Luc Frieden au sujet de l'emprunt de l'État luxembourgeois du 12 mars 2012 et de la crise de la dette publique en zone euro

Pierre Reyland: Här Frieden, vläicht ganz kuerz als éischt Fro. Den Emprunt deen de lëtzebuerger Stat gemaach huet, zu wéi engem Zënstaux ass deen, a firwat maache mir deen elo?

Luc Frieden: De lëtzebuerger Stat huet en Defizit, an de lëtzebuerger Stat brauch Sue fir deen Defizit ze bezuelen. Mir brauchen déi Sue vläicht net haut a muer, mä am Laf vun dëse Méint brauche mir nei Suen, an dofir hu mir gëschter 1 Milliard Euro iwwer eng Lafzäit vun 10 Joer op de Finanzmarchéen opgeholl.

Mir kruten déi 1 Milliard geléint fir 2,25%, dat ass e ganz gudden Taux fir déi do Lafzäit, dat ass ähnlech wéi déi déi Finnland an Holland kréien, wat jo och esou genannten Triple A-Länner sinn, déi also eng gutt Kreditwierdegkeet hunn. Et ass liicht méi héich wéi Däitschland.

Mä wat och interessant ass, mir hate gëschter eng Demande, déi war 2,5 Mol méi grouss wéi d’Offer. Dat heescht, d’Vertraue vun de Finanzmäert a Lëtzebuerg, an d’lëtzebuerger Staatsfinanzen ass gutt, ass nach gutt. An dofir mengen ech ass et noutwenneg, datt mir och kucken, datt mir weider den Defizit reduzéieren, well nëmmen esou kënne mir eisen Triple A behalen, an nëmmen esou kënne mir och an Zukunft, wa mir musse léine goen, datt mir dann och zu engem nidderegen Zënsfouss geléint kréien.

Pierre Reyland: D’Vertrauen a Lëtzebuerg ass gutt, dat Vertrauen a Griicheland ass par contre ganz schlecht, an dofir gëtt et och en zweeten Hëllefspak fir Griicheland ze hëllefen. Här Frieden, sidd Dir an déi aner europäesch Finanzministeren eigentlech erliichtert, datt deen zweete Pak fir Griicheland endlech steet?

Luc Frieden: Erliichtert ass vläicht dat falscht Wuert, well et geet hei schlussendlech drëm engem Land 130 Milliarden Euro als zweeten Hëllefspak ze ginn, verbonne mat enorm staarken, strenge Conditioune fir Griicheland. Alles dat mécht een net frou.

Mä ech mengen awer, datt dat hei wäert säin Zil erreechen, fir datt Griicheland erëm kann op seng eege Féiss stoe kommen an enger Rei vu Joeren. Ech mengen, datt dat hei e ganz laange Prozess gëtt, mä mir sinn net aus dem Tunnel eraus, mir hunn elo emol eng Hürd gepackt, mä ech mengen, datt de Problem vu Griicheland, wéi vun deenen anere Länner vun der Eurozon, ganz schwiereg bleift.

Och zu Lëtzebuerg, wann ech dat nach dierf am Zesummenhang vun där éischter Fro soen, wiisst den Defizit, an et muss een also kucken deen Defizit ofzebauen. Dat gëllt och fir Griicheland, an dat gëllt och fir déi aner Länner iwwer déi mir gëschter geschwat hunn.

Pierre Reyland: Majo, notamment Spuenien. Spuenien gouf gefrot fir weider Spuermesurë missen ze maachen, den Defizit fält méi héich aus wéi en évaluéiert gi war. Maacht Dir Iech Suergen iwwer Spuenien?

Luc Frieden: Ech maache mir generell Suergen iwwer eng ganz Rei Länner vun der Eurozon, do ass d’Schold fir de Moment an der Moyenne bei bal 90% vum Bruttoinlandprodukt.

Spuenien war ëmmer e Land wou mir en A drop gehäit hunn. Spuenien huet awer elo festgestallt am Joer 2011, datt effektiv säin Defizit op 8,5% vum Bruttoinlandprodukt geklommen ass, méi héich wéi dat wat mir bis elo wossten. A si wëlle bis 2013 ënner 3% kommen. Dat ass natierlech en enorme Problem, fir dat iwwer 2 Joer ze maachen.

A mir mengen, déi 16 aner Finanzministere vun der Eurozon, datt dat wat si fir dëst Joer geplangt hunn nach net duergeet. A mir hunn also gëschter eise spuenesche Kolleg, deen nei ass, deen eréischt zënter 2 Méint mat senger Regierung am Amt ass, gefrot fir nach dëst Joer zousätzlech Efforten ze maachen. Si hunn nach kee Budget fir 2012 ugeholl, well se elo eréischt an d’Amt komm sinn, a si kucken also elo an deenen nächsten Deeg, wéi se kënnen, zousätzlech zu deene Moossnamen déi se schonn annoncéiert hunn, nach zousätzlech Spuermoossname maache fir ze évitéieren, datt mir och musse Spuenien als Eurogrupp hëllefen, well dat wier net gutt fir Spuenien, an dat wier net gutt fir d’Eurogrupp.

Pierre Reyland: Luc Frieden, villmools Merci fir den Interview de Moien.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour