljuristesch lescht Kontrakter, déi sinn amgaange finaliséiert ze ginn, esou datt dat do Problemer sinn, déi sech um Niveau vum Dexia-Grupp, dat heescht tëscht de belschen an de franséischen Aktionären, ofschléissen. An et ass un deene fir doriwwer och déi néideg Detailer ze ginn.

Claude Zeimetz: Luc Frieden, Merci fir den Interview de Moien.

Luc Frieden: Et ass gäre geschitt.

Dernière mise à jour