Luc Frieden, invité de l'émission "Background am Gespréich"

Frank Kuffer: De Finanz- a Budgetsminister ass also dës Stonn eisen Invité. En ass jo dee Mann, deen esouzesoen eis Sue beim Stat verwalt, akasséiert an ausgëtt. E seet eis dann elo hoffentlech och wéi et ausgesäit an eiser Keess, a wat mir eis kënne leeschten, a wou mir musse spueren, a firwat. Luc Frieden, gudde Mëtteg.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: Ech wëll d’Emissioun emol eng Kéier e bëssen anescht ufänken. D’Politiker hunn d’Tendenz, an dacks ass et jo och néideg, méi wäit auszehuele bei hiren Äntwerten. Ech stellen Iech elo e puer Froen, oder besser gesot sinn et Aussoen, wou Dir wann ech gelift elo just mat Jo an Neen äntwert.

Mä keng Angscht, Dir kritt am Laf vun der Emissioun d’Geleeënheet op alles am Detail anzegoen. Ass dat okay, sidd Dir prett?

Luc Frieden: Okay, ech kucken emol wat kënnt.

Frank Kuffer: Also, da fänke mir un. Mir sinn nach an der Kris.

Luc Frieden: Jo.

Frank Kuffer: 2014 ass de lëtzebuerger Budget am Equiliber.

Luc Frieden: Jo.

Frank Kuffer: Mir kréien dëst Joer e Wuesstem vun ënner 2%.

Luc Frieden: Jo.

Frank Kuffer: Lëtzebuerg behält säin Triple A.

Luc Frieden: Jo.

Frank Kuffer: De Luc Frieden wéilt nawell gär eng Kéier Staatsminister ginn.

Luc Frieden: Wéini gitt Dir Chefredakter?

Frank Kuffer: Et ass d’Fro, wëll hien et oder wëll hien et net?

Luc Frieden: Dat gesi mir.

Frank Kuffer: Ech mengen, de Jean-Claude Juncker kritt nach eng Kéier e wichtege Posten an Europa.

Luc Frieden: Jo.

Frank Kuffer: D’Ekonomie an Däitschland steet besser do wéi eis, well se éischter reforméiert hunn.

Luc Frieden: Jo.

Frank Kuffer: Ouni d’Sozialisten an der Regierung wiere scho méi Reformen zu Lëtzebuerg ëmgesat.

Luc Frieden: Neen.

Frank Kuffer: D’CSV mécht sech méi Gedanken a Suergen iwwer d’Kompetitivitéit wéi d’LSAP.

Luc Frieden: Jo.

Frank Kuffer: Den Tram gëtt ganz sécher gebaut.

Luc Frieden: Jo.

Frank Kuffer: Et gi Länner, déi d’Eurozon an den nächste Joere verloossen.

Luc Frieden: Jo. Et ass e schwéiert Spill dat do, well et geet am Fong net ma Jo a mat Neen.

Frank Kuffer: Nach eng, nach just eng, an Dir kommt jo am Detail herno drop zréck. D’Finanztransaktiounssteier muss nach dëst Joer agefouert ginn.

Luc Frieden: Neen.

Frank Kuffer: Voilà, esou kuerz an däitlech huet nach seelen e Politiker hei geäntwert. Wéi gesot, gi mir elo an den Detail. E puer Mol hutt Dir gezéckt, dorop komme mir zréck.

Kris oder net Kris, dat hu mir d’Leit dobaussen och gefrot.

O-Téin Public: Ich spüre die konkret eigentlich nicht. Ich höre in den Nachrichten natürlich viel darüber, und diskutiere auch mit Freunden darüber, über politische Themen, und dementsprechend auch über die Finanzkrise, aber ich persönlich spüre von meinem Budget, oder so nichts von der Finanzkrise.

Pour moi, non je ne ressens pas du tout, mais je sais qu’elle est là et on en entend parler tous les jours. La France vient de perdre son Triple A. Bon, on s’y attendait, on le savait, donc ça reste à voir.

Kloer spiere mir se. Majo, mir stinn hei mat den Taxien, a mir maache 6, 7 Coursen den Dag, fréier hu mir der 15, 16 gemaach, an den Här Bettel mécht nach gär den Taxi elo méi bëlleg. Da froen ech mech, wéi dat soll opgoen.

Ma sécher spieren ech et och, all Mënsch spiert dat. Ech si pensionéiert an ech strecke mech menger Decken no. Et geet mir duer, wann ech Suen hu wann ech der brauch.

Ich spüre sie auch nicht, aber es ängstigt mich ungemein. Ja die ganzen Nachrichten, die verbreitet werden sind negativ, also man hat wirklich das Gefühl, wir gehen auf die Katastrofe zu, sie ist zwar noch nicht da, aber das kann einen nur für die Zukunft ängstigen.

Ech spieren d’Kris scho vill méi laang, an zwar menger Meenung no ass d’Kris ugaange wéi mir den Euro kritt hunn, vun do un ass alles méi deier ginn. An deen, dee seet dat ass net wouer, an dat soen d’Politiker eis jo schonn zënter Joeren, dat ass net wouer, dat spiert een nëmmen esou, dat mengt een nëmmen esou, dat mengen ech guer net nëmmen esou, ech mengen, dat ass esou, datt mir vun un datt mir den Euro hunn, datt vun do un alles méi deier ginn ass. An dat spiert een natierlech, dat ass ganz kloer.

Frank Kuffer: Ob den Euro komme mir am zweeten Deel vun der Emissioun zréck.

Mir sinn an der Kris, Här Frieden, Dir sot Jo, dat huet och de Staatsminister op der Neijoschréceptioun vun der CSV gesot. De Jean Asselborn huet et beim LSAP-Neijoschpatt och widderholl.

Matten an der Kris schaaft Dir, Här Frieden, d’Krisesteier of. Wéi erkläert Dir de Leit dat dobaussen?

Luc Frieden: Mir sinn an der Kris, well mir jo an enger Weltwirtschaft liewen déi méi lues geet. A wann een eng oppen Ekonomie huet, wéi déi lëtzebuergesch, wou ee vill Produkter an Déngschtleeschtungen exportéiert, ass een natierlech affektéiert vun deem, wat an der Welt geschitt. A wa mir feststellen, datt an Europa d’Wuesstem relativ lues ass, am historesche Verglach, dann huet dat och en Impakt op Lëtzebuerg. An dofir si mir zu Lëtzebuerg an der Kris. Mir spiere se vläicht nach net esou wéi verschidden aner Länner, mä mir ginn impaktéiert vun deem wat am Ausland geschitt.

D’Ofschafung vun der Krisesteier war net meng éischt Optioun, mä am Kader vun enger méi breeder Négociatioun, am Kader vun engem Accord dee méi breet an der Regierung diskutéiert ginn ass, war dat do een Element.

Si war ëmmer nëmmen temporaire geduecht. Ech hätt gutt kënnen domat liewen, datt se nach ee Joer bliwwe wier, mä wann dat eng gemeinsam Décisioun vun der Regierung ass, dann droen ech déi mat.

Déi rett och net de Gesamtbudget, mä ech mengen [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Et si jo awer 80 Milliounen, oder wéivill?

Luc Frieden: Jo, dat sinn 80 Milliounen, déi mir jo och dëst Joer kritt hunn.

Ech mengen, datt mir an deenen nächste Joeren, wa mir wëlle gesond Staatsfinanzen hunn, da muss een och doriwwer diskutéieren, net onbedéngt déi do Steier erëm anzebréngen, ma et muss ee kucken, wéi kann een intelligent spueren an intelligent Suen erakréien, a wéi kann ee kucken, datt de Budget ausgeglach ass, fir keng Schold mussen ze maachen. An dat ass am Fong déi Finanzpolitik, déi ech gär maachen, kombinéiert mat enger Wuesstemspolitik, an do komme mir vläicht nach drop ze schwätzen.

Frank Kuffer: Jo, mä dir hutt geschwat am Kader vun engem Accord. Nennt d’Kand beim Numm, dat ass den Accord mat de Staatsbeamten. Do ass elo een Deel ëmgesat, dat ass d’Ofschafung vun der Krisesteier. Dat heescht, de Rescht, weess nach keen ob deen iwwerhaapt kënnt.

Luc Frieden: Dat ass eng breet Reform, mä et ass ganz kloer, datt all déi Elementer déi an där Reform sinn zesummenhänken, an datt déi och mussen zesummen ëmgesat ginn.

Dat hei ass am Kader vun deenen Négociatiounen diskutéiert ginn, mä et war net en integralen Deel vum schrëftlechen Accord, deen tëscht der Regierung an der Staatsbeamtegewerkschaft gemaach ginn ass. Mä nach eng Kéier, ech hätt mir gutt kënne virstellen, et hätt een déi Steier nach ee Joer gehalen. Dat ass anescht gaangen, dat ass näischt Fundamentales.

Ech mengen, mir mussen eis méi fundamental domat ofginn, wéi kënne mir kucken, datt mir net dee strukturellen Defizit, dee mir zënter 2002 hunn, beim Zentralstat, dat heescht, wou mir méi ausgi wéi mir erakréien, datt mir dat no 10 Joer, wou mir déi Situatioun do hunn – ech mengen, mat enger Ausnam, 2007, well mir 2006 eng Rei Reforme gemaach hunn – wéi mir dat reduzéiert kréien. An ech mengen, dat ass eng wichteg Erausfuerderung fir eist Land, a fir mech als Finanzminister.

Frank Kuffer: Mat der Krisesteier, do hätt Dir jo deene ganz Klengen, vun deenen ëmmer Rieds geet, deenen hätt Dir guer net wéi gedoen domat. Deene Mëttelsten e bëssen, an deenen Décken ebe méi. Elo gitt Dir un den Index. Domat trefft Dir jiddwereen.

Luc Frieden: Den Index ass eng Diskussioun, déi muss ee jo méi breet kucken, am Kontext vun der Konkurrenzfäegkeet vun eise Betriber.

An ech mengen, grad déi Betriber déi an der Konkurrenz mam Ausland stinn, do muss ee kucken, datt do de Käschtepunkt, an d’Lounentwécklung ass eng vun deene Käschten déi e Betrib huet, datt deen net ze schnell wiisst. An dofir ass d’Indexfro eng, déi een net einfach ka soen, ass ee vir oder géint den Index. Et ass gutt, datt Dir d’Fro net gestallt hutt bei Jo an Neen, esou wéi déi meescht Froen déi een net ka mat Neen a Jo beäntweren.

Mir leeschten eis keen Déngscht, wann zu Lëtzebuerg d’Paien all Joer klammen, an am Ausland, am direkten Ausland hu se esou e Mechanismus net, an do klammen d’Käschten zum Deel och duerch d’Kollektivveträg, mä net ëmmer.

An dofir mengen ech, ass d’Fro vun der Kompetitivitéit vun de Betriber eng déi am Fong heescht, wéi kënne mir kucken, datt eis Betriber Aarbechtsplaze kënne schafen, a Produkter kënne verkafe par rapport zu enger auslännescher Entreprise, déi déi nämmlecht Produkter verkeeft?

An dofir mengen ech, datt ee muss heiansdo Ännerunge maachen, besonnesch wann ee feststellt, datt d’Lounentwécklung zu Lëtzebuerg iwwer déi lescht 10 Joer gekuckt vill méi staark war, wéi déi zum Beispill an Däitschland. Ech weess awer och, datt d’Lounentwécklung net deen eenzege Facteur ass an der Präisgestaltung, an dofir muss een dat alles zesumme kucken.

Dobäi kënnt beim Index, datt mir jo och feststellen, datt wann eng Indextranche erfält, datt och domat duerch e gewëssenen Automatismus och aner Präisser dann erëm musse gehéicht ginn, besonnesch an deene Secteuren déi ganz vill Personal hunn. Da gëtt de Kichelche beim Bäcker méi deier, da gëtt d’Altersheim méi deier, well déi hunn esou vill Personalkäschten.

An dofir muss een do eng méi sachlech Diskussioun an der Zukunft fäerdegbréngen, an dofir sinn ech am Fong frou, datt d’Regierung elo do eng Reform gemaach huet déi eis erlaabt och besser Planungssécherheet bei de Betriber a beim Stat ze hunn, wat d’Ausgaben, am Kontext vun der Lounmass, an deenen nächsten 3 Joer ausmaachen.

An ech sinn am Fong frou, datt mir do elo, ech weess, datt dat net einfach war fir verschidde Leit, mä datt mir do eng Décisioun geholl hunn, déi elo steet. An ech hoffen, datt d’Parlament déi kann d’nächst oder iwwernächst Woch stëmmen.

Frank Kuffer: D’Parlament misst déi wahrscheinlech och d’nächst Woch da stëmmen, wann een esou héiert wat an de Parteie lass ass.

Mä d’Indexmodulatioun ass dat um Enn net awer erëm esou e Kouhandel an der Regierung, an der Koalitioun, besser gesot? D’LSAP ass um Enn awer d’accord mat der ëmstriddener Mesure fir den Indexcompteur 2014 op Null ze setzen. Dofir gëtt elo direkt um Wuerekuerf net gefréckelt. Den OGB-L President Jean-Claude Reding, deen huet et dës Woch esou ausgedréckt.

Jean-Claude Reding (O-Toun): Ech wëll net op deen Hin an Hier, an deen Hickhack do agoen, deen elo an de Kulisse jo gelaf ass, dee jo och vill och kommentéiert ginn ass.

E weist eigentlech, datt mir Recht haten, wéi mir drop higewisen hunn, datt bei der Remise à niveau eigentlech nach méi wäit eppes géif gemaach ginn. Dat ka kee méi elo ofstreiden, datt dat esou ass. Et weist eigentlech och, wie sech an där Koalitioun do duerchsetzt, dat ass och kloer, dat huet een do och gesinn.

Frank Kuffer: Voilà, Här Frieden. D’CSV huet d’Soen an der Koalitioun, d’LSAP bremst oder kuscht. Ass dat esou?

Luc Frieden: Ech mengen, an enger Regierung ass et normal, datt diskutéiert gëtt innerhalb vun de Parteien, tëscht de Parteien. Wat zielt ass wat d’Regierung op engem gewëssene Moment décidéiert. An déi Reform hei déi war noutwenneg. Et kann een ëmmer driwwer diskutéieren, ob se wäit genuch geet oder net.

Ech mengen, datt déi Reform hei noutwenneg war, fir datt och an Zukunft zu Lëtzebuerg mir kënne sécherstellen, datt d’Betriber kënnen déi Paien iwwerhaapt bezuelen. An dofir, dat ass schonn eng Reform.

Et ass méi einfach ze soen, jiddweree kritt all Joer méi an der Pai. Mä wann ee gesäit, datt mir eis ewechbewege vun eise Konkurrenten am Ausland, datt, wéi gesot, virun allem fir déi Betriber déi a Konkurrenz mam Ausland stinn, da war déi hei Reform noutwenneg, a mir hunn déi gemeinsam geholl, an dat ass dat wat zielt

An datt am Virfeld diskutéiert gëtt, fannen ech en fait an enger Demokratie net anormal [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: D’LSAP wollt awer vläicht net dat do, oder?

Luc Frieden: Ech mengen, datt et op esou kruziale Froen ëmmer ganz vill Diskussioune ginn. Ech muss awer och soen, datt et mech am Fong e bëssen nervt, datt mir zu Lëtzebuerg bal nëmmen ëmmer iwwer den Index diskutéieren.

Ech mengen, datt et eng wichteg Fro ass, et kann ee sech net vu senger Responsabilitéit entzéien, an ech mengen, datt et och richteg ass, datt mir kucke wéi an der Zukunft déi Lounentwécklung ass. Dofir ass d’Kompetitivitéit net eng Fro, déi definitiv eriwwer ass. An ech mengen och, och no 2014 déi do Diskussioun net eriwwer ass.

Frank Kuffer: Dir hutt elo erëm dat Wuert Kompetitivitéit gesot, Dir hutt et virdru gesot am Kader vum Index, den Index gëtt jo am Fong geholl, déi Modulatioun gëtt gemaach wéinst der Kompetitivitéit vun de Betriber.

Virdrun, op d’Fro "D’CSV mécht sech méi Gedanken a Suergen iwwer d’Kompetitivitéit wéi d’LSAP", hutt Dir mat Jo geäntwert. Dat musst Dir mir nach erklären.

Luc Frieden: Well ech mengen, datt d’CSV eng Partei ass, déi och net Angscht huet fir gréisser Reformen ze maachen.

An datt mir och ëmmer erëm de Leit musse soen – dat ass och eigentlech als Finanzminister wichteg – datt een och iwwer d’Wahl erausgeet, an net sech seet, wéi vill Wieler kritt deen do méi oder manner; datt et am Fong drëm geet, wann ee sech politesch engagéiert, datt ee seet, wann ee gesäit, datt mir en Nodeel hu par rapport zum Ausland, datt Aarbechtsplaze laangfristeg um Spill stinn, datt een dann onofhängeg vu Wahlresultater och negativ Nouvellë mat Argumenter muss an d’Diskussioun bréngen.

An ech stelle fest – ech schwätzen net gär negativ iwwer aner Parteien, ech wëll et positiv soen – datt ech spieren ëmmer an der CSV, datt se op ass och fir laangfristeg Perspektiven. A wann ee gesäit, datt mir et bis elo gutt gemaach hunn, mä datt mir enorm Erausfuerderungen an der Zukunft hunn, déi mir net ganz gutt gemeeschtert kréien – mir hunn eng extrem fragil Situatioun op der Einnamesäit, mir sinn enorm ofhängeg vum Ausland, mir mussen eis drugi fir dee Wuesstem, deen elo war déi Joeren, fir dee géréiert ze kréien – da muss een eng Rei Ännerunge maachen.

A mech stéiert am Fong, iwwerhaapt iwwer déi lescht 2, 3 Joer, datt a verschiddene Kreeser, an dat ass vläicht bei anere Parteie méi, wéi bei där Partei där ech ugehéieren, datt eng Retizenz do ass fir Ännerungen ze maachen. Ech hätt gär [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Firwat dann, firwat ass d’LSAP da méi schwéierfälleg?

Luc Frieden: Jo, da musst Dir een invitéiere vun der LSAP.

Souwisou fannen ech, datt wann een an der Regierung ass, ass den Intérêt général dat Wichtegst. An den Intérêt général kann een net mat enger Faarf usträichen. An ech sinn och keen dee fënnt, datt just d’Iddien aus senger Partei gutt sinn, mä ech hätt gär eng konstruktiv Diskussioun.

A wann een eng Propositioun mécht, datt dann net deen aneren direkt seet, et ass Sozialofbau, et ass negativ. An dat ass och dat, wat mech an där ganzer Diskussioun iwwer d’Reduktioun vum Defizit vum Budget 2009 enorm traureg gemaach huet: et koum ee quasi zur Conclusioun, komm mir loossen alles sinn a mir leeën ëmmer nëmmen dobäi. Esou war dat fréier zu Lëtzebuerg. Et goufen ëmmer Diskussiounen, well d’Leit hätten nach gär méi gehat.

Mir sinn elo an enger Situatioun, an ech si vläicht deen éischte Finanzminister, deen domat konfrontéiert ass, datt mir net sécher sinn, ob d’Einname weider wuessen. An zweetens stelle mir fest, datt eis Ausgabe méi schnell wuessen wéi d’Einnamen.

An dat ass eng enorm Erausfuerderung, an dofir musse mir als Regierung, an ech hoffen net nëmmen ech als Finanzminister, do Ännerunge maachen. An dat heescht och heiansdo onpopulär Moossnamen huelen, déi en fin de compte, mengen ech, emol net ëmmer esou onpopulär sinn, well Dir gitt ëmmer nëmmen deenen de Mikro, déi dann de Contraire vun der Regierung soen.

Mä wann ech mat de Leit dobausse schwätzen, mat Frënn dobausse schwätzen, da klappen d’Leit net an d’Hänn bei alles wat mir maachen, mä ganz oft begéinen ech der awer déi soen, mir verstinn dat do. An den Index ass e ganz gudde Punkt, wou ech der ganz vill begéint hunn, déi gesot hunn, jo, ech hätt léiwer direkt [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Do loosse mir d’Leit och zu Wuert kommen, do hate mir se eng Kéier eng hallef Stonn zu Wuert komme gelooss.

Luc Frieden: Jo, jo. Mä ech mengen net, datt nëmme verschidden Organisatiounen am Numm vun alle Bierger schwätzen. D’Bierger hu ganz oft Meenungen déi, zesummegeholl, och vill méi Reform-freedeg sinn, wéi dat heiansdo duergestallt gëtt.

Frank Kuffer: Wann Dir de Budget maacht, da musst Dir jo ëmmer vun engem gewësse Wirtschaftswuesstem ausgoen. Gleeft Dir Ärem eegene Budget 2012 nach? Wéi vill Wuesstem kréie mir dann? Dir hutt virdru gesot, manner wéi 2%.

Luc Frieden: Ech mengen, datt d’Situatioun an Europa extrem schwiereg ass a bleift, an datt mir net kënne vun engem staarke Wirtschaftswuesstem ausgoen.

Ech kann Iech dat net millimetergenee soen. Ech mengen och, datt et kee gëtt, dee millimetergenee weess, wéi et an Europa virugeet. Mä d’Iddi, datt den europäesche Kontinent vun haut op muer elo erëm géing op eng extrem Aart a Weis wuessen, ouni Problemer, dat schéngt mir wierklech net realistesch ze sinn.

An dofir plädéieren ech och am Fong fir eng virsiichteg Politik.

Kuckt, et ass dach vill besser, datt ee virsiichteg ass, datt ee sech iwwerleet, wat ass realistesch, an ech menge realistesch ass fir de Moment net de Wuesstem vun 3%-4%, wéi mir et an der Vergaangenheet haten, éischter vun 1%-2%. Wann et da besser geet, tant mieux, da kann een nach aner Saache maachen. Mä dat ass fir de Moment weder an Europa nach an Amerika de Fall. An Asien an an aner Deeler vun der Welt kennt ee méi e staarkt Wuesstem, an dofir musse mir versichen do eng Connexioun mat deenen Ekonomien ze fannen.

Frank Kuffer: Wéi "falsch", entre guillemets, ass Äre Budget dann, ongewollt?

Luc Frieden: Ech mengen net, datt de Budget falsch ass. De Budget ass näischt wat ee ka millimetergenee bis un d’Enn vum Joer festleeën, an an dësen Zäite sinn d’Previsioune méi schwéier wéi jee virdrun.

Ech mengen, datt mir bei der Aschätzung vun den Einname relativ realistesch waren, mä dat hänkt ganz vill vu baussen of. Ech kann Iech net genee soen, wéi d’Boursen d’nächst Joer evoluéieren, dovun hänkt awer eis Taxe d’abonnement of, wat eng ganz déck Zomm ass. Ech weess net, wéi den elektroneschen Handel d’nächst Joer geet, dat ass awer eng ganz grouss Einnam. 30% vun eise Steiereinname kommen aus dem Finanzsecteur, deen ass zu 99% en internationale Secteur.

Dat heescht, mir si vläicht dat Land an Europa wat déi gréisste Fragezeichen huet, doduerch datt mir net kënne kontrolléiere wat am Ausland geschitt.

Mir hunn et fäerdeg bruecht Rahmebedingungen ze schafen, datt et interessant ass zu Lëtzebuerg déi Finanzaktivitéiten ze maachen.

Mä d’Aktivitéit selwer, déi konjunkturell Effete vun der Aktivitéit, déi ginn am Ausland opgebaut. An dofir musse mir kucken an Europa eist Wuert matzeschwätzen. Mä d’Konsequenze vun der wirtschaftlecher Entwécklung am Ausland, déi kënne mir net kontrolléieren. An dofir musse mir och méi virsiichteg sinn, an dofir musse mir och eng Wuesstemspolitik maachen, versichen Diversificatioun ze maachen.

Ech hunn nach gëschter am Regierungsrot a Projet presentéiert, deen ugeholl ginn ass, fir zum Beispill eng nei Aktivitéit vu Sous-traitanten am Assurancësecteur ze maachen, d’Professionnels du secteur des assurances, fir erëm nei Aktivitéiten och ze schafen.

Mä mir si fragil, mir hu volatil Steiereinnamen, an dofir plädéieren ech fir Virsiicht. An dat, mengen ech, huet eis och dozou geféiert, datt mir iwwer Joerzéngten zu Lëtzebuerg gesond Staatsfinanzen haten. An dat heescht och, datt een da keng all ze héich Steiere muss hunn, well ze héich Steieren huet jo als Konsequenz, datt keen auslänneschen Investisseur wëll kommen.

Frank Kuffer: Dir hutt gëschter gesot, um Bord vun där Pressekonferenz, déi Dir iwwer d’Chiffere vun 2011 hat, datt Dir och amgaange wiert mat de verschiddene Leit ze schwätzen, wéi een an Zukunft soll oder kéint spueren. Dat sinn elo keng offiziell Gespréicher, mä kënnt nach e Spuerprogramm dëst Joer och?

Luc Frieden: Ech hätt gär, och an deene Gespréicher déi ech schonn amgaange sinn ze féieren, emol e Gefill dofir, ob d’Leit realiséieren, datt een net kann iwwer eng Rei Joere méi Suen ausginn, wéi een der erakritt beim Stat. An déi meescht, déi ech bis elo begéint hu sinn där Meenung.

Da muss een driwwer diskutéieren, wéi reduzéiert een dat Lach? A mir hunn e puer grouss Bléck. Dat sinn d’Transferten un d’Sécurité sociale, dat sinn d’Investissementer, dat sinn d’Paien an dat sinn d’Fonctiounskäschte vum Stat. Ech mengen, an all deene Beräicher musse mir iwwer déi 3 nächst Joer versichen e Minimum vun Augmentatiounen ze hunn. An dat gëtt ganz schwiereg. Dofir hunn ech och gesot, et kann een net alles zur gläicher Zäit bauen, well et ass méi einfach, et versprécht ee jiddwerengem alles, an et seet een, et geet ëmmer nëmmen nach biergop. Dat geet einfach net.

Mä doniewent soen ech, intelligent spueren, kucke wann een eppes ewech hëllt, oder wann een eppes net wuesse léisst, wéi wéineg dat en Impakt och op d’Ekonomie huet.

Ech sinn zum Beispill net der Meenung, datt eng Ännerung an der Indexéierung direkt en Effet op de Konsum huet. Dat ass vläicht bei Leit mat klenge Revenuen de Fall, mä bei der Halschent vun der Populatioun huet dat héchstwahrscheinlech keen Effet direct op de Konsum.

Dat selwecht gëllt bei verschiddenen Abattemente vläicht an der Steierpolitik, déi net direkt en Effet op de Konsum hunn.

Ech mengen, datt mir eng Diskussioun musse féieren, an datt eng Rei intelligent Spuermoossname mussen an dëser Legislaturperiod nach kommen. An et kann een net alles maachen, an net alles verspriechen.

Frank Kuffer: Dir kënnt eis elo keng där intelligenter Spuermoossnamen nennen, déi kommen?

Luc Frieden: All Spuermoossnam, wäert Dir gesinn, datt déi hefteg diskutéiert gëtt. An ech wëll évitéieren, datt dat wéi 2009 geet, datt ech do e puer Propositioune maachen, an da gëtt vun all Säit dorop geschoss, an da gi se lues a lues ofgebaut.

Dofir hätt ech gär dës Kéier fir d’éischt méi e breet Gespréich, méi eng breet Diskussioun an der Regierung, an datt mir da mat enger Rei vu Propositioune kommen, déi vun der ganzer Regierung gedroe ginn.

Frank Kuffer: Virgëschter hutt Dir de Luxembourg Future Fund ugekënnegt, e Risikokapitalfong. Mir hunn dat hei virgestallt, ouni elo an den Detail ze goen. Dir spillt jo elo net mat eise Suen, oder?

Luc Frieden: Risikokapital ass e komescht Wuert, ginn ech gär zou. Venture Capital heescht dat op Englesch.

Et geet een am Fong a Betriber investéieren, wou eng flott Iddi besteet, an déi kënnen en Effekt op d’lëtzebuerger Ekonomie hunn. Dat kann zum Beispill e Betrib sinn, deen Elektroautoen, oder eppes an deem Beräich, entwäerft, wou ee vläicht duerno ka kucken, datt en Deel vun der Fuerschung, en Deel vun deenen Aktivitéiten, mir si jo am Beräich vun den Autoen als sous-traitant Firmen aktiv, datt déi dann en Deel zu Lëtzebuerg maachen.

Eise Constat ass deen, datt mir net kënnen nëmmen op der Vergaangenheet eis Zukunft opbauen. Et geet also drëm nei Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg ze schafen, an dofir muss een investéieren.

Do kënnen och emol Projeten doniewent goen. Mä wa virun e puer Joer d’Regierung zum Beispill net am Satelliteberäich investéiert hätt, da wier d’SES ni eppes ginn. Dat hätt och kënne schif goen. Esou Beräicher ginn et, hei hu mir eng begrenzten Zuel vu Suen agesat, an do, mengen ech, kann eppes Flottes doraus entstoen.

Dobäi kënnt, datt mir dat jo gemaach hu mat Suen, déi mir am Fong intellektuell affektéiert hunn, dat sinn déi Suen, déi mir kréien als Dividende vun der BGL-BNP Paribas, an déi gebrauche mir dofir.

An dat ass eppes aneschtes wat mir vill um Häerz läit. Wann aussergewéinlech Einname kommen, da soll een déi net direkt huele fir Dépensen déi ëmmer erëm kommen. Hei hu mir eng Kéier eng aussergewéinlech Einnam, a mir soen, okay, déi gebrauche mir elo fir d’Weiderentwécklung vun eisem Land. An ech soen Iech, mir behalen deen héije Liewensstandard hei am Land nëmmen, wa mir ëmmer och erëm denken, wéi kënne mir d’Land weider ausbauen a wéi kënne mir Reforme maachen. Einfach stoe bleiwen ass zréckgoen.

Frank Kuffer: Dir hutt elo just gesot, déi Suen, déi kommen aus der BGL, wou mir Aktionär sinn, dat sinn Dividenden. Mä wat sinn eis Aktien dann elo iwwerhaapt wäert do? Deemools huet de Stat Parte vun der BGL kaaft, wat sinn déi haut wäert? Si mir do am Plus oder am Minus?

Luc Frieden: Mir hu se jo net kaaft als Investissement. Ech wëll nach eng Kéier drun erënneren, datt mir se kaaft hunn, well soss Dausende vu Leit hir [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Neen, mä Dir hutt awer gesot, iergendwa gi mir eng Kéier eraus, an da muss ee wësse wat et wäert ass.

Luc Frieden: Dat ass richteg. Fir de Moment ass et héchstwahrscheinlech manner wäert, wéi dat wat mir dra gestach hunn, mä mir hunn et dra gestach, soen ech nach eng Kéier, fir d’Cliente vun där Bank, dat heescht, sozialen- a wirtschaftleche Schued vum Land ewechzehalen. Dat nämmlecht wat mir d’lescht Joer an enger dramatescher Rettungsoperatioun bei der BIL gemaach hunn. Dat war eist Zil. Mir verkafen dee Moment wou d’Marchéë sech berouegt hunn, a wou mir op d’mannst dat erëmkréie wat mir dra gestach hunn.

Frank Kuffer: Kann een dat chiffréieren, wéi vill datt mir elo verluer hätten?

Luc Frieden: Ech hunn dee Chiffer net auswenneg am Kapp. Mä mir hunn 2,5 Milliarden dran investéiert, a mir verkafen dat, wéi gesot, dee Moment wou et op d’mannst déi do Zomm eis erëmbréngt.

Fir de Moment awer, esou wéi Dir dat och virdru gesot hutt, hu mir bis elo ganz gutt Dividende kritt. Dat éischt Joer hu mir d’Dividenden an de Scholdefong gesat, och déi hu mir net ausginn, déi Sue sinn do fir eis Schold zréckzebezuelen. An dat zweet Joer setze mir se an deen Zukunftsfong.

A wéi gesot, eis Intentioun ass déi Participatioun ze verkafen, déi wäerte mir och lassginn, an deem Sënn, datt mir en Accord mat der BNP-Paribas hunn, déi hu jo e Virkafsrecht. Mä et ass fir de Moment net aktuell, et ass net aktuell, well d’Situatioun op de Marchéë ganz onstabil ass. An dofir seet och de Wäert vun den Aktie fir de Moment iwwerhaapt näischt aus.

Mä waart emol, an 1, 2, 3 Joer, wann och déi Scholdekris an Europa e bësse méi am Grëff ass, da wäert Dir gesinn, datt déi Aktiecoursë vun deene Banken erëm eropginn. A wann hei Stabilitéit ass, wann d’Leit wësse datt hir Suen definitiv an engem sécheren Environnement sinn, da wäert de Stat verkafen, well ech mengen net, datt et gutt ass, datt de Stat Aktionär ass an der BGL, an der Spuerkeess, an der BIL.

Et ass gutt, wann d’Leit niewenteneen duerch Konkurrenz, positiv Konkurrenz versichen dat Bescht ze maachen. Dat ass am Fong dat, wat ech an der Konkurrenz gär hätt, an dat muss an enger geregelter fräier Maartwirtschaft, och zu Lëtzebuerg am Bankesecteur, de Fall sinn.

Frank Kuffer: Dir hutt och elo d’Dexia ugeschwat. Da si mir bei der BIL, dann hu mir nach d’KBL, d’Cargolux; si mir amgaangen d’Land un de Katar ze verkafen, well do jo iwwerall de Katar mat eraklëmmt?

Luc Frieden: Also, ech sinn net den Ambassadeur vum Katar, mä ech mengen, datt et wichteg ass, datt eist Land auslännesch Investisseuren huet.

Eist Land ass räich ginn an der Stolindustrie, am Mediesecteur an och am Finanzsecteur andeem mir auslännesch Investisseuren haten. Mir kënnen net ouni déi liewen. Et gouf quasi ni lëtzebuerger Kapital. An de Katar, wéi aner arabesch Golfstaten, oder wéi Asien, si Länner déi hu ganz vill Moyenen, déi hunn e staarke Wirtschaftswuesstem, mir musse versiche vun deem Wirtschaftswuesstem eppes ofzekréien.

Zweetens muss ech soen, ech versti ganz gutt, datt d’Leit heiansdo e bëssen Angscht hunn, well dat ass eng Angscht virum Onbekannten. Ech war e puer Mol an deem Land, ech fueren och d’nächst Woch mat enger grousser Wirtschaftsdelegatioun dohinner. Déi Leit si guer net esou anescht wéi mir, déi doe sech vläicht anescht un. Mä et ass e relativ oppent Land.

Déi investéieren hir Suen am Ausland. An ech mengen, et ass wichteg, wa mir wëlle weider hei e staarkt Land hunn, wirtschaftlech staark sinn, da brauche mir déi Suen, a mir mussen net an eise Käpp Grenze setzen, déi an der Realitéit net bestinn.

Ech wëll awer zur BIL nach eppes soen.

Mir waren d’lescht Joer an enger dramatescher Situatioun. A wa mir net do agegraff hätten, wa mir et net fäerdeg bruecht hätten, op Grond vun eiser Partnerschaft, déi ech duerch vill Visiten, och de Wirtschaftsminister, an deem Land gemaach hunn, dann hätte mir héchstwahrscheinlech an deem Moment net en Investisseur fonnt – an dee fënnt een net zu Arel an zu Tréier, an och net zu Paräis an zu Berlin – deen am Fong quasi no enger Réunioun d’accord ass honnerte vu Milliounen Euro op den Dësch ze leeë fir esou eng Investitioun ze maachen.

Hätte mir déi Operatioun net gemaach, an dat war héchstwahrscheinlech, wann ech zréckkucken, déi wichtegst Operatioun déi ech d’lescht Joer ongewollt gemaach hunn, da wier et do wéi 2008 bei der BGL gewiescht, dann hätten Dausende vu Leit riskéiert hir Avoiren, hir Spuerbicher ze verléieren.

An heiansdo muss een esou Operatioune maachen, an dofir brauch ee vill perséinlech Kontakter am Ausland, mat Länner wou vill Sue gemaach ginn, déi, wéi gesot, guer net esou ënnerschiddlech wéi mir sinn, fir esou Investitiounen ze maachen.

Mir verkafen net Lëtzebuerg, mä mir brauchen auslännescht Kapital, esou wéi mir fréier europäescht an amerikanescht Kapital haten. An dofir si mir haut e räicht Land.

Frank Kuffer: Luc Frieden, villmools Merci fir dee klengen Tour duerch Lëtzebuerg an duerch eise Budget, dee mir elo gemaach hunn. Mir maachen elo eng kuerz Paus fir de Journal vun halwer eng, an da si mir nees do, da schwätze mir duerno iwwer Europa an iwwer den Euro. D’Leit soe jo, et wier alles méi deier ginn duerch den Euro, mir kucke wéi laang et den Euro nach gëtt. Dat a villes méi esou geschwënn.

[Noriichteniwwerbléck vum Max Theis]

Frank Kuffer: Gudde Mëtteg fir den zweeten Deel also vun der Emissioun "Background – am Gespréich". An do interesséiert eis elo nach d’Situatioun an Europa.

Här Frieden, ee Land nom anere kritt Problemer, einfach esou, wéi et schéngt. Et goung u mat de Griichen, déi jo bei hiren Zuele gefuddelt haten. Mä all déi aner deenen et schlecht geet, an dann, Rettungsfongen, Hiewelmechanismus; mengt Dir d’Leit dobausse géingen nach verstoen, wat dir do zu Bréissel décidéiert?

Luc Frieden: Neen.

Frank Kuffer: Wéi erkläert Dir hinnen dat dann?

Luc Frieden: Gesitt Dir, elo gitt Dir mat enger einfacher Äntwert net fäerdeg.

Frank Kuffer: Dat stëmmt.

Luc Frieden: Mir musse realiséieren, datt mir an enger gemeinsamer Währungsunioun liewen, déi och engem Land wéi eisem, wat oppe Grenzen huet, enorm vill bruecht huet, an deem mir keng Wiesselkursschwankunge méi hunn, an deem mir keng Transaktiounskäschte méi hunn, an deem e Land net kann ofwäerten, an domat da senge Betriber en Avantage schaaft. Alles dat huet eisem Land, eiser Stolindustrie, eisem Finanzsecteur enorm vill Avantagë bruecht.

Mä et ass richteg, datt, wann een an esou engem Club ass, deen Avantagë bréngt, da muss ee sech och u gewësse Regelen halen. A Fakt ass, datt eng Rei Länner sech net un déi Regele gehalen hunn. A mir versichen elo dat ze reparéieren, an dat ass déi komplizéiert Saachen, déi mir do amgaange sinn ze maachen.

Datt d’Leit dat net verstinn am eenzelnen, wat mir maachen, dat kann ech ganz gutt novollzéien, dat ass komplizéiert. Mä wichteg ass, datt wann een an engem Veräin ass, an eng Währungsunioun ass e Veräin, wou, wann ee sech net un d’Regelen hält, deen aneren eng Konsequenz do mat ze droen huet, datt mir musse sécherstellen, datt déi Regele respektéiert ginn. An zu deene Regele gehéiert, datt ee gemeinsam Budgets- a gemeinsam Wirtschaftspolitik-Ziler huet, an dat gëllt och fir Lëtzebuerg.

An dofir, och ouni Europa, mengen ech, datt mir gesond Staatsfinanze missten hunn. Mä mat Europa mussen déi aner och gesond Staatsfinanzen hunn. An et ass am Fong just dat, wat mir versichen ze erreechen, mä zugläich awer och ze kucken – an déi Dimensioun mengen ech, geet e bëssen ënner – datt mir kucke wéi mir an Europa och kënne Wuesstem schafen. A Wuesstem schafen heescht net einfach méi Ausgabe maachen. Mä dat heescht och, wéi eng Rahmebedéngungen mir mussen hunn, fir datt mir an Zukunft kënnen an Europa déi Ausgaben, déi mir hunn, dee Sozialstaat dee mir hunn, och weider finanzéieren.

An dofir mengen ech och, war et wichteg och déi Pensiounsreform zu Lëtzebuerg elo ze maachen, vun deenen Dir elo an den Noriichte geschwat hutt. Dofir muss een iwwer Lounentwécklung schwätzen, mä wann ech gelift op eng sachlech Aart a Weis.

An nach eng Kéier, ech hoffen, datt mir et fäerdegbréngen zu Lëtzebuerg méi sachlech ze diskutéieren. Diskutéieren heescht net, datt jiddweree muss d’accord si wann een décidéiert. A schwieregen Zäiten, mengen ech, muss eng Regierung méi determinéiert handelen, heiansdo och méi alleng handelen, wéi dat vläicht a gudden Zäiten de Fall ass.

Frank Kuffer: Verstinn déi aner Politiker dann iwwerhaapt wat do richteg alles leeft?

Ech hunn eng Kéier e Reportage elo gesinn an Däitschland, dat war den 29. September, do ass am Bundestag d’Erweiderung vum Rettungsschierm op 211 Milliarden, also net näischt, gestëmmt ginn. Do war e groussen Deel vun de Politiker déi net wossten, wat se do géife stëmmen. Erféiert dat Iech?

Luc Frieden: Dat ass, mengen ech, normal, well et enorm komplizéiert ass. Mir schaffen all Dag doranner, mir kënnen eis doranner knéien, a vill vun deenen anere Leit, ob Politiker oder net, déi hu Schwieregkeeten [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Et sinn awer déi, déi décidéieren um Enn.

Luc Frieden: Dofir mengen ech, musse mir vis-à-vis vun de Leit, a vis-à-vis och vun de Kollegen déi dat herno musse guttheeschen, an de Parlamenter, méi Erklärunge ginn, och déi Zesummenhäng an Europa.

Ech begéinen och Leit, vläicht zu Lëtzebuerg manner, wéi ausserhalb, déi soen, wat hu mir da mat de Griichen ze doen, wat hu mir da mat den Italiener ze doen? Mä et muss ee wëssen, et sinn déi däitsch an déi franséisch Banken, déi hunn an deene Länner enorm vill Sue geléint.

Wann also zum Beispill Italien net kann zréckbezuelen, dann hunn déi franséisch, déi däitsch Banken, déi och zu Lëtzebuerg sinn, fir nëmmen esou e Beispill ze ginn, en enorme Problem. Da kënnen déi d’Spuerbicher net méi zréckbezuelen. Dat Ganzt hänkt uneneen. A wann een dat dann esou erkläert, ech mengen, da verstinn d’Leit och besser, firwat mir och u verschiddene Rettungsaktiounen deelhuelen.

Mir hëllefen aneren, fir eis selwer och ze hëllefen. Mir sëtzen an engem gemeinsame Boot. An an enger Welt déi ëmmer méi zesummewiisst, ass dat an der Weltwirtschaft am Positiven de Fall – dat ass d’Beispill a Katar, China, wou mir Investisseure mussen hunn – an et ass och am Negativen de Fall, wou ee muss heiansdo Solidaritéit ausüben, mä Solidaritéit, well ee selwer och dovun en Avantage huet. An dofir brauche mir eben dat, wat an Europa fir de Moment amgaange ginn ass ze maachen, woubäi et och keng einfach Léisungen do ginn.

Frank Kuffer: Et gi Länner, oder ee Land vläicht, wat an deenen nächste Joeren d’Eurozon verléisst, hutt Dir virdru mat Jo geäntwert. Mengt Dir, dat géif elo séier geschéien iergendwann?

Luc Frieden: Neen, dat kann och kee politescht Zil sinn, well een net weess wat d’Konsequenze vun esou engem Schrëtt wieren.

Ech soe just, datt wann ee Land sech net géing laangfristeg u Conditiounen halen, déi gesat ginn, an déi Länner déi Hëllef kréien, mussen eng Rei Conditiounen erfëllen; wann ee Land sech géing wieren dogéint fir Conditiounen ze erfëllen, da muss dat Land och d’Konsequenzen do matdroen. Mä dat ka kee politescht Zil sinn, well den Euro ass och vill méi fir mech, an ech menge fir vill vu menge Kollege Finanzministeren, méi wéi eng Währung.

Mir wuessen zesummen, mir brauchen e gemeinsame Bannemaart, an d’Währung war en Element och vum Bannemaart, also hu mir en Intérêt och gemeinsam un där Währung festzehalen, well d’Nationalstaaten – an dat wëll ech och hei emol eng Kéier soen – déi einfach Iddi fir ze mengen, ma da komm mir si Lëtzebuerg, mir hunn eise Lëtzebuerger Frang, a mir liewe just an eise puer honnert Quadratkilometer, esou fonctionnéiert dat net.

Mir brauchen oppe Mäert, mir brauchen déi aner Länner an Europa. An a ville Froen, dat si wirtschaftlech Froen, Währungsfroen, Migratiounsfroen, Sécherheetsfroen, Klimafroen; den Nationalstaat stéisst u seng Grenzen. An dofir musse mir villes gemeinsam ausüben.

An dofir ass Europa eng méiglech Äntwert dorop, an dofir musse mir mat Europa, och bei der Währung, zesumme schaffen. Et ass also vill méi um Spill wéi just wéi vill Sue mir de Griiche léinen.

Frank Kuffer: Mä Dir mengt awer, et géife Länner ginn, déi et net kënnen oder net wëlle packen, déi Conditiounen ze erfëllen?

Luc Frieden: De Wee dohinner bleift extrem knubbeleg. Mir sinn a ganz schwierege Gespréicher mat Griicheland.

Ech mengen, datt kuerzfristeg déi Länner op der richteger Schinn sinn, mä déi Reformen déi do musse gemaach ginn, déi sinn esou enorm, datt ech net kann haut Iech soen, wat um Enn vum Joer geschitt.

Mä ech wëll awer doraus net de Saz liesen, datt dat elo alles ausernee fält. Ech mengen, de politesche Wëllen ass enorm staark an Europa, fir datt mir dat europäescht Schëff um Waasser behalen, well soss villes zesummebrécht, an dat wier net gutt, och net fir Lëtzebuerg, wéi gesot, nach eng Kéier, wat enorm vum Ausland ofhänkt. Dir hutt meng Recettë virdru genannt, et si jo net meng Recetten, et sinn d’Steiereinname vum Lëtzebuerger Land [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Et sinn och meng.

Luc Frieden: Ech géréiere se, jo. Et sinn och Är, et sinn déi vun de Bierger. An dofir, wa mir gemeinsam Saache maachen, dann hu mir och gemeinsam d’Friichten, esou wéi mir och vun der Rettungsaktioun vun de Banke geschwat hunn.

Mä de Punkt ass deen, datt mir musse wëssen, eis Einnamen hänken zu engem iwwerméisseg groussen Deel vum Ausland of. An dat ass dee groussen Ënnerscheed tëscht Lëtzebuerg an engem Land wéi Frankräich, oder England, déi och e grousse Bannemaart hunn.

Ouni déi international Ekonomie, ouni dee Finanzsecteur wiere mir guer näischt, a bräichten iwwerhaapt net iwwer Sozialpolitik an Investitiounen ze schwätzen. An dofir si mir méi fragil wéi déi aner.

Frank Kuffer: Nees vill am Gespréich déi lescht Zäit: d’Finanztransaktiounssteier. Ënner anerem d’Banke sollen also hëllefe bezuelen. Firwat kënnt déi Steier net elo direkt?

Luc Frieden: Well déi Steier gutt kléngt, an och ganz populär ass – well, firwat soll een op enger Finanzdéngschtleeschtung net och Steiere bezuelen? – ech sinn net prinzipiell géint d’Finanztransaktiounssteier, contrairement zu deem wat heiansdo gesot gëtt, mä ech mengen, mir mussen dat ganz pragmatesch, realistesch ugoen.

Wann een déi Steier op enger Finanzplaz aféiert, an déi aner Finanzplazen hunn déi net, da ginn déi Aktivitéiten déi näischt mat engem Land ze dinn hunn einfach vun enger Plaz op déi aner transferéiert. Dat ass virun allem de Fall bei der Fongenindustrie. Déi Fongenindustrie déi huet näischt mat Lëtzebuerg ze doen, déi bréngt eis awer 13.000 Aarbechtsplazen an enorm vill Steiereinnamen.

Wann een also esou eng Steier zu Lëtzebuerg aféiert, an net zu London an zu New York, dann ass de Risiko do, datt eng Rei vun deenen Aktivitéite einfach verlagert ginn.

Ech sinn also am Intérêt général där Meenung, datt et besser wier, datt déi Steier op alle grousse Finanzplazen ageféiert gëtt. An ech bedaueren extrem, datt de G20, dee jo soss ëmmer wëll a Wirtschaftsfroen alles regelen, datt déi et net fäerdeg bruecht hunn, déi Steier zu New York, zu Hong Kong, zu Tokyo, zu London anzeféieren, well dat sinn déi grouss Finanzzentren.

An dofir musse mir nach eng Kéier dofir plädéieren, datt se um Niveau vum G20 ageféiert gëtt, an an Europa datt op jiddwer Fall London do matmécht.

Mä vun der Iddi selwer hunn ech mat där Steier kee Problem. Mä ech wëll, datt d’Aarbechtsplazen zu Lëtzebuerg net liichtfankeg a Gefor gesat ginn.

Frank Kuffer: Gesäit de Staatsminister Jean-Claude Juncker dat millimetergenee esou wéi Dir?

Luc Frieden: Ech hu ganz vill konstruktiv Gespréicher mam Staatsminister, iwwer dee wéi iwwer aner Sujeten, all Dag. De Staatsminister ass och President vum Eurogrupp, an ech mengen, de Staatsminister muss als President vum Eurogrupp natierlech och kucken, wat d’Meenunge vun enger Rei vu Kollegen am Eurogrupp sinn.

De Staatsminister deelt eng ganz Rei vun deenen Argumenter déi ech elo grad hei gesot hunn. D’ganz Regierung ass der Meenung, datt mir ëmmer musse kucken, datt och zu Lëtzebuerg d’wirtschaftlech Aktivitéit net a Fro gestallt gëtt.

Ech mengen awer och, datt an der Eurozon och aner Finanzzentren, wéi Irland, oder wéi Holland, sech och eng Rei Froe stellen, ob et gutt ass, datt London dobaussen ass.

Mir féieren déi Diskussioun ganz konstruktiv. Mir hunn do keng grouss Divergences de vue zu Lëtzebuerg. Ech warne just virdru fir Steieren anzeféieren, wou net kloer ass wou dat genee hiféiert.

Dobäi hu mir jo och schonn eng Rei vu Steieren, wéi Taxe d’abonnement, déi och schonn u Finanzaktivitéite liéiert sinn, et ass jo also och net, wéi wann dat alles am steierfräie Beräich wier. Dofir, eng sachlech Diskussioun doriwwer muss an Europa nach geféiert ginn.

An ech hoffen, datt och den Här Sarkozy sech drun erënnert wat hie gesot huet virun e puer Joer, wou en op der franséischer Televisioun genee déi Argumenter, déi ech elo grad gesot hunn, och bruecht huet, datt et net gutt wier, wann ee Land et géing aféieren, an net déi aner Länner. Mä et ass eng Debatt, déi amgaangen ass an Europa, a mir wëlle se konstruktiv begleeden.

Frank Kuffer: Dir hutt elo grad gesot, keng grouss Divergences de vue. Ginn et dann awer kleng Divergenzen tëscht Iech an dem Premier als Eurogruppechef, an och vläicht dem Koalitiounspartner?

Luc Frieden: Also, de Staatsminister an ech hunn deeglech Gespréicher iwwer honnertdausend Sujeten, an déi sinn ëmmer extrem frëndschaftlech, konstruktiv. An tëscht Mënsche kann een ëmmer emol op deem engen oder anere Sujet anescht argumentéieren. Mir komme meeschtens zum selwechte Resultat wa mir fäerdeg si mat argumentéieren, an dat ass jo am Fong geholl och de Räichtum vun de Mënschen déi zesumme schaffen. An dofir muss ech soen, dat ass [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Ass dann hei ee Punkt, wou Dir net esou där selwechter Meenung sidd, wat d’Finanztransaktiounssteier ugeet?

Luc Frieden: Well den Här Juncker heiansdo als Eurogruppechef muss schwätzen, an en huet selwer an engem Interview am Dezember gesot, datt dat heiansdo erkläert, firwat deen dee Lëtzebuerg am Conseil vertrëtt, an ech vertriede Lëtzebuerg am Eurogrupp – an am EcoFin, de Staatsminister presidéiert déi Sitzung vum Eurogrupp – datt dat heiansdo kann Nuancen an deem wat gesot gëtt bréngen. An an dëser Fro huet de Staatsminister sech eng Kéier als Eurogruppechef ausgeschwat, an ech hu mech ausgeschwat als lëtzebuerger Finanzminister.

Mä an der Argumentatioun si mir op där selwechter Linn, a mir hunn dat där Deeg nach mateneen diskutéiert.

Mä ech fannen et am Fong beräichernd, wa Mënschen och op enger Fro kënnen emol aner Meenungen, oder Elementer anescht gesinn. Mä grondsätzlech, an ech mengen, dat ass eis Stäerkt iwwer déi Joeren, hu mir ëmmer vill mateneen diskutéiert, an dofir hu mir vill ganz flott Saachen zesumme fäerdeg bruecht. A fir déi Kooperatioun an déi Resultater, mengen ech, kënne mir dankbar sinn.

Frank Kuffer: E gudden Iwwergank vum Staatsminister bei Iech, do ass nëmmen e klenge Millimeter dotëscht esouzesoen.

Kommt, mir schwätzen nach e bëssen iwwer Iech, elo hu mir vill iwwer Zuelen, iwwer den Euro geschwat, iwwer eis Finanzen, kommt mir schwätzen nach e bëssen iwwer de Luc Frieden.

Ech hat Iech gefrot, ob Dir eng Kéier wéilt Staatsminister ginn, d’Äntwert war do e bëssen awer eng politesch. Ënner anerem dat hu mir d’Leit och gefrot, a wat si soss esou vun Iech halen. Kommt, mir lauschteren dat eng Kéier kuerz.

O-Téin Public: Oh, dat ass eng schwéier Fro. Ech ka jo elo net soen, guer näischt. Mä bon, e mécht säin Job, ob hien en elo esou mécht wéi ech et gär hunn, dat ass nach eng aner Fro. Ech sinn net onbedéngt e Frënd vum Luc Frieden. Da muss de Juncker emol fir d’éischt réckelen, géing ech mengen, an ob hien et da gëtt, ob net nach do anerer sinn, déi do Fiedem zéien, dat weess nach keen.

Mir hunn den Här Juncker momentan. Wie gëtt et nach anescht, deen hie kéint ersetzen? Mä et ass e kompetente Mann, géing ech soen

Ech kennen de Mann net perséinlech, mä en ass net onsympathesch, also ech ka guer näischt géint deen Här soen. An en huet jo awer och alt säin Déngscht gemaach, et wier net ze verwäerfen, fannen ech. Bein, dat ass jo net alleng u mir.

Oui, peut-être, mais ça c’est difficile de savoir d’abord.

Frank Kuffer: Här Frieden, et ass eng schwéier Fro. Ech hat Iech och net gefrot, ob Dir et eng Kéier gitt, ech hat gefrot, ob Dir gär eng Kéier wéilt Staatsminister ginn. Wéi ass dat dann?

Luc Frieden: Dat ass zwar eng blöd Fro. Et soll een d’Froen dee Moment stellen, wou se sech och presentéieren.

Mir hunn e Staatsminister. Et ass mir net bekannt, wéi wann dee wéilt muer a Pensioun goen. Dofir stellt sech déi Fro fir de Moment net.

Ech mengen, datt wann ee Politik mécht, an dofir kann ee se da méi nuancéiert beäntweren, wann ee Politik mécht, an ech hunn elo eng Rei Joeren an der Regierung dat gemaach, dann ass dat eng Perspektiv, déi fir een deen an der Regierung matmëscht eng ass, déi net onsympathesch ass.

Ech fanne schonn interessant am Intérêt général ze schaffen. Dir wësst, datt ech virdrun Affekot war, do schafft ee fir ee Client; ech fannen et méi interessant fir d’Saachen zesummenzebréngen. An d’Fonctioun vum Finanzminister, d’Fonctioun vum Staatsminister sinn där, wou ee kann am allgemengen Intérêt d’Gesellschaft weiderbréngen. An dat ass dat, wat mech un der Politik faszinéiert.

An dofir muss een déi Fro dee Moment kucken. Mä et ass net eppes, wat ech einfach soen, dat wëll ech op kee Fall. Dofir, mat Jo a mat Neen, soen ech éischter Jo, mä dat kléngt awer e bëssen agebilt an e bësse blöd, an dofir hunn ech do déi Fro am Fong net gär, well se sech fir de Moment jo och wierklech net stellt.

Frank Kuffer: Mä den Här Juncker kritt nach eng Kéier e Posten an Europa, mengt Dir? En huet jo een.

Luc Frieden: Ech mengen, datt den Här Juncker eng grouss europäesch Personalitéit ass, deen am Ausland bekannt ass, dee selbstverständlech, wann do eng Kéier eng Plaz, déi him dann och gefält, zur Diskussioun ass, dann ass dat sécherlech e Kandidat, deen do ganz gutt Chancen huet.

Mä nach eng Kéier, déi Positioun ass och fir de Moment net do, well et ass keng Plaz, esou wäit ech weess, déi an deenen nächste Méint ze besetzen ass.

Frank Kuffer: Dir hutt virdru gesot, datt Dir als Affekot geschafft hutt, mä Dir hutt hei um Radio och als Student geschafft. Dat wësse vill Leit vläicht net méi. Dir waart esouguer deemools eng Kéier als Student Invité an der Emissioun "Chefredakter fir eng Stonn", wat haut jo de "Background" ass. Dat war jo eng Éier fir e Student, dann do Invité ze sinn.

Et gëtt eng Rumeur hei am Haus, Dir hätt do schonn ëmmer gesot, wéi Dir hei geschafft hutt, Dir géift eng Kéier Premier ginn. Ass dat esou, oder ass dat just eng Legend?

Luc Frieden: Dat musst Dir Är Kollege froen. Mä ech muss soen, datt ech déi Zäit hei um Radio enorm genoss hunn, well ech muss och soen, datt déi, déi deemools hei d’Responsabilitéit an der Redaktioun haten, dat war den Här Roby Rauchs an den Här Pilo Fonck, datt déi mir als Student enorm Vertraue geschenkt hunn, an ech konnt dann och heiansdo d’Neiegkeete presentéieren. An dat huet am Fong mat deem ze doen, wat ech haut maachen.

Ech war deemools net politesch engagéiert, mä och deemools huet mech schonn interesséiert wat an der Welt geschitt, wat heiheem geschitt.

An ech fannen am Fong, datt d’Observatioun, déi de Journalist mécht, an d’Aktioun déi de Politiker mécht, datt déi ganz gutt mateneen zesumme ginn. An hoffentlech nach laang interesséiert mech dat wat ronderëm eis geschitt, an datt mir net nëmmen eis konzentréieren op eisen eegene Bien-être, wat mir méi verdéngen, wat mir am Dag selwer maachen, mä och wat déi ronderëm maachen, wat den Effet vun deem ass wat mir maachen op Drëtter. Dat ass dat, wat mech passionéiert. An ech hätt am Fong gär, datt d’Leit, och an enger Rei vun Diskussiounen déi mir féieren, méi dorop géinge Récksiicht huelen.

Frank Kuffer: Dir hutt awer och alt d’Kabele gedroen, seet de Kameramann hei hannendrun.

Luc Frieden: Jo, meng éischt flott Schaff hei an dësem Haus war effektiv op der Televisioun, wou se Studente gebraucht hunn, déi hannert der Kamera de Kabel gedroen hunn. Do hunn ech och ganz vill geléiert, och ganz vill Frënn hei am Haus kritt bei den Techniker, bei de Kameraleit, bei de Journalisten. Eng Rei vun deene sinn haut an der Pensioun, well ech war jo deemools Student, dat heescht, si ware vill méi al wéi ech. Mä et war eng Liewenserfahrung déi mir villes bruecht huet.

Frank Kuffer: Wat mécht de Luc Frieden da soss, privat? Maacht Dir Sport, gitt Dir eraus, an d’Vakanz, an de Bistro?

Luc Frieden: Majo, ech schaffe vill, an dofir bleift mir net enorm vill Zäit. Eng vu mengen Haaptaktivitéite fir de Moment ass Chauffer vu menge Kanner ze sinn, well meng Kanner sinn Teenager, déi maache ganz vill Sport, da musse se iwwerall higeféiert ginn. Ech fuere bal all Owend mäi Jong op de Fussball sichen.

An da sinn ech ganz gär mat Frënn a menger Famill zesummen. Ech gi gär an d’Schwäiz emol an d’Bierger och Schi fueren. Mä wéi gesot, et ass elo net eppes wat ech all Dag regelméisseg maachen. Ech liese vill [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Maacht Dir net all Dag Sport, wéi haalt Dir Iech dann esou a Form?

Luc Frieden: Majo, well ech d’Chance hunn einfach net séier déck ze ginn, an de Stress deen hëlleft och alt, datt ech dënn bleiwen.

Mä, neen, ech maache keng extra Aktivitéit esou, mä ech ginn oft och emol mat menger Famill spazéieren. Mä grondsätzlech, am meeschten Energie kréien ech doduerch, datt ech mat Frënn eppes iesse ginn, oder e Patt drénke ginn, an dat maache mir ganz oft. An dann hunn ech och ganz vill flott Gespréicher mat menge Kanner, dat sinn am Fong Frënn a Conseillere ganz oft, an dofir sinn ech och ganz dankbar.

Ech ka mech am Fong net bekloen iwwer en interessante Beruff, an eng flott Équipe vu Frënn, déi ech ronderëm hunn.

Frank Kuffer: Här Frieden, Merci datt Dir Iech Zäit geholl hutt haut um Samschdeg.

Luc Frieden: Merci och, schéine Weekend.

Dernière mise à jour