Luc Frieden au sujet des interventions de l'État dans les banques BGL et Dexia, des prêts accordés à la Grèce, du secret bancaire et de la fiscalité de l'épargne

Frank Kuffer: Déi franséisch Finanz- a Wirtschaftsministerin Christine Lagarde sot viru kuerzem, datt de Rettungsplang fir d’Banken a Frankräich dem Staat 2,7 Milliarden Euro erabruecht hätt. E gutt Geschäft deemno. Duerch d’Entwécklung vun de Coursen op der Bourse an duerch d’Zënsen op Garantien, an esou weider.

Zu Lëtzebuerg kruten d’Dexia an d’BGL jo och vum Staat gehollef, an et wier och emol Zäit, fir bei eis de Bilan ze maache wou mir dru sinn. Kee kéint eis do besser informéiere wéi de Finanzminister, de Luc Frieden. Gudde Mëtteg, Här Frieden.

Luc Frieden: Gudde Mëtteg.

Frank Kuffer: D’Leit hu sech jo zum Deel opgereegt, datt de Staat hir Suen a Banke stécht. Wat kënnt Dir eis dann elo soen, wat aus deene Sue ginn ass, déi dir de Banke jo net geschenkt hutt? Et muss een do zwou Saachen ënnerscheeden. D’BGL, wou de Staat wierklech mat Patron ass, an dann d’Dexia, wou Dir just eng Garantie gestallt hat.

Fänke mir vläicht mat der BGL un. Wat hate mir do investéiert, a wat ass deen Invest haut wäert?

Luc Frieden: Mir hunn, wëll ech hei rappeléieren, an déi Bank investéiert, net nëmme fir déi Bank ze retten, mä virun allem fir d’Clientë vun där Bank ze retten. Dat ass mir wichteg dorop hinzeweisen, well wa mir dat net gemaach hätten, hätte ganz vill Leit kënnen hir Sue verléieren.

An dofir hu mir och deemools e Präis bezuelt, deen net millimetergenee op de Maartwäert gerechent war, well dee Moment war dee Maartwäert quasi net ze determinéieren. Mä mir hunn 2,5 Milliarden deemools bezuelt, an hunn dofir an d’Plaz 34% vun der BGL kritt. A mir hunn och nach e bësse manner wéi 1% vun der Mammegesellschaft BNP Paribas kritt.

Déi Participatioun, déi ass nach ëmmer do. Déi Aktien déi hunn e Wäert. Ech kann Iech deen net genee um Dag vun haut soen. Mä wat virun allem wichteg ass, wann ee Participatiounen huet, da kritt een och Dividende bezuelt. A wann ech kucken, an där Zäit zënter datt mir déi Aktie kaaft hunn, hu mir vun der BGL BNP Paribas ronn 350 Milliounen Euro kritt. Dat sinn also enorm vill Dividenden iwwer déi 2 Joer, a mat deene kënne mir natierlech och zu Lëtzebuerg Politik maachen.

Mir hunn déi Suen iwwregens och net direkt an de Budget gesat, mä mir hunn déi Sue vum leschte Joer direkt an de Fonds de la dette gesat, fir domat eis Schold kënnen zréckzebezuelen, also net Konsumausgaben domat bezuelen. Mä et war en fait bis elo eng gutt Operatioun.

Frank Kuffer: Mä ongeféier musst Dir jo awer kënne soen, wat dat wäert ass, déi Aktien haut, déi mir hunn?

Luc Frieden: Dee Wäert vun deenen Aktien wäert ongeféier an där Géigend leië vun deem wat mir bezuelt hunn.

Mä dat ass net, ech soen et nach eng Kéier, déi richteg Fro, an deem Sënn datt mir selbstverständlech wäerte waarden, bis mir dee Präis eng Kéier erëmkréien, dee mir dofir bezuelt hunn. Dat ass eng Conditioun, fir och eng Kéier aus där Bank erauszegoen.

Frank Kuffer: Dir hutt d’Fro elo indirekt beäntwert. Wéi laang wëll de Staat dann nach Banker bleiwen? Dir hat deemools gesot, de Staat bleift net fir ëmmer Banquier.

Luc Frieden: Ech mengen, do mussen e puer Conditiounen erfëllt sinn.

Déi éischt ass déi, déi ech elo grad gesot hunn, datt mir op d’mannst déi Mise erëmkréien, déi mir dra gesat hunn. Ech mengen, datt mir do misste méi dofir kréien, a mir wäerte waarden, bis déi Conditiounen erfëllt sinn.

Déi zweet Conditioun ass déi, datt deen industrielle Plang, dee Plan stratégique dee mir ofgemaach hu mat BNP Paribas, wat deen aneren Aktionär ass, datt deen ausgeféiert gëtt, esou wéi ofgemaach ginn ass. Dora steet och, datt keng Aarbechtsplazen dierfe verschwannen, an datt e Projet exekutéiert gëtt. Dat ass amgaangen ze geschéien, an dat wäert am Laf vun dësem Joer fäerdeg ginn.

An dann dat Drëtt dat ass, mir mussen e stabelt Ëmfeld hunn an der Finanzwelt. Dat ass zum Deel erëm do, mä net genuch, an dofir ass fir de Moment net envisagéiert déi Participatioun ze verkafen.

Ech sinn awer der Meenung, datt mir nach ëmmer un deem Zil sollte festhalen, wa méiglech, wann déi 3 Conditiounen erfëllt sinn, bis 2014 eis Participatioun ze verkafen. BNP Paribas huet e Virkaafsrecht op déi Aktien. Et ass also da fir d’éischt mat BNP Paribas wou an esou engem Fall géing negociéiert ginn.

Frank Kuffer: Déi zweet Bank dann, dat war d’Dexia. Déi krut op eng aner Manéier gehollef, déi krut Garantië gestallt. Dat huet Zënse bruecht, oder wéi ass dat gaangen?

Luc Frieden: Jo, déi Garantien déi musse bezuelt ginn. Eng Garantie kascht ëmmer eppes, och fir fair Konkurrenz ze behalen. Mir hu bis haut 30 Milliounen Euro vun der Dexia kritt. Déi Garantië mussen och elo nach ëmmer bezuelt ginn. Et komme keng nei Garantien dobäi, mä aler lafen nach, esou datt déi Remunératiounen och weider viru ginn.

Wann ech also BGL an Dexia zesummen huelen, hu mir 350 Milliounen Euro op deenen zwou Banken iwwer déi 2 lescht Joer verdéngt.

Frank Kuffer: Eng Kéier de Rappel mat Griicheland. Sinn do scho konkret Suen un d’Griiche gefloss, vu Lëtzebuerg aus, a wéi ginn déi verzënst? Hu mir do och schonn eppes erëmkritt?

Luc Frieden: Jo, bei Griicheland ass et jo esou, datt mir bilateral Prêtë maachen, all Land mécht do bilateral Prêten. Mir hu bis elo Griicheland eng ronn 100 Milliounen Euro geléint. Griicheland bezilt doriwwer Zënsen, a mir hu bis ewell 2,2 Milliounen Euro iwwerwise kritt vun de Griichen als Zënsen.

Frank Kuffer: Iwwerhaapt, mat Griichenland, och de Problemer an den anere Länner, do kënnt elo d’Fuerderung, ënner anerem vum fréieren däitschen Ausseminister Frank Walter Steinmeier, no engem europäesche Finanzminister. Wéi gesitt Dir déi Iddi?

Luc Frieden: Ech mengen, et geet net duer, datt een dorëmmer Fonctiounë schaaft, wann een deene Fonctiounë keng Pouvoirë gëtt, oder hinnen net erlaabt innerhalb vun de Verträg och wierklech eppes ze maachen.

Mir hu gesinn, datt mam europäesche Conseilspresident a mat der europäescher Ausseministerin zwar Postë geschaaft gi sinn, mä wann et eescht gëtt, huelt elo d’Libyen-Kris, da gesäit een net ganz vill vun deenen neien europäesche Personalitéiten, well se d’Pouvoiren net kritt hunn.

An dofir mengen ech, d’Iddi vun engem europäesche Finanzminister mécht nëmmen da Sënn, wann een och géing eng europäesch Finanz- a Budgetspolitik hunn. Déi hu mir fir de Moment net. Dofir fannen ech déi Iddi sympatesch, mä esou eng Iddi mécht absolut kee Sënn, wann et just drëm geet, engem en Titel ze ginn.

Ech hätt gär, datt mir méi koordinéiert Wirtschaftspolitik maachen, wéi eng besser ofgestufte Wirtschaftspolitik a Finanzpolitik ausgesäit. An da kann dat duerno eng Kéier kommen. Fir de Moment sinn d’Conditiounë vun engem europäesche Finanzminister net erfëllt.

Frank Kuffer: War dat do éischter eng Kritik un der europäescher Politik, déi net genuch Pouvoirë ginn huet, oder och un de Personagen, déi vläicht net staark genuch sinn?

Luc Frieden: Et ass eng Kritik un dem Mangel vun Integratioun vun der europäescher Politik. Well ech der Meenung sinn, datt all déi grouss Froen déi mir hunn am Beräich vun de Finanzen, am Beräich vun der Energie, am Beräich vun der Sécherheet, datt déi alleng vum Nationalstaat net kënnen erreecht ginn, an datt mir dofir méi Europapolitik brauchen. Datt mir en fait eis national Souveränitéit mussen zesummen exerzéiere mat aneren. An doranner läit de Schlëssel fir Äntwerten ze fannen op eng ganz Rei Erausfuerderungen, an enger Welt déi ëmmer méi enk zesummenhänkt.

Frank Kuffer: E ganz anere Sujet dann nach, eist Bankgeheimnis. Zanter 6 Joer hu mir d’Quellesteier. 15% am Ufank, 20% den Ament an elo geschwënn, vun Enn der Woch, vum 1. Juli u sinn et 35%. Ass et nach interessant seng Suen zu Lëtzebuerg ze placéieren?

Luc Frieden: Déi Augmentatioun vun der Quellesteier fir net-Residenten – fir d’Residenten, d’Lëtzebuerger bleift se bei 10% Abgeltungssteuer, fir net-Residentë geet se effektiv erop – ass zanter 10 Joer bekannt. An dofir mengen ech, datt selbstverständlech et och nach ëmmer interessant bleift zu Lëtzebuerg Suen ze investéieren. Net all Produkter falen ënner déi Quellesteier. An d’Leit hunn de Choix, entweder déi Quellesteier do ze bezuelen, wat hinnen eng gewësse Confidentialitéit gëtt, oder awer hir Informatiounen un hiert Land, wou se hierkommen, weider ze ginn.

An dofir mengen ech, datt d’Clienten dorop preparéiert sinn, datt dat keng gréisser Inzidenz wäert hunn op de Private Banking zu Lëtzebuerg, deen an deene leschte Joere substantiell sech geännert huet.

Frank Kuffer: Viru kuerzem koumen d’Chifferë vun deene Suen, déi zum Beispill un d’Belsch bezuelt gi sinn – dee Montant ass awer zréckgaangen an de leschte Joeren. Heescht dat, datt d’Belsch awer zum Beispill manner Suen zu Lëtzebuerg placéiert hunn?

Luc Frieden: De Gesamtchiffer, dee mir un déi aner Länner an der Europäescher Unioun iwwerwisen hunn ass effektiv zréckgaangen. 2009 hu mir 122 Milliounen iwwerwisen, an 2010 98 Milliounen.

Dat huet och domat ze dinn, datt d’Zënsen zréckgaange sinn. Dat eis ass jo eng Steier op den Zënsrevenuen. Ech mengen, dat ass den Haaptphänomen. Et si sécherlech och eng Rei kleng Clienten, déi zréckgaange sinn an hir Heeméchtslänner. Et bleift awer, datt de Private Banking zu Lëtzebuerg duerch dee gudde Service, duerch déi international Produkter, datt deen och eng grouss Zukunft an eisen Aen huet. Mä déi Zomm ass och nach ëmmer ganz considerabel, 98 Millioune Quellesteier, déi mir iwwerwisen hunn.

An nieft där Quellesteier déi mir iwwerwisen hunn, ass jo och nach en Deel zu Lëtzebuerg bliwwen. 41 Millioune sinn 2010 vun net-Residenten als Quellesteier zu Lëtzebuerg an de lëtzebuerger Budget komm.

Frank Kuffer: Dir hutt et gesot, et si momentan just d’Zënsrevenuen, déi ënner d’Quellesteier falen. Gëtt do dru geduecht, fir dat eng Kéier ze änneren?

Luc Frieden: Jo, déi Verhandlungen déi si scho laang amgaangen. Mä mir hunn eng Conditioun gesat, datt mir gesot hunn, mir sinn d’accord, wann deen Uwendungsberäich vun der Direktiv erweidert gëtt, à condition, datt och Drëttstaaten, déi an enger direkter Relatioun mat der Europäescher Unioun stinn, deen nämmlechte Champ d’application vun där Direktiv akzeptéieren. An dofir wäerten an deenen nächste Méint d’Verhandlungen tëscht der Europäescher Unioun, der Schwäiz, Liechtenstein an esou weider stattfannen, fir ze kucken, ob déi och mat esou enger Erweiderung d’accord wieren.

Fir eis ass also ëmmer déi Conditionalitéit wichteg, fir kënnen hei weider Schrëtt ze maachen. An deem Fall wou anerer och déi Regelen akzeptéieren, wiere mir och d’accord dee Champ d’application ze erweideren, mä do si mir nach net.

Frank Kuffer: Huet eist Bankgeheimnis dann nach eng Chance? D’Belsch hunn et opginn. Mécht et nach iergend ee Sënn, sech do dru festzeklameren?

Luc Frieden: Ech mengen, datt d’Confidentialitéit vun enger Rei vun Informatiounen, dorënner Finanzinformatiounen, eppes ass, wat net onwichteg ass.

De Modell vun der Quellesteier huet jo séchergestallt, datt och eng Steier bezuelt gëtt. Et ass also net esou, datt Lëtzebuerg e Steierparadies oder eng Steieroas ass, well och déi Leit déi aus Däitschland, oder soss entzwousch Suen op Lëtzebuerg bréngen, déi mussen hei Steiere bezuelen. A si hunn awer zugläich eng gewësse Confidentialitéit.

Ech mengen, datt dat e Modell wier, dee fir eng Rei Clienten och an der Zukunft nach wichteg wäert bleiwen.

D’Confidentialitéit ass iwwregens och a verschiddenen anere Länner intern assuréiert. An ech mengen, datt een dat net soll einfach liichtfankeg opginn, mä et muss ee sécherstellen, datt d’Steiere bezuelt ginn, an datt Instrumenter bestinn, fir am Fall vu seriéiser Fraude kënnen ze kooperéieren. An dat maache mir, esouwuel administrativ wéi iwwer d’Geriichter.

Frank Kuffer: Luc Frieden, da soen ech Iech villmools Merci fir déi Erklärungen de Mëtteg.

Luc Frieden: Et ass gär geschitt.

Dernière mise à jour