Luc Frieden au sujet des décisions de l'agence de notation Standard & Poor's concernant plusieurs États membres de la zone euro

David Wagner: D’Ratingsagence Standard & Poor’s huet villen europäesche Regierungen de Weekend verduerwen. Frankräich huet seng Top-Bonitéit verluer, grad esou wéi och Éisterräich. D’Slowakei, Malta a Slowenien hunn all Kéier 1 Niveau verluer; Italien, Spuenien, Portugal an Zypern der 2.

Lëtzebuerg, Däitschland, Holland a Finnland hunn hir Top-Bonitéit, also den Triple-A, behalen, ma mir wollte vum lëtzebuerger Finanzminister Luc Frieden wëssen, wéi dramatesch hien dës Degradatioun gesäit.

Luc Frieden: Ech mengen, et soll een dat net iwwerbewäerten. Ma et ass sécherlech keng gutt Nouvelle, wann et e Land betrëfft wéi Frankräich, wat ëmmerhin déi zweetgréissten Ekonomie an der Eurozon ass.

Et soll een net iwwerbewäerten, well een och nach muss berücksichtegen, datt natierlech Frankräich net ze vergläichen ass mat engem Land wéi Griicheland, oder wéi Portugal, well ëmmerhin huet och Standard & Poor’s Frankräich op den Niveau AA+ erofgesat, an dat ass nach ëmmer en ganz séchert Investissement. AAA, dat wat och Lëtzebuerg ass, ass déi beschte Qualitéit, do sinn d’Risiken, wann een doran investéiert, am mannsten. Bei Frankräich ass et elo eng Stuf erofgaangen, et ass also méi de psychologeschen Effet.

Ech mengen och, datt een net soll iwwerbewäerten, well mir jo awer eng Rei Mechanismen an d’Wee geleet hunn, déi sécher solle stellen, datt d’Eurozon an och déi eenzel Länner, an der Zukunft net méi iwwer hir Moyene liewen. Doru schaffe mir. Dat brauch eng gewëssen Zäit, an dat gëtt vläicht net genuch berücksichtegt.

Et ass awer eng schlecht Nouvelle, sécherlech, fir Frankräich, an et ass och en Appel u Frankräich fir ganz séier op de Wee vun enger gesonder Budgetspolitik sech ze beginn. Frankräich ass op deem Wee, ma do ass nach ganz vill ze maachen, an dofir ass et wéi oft bei esou Bewäertungen, hei si positiv an negativ Elementer dran.

Et ass keng gutt Nouvelle fir Frankräich, et ass keng gutt Nouvelle fir Europa, ma et ass och keng Katastrof.

David Wagner: Elo gëtt et eng Rei Experten, déi dat kritiséieren, well et einfach e schlechten Zäitpunkt ass, well mir halt matten an de Verhandlunge si fir aus der Kris erauszekommen. Dat huet och de Premier an de Chef vun der Eurogrupp, de Jean-Claude Juncker, kritiséiert. Wéi dramatesch fannt Dir dat, datt dat elo grad zu dësem Zäitpunkt geschitt ass?

Luc Frieden: Ech mengen, dat si privat Agencen. Et kann een do kaum den Zäitpunkt wou eng privat Entrepris e Commentaire iwwer e Land mécht kontrolléieren oder beaflossen.

Ech deelen d’Meenung vum President vum Eurogrupp, dee seet, mir hu jo eng ganz Rei Saachen déi ënnerwee sinn. Ma et muss een also kucken, datt déi Saachen déi ënnerwee sinn och schnellstens ëmgesat ginn, esouwuel op europäeschem Plang, wéi op nationalem Plang. Doru gëtt jo äifreg geschafft, an da kann een nëmmen hoffen, datt doraus dann och an der Zukunft erëm méi positiv Bewäertungen entstinn.

David Wagner: Lëtzebuerg huet säin Triple-A jo nach behalen, op alle Fall bei Standard & Poor’s, fir elo. Wéi grouss ass dann d’Gefor, datt Lëtzebuerg deen och emol kéint verléieren?

Luc Frieden: Ech mengen, déi ganz gutt Nouvelle vu gëschter ass effektiv, datt elo 4 Länner nach an der Eurozon sinn, déi déi beschte Qualitéit Bewäertung hunn, déi den Triple-A Status hunn. Dat ass Däitschland, Holland, Finnland a Lëtzebuerg.

Dat ass eng ganz gutt Zensur fir déi lëtzebuerger Finanzpolitik. Mir hu villes gemaach, fir datt dat esou soll bleiwen, dofir kann een och net an der Finanzpolitik ëmmer alles maache wat iwwerall gewënscht gëtt, och wann dat vläicht net ëmmer populär ass. Et geet drëm, besonnesch als klengt Land, wou mir auslännesch Investisseure brauchen, fir och an Zukunft alles ze maachen, datt mir dee Status behalen.

Ech sinn optimistesch datt, wa mir weider um Wee vu Reforme fueren, esou wéi mir ugefaangen hunn – ech erënneren un déi Moossnam déi mir geholl hunn am Beräich vum Index, ech erënneren un déi Diskussiounen déi mir konstruktiv amgaange sinn ze féiere fir d’Pensiounsreform ze maachen, och aner Reformen déi mir musse maachen, fir datt eis Ausgaben net méi schnell wuesse wéi d’Einnamen – wa mir dat weider op eng sozial gerecht a wirtschaftlech responsabel Aart a Weis maachen, da sinn ech zouversiichtlech, datt Lëtzebuerg säin Triple-A Status ka behalen

An dat ass, wéi gesot, ganz wichteg fir d’wirtschaftlech Entwécklung vun eisem Land, datt och nach an Zukunft een engersäits an eisem Land investéiert, an anerersäits, wann dat noutwenneg ass, eisem Land fir e bëllegen Zënsfouss och Sue léint.

David Wagner: Villmools merci, Här Frieden, fir den Interview.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour