Luc Frieden au sujet de l'évolution des finances publiques

Umoderatioun: Wa mir d’Budgetspolitik net änneren, dann erreecht Lëtzebuerg net de Budgetsequiliber 2014, esou waren d’Wirtschafts- an d’Budgetsprognosë bis 2015 iwwerschriwwen, déi an der leschter Woch presentéiert goufen. Bei där Geleeënheet huet de Finanzminister Luc Frieden ënner anerem eng nei Dépensëkultur gefuerdert. Ënner anerem heiriwwer schwätze mir mam Finanzminister an den nächste Minutten.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Sascha Georges: Dir fuerdert eng nei Dépensëkultur. Vläicht virop emol direkt, wat mengt Dir domat?

Luc Frieden: Mir hunn e grousse Problem zu Lëtzebuerg, dat ass, datt d’Relatioun tëscht den Einnamen an den Ausgaben net méi stëmmt, d’Rechnung geet net méi op. Dat heescht, doraus entsteet en Defizit, en Defizit deen net nëmme krisebedéngt ass, well d’Dépensen ze schnell wuessen, an dofir fuerderen ech en Ëmdenke bei den Dépensen.

Dat heescht, mir musse kucken, an engem sech ännernden Ëmfeld musse mir all déi Dépensë maachen déi mir fir de Moment maachen, an dofir hätt ech gär no enger Rei vu Critèren, datt mir sämtlech Dépensen iwwerkucken, fir datt déi Schéier tëscht Ausgaben an Einname méi kleng gëtt, well si ass op Dauer ganz schlecht fir eist Land.

Sascha Georges: Mir hunn och e puer Zuelen hei: de Comité de prévisions huet fir 2015 e Budgetsdefizit vun iwwer 12 Milliarden Euro, gutt 24% vum PIB annoncéiert. Net méi spéit wéi gëschter huet den DP-Parteipresident a Fraktiounschef, de Claude Meisch, an deem Kontext d’Budgetspolitik vun der Regierung schaarf kritiséiert.

Claude Meisch (O-Toun): Et ass also héich Zäit fir op d’Noutbrems ze drécken. A wann een awer kuckt wat d’Regierung mécht, dann ass dat awer erschreckend. Wann e Finanzminister dann an d’Chamber kënnt fir der Chamber matzedeelen, datt een elo net méi eng Milliard d’Joer Defizit mécht, mä annerhallef Milliard pro Joer, an datt dann awer gläichzäiteg just gefuerdert gëtt, datt elo emol all déi aner Fraktioune solle Proposen op den Dësch leeën, ouni datt de Finanzminister, dee jo awer dee misst sinn, dee misst kucken, datt d’Enner bei de Staatsfinanze géinge beienee kommen, ouni datt dee Finanzminister nëmmen eng eenzeg Propositioun op den Dësch leet, wat hien da mat esou enger Regierung gedenkt ze maache fir de Staatsbudget kënnen ze sanéieren.

Sascha Georges: Luc Frieden, firwat hutt Dir nach keng konkret Proposë gemaach?

Luc Frieden: Ech hunn der Regierung méi wéi eng Dose vu konkrete Propositioune gemaach. An et ass normal, datt déi Propositiounen an der Regierung diskutéiert ginn, déi gi jo och an d’Beräicher vun enger Rei vu Kollegen.

Eent ass fir mech ganz kloer, ech wëll net Finanzminister an engem Land si mat héijer Schold a mat héije Steieren, well dat ass schlecht fir d’Kafkraaft vun de Leit, an dat ass schlecht fir datt zu Lëtzebuerg d’Betriber investéieren. Dofir brauche mir e faire Steiersystem ab op der Dépensësäit musse mir no de Critèrë vun der sozialer Gerechtegkeet an der Wirtschafts-, dat heescht Aarbechtsplazefrëndlechkeet, Moossname kucken.

An dofir ass meng Iddi, fir datt mir an alle grousse Beräicher eis Dépensen iwwerkucken. Well d’Dépensen ze schnell wuessen, an do soen ech nach eng Kéier, dat ass déi nei Ausgabekultur. Ech sinn net d’accord, datt mir op Dauer musse Sue léine goe fir eis Ausgaben ze bezuelen.

An dofir dierf een och net eenzel Moossname kucken, mä ech hätt gär, datt mir eng ganz Rei vu Moossname maachen, wou mir an engem kollektiven Effort vun deenen déi schaffen, déi net méi schaffen, déi déi nach net um Schaffe sinn, am Beräich vun den Investitiounen, am Beräich vun der Sozialpolitik, am Beräich vun de Rémunératiounen an am Beräich vun de Fonctionnementskäschten Aspuerunge maachen.

Et geet net drëm, datt mir de Leit alles ewechhuelen. Et geet drëm, op eng virsiichteg Aart a Weis d’Suen auszeginn. An do kann een eng ganz Rei Propositioune maachen. All eenzel Propositioun, an och dat ass eppes wat 2009 schlecht gelaf ass, all eenzel Propositioun wäert direkt op grousse Widderstand stoussen.

Mä wat ech gär hätt, datt mir gemeinsam eis druginn deen Defizit ze reduzéieren, well [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Et soll also gespuert ginn, mä wéi kann een dann de Leit erklären, datt eng Gehältererhéijung bei de Staatsbeamte kënnt, déi de Stat awer bal 65 Milliounen Euro netto kascht? Da kritt Dir jo Är Spuermesurë schlecht bei de Leit erkläert, wann deen ee Secteur awer nach eng Lounerhéijung kritt?

Luc Frieden: Deen Terme “spueren�? ass fir mech emol guer net dee richtegen Terme. Et geet drëm intelligent auszeginn. Spuere mécht ee wann een doheem spuert, dat heescht, datt ee Suen op d’Säit setzt fir laangfristeg Dépensen. Mir hunn hei en Defizit. Et geet hei drëm net ze spueren, mä [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Mä Dir sot jo och, d’Dépensë muss een an de Grëff kréien, an esou eng Gehältererhéijung bei de Staatsbeamten ass jo awer nach eng zolitt Dépense.

Luc Frieden: Déi ass och fir d’Staatsfinanze kuerzfristeg e reelle Problem. Déi muss ee gesinn an deem Kontext vun enger genereller Reform vun de Gehälter beim Stat, an déi jo mëttel- a laangfristeg Suen aspuert, mä kuerzfristeg ass dat scho fir d’Staatsfinanzen eng Belaaschtung, dat ass [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: An de Message un d’Leit, wann déi gesot kréien, Dir musst spueren?

Luc Frieden: Dofir muss een dat ausrechne par rapport zu deem wat ee laangfristeg spuert doduerch.

Mä ech menge wat wichteg ass, datt mir an alle Bléck kucke wéi mir kënnen déi Dépensë reduzéieren.

D’Ëmfeld huet geännert. De Stat léint all Joer, och wa mir 2014 am Equiliber sinn, nach eng Milliard. An dofir kuckt, ass et richteg – an dat sinn elo Propositiounen déi ech als Finanzminister maachen, dat si keng Propositioune vun der Regierung, do mussen d’Ministeren alleguer hir Propositioune maachen, dofir hätt ech jo och gär en Débat an der Chamber. Mä et ass richteg, als Finanzminister huet een eng extra Obligatioun. Ech wëll net e Scholdeminister sinn, ech war dat ni, ech wëll dat net ginn, an ech wëll net, datt mir mussen d’Steieren esou héich maachen, datt d’Leit léiwer am Ausland wunne wéi zu Lëtzebuerg.

Sascha Georges: Dat heescht, un d’Steiere gi mir schonn emol net?

Luc Frieden: Mir musse selbstverständlech och iwwer verschidde Steieren diskutéieren. Mir mussen zum Beispill kucken, ob déi nidderegst TVA, déi mir haut an Europa hunn, 15%, ob déi do bleift. Mir musse kucken, ob d’Persounebesteierung, déi zu Lëtzebuerg raisonnabel ass, ob een déi kann do bäibehalen, zum Beispill wann een 1% beim Impôt sur le revenu, op all Stuf géing ëm 1% eropgoen, dat géing 130 Milliounen erabréngen. Mä ech soen, virun allem geet et net drëm einfach d’Steieren ze héijen, well dat à la longue Gëft ass [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Vläicht just nach ee Wuert zu de Steieren, wéi ass mat der Krisesteier?

Luc Frieden: Jo, dat ass eng vu villen Optiounen. Just, datt déi Iddi, datt wann een d’Krisesteier erëm géing aféieren, da wier de Problem geléist, déi ass natierlech falsch. Déi huet 80 Millioune bruecht, mir hunn e Problem dee substantiell ass.

Dofir wëll ech nach eng Kéier eppes iwwer d’Dépensë soen. Iwwer d’Steiere komme ganz vill Propositiounen, a meeschtens soen d’Leit, majo wann déi Déck géinge méi Steiere bezuelen, da wier de Problem geléist. Och déi musse vill Steiere bezuelen, mä zu Lëtzebuerg ass et esou, datt 5% vun de Leit schonn haut 50% vun der Akommessteier bezuelen. Bei der Kierperschaftssteier bezuelen d’Banken 80%, oder de Finanzsecteur 80% vun de Steieren. Mir mussen also och kucken, datt jiddweree säi Bäitrag leescht.

Mä virun allem musse mir eis op d’Dépensësäit konzentréieren. Ech mengen, datt mir zum Beispill musse kucken, ass et richteg, datt mir Sue léine gi fir den Ajustement vun de Pensiounen ze bezuelen? Datt mir en 13. Mount bei de Pensionéierten a bei de Staatsbeamte bezuelen, an engem Moment wou mir Suen net méi hunn?

Ass et richteg, datt mir bei de Prestations familiales, déi haut eng Milliard ausmaachen – dat si Kannergeld, dat sinn Allocations d’éducation, Allocations de maternité – datt mir déi ouni Berécksichtigung vum Akommes vun de Leit, déi bezuelen? Musse mir déi net ëm e puer Prozent reduzéieren? Wann [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Dat heescht, d’Sozialleeschtunge sinn och keen Tabuthema bei där Diskussioun hei?

Luc Frieden: Ech hunn Iech virdru gesot, datt ech gär hätt, datt mir an alle Bléck spueren. Dat heescht, d’Investitiounen, mengen ech, datt mir déi pro Joer ëm eng, loosse mir emol soen, ëm eng 100 Milliounen mussen zréckféieren.

D’Sozialausgaben – dat heescht, fir emol nëmmen Iddien ze ginn – en Ajustement fir déi Pensionéiert kascht 75 Millioune pro Joer. En 13. Mount fir déi Pensionéiert kascht 60 Millioune pro Joer. Den 13. Mount an der Fonction publique kascht 180 Millioune pro Joer. Dofir mengen ech, an all deenen do Beräicher musse mir Efforte maachen.

Mä net, an dat ass dat, wou et mir drop ugeet, net eng Moossnam eraushuelen, an da froen, sidd dir do dogéint oder dofir? Natierlech sinn d’Leit do dogéint. Mä d’Fro déi ee reell muss stellen ass, an déi hunn ech fir mech beäntwert, ech sinn net d’accord, datt mir permanent grouss Zomme Sue léine ginn, eis Staatsschold substantiell erhéije fir deen Defizit do kënnen ze finanzéieren.

An dofir soen ech nach eng Kéier, mir mussen Investitioune kierzen, mir musse bei de Sozialausgaben, esouwuel fir déi déi schaffen, wéi fir déi déi net schaffen, Saachen a Fro stellen, well ech och gär déi intergenerationell Solidaritéit hätt. Dat heescht, et kann net sech konzentréiere just op d’Kanner, oder just op déi déi schaffen, oder just op déi déi an der Pensioun sinn, mä jiddweree muss e Bäitrag leeschten.

Da musse mir eng ganz Rei Subsiden a Fro stellen. Subsiden un d’Betriber, Subsiden un d’Leit. Ass et richteg, datt mir Subsiden, déi mir op engem gewëssene Moment agefouert hunn, zum Beispill am ekologesche Beräich, fir Autoen ze kafen, ob mir déi weiderféieren?

An dofir nach eng Kéier, ech hu méi wéi eng Dose konkret Propositioune gemaach als Finanzminister, dat sinn nach keng Propositioune vun der Regierung. D’Regierung kuckt déi, de Staatsminister huet och all Minister opgefuerdert Propositiounen ze maachen. Ech waarden op déi Propositiounen an ech sinn dovun iwwerzeegt, datt och do anerer kommen.

Mä et geet net duer, an och dat wëll ech soen, et geet net duer, datt een elo seet, da kafe mir dräi Autoe manner, oder et ginn e puer Reese gestrach. Dat muss een alles och maachen [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Nach just ganz kuerz, wéi gesäit et mat grousse Projeten aus? Well zum Beispill déi nei Luxexpo um Kierchbierg ass jo och scho gestrach gi fir ze spueren. Sinn nach aner gréisser Projeten, déi vläicht do kéinte gestrach ginn, oder solle gestrach ginn?

Luc Frieden: Ech hunn Iech gesot, datt selbstverständlech och d’Investitiounspolitik vun der Regierung muss a Fro gestallt ginn.

Sascha Georges: Méi konkret.

Luc Frieden: Jo do si mir amgaangen d’Lëscht nach eng Kéier ze kucken. Mä ech mengen, datt eng Rei Projeten net kënne kuerzfristeg gemaach ginn.

Wësst Dir, eisem Land geet et jo am Verglach mam Ausland gutt, mä et geet him en Fait guer net gutt well mir iwwer Joeren elo, an dat gëtt och ganz oft, och op RTL oft, vergiess, wa gesot gëtt, d’Steiereinname si besser, da kënnt dee Saz eriwwer. Mä datt mir zum Beispill 2009 an 2010 pro Joer beim Stat eng Milliard Defizit haten, kënnt ganz seelen iwwer Är Antenn.

An dofir mengen ech, de Problem ass e strukturelle Problem. An ech wëll, datt mir dee Patient Lëtzebuerg, dee krank ass, datt deen net eng durabel Krankheet kritt. Mir hunn [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: Dofir brauch ee jo och méi Recetten. Komme mir vläicht just bei d’Recetten. Wat kann een do nach nei Revenuë schafen, nei Secteure vläicht erschléissen, wou kann de Stat méi Suen erakréien?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat ganz schwiereg ass, well wa mir nei Secteuren entwéckelen, ech mengen, dat ass de Wirtschaftsminister jo amgaangen ze kucken, an der Logistik an esou, dat bréngt recettëméisseg à court terme ganz wéineg.

Deen eenzegen deen zu Lëtzebuerg substantiell Steiere bezilt, ass a bleift de Finanzsecteur, mä deen ass an engem international schwieregen Ëmfeld. Dofir mengen ech, datt ee sech och do net alles dierf erwaarden.

D’TVA duerch de Commerce électronique, déi ganz héich ass, dat si fir de Moment eppes 600 Milliounen Euro pro Joer, dee brécht eis 2015 ewech.

An dofir soen ech och nach Folgendes eng Kéier. De Comité de prévisions mengt, mir géingen en Defizit hu pro Joer vun eppes annerhallwer Milliard. Kuckt emol, esouguer wa mir géinge soen, déi Hypothesen déi do geholl gi sinn si wäit ewech vun der Realitéit. A mir géinge soen, si hätte sech ëm ¾ geiert, da bleift nach ëmmer en Defizit vun eppes 500 Millioune pro Joer. An dofir mengen ech, datt mir op d’mannst fir d’nächst Joer mussen den Defizit ëm 500 Millioune reduzéieren. Mir mussen also substantiell Efforte maachen. An ech kann net genuch ënnersträichen, d’Situatioun ass ganz eescht.

Sascha Georges: Mä Dir kritt jo dacks reprochéiert, datt verschidde Wirtschafts- a Budgetsprognosen, bon, “falsch�? ass vläicht e staarkt Wuert, mä respektiv d’Situatioun herno besser do ass wéi gefaart, an do kritt Dir dacks reprochéiert, Dir géift den Däiwel un d’Mauer molen. Wéi ass dann an deem Kontext e Gespréich méiglech, well Dir fuerdert jo e breeden Débat iwwer de Problem?

Luc Frieden: Ech fuerderen e breeden Débat, an ech fuerderen [gëtt ënnerbrach]

Sascha Georges: A wann ee kuckt wat an der Tripartite geschitt ass, ass de breeden Débat iwwerhaapt nach méiglech?

Luc Frieden: En ass ganz schwiereg, an dofir muss d’Regierung an d’Parlament hir Verantwortung iwwerhuelen.

Mir hu Chifferen op den Dësch geluecht, an ech soen nach eng Kéier, esouguer wann déi Chiffere substantiell niewent der Realitéit leien, well déi Realitéit ännert all Dag, mir sinn trotzdem an engem ganz schwierege wirtschaftlechen europäeschen Ëmfeld, och da bleift nach e groussen Defizit. An dofir sinn ech och net der Meenung, datt een nach kann 2-3 Joer waarden. Et muss een elo handelen.

Wann et dann duerno vill besser gëtt, da kann ee jo nach ëmmer erëm déi eng oder déi aner Moossnam nodréiglech erëm op déi zréckkommen. Wann een eng Kéier Steieren erhéicht, kann ee se och erëm duerno senken.

Mä ech mengen, datt de strukturelle Problem, nämlech d’Relatioun tëscht den Einnamen an den Ausgaben, sech esou verschlechtert, datt mir mussen zu enger ganzer Rei vun Ännerunge kommen, a virun allem op der Dépensësäit mir mussen d’Sue virsiichteg ausginn, mir mussen d’Suen intelligent ausginn.

Net all Ausgab déi een mécht huet en negative wirtschaftlechen oder sozialen Impakt. Well net all Suen déi een als Bierger kritt muss ee wierklech hunn. Dat ass richteg bei Leit mat ganz klengem Akommes, dat ass net richteg bei all Mënsch. Jiddwereen ass frou natierlech déi Suen ze kréien, dofir erwaarden ech mir och ni, datt dat do Moossname si wou herno de groussen Applaus, weder am Parlament nach an der Bevëlkerung kënnt. Mä d’Lëtzebuerger musse wëssen, datt mir e Land gi si mat Wuelstand, well mir en Fait gesond Staatsfinanzen haten. A mir sinn elo an enger Situatioun, erstmoleg, wou et net nëmmen drëm geet ze kucken, wie kritt méi, mä wou mir musse kucken, wéi kënne mir op eng intelligent Aart a Weis verschidde Saachen änneren, fir datt mir herno mat gesonde Staatsfinanzen a mat raisonnabele Steieren och nach an Zukunft kënne liewen.

Sascha Georges: Vläicht ganz kuerz nach Konkretes. Wéini kréie mir ganz konkret Mesurë virgestallt, respektiv wéini sollen déi da gräifen? Wéi ass den Zäitplang?

Luc Frieden: Den Zäitplang ass esou, datt mir bis Enn Abrëll de Stabilitéitsprogramm op Bréissel musse schécken, an am Kader vum Stabilitéitsprogramm musse mir kucken, a soen, wéi mir den Defizit reduzéieren. Déi Moossnamen déi mussen da gräife fir de Budget 2013 an 2014.

Sascha Georges: Luc Frieden, villmools Merci fir dëst Gespréich.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour