Luc Frieden au sujet du projet de budget 2012

Umoderatioun: An eisem Studio an der Chamber ass elo de Finanzminister selwer Invité fir Commentairen ze ginn a Ried an Äntwert ze stoen, dat um Mikro vum Max Theis. Gudde Mëtteg op de Krautmaart.

Max Theis: Jo gudde Mëtteg Roy, op de Kierchbierg. Luc Frieden, gudde Mëtteg dann och Iech.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Max Theis: Et war eng aussergewéinlech kuerz Presentatioun de Moien. Et mengt ee bal Dir hätt nach eng ganz aner Partie Problemer a Suergen den Ament?

Luc Frieden: Ben et komme vill Dossiere beieneen, mä datt ech d'Présentatioun e bësse méi kuerz gemaach hu wéi soss ass datt ech d'Leit net wëll mat Chifferen iwwerschëdden. Ech mengen et ass wichteg, datt ee bei der Presentatioun vum Budget sech op déi grouss Parameteren, déi grouss Achse konzentréiert an dat hunn ech de Moie versicht ze maachen.

Max Theis: De François Bausch huet gesot, kee Wuert iwwert d'Dexia, wat eventuell en Afloss op den nächste Budget kéint hunn. Dat ass nach net sproochräif genuch oder wéi?

Luc Frieden: Mir mussen do eng Léisung sichen, déi de Steierzueler näischt oder ganz wéineg wäert kaschten. Ech hunn Iech gesot, mir sichen eng Léisung um privatekonomesche Plang, déi d'Regierung aktiv begleet. Mir wäerten alles maachen, fir datt d'Depote bei där Bank sécher sinn a bleiwen. A si sinn et, ech wëll dat hei nach eng Kéier confirméieren. Et huet also och kee Sënn seng Suen do opzehiewen. Déi Bank ass rentabel a mir sinn am Gespréich mat méiglechen Investisseuren. An esou laang déi Gespréicher lafen, wäert ech doriwwer net méi soen. Mä et kann ee ganz sécher dovun ausgoen, datt zu Lëtzebuerg déi Bank eng zollitt Zukunft huet. Dat wäert keng gréisser Repercussiounen op de Budget hunn, voire iwwerhaapt keng Repercussiounen op de Budget vum Joer 2012 hunn.

Max Theis: 1,14 Milliarden Defizit si virgesinn am Zentralstaat d'nächst Joer. Wéi zefridde sidd Dir da mat deem Chiffer?

Luc Frieden: E Finanzminister ass keen zefriddenen Mënsch wann en een Defizit huet. Mä ech géing gären deen Defizit vun e puer Säite beliichten. Éischtens reduzéiere mir den Defizit bei de gesamtëffentleche Finanzen kontinuierlech a mir ginn nach ëmmer dovun aus, datt mir 2014 d'gesamtëffentlech Finanzen am Equiliber hunn.

Zweetens hunn ech de Moie gesot, mir musse versichen een Equiliber ze fannen tëschent spueren engersäits, d'Suen net zur Fënster erausgeheien an anerersäits awer och ze kucken, datt eis Gesellschaft sech weider entwéckelt am soziale Beräich an awer och am Investitiounsberäich. Mir hu manner Defizit, mir hunn 1,14 Milliarden wéi Dir gesot hutt beim Zentralstaat, mir investéieren awer 1,8 Milliarden. Dat heescht wa mir Suen och léine ginn, gi méi nëmme Sue léine fir ze investéieren a mir léine manner wéi mir investéieren. Mat anere Wierder, ech hätt gären, datt mir Schoulen, Spideeler, Altersheimer kënnen bauen, dat profitéiert der lëtzebueger Economie an an deem Kontext kann ech mat engem klengen Defizit liewen. Ech wëll awer dobäi soen, mir kënnen net iwwert Joren deen Defizit esou halen. Et ass elo eng Äntwert op e schwiereg ekonomescht Ëmfeld, mä mir musse weider Budgetsdisziplin exerzéieren an dofir hätt ech gären iwwert déi nächst Joren, dat gëllt och fir déi nächst Regierung, muss deen Defizit duerch strukturell Moossname reduzéiert ginn.

Max Theis: Dir hutt déi héich Investissementer ugeschwat, 1,8 Milliarden. Geet dat dann duer fir der Economie iwwert déi aktuell schwéier Zäiten ewechzehëllefen?

Luc Frieden: Mir haten 2009 en Investitiounsvolumen vun 1,4 Milliarden. Mir hunn elo 1,8 Milliarden. Dat gesitt Dir innerhalb vun 3 Joer ee ganz grousse Sprong, dat si 4% vum Bruttoinlandprodukt. De Staat kann net alles ersetzen an der Economie. Mä an engem Moment wou et méi lues geet, mengen ech hëlleft dat do dem Handwierk an dem Bau enorm a mat allem wat do zesummenhänkt. An et mécht eist Land méi modern, also och méi attraktiv fir Investisseuren, déi an Zukunft wëllen op Lëtzebuerg kommen. Ech menge méi ass net dran. Et waren zwar vill Projeten nach do, mä wann ech soe Budgetsdisziplin, dann heescht dat och, datt een net alles ka maache wat wënschenswäert ass an dofir konnt net all Projet dropgesat ginn, dee vläicht iergendee Minister oder iergendee Grupp am Land gären hätt.

Max Theis: Dat Wuert spueren ass, wann ech richteg héieren hunn, net gefall. Gëtt dann iwwerhaapt gespuert an dësem Budget?

Luc Frieden: D'Leit empfanne spueren anscheinend zu Lëtzebuerg ëmmer als eppes Negatives. Spueren ass och am Fong eppes wann ee Suen ze vill huet, déi een op d'Säit setzt. Esou maachen ech dat doheem. Wann ee spuert, da setzt ee Suen op säi Spuerbuch. Jo mir hunn an dësem Budget gekuckt intelligent d'Dépensen net zevill uwuessen ze loossen. Dat heescht do wou ee kann, hu mir weider keng Ausgabe gemaach. Ech kucken zum Beispill Frais de bureau, Frais de route, déi Krediter klamme guer net. Mä do wou mir wëllen ee politescht Zil erreechen an ech hunn de Moien eng Rei Beispiller gewisen, am Kannerbetreiungsberäich,

{Ënnerbriechung}

Dat sinn Obligatiounen an deene wëlle mir nokommen.

Max Theis: 3% Wuesstem dëst Joer, 2% just d'nächst Joer. Trotzdem gëtt d'Krisesteier ofgeschaf. Ass dat dann och déi richteg Decisioun?

Luc Frieden: Ech maache mir Suergen ëm d'wirtschaftlech Entwécklung, manner heiheem wéi am Rescht vun Europa. Mä et weess ee wann am Rescht vun Europa eppes kënnt, da kënnt dat op eis och duer, och Amerika geet et net gutt. Dofir ech menge mir musse méi kleng Bréidercher an den nächste Joeren an der Privatwirtschaft a beim Staat baken. Ech war ni ee Frënd vun Augmentatioune vu Steieren. Ech mengen, datt mir éischter an den nächste Joere mussen eng Diskussioun féiere wéi mir kënnen d'Dépense reduzéieren. Sozial Selektivitéit, muss jiddwereen datselwecht kréien oder musse mir net just kucken, datt déi Leit déi am meescht brauche méi kréien. Dat ass eng Debatt déi ech d'lescht Joer ugeleiert hunn. Ech weess, datt et schwiereg gi war, datt een déi muss viruféieren. Mä hei déi Krisesteier war ëmmer temporär geduecht a mir wollten elo kucken, datt d'Leit méi Nettosuen retten, fir kënnen hiert Liewe besser ze gestalten. Als Finanzminister ass een natierlech ëmmer frou mat allen Einnahmen, mä d'Regierung huet dat esou beschloss an ech menge wann ee wëllt, datt d'Steieren op engem raisonnabelen Niveau bleiwen, ass dat do eppes wat ee ka matdroen.

Max Theis: Mir haten e virdrun héieren, de Gast Gibéryen vun der ADR seet Dir géingt tricksen, andeem Dir d'Kierperschaftssteier andreift wann et Iech an de Krom passt, notamment behaapt en dat wär dann de Fall virun den nächste Chamberwahlen. Wat sot Dir dann zu deem Reproche?

Luc Frieden: Ech hätt gären datt d'Steierverwaltungen hir Aarbecht maachen. An zu där Aarbecht gehéiert, datt si d'Steieren déi gescholt sinn andreiwen. An dofir hunn ech der Steierverwaltung gesot, virun 1-2 Joer schonn, si solle kucken, datt si déi Solden andreiwen. Do ass kee Getricks dobäi. Ech hätt gär, datt de Staat uerdentlech fonctionnéiert, mä et ass richteg, d'Kierperschaftssteier gëtt ëmmer e bëssen en retard agedriwwen. Mir hunn esou ongeféier a Kierperschaftssteier ee Montant vun 1,5 Milliarden, ass d'Halschent Avancen an d'Halschent Solden. Mä ech gesinn net wat een Trick ass, wann een zur Steierverwaltung seet, si sollen déi Suen déi geschëlt sinn, déi provisionéiert sinn an de Konte vun den Entreprisen, virun allem de Banken, datt mir déi sollen andreiwen.

Max Theis: Ganz kuerz nach d'Lycéen zu Klierf an zu Déifferdeng déi stinn elo nees op der Lëscht, obwuel si viru kuerzem op Äis geluecht gi waren. Wou koum dann dee séiere Revirement hir?

Luc Frieden: Well et mech am Fong ëmmer e bësse gestéiert huet, datt mir an deem dote Beräich géinge spueren. Mir hunn och festgestallt, datt d'Zuel vun de Kanner déi an de Lycée geet ëmmer méi zouhëlt, datt mir also och ee Besoin do hunn an ech menge mir hunn d'Prioritéiten e bëssen anescht gesat. Mir hunn och nogelauschtert, eng Rei vu Kritiken, mir brauche Schoulen, ech hoffen nach ëmmer datt mir se kënne bauen, méi schnell an e bësse manner deier, wat eis jo och gelongen ass mat engem Projet zu Miersch, wou mir private public partnership hunn, mir wëllen also och op deem Wee weidergoen. Ech mengen et war richteg ze kucken, datt mir fir d'Ausbilung vun deene jonke Leit hei am Land ee Maximum maachen an dofir hu mir dat elo an de Programm geholl. Dann dauert dat nach e bësse bis dat steet, mä ech mengen am Laf vum Joer wou mir méi Einnahme gesinn hu kommen, konnt een dat eent oder anert rëm op de Programm setzen an dat do ass dat. Da muss een aner Saachen héchstwahrscheinlech an den nächste Joren awer rëm reportéieren.

Max Theis: Luc Frieden, ech soen Iech villmools Merci fir d'Explikatiounen. An da si mir gespaant op d'Budgetsdebatten iwwert deen dote Budget dann an der Chamber.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour