Luc Frieden au sujet des dernières prévisions économiques et des réunions de l'Eurogroupe du 29 novembre 2011

Frank Kuffer: An haut as erem Eurogroupe zu Bréissel. D’Finanzministeren aus der Eurozon sëtzen zesummen, a wéi een dat gewinnt ass, geet et ënnert anerem em Hëllefe fir Griichenland, an och d’Spuerpläng fir aner Länner. Mat um Dësch sëtzt dann de lëtzebuerger Finanzminister Luc Frieden, an deen ass elo nach hei bei eis am Studio. Gudde Mëtteg, Här Frieden.

Luc Frieden:
Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer:
Iert mir elo op d’Scholdekris an Europa kucken, kucke mir emol op eis, an op eise Budget. Ganz virop awer emol, wat sot Dir dann zum neie Wirtschaftsminister, dem Etienne Schneider?

Luc Frieden: Ech mengen, den Här Schneider huet e ganz gudde Ruff, e schafft am Wirtschaftsministère, kennt d’Dossieren, en ass also ganz schnell an der Matière dran. Ech freeë mech mam Här Schneider zesummen ze schaffen. Fir de Finanzminister ass de Wirtschaftsminister e ganz wichtege Partner, an ech sinn dovun iwwerzeegt, datt hien déi Politik vum Jeannot Krecké als Wirtschaftsminister viruféiert.

Frank Kuffer:
Et ass net aus der Welt ze rieden, datt et awer Discussiounë goufen, datt den Nicolas Schmit eventuell sollt Aarbecht a Wirtschaft maachen. Wier dat och eng Léisung gewiescht?

Luc Frieden: Et kann ee sech honnertdausend Léisunge virstellen, mä ech mengen, ech sinn net an der LSAP, dat do ass d’Décisioun vun der LSAP. Ech mengen, et ass eng gutt Décisioun, mat där mir ganz gutt kënne liewen.

Frank Kuffer: Dir mengt och net, datt den Nicolas Schmit d’Bengele bei d’Tromm gehäit?

Luc Frieden: Dat muss Dir den Här Schmit froen.

Frank Kuffer: Dann awer eppes aneschtes. En Donneschdeg ass d’Tripartite. Ass dat gutt a wichteg, datt de Jeannot Krecké do nach mat um Dësch sëtzt, ass den Etienne Schneider dann och schonn dobäi? Wéi gesitt Dir dat, wéi misst dat lafen?

Luc Frieden:
Neen, de Minister Krecké ass Minister bis zum 1. Februar. Dat ass een deen déi Dossierë ganz gutt kennt, dee weess wat mir an der Wirtschaft musse maachen. Ech huelen och un, vu datt den Här Schneider jo am Wirtschaftsministère schafft, datt deen do enk mat agebonnen ass. Mä et ass ganz normal, a ganz richteg, datt de Minister Krecké un deenen Discussiounen Deel hëlt.

Frank Kuffer: Och un deenen, dat si jo ganz wichteg Décisounen, déi eventuell do geholl ginn. De Jeannot Krecké hëlt déi dann zum Deel nach mat, ass awer dann herno net méi do fir se ëmzesetzen.

Luc Frieden: Mir trieden do op als Regierung, als eng geschlossen Équipe, déi weess, datt mir viru risegen Erausfuerderunge stinn. D’Wirtschaft dréint ganz lues. Mir hu beim Zentralstaat en Defizit. Mir hunn e Chômage deen ze héich ass, an et geet em déi Theme wou mir musse gemeinsam eng Léisung fannen, a wou d’Regierung eng besonnesch Responsabilitéit huet. An ech hoffen, datt mir an dëser Tripartite e gutt Stéck viru kommen, fir Léisungen ze sichen zu deenen enormen Erausfuerderunge fir eist Land. Well et geet Europa, et geet der Welt, an domat och eisem Land mat senger offener Économie en fait net gutt.

Frank Kuffer: D’Gewerkschaften déi wollten d’Tripartite verleeën. Wollten déi Zäit gewannen, oder fir wat wollte se dat maachen Ärer Meenung no?

Luc Frieden: Ech weess dat net. Ech mengen, datt et absolut noutwenneg ass, datt mir elo diskutéieren, datt mir elo décidéieren. An duefir ass keng Zäit ze verléieren, an duefir verstinn ech am Fong net, datt een esou e wichtege Rendez-vous, wou een zesumme kënnt, wou een zesumme schwätzt, datt een dee wëllt verréckelen. Ech mengen, et ass gutt, datt de Staatsminister am Numm vun der Regierung gesot huet, datt déi Tripartite elo stattfënnt. Well wéi gesot, d’Erausfuerderunge si bekannt, d’Problemer ginn net méi kleng, an duefir soll een och elo kucke fir virunzekommen.

Frank Kuffer: Dir hutt elo grad erëm gesot, et geet eis net gutt, Dir hutt dat d’lescht Woch och scho gesot. Ass et wierklech esou, oder kritt Dir elo erëm virgehäit, Dir géift erëm iwwerdreiwen?

Luc Frieden: Kuckt déi Chifferen zum Beispill gëschter déi d’OECD matgedeelt huet, déi virun e puer Wochen d’europäesch Kommissioun matgedeelt huet, déi indiquéieren, datt esouwuel an der Weltwirtschaft, wéi an Europa, wéi zu Lëtzebuerg, d’Chifferen substantiell no ënne revidéiert gi sinn.

Wéi ech am Summer de Budget preparéiert hunn, dunn huet de Statec nach gemengt, mir hätten d’nächst Joer eng Croissance vun 3% vum Bruttoinlandprodukt. Mir haten traditionnell esouguer 4%, wann een iwwer déi lescht 10 Joer kuckt. Elo seet d’OCDE 0,4% d’nächst Joer. Millimetergenee kann een dat net wëssen, mä d’Tendenz no ënnen ass ganz substantiell, ass schlëmm en fait.

An dofir geet et an där Zäit net fir Panik ze maachen, mä dann ze kucken, wat kënne mir maachen, datt zu Lëtzebuerg och an Zukunft Aarbechtsplaze geschafe ginn, datt zu Lëtzebuerg ee wëllt investéieren, datt zu Lëtzebuerg mir et fäerdegbréngen eis net musse weider ze verschëlden. Well nëmmen da kënne mir och mat engem raisonnabele Steiersaz och eng Rei Ausgaben tätegen.

Mä et geet net alles einfach esou viru wéi virdrun, well mir ebe manner Wirtschaftswuesstem hunn, an dobäi enorm ofhängeg si vun engem Secteur, deen eis enorm vill bruecht huet, enorm vill bréngt, mä deen awer och an dëser Kris, nämlech der Bankekris, der Staatsscholdekris, och wäert eng zolit Téitsch kréien.

Frank Kuffer: Et geet net weider wéi virdrun, sot Dir. Wat ännert dann, da muss jo eppes änneren?

Luc Frieden: Jo. Ech hätt gären e groussen nationalen Débat, fir ze kucken, wéi kënne mir dee strukturellen Defizit, dee mir elo zënter dräi Joer hu beim Zentralstaat, wéi mir dee kënne reduzéieren. Reduzéiere muss ee virun allem op der Dépensesäit, eng Rei Saachen iwwerdenken, déi an engem gewëssene Moment ageféiert gi sinn, an déi vläicht elo net méi finanzéierbar sinn.

Mir sinn net an enger Situatioun wéi Griechenland, wéi d’Belsch a wéi Italien, mä ech wëll och net, datt mir dohinner kommen. Dat muss een net vun haut op muer maachen, mä dat muss een haut maachen, fir datt een iwwer déi nächst dräi Joer dat ka reduzéieren. D’Solutioun kann net [gëtt ënnerbrach]

Frank Kuffer: Wat kann dat da sinn, wat ee muss iwwerdenken?

Luc Frieden:
Mir hunn e puer grouss Bléck an eisem Budget. Dat sinn d’Investitiounen, déi mir ganz héich halen 2012 fir d’Économie ze ënnerstëtzen, dat sinn d’Sozialtransferten, déi musse gekuckt ginn, ob ee wierklech alles d’nämlecht jiddwerengem gëtt, oder ob een et méi konzentréiert op déi Leit, déi déi gréisste finanziell Schwieregkeeten hunn, a mir hunn d’Rémunératioune vun deene Leit déi beim Staat schaffen; wou ee muss kucken an all deene Bléck, datt se op d’mannst net ze schnell wuessen.

Well ee vun eise Problemer zu Lëtzebuerg ass, an dat gesäit een och europäesch, datt d’Lounentwécklung zu Lëtzebuerg déi lescht 10 Joer vill méi schnell war, wéi an deene Länner, mat deene mir a Konkurrenz stinn, eis direkt Nopeschlänner. An duefir mengen ech, ouni onbedéngt alles mussen ewechzehuelen, muss emol fir d’éischt driwwer diskutéiert ginn, ob alles muss esou schnell wuessen, wéi an der Vergaangenheet.

Frank Kuffer: Den Index, gëtt et d’nächst Joer eng Indextranche?

Luc Frieden: Dat weess ech net, dat muss diskutéiert ginn. Ech mengen awer, datt et ondenkbar ass, datt een no der Indextranche am Oktober, elo dësen Oktober, wou d’Léin 2,5% an d’Luucht gaange sinn, am Mäerz nach eng Indextranche kéim vun 2,5%.

Dat ass sécherlech net agreabel fir d’Leit, mä et muss och nach een déi bezuelen. Dat heescht, de Staat an d’Betriber muss u seng Salariéen innerhalb vu 5, 6 Méint zwee Mol eng relativ substantiell Augmentatioun vun der Pei finanzéieren. Dat ass net ze maachen, dat ass net denkbar, dat schuet eiser Économie enorm, an dat géing dozou féieren, datt en fait Aarbechtsplaze kënnte verluer goen.

An duefir hat mir schonn an der Bipartite ofgemaach, datt wann innerhalb vun 12 Méint eng zweet Indextranche kéim, datt mir da géingen als Tripartite doriwwer diskutéieren. An ech huelen un, datt jiddweree mat engem gewëssene Sënn vu Responsabilitéit an esou Diskussiounen erageet.

Um Spill steet enorm vill. Mä et ass net nëmmen eng Diskussioun iwwer den Index, déi ee muss féieren. Et muss een d’Diskussioun féieren, wéi ass et méiglech, datt mir esou en héige Chômage hunn, datt mir déi Leit, déi am Chômage sinn, net op déi Aarbechtsplaze kréien? Wat kënne mir maache fir datt zu Lëtzebuerg nei Aarbechtsplaze entstinn? An do ass natierlech ënnert villen Elementer och d’Lounkäschten een Element, et sinn och d’Steieren, et ass och d’Rapiditéit vun den Décisiounen, et ass d’Komplexitéit vu verschiddene Regelen.

Alles dat mengen ech, musse mir eis nach eng Kéier ganz sérieux iwwerleeën an der Tripartite, mä net nëmmen do, och an der Chamber, och an engem groussen Débat national. An ech mengen, d’Situatioun ass esou eescht an Europa, datt mir mussen iwwer déi méi enk gerëppte parteipolitesch Linnen do ewech sprangen, an datt mir e nationale Konsensus brauche fir eng Rei Reformen duerchzekréien.

Frank Kuffer: Mä zum Beispill mam Ofschafe vun der Krisesteier gitt Dir awer och d’Signal, datt mir keng Kris méi hunn?

Luc Frieden: Ech mengen, datt Steieraugmentatiounen ni dee beschte Wee si fir e Land konkurrenzfäheg ze halen. Et kann ee jo ëmmer diskutéieren iwwer dee richtegen Zäitpunkt. Ech mengen och, datt wann d’Situatioun weiderhin am Defizit beim Zentralstaat bleift, wann d’Recettë géinge substantiell erofgoen, da muss een esouwuel op der Dépense- wéi op der Recettesäit nach eng Kéier verschidde Saachen iwwerkucken.

Frank Kuffer: Kommt mir kucken dann iwwer d’Grenzen eraus, Europa. Den Owend schwätzt Dir erëm ënnert anerem iwwer d’Hëllefe fir Griichenland. Mä déi Kris do, wann ech Iech esou héieren, Dir sitt relativ pessimistesch, komme mir iwwerhaapt aus där Kris do eraus? Wéi brénge mir déi Kris op en Enn?

Luc Frieden: Ech wëll net pessimistesch sinn, mä et huet och kee Sënn ze soen, datt all Problemer geléist sinn. Mir sinn an enger Vertrauenskris, a mir sinn an enger Stabilitéitskris. An dat musse mir fir d’éischt erëm hikréien.

Mir hunn eng ganz substantiell Kris an enger ganzer Rei vu Länner, a mir hänken esou enk haut mateneen zesummen, datt wann a Griichenland, Italien, a Portugal eppes geschitt, dann huet dat eng enorm Inzidenz och op eis, op eis Banken, déi dohinner Sue geléint hunn, a mir si Clientë vun de Banken, also huet dat eng Inzidenz op eis alleguer. An d’Banken ënnertenee léine sech erëm ganz wéineg Suen.

Mir hunn och eng Kris doduerch, datt kee méi de Staate wëllt Sue léinen, an d’nächst Joer mussen enorm Zomme geléint ginn. An duefir musse mir zwou Saache maachen. Éischtens musse mir deene Länner hëllefen, mä mat ganz strikte Konditiounen. Wa se déi net erfëllen, mussen et Sanctiounë ginn, bis hin – e Szenario deen ech net gären hunn – bis hin zum Ausschloss aus der Eurozon.

Zweetens musse mir kucken, datt mir genuch Mëttelen hunn, fir kënnen de Finanzmäert ze soen, wann eppes geschitt, kënne mir agräifen. An duefir musse mir eise Rettungsschirm verstäerken, dat ass ganz schwiereg, mir wäerten deen Hiewel net esou fäerdegbréngen, wéi mir dat am Ufank geduecht hunn, mä mir wäerten awer e Stéck Hiewelkraaft do dobäi setzen.

Mir brauchen den Internationale Währungsfong a mengen Aen. An ech mengen och, datt d’Europäesch Zentralbank weiderhi wäert eng wichteg Roll an der Léisung spillen. Dat sinn alles enorm komplizéiert Sujeten, mä et muss schnell gehandelt ginn, well d’Finanzmäert verlaangen en fait elo eng Léisung, well soss ass d’Vertrauenskris nach méi grouss.

Also wéi gesot, Vertrauen a Stabilitéit geet net, an deem een einfach seet, mir fuere viru wéi virdrun. Dat wat zu Lëtzebuerg richteg ass, ass a fortiori an Europa fir de Moment richteg.

Frank Kuffer: Wann ech Iech elo richteg verstanen hunn, dat mat deem Hiewel, déi Hiewelwierkung do, dat fonctionnéiert net esou richteg wéi Dir dat gemengt hat?

Luc Frieden: Déi Décisioun, wou mir gesot hunn, datt een dat soll maachen – et ass also eng Zort Assurance, déi déi kréien, déi an d’Staatsobligatiounen investéieren – datt déi Hiewelkraaft wéinst dem Vertrauensverloscht, deen an de leschte Wochen entstanen ass, net wäert esou staark ginn, wéi mir dat am Ufank envisagéiert hunn. Ech ginn dovun aus, datt mir héchstwahrscheinlech net op déi 1.000 Milliarde kommen, mä e bësse manner. Mir wäerten also em zwee, dräi Mol deen aktuelle Montant vun dem ESFS kënnen multiplizéieren, mä do musse mir den Owend déi Sitzung ofwaarden. Mä dat geet net duer.

Mir brauchen doniewent, wéi gesot, en enorm staarken Engagement vun deene Länner, déi Problemer hunn, datt se hir Staatsfinanzen an Uerdnung bréngen. An ech mengen och, datt mir mussen zousäzlech Suen opbréngen, déi héchstwahrscheinlech am beschten duerch eng Organisatioun, wéi den Internationale Währungsfong kënne kommen.

An an deem ass net oninteressant ze gesinn, datt de President Obama gëschter Owend gesot huet, datt d’Amerikaner géingen hëllefen, d’Amerikaner déi selwer enorm Problemer hunn, mä déi sinn natierlech e groussen Aktionnär am IWF. An ech mengen, dat kann eng Indicatioun sinn, datt mir och iwwer de Währungsfong déi Stabilitéit kënne kréien.

Frank Kuffer: Luc Frieden, ech soen Iech Merci, datt Dir Iech de Mëtteg nach Zäit geholl hutt fir eis.

Luc Frieden: Et ass gäre geschitt.

Dernière mise à jour