Luc Frieden au sujet de la crise de la dette publique dans la zone euro et de la participation de l'État à l'assurance-dépendance

Frank Goetz: An am Studio begréissen ech elo de Finanzminister. Här Frieden, gudden Owend.

Luc Frieden: Gudden Owend.

Frank Goetz: Wat ass lass op de Marchéen? Riskéiert dann och elo Frankräich ugestach ze ginn, an an de Stroum vun der Finanzkris ze geroden?

Luc Frieden: Mir hunn et mat enger ganz grousser Vertrauenskris ze doen, Vertrauen an d’Staaten, wéinst deene grousse Scholdeproblemer. Mir hate scho virun der Finanzkris eng Schold an Europa vu 60% vum Bruttoinlandprodukt, déi ass no der Kris op 80% eropgaangen. Mir hunn den amerikanesche Problem, wou d’Schold ze héich ass. An d’Leit hu kee Vertrauen dran, datt et erëm e staarkt Wuesstem gëtt.

An all dat zesummen, dat féiert dozou, datt d’Leit elo iwwerreagéieren, an hir Aktie verkafen, a keng Obligatioune méi zu deenen normale Präisser kafen.

Frank Goetz: Mä de Budget an den USA, esou wéi och d’Eurokris, déi Problemer si jo net nei. Firwat reagéiert de Marché elo esou panesch do drop? Wat ass wierklech de fundamentale Problem hei?

Luc Frieden: Ech mengen, datt d’Leit elo eréischt entdeckt hunn, wéi ofhängeg ee vun deem aneren an eiser Welt ass. Mir hänken all zesummen.

D’Chineese sinn déi gréisste Créanciere vun den Amerikaner. D’Amerikaner hunn eng Positioun an der Weltekonomie, dat ass déi gréisste Weltekonomie. Wann déi op eemol ugezweiwelt ginn, ob déi nach kënnen alles rembourséieren, da féiert dat zu psychologesche Konsequenzen. Ech géing soen, d’Halschent, wann net esouguer méi, vun der Ekonomie ass Psychologie. An hei spillt elo d’Psychologie, plus den Effet, e bëssen, wann deen een et mécht, mécht deen aneren et och.

An ech mengen, datt d’Leit wierklech musse realiséieren, datt hei seriös Moossname geholl gi sinn, an Amerika, an Europa – an dat eent an dat anert kann een net direkt matenee vergläichen – fir mëttelfristeg fir Stabilitéit ze suergen.

Mä dat dauert e bëssen. Mëttelfristeg ass Europa e Kontinent, deen erëm ka Wuesstem hunn, mä mir hunn de Moment riseg Schwieregkeeten, déi ze léise sinn.

Frank Goetz: Dofir bleiwe mir emol bei där aktueller Situatioun. Wat sinn d’Repercussiounen op Lëtzebuerg, wann ee jo weess wéi ofhängeg mir hei vun dëser Finanzplaz sinn?

Luc Frieden: Déi Repercussioune si grouss, net nëmme wéinst der Finanzplaz, mä och wéint der Tatsaach, datt mir eng gemeinsam Währung hu mat deenen anere Länner.

An et ass nun eemol esou, datt nëmmen nach eng 6-7 Länner an der Eurozon déi héchste Kreditwierdegkeet hunn, also déi Triple-A, dorënner Lëtzebuerg. An dofir insistéieren ech jo och ëmmer drop, datt mir net dierfen an eng Situatioun kommen, wou mir héich Schold maachen. Dofir dierfe mir net permanent mat Defizit fueren.

Mir hunn eng Rei Länner an Europa, déi musse schnell strukturell Reforme maachen. Dat heescht, den Defizit reduzéieren an dat heescht och awer kucken, datt hir Ekonomie erëm Wuesstem produzéiert.

Déi zwou Saachen zesummen, weess ech datt dat schwiereg ass, mä dat muss awer geschéien, soss zitt Südeuropa déi Länner déi eng gutt Budgetssituatioun hunn an Nordeuropa mat an e Lach.

Mir sinn an enger Solidargemeinschaft, wat eis jo och vill bruecht huet, an dofir musse mir elo kucken, datt déi an engem Kalenner ëmsetzen dat wat si versprach hunn. Dat gëllt fir Italien, Portugal, Spuenien, Griicheland, Zypern, Irland. An dat sinn der natierlech ganz vill, a mir mussen dofir suergen, datt dat geschitt.

An zugläich musse mir kucken, datt an deenen anere Länner déi Kreditwierdegkeet bestoe bleift. An dat gëllt natierlech och fir Frankräich. Och Frankräich muss Efforte maachen, an net nëmmen Anere soen, wéi si et musse maachen.

Frank Goetz: Dofir deen Triple-A. D’USA ass erofgestuuft ginn. Wier et ëmsou méi schlëmm, wann elo e grousst Land wéi Frankräich géif déi maximal Bonitéit verléieren, vill méi schlëmm wéi dat an den USA de Fall ass?

Luc Frieden: Amerika ass Amerika, an dofir ass déi Erofstufung vun enger Agence vun 3 a mengen Aen net esou dramatesch. An Europa wier dat eppes ganz aneschters. Wat heescht dat, wann een erofgestuuft gëtt? Dat heescht en fait, datt d’Leit manner trauen, datt ee muss méi Zënse bezuelen, fir datt een déi Obligatioune keeft. Ech stellen haut fest, datt d’Leit weider amerikanesch Obligatioune kafen. Ech mengen, dat ass och richteg.

Ech mengen och, datt d’Leit kënne weider Vertrauen hunn an europäesch Obligatiounen, well mir fundamental e System hu fir déi Länner ze ënnerstëtzen, a well och mëttelfristeg Europa e Kontinent ass, wou Qualitéitsprodukter produzéiert ginn, also wou och Wuesstem wäert bestoen. Mir mussen elo just duerch dat Lach do kommen, an dat ass schwiereg. Mä mir mussen alles dru setzen, datt net weider Länner mussen ënnerstëtzt ginn.

Frank Goetz: Duerch d’Lach kommen, och mat Noutmoossnamen. D’Europäesch Zentralbank keeft och elo italienesch Staatsemprunten. En Tabubroch, eng Noutdécisioun. Wat fir ee Risiko bréngt dat mat sech?

Luc Frieden: An exzeptionelle Situatioune mengen ech, datt ee muss exzeptionell Moossnamen huelen. De Fait, datt d’Zentralbank dat do elo mécht, ass en fait d’Konsequenz dovun, datt mir dat als Staate via déi Rettungsschiermer nach net kënne maachen.

Wann een op den Occasiounsmaart, op de Sekundarmarché vun den Obligatiounen intervenéiert, dann ass dat sécherlech kee klassescht Instrument. Mä an dëser exzeptioneller Situatioun, well dat kann zur Berouegung bäidroen, mengen ech, kann een dat guttheeschen, muss een dat esouguer guttheeschen, well alles muss gemaach gi fir d’Mäert ze stabiliséieren. Mä net kuerzfristeg, mech interesséiert virun allem, wat mir laangfristeg maachen.

Frank Goetz: Deen neie Rettungsschierm soll elo esou séier wéi méiglech kommen. Dofir mussen och d’Deputéiert schonn de 15. September untrieden. Wat gëtt do eigentlech elo genee an der Chamber gestëmmt?

Luc Frieden: Mir hunn e Rettungsschierm opgestallt, eng Gesellschaft déi kann op de Marché Sue léine goen, an déi Suen da weiderginn un déi Staaten, déi se brauchen.

Fir datt déi Gesellschaft ka Sue léine goen, mussen d’Länner vun der Eurozon där Gesellschaft eng Garantie ginn. Lëtzebuerg muss och déi Garantie ginn. Déi Garantie war fixéiert zu Lëtzebuerg op 1,1 Milliarden Euro. Well mir awer festgestallt hunn, datt deen ERSM, esou heescht déi Gesellschaft, op 440 Milliarde Léinkapazitéit ka kommen, mussen déi Garantië méi en héijen Niveau hunn, an dofir musse mir elo zu Lëtzebuerg de lëtzebuerger Deel, d’Garantie, vun 1,1 op 2 Milliarden Euro héijen.

Dat si keng Suen déi aus dem lëtzebuerger Budget eraus lafen. Dat ass eng Garantie, an déi Garantie misst nëmme spillen am Fall wou dat Land wat Sue geléint kritt, Beispill Portugal oder Griicheland, net kéint zréckbezuelen. An dofir gi mir an d’Parlament fir d’Autorisatioun dofir ze froen.

Dee Gesetzprojet ass iwweregens haut déposéiert ginn. A wann dann alles riicht geet, kënne si deen de 15. September stëmmen, an dat ass och dee Kalenner dee mir mat deenen anere Länner an der Eurozon ofgemaach hunn.

Frank Goetz: Dir sot, et muss ee laangfristeg denken. Muss een net och iwwer Konsequenzen nodenken, an deem Sënn, datt mir endlech en europäesche Finanzministère brauchen, fir net mussen ëmmer vu Krisesommet zu Krisesommet ze goen?

Luc Frieden: Et ass ganz kloer, mir hunn eng europäesch Währung kritt a mir hu keng politesch Unioun. Dat heescht, mir hunn haut 17 verschidde Budgetspolitiken. Also ass dat Ideaalt, mir hätten eng gemeinsam Budgets- a Wiertschaftspolitik. Dat ass awer kuerzfristeg, an och mëttelfristeg mengen ech, net realistesch. Och héchstwahrscheinlech vu ville Länner net gewënscht.

Also musse mir ganz streng Regelen hunn, déi och zu automatesche Sanctioune féieren, wann déi Regelen net agehale ginn, an notamment am Kontext vum Stabilitéits- a Wuesstemspak.

Mä mir mussen och kucken, mëttel- a laangfristeg, ob mir net méi politesch Integratioun brauchen. Kréie mir déi net, da mengen ech kréie mir grouss Schwieregkeete mat enger Rei Länner. An da stellt sech d’Fro, ob den Euro längerfristeg als eng Währung fir staark a schwaach Ekonomie kann iwwerliewen.

Frank Goetz: Mä ass dann e politesche Konsens do? Mengt Dir, dat wier mat deene Politiker, déi haut un der Muecht sinn, machbar?

Luc Frieden: Ech mengen, datt dat a ville Länner haut net machbar ass. Mä ech mengen, datt vill vun deene Länner nach net gemierkt hunn, datt mir hei eng staark politesch Féierung brauchen, an datt mir enorm ee vun deem aneren ofhänken. Grad och oppen Ekonomië wéi eis, exportorientéiert Ekonomien hänke vum Ausland of. A mir hunn also groussen Intérêt drun, datt mir gemeinsam Regelen an Europa hunn, déi eis erlabe mat enger zolitter, stabiller Währung eis Produkter kënnen ze exportéieren, an déi aner ze importéieren.

Europa muss sech fundamental änneren, wa mir wëllen datt dee Projet, e Projet vu Fridden a Prosperitéit, och an der Zukunft bleift. An dofir mengen ech, si mir net ëmmer um richtege Wee. Mir mussen also eis druginn, fir op dee Wee ze kommen, an d’Konsequenz vun dëser Kris nach eng Kéier ganz genee analyséieren. An och dat, wat mir an deene leschte Joere vläicht falsch gemaach hunn, andeem mir notamment d’Eurozon vläicht ze schnell erweidert hunn.

[Reportage vum Guy Weber iwwer de Bäitrag vum Staat an der Fleegeversécherung]

Frank Goetz: Här Frieden, ech ginn d’Fro vum Här Gibéryen direkt un Iech weider: plangt de Staate, seng Participatioun an der Fleegeversécherung nees ze hiewen?

Luc Frieden: Jo, well dee Plafong vun 140 Millioune war ëmmer geduecht als eng temporaire Moossnam.

Wa mir allerdéngs op 40% goen, wéi dat elo an deem Reportage gesot ginn ass, da géing dat heeschen eng annuell Participatioun vum Staat vun 200 Milliounen, also 60 Millioune méi. Ech mengen also, datt mir mussen, well d’Fleegeversécherung eng wichteg Saach ass fir vill Leit, eis Participatioun héijen, well net, datt d’Cotisatioune mussen eropgoen. Op där anerer Säit muss een déi 60 Milliounen natierlech op enger anerer Plaz iergendwou fannen. D’Sue kommen net vum Himmel gefall. A mir mussen zugläich och d’Efficacitéit vu verschiddenen Dépensen nach eng Kéier an deem dote Kontext iwwerkucken.

Generell wäerte mir am Kader vun de Bugetsdiskussiounen, am Kader vun der Elaboratioun vum Budget, déi ech amgaange sinn ze maachen, dee Montant vun 140 Milliounen eropsetzen. Dee Plafong war ëmmer nëmmen zäitbefrist.

Frank Goetz: Här Frieden, villmools Merci fir de Besuch haut am Studio.

Luc Frieden: Merci och.

Dernière mise à jour